RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Paul Kremer, 05/10/2018
    Lëtzebuerger Walen
    Iwwert eis Walen ass alles gesot ginn, plus de Konträr. De basso continuo awer schèngt ze sinn: entweder: wëllt dir d’Weiderféierung vun der aktueller Regierung, déi neie Wand als Durchzuch durch d’Land geblosen huet, oder kënnt déi uraal C-Partei erëm a sicht sech e genehme Niewepartner, dee schon an der queue steet?
    Sougenannte wiesentlech Problemer goufe virsueglech escamotéiert. Mir si jo weder xenofob nach antisemitesch oder Israel-kritesch, nach siche mir no “Sonner-Weeër”” an der europäescher Unioun. Mir liewe gutt a gär mat oder niewt eise Banken, déi net onanstännesch sinn, mee déi en eegene Wee sichen oder font hunn, ouni international Gesetzer unzerempelen nom juristesch einwandfreie Motto: wat net verbueden ass, ass bis op Weideres erlabt.
    Mir si stolz drop, eng Krankekees ze hunn, déi wäit a breed näischt Equivalentes huet. Mir hunn den Ënnerscheed tëscht Aarbechter an Ugestallten ausgewëscht; eis Wirtschaft boomt, a franco-belsch Stauen beleeën et, an e Problem mat Zouwanderer an/oder Muslimen hu mer och keen: jidderengem säin Handy a seng faarweg Turnschlappen a scho wiir d’Saach gebongt. Sou what?
    Bezuelbare Wunnraum ass en Dauerbrenner. E bezuelbaren Index? – No problem. – Zoubetonéiert, versigelt Stad a Land? An trotzdem ass eise Schofskéis dee beschten, d’Mettwurscht déi säftegst a souguer de Champes ass méi onverfälscht wéi auslännesch Fabrikater, déi mer léiwer hei net nennen.
    E neie SUV, eng Pëngscht Croisière mat Jux a Gekikkels an eng Loftlinn fir Räich an Aarm – sou wäit a sou léiw, wéi der wëllt: Härz, wat begiers du?
    E klenge Bemoll: mir hannerloossen e 6fachen ecologeschen bzw. anti-ecologesche Foussdrock. Am Klortext: jiddferee vun eis brave Bierger verbraucht 6mol méi Energie wéi der nohalech nowiisst. Brutal gesot: jiddferee vun eis klaut elo oder zukünftege Generatiounen d’Liewesgrondlaach an daat an enger Ëmwelt, wou fir d’éischt an der Mënschheetsgeschicht alles ronderem eis oofgezielt, klasséiert – a verbëtzt gëtt. – Armageddon huet sou eng Fahrt fréier geheescht.
    Ass dat eis och eendunn? Oder sti mer op wéi e Mann bzw. eng Dame a soen: Lo geet et dees duer! A wielen en Zwangs-System wou jiddfereen, ofgeschwat an ofgedeelt, säi Grèppchen zegutt huet a net méi, quitte datte manner Leit weltwäit gebuer dierfe ginn.



    3 min
  • Carte Blanche, Marc Schiltz , 03/10/2018 07:45
    D’Fuerschung huet hire Wee an d’Parteiprogrammer fonnt. Eng Entwécklung déi den Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche begréisst. Wéi eng Roll gesinn d’Parteien fir d’Recherche zu Lëtzebuerg an wat kann eng zukünfteg Regierung nach maachen, fir dësen Atout vum Land nach weider ze stäerken? Eng Carte Blanche vum Marc Schiltz.
    0 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 03/10/2018
    FRO: Wei geet et de Lëtzebuerger Banken?
    Mir hunn lescht Woch eise Rapport “Banking in Luxembourg” publizéiert de versicht en Iwwerbléck iwwert eis Bankeplaz ze ginn. An do gesäit een dass mer nawell en kontinuéierleche Changement hunn deen ëmmer méi fort vum Private Banking an hin zu anere Geschäftsfelder geet. Dat bréngt och mat sech dass Unzuel weider lues erof geet fir bei elo 139 ze sinn. Mir stellen och fest dass Profitabilitéit weider ofhëlt, dat ass zum engen den niddregen Zënse geschellt déi staarken Drock ob Gewënnmargë vun de Banke maachen, mais ob der anerer Säit leiden Banken och ënnert ëmmer méi heiche Käschten, an hei virun allem si Käschte fir d’Regulatiounen déi an de leschte Jore vum Legislateur komm staark gestigen. Am Verglach mam Ausland ass Profitabilitéit un de Lëtzebuerger Banken awer net schlecht.

    FRO : Wou sinn d’Banken dann aktiv?Bankeplaz steet ob 3 Pilieren, dat sinn de Retail, d.h. dat klassescht Bankgeschäft wie se z.B. eng Spuerkeess hei ubitt, dat ass nach ëmmer, de Private Banking an, ëmmer méi, Déngschtleeschtungen déi Banken den Investmentfonge proposéieren. De stäerkste Wuesstem huet den Ament awer de Creneau vun de chinesesche Banke wou elo rezent déi 7. Bank eng Lizenz krut. Iwwerhaapt kann ee feststellen dass een ëmmer méi Diversifikatioun am Geschäftsmodell vun eise Banken hei gesäit.

    FRO : Wou geet Zukunft vun der Bankeplaz hin ?Ech géing mengen de Trend dass de Private Banking wäert zréckgoe wäert weider unhalen, d.h. net dass den hei ganz verschwënnt, mais et wäert ëmmer méi eng Fro sinn ob de Grupp Private Banking zu Lëtzebuerg als strategesch gesäit an sech dann déi néideg Moyene gëtt fir aus Lëtzebuerg hiren Hub ze maachen. Ob der anerer Säit ass de Service un d’Fongen en Pilier wäert weider méi grouss ginn. D’Diversifikatioun vun dem wat Banken hei maache wäert och weider zou huelen.
    2 min
  • Carte Blanche, Marc Schiltz, 03/10/2018
    Virun zwou Wochen sinn d’Couren op der Universitéit Lëtzebuerg erëm ugaangen, an zanterhier ass nees Liewen um Belval. D’lescht Woch gouf och en nei Gebai ageweit – d’Häerzstéck vun all Universitéit, dat wat een fréier d’Bibliothéik genannt hätt, ass haut de Luxembourg Learning Center. E groussaartegt Centre, deen vill méi ass ewéi just eng Bibliothéik; en ass iwwregens fir jiddwereen op, ob Student oder net.  
    Dëse Campus um Belval gëtt vun Gäscht aus dem Ausland déi mir do empfänken, mat Bewonnerung an Unerkennung bestaunt. Keen Zweiwel, den Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ass mëttlerweil ee weideren Atout vun onsem Land.
    An zwou Wochen sinn Wahlen an ech sinn natierlech net derlaanscht komm fir ze kucken wat dann esou an den Wahlprogrammer steet iwwer Fuerschung, Innovatioun an Universitéit. Positiv fält op, dass dës Themen an de Programmer méi Platz kréien ewéi dat nach virun 5 Joer de Fall war. Erfreelech ass awer och dass queesch duerch d’Parteien e Konsens besteet, fir déi positiv Entwécklung vum Fuerschungssecteur an den nächsten Joren weider ze féieren.

    D’Parteien sinn sech an deem Punkt eens, dat déi verschidden Fuerschungs Institutiounen an Zukunft sollen nach méi enk zesummeschaffen. Eens sinn se sech och, zumindest bal alleguerten, dat Synergien tëschent der ëffentlecher Fuerschung an dem Privatsecteur nach méi ausgebaut sollen ginn.
    Op der Basis – dat heescht bei den Fuerscher – an um Niveau vun der Direktiounen klappt d’Zesummenaarbecht mëttlerweil ausgezeechent. Mee un der Spëtzt sinn mer weiderhin un historesch gewuessen an fragmentéiert Strukturen gebonnen, wou een sech froen dierf op se nach adaptéiert sinn fir d’Zukunft. Esou hunn zum Beispill d’Uni an jidder eenzelen Centre de Recherche hir eegen Gouvernance-Struktur. Et schaffen also weiderhin bal eng hallef Dosen verschidden Conseil d’Administratioun separat dorunner vir eenzel Stécker vun onser Fuerschungsstrategie ze entwéckelen. Als Géigebeispill kënne mer hei d’Schwäiz nennen, wou et nëmmen een eenzegen Conseil d’Administratioun gëtt fir zwou grouss Héichschoulen an véier Fuerschungszentren an deenen insgesamt véier mol méi Fuerscher ewéi zu Lëtzebuerg schaffen.
    Och déi staatlech Finanzéierung vun Fuerschung an Innovatioun em ëffentlechen Secteur, am privaten Secteur, an d’Ënnerstëtzung vun Start-up Entreprisen ginn weiderhin komplett separat organiséiert.
    Hei sinn Defien déi eng zukünfteg Regierung, wei och ëmmer se sech zesummen stellen wäert, kann op de Fändel schreiwen. Iwwerleeungen heizou stinn iwwregens och an deem exzellenten Rapport vun der OCDE, deen 2016 publizéiert gouf, vun deem awer leider net méi vill Rieds ass.
    Onsen Fuerschungsstanduert huet sech international a kierzester Zäit e Numm gemaach. An dorops dierfe mir roueg houfreg sinn. Déi zukünfteg Regierung, wien och ëmmer se stellt, huet awer d’Méiglechkeet, deen nächsten groussen Schrëtt ze maachen fir onsen Fuerschungsstanduert laangfristeg op Weltniveau ze etabléieren, andeems se en néien Kader setzt, fir eng modern Gouvernance déi d’Synergien tëschent den Institutiounen an och mam Privatsecteur voll ausschöpfen kann.

    4 min
  • Commentaire, 02/10/2018 07:45
    Haut an 12 Deeg ass den ominéise 14ten Oktober, de Walsonndeg. Eng Dosen Deeg Zäit also nach fir d’Politiker am Land Walkampf fir sech an hir Partei ze maachen.
    Mä vun engem richtege Walkampf si mer dës Kéier Liichtjoren-wäit ewech, mengt de Joël Detaille an engem Commentaire.
    0 min
  • Carte Blanche, Michel Maquil , 01/10/2018 07:45
    Zënter der Finanzkris vu virun 10 Joer huet sech an de Bankaktivitéiten trotz allem dach villes zum Gudde geännert. Esou gëtt ëmmer méi Wäert op Nohaltegkeet geluecht a manner op héich spekulativ a riskéiert Finanzinstrumenter. An an deem Sënn entwéckelt sech elo eng Finanzaktivitéit déi sech "Impakt Investment" nennt an déi als Zil huet e prezisen Impakt ze bewierken do wou dat Geld investéiert gëtt.
    Michel Maquil, fräie Finanzberoder a fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse.
    0 min
  • Carte Blanche, Michel Maquil, 01/10/2018
    Eng vun den Uersaachen vun der Finanzkris war déi datt massif mat Finanzprodukter geschafft ginn ass déi héich riskant a komplizéiert waren a déi wéineg Leit richteg verstanen hunn. Dann haten déi Produkter och nëmme wéineg mat der reeller Wirtschaft ze dinn.
    Logescherweis gouf sech no der Kris erëm méi op traditionnell Finanzprodukter konzentréiert déi wa nëmme méiglech, och nach een nohaltegen Impakt op d'Wirtschaft hun.
    Vun deem Ament un ass den "investissement socialement responsable" massif ausgebaut ginn. Hei geet et virun allem drëms datt, dat wat finanzéiert gëtt, kee Schued mat sech bréngt fir d'Emwelt, d'Gesondheet vun de Mënschen a fir déi gesamt Wirtschaft.
    Eng weider Entwécklung ass dann den „Impakt Investment“. Hei geet et net nëmmen drëm kee Schued ze maachen, mä et gëtt doriwwer eraus versicht ee spezifesche, kloer definéierten, positiven Impakt ze bewierken. Oft dréit et sech em Projetë fir erneierbar Energien ze installéieren mä et kënnen awer och Projetë si fir d'Arbechbedingunge markant ze verbesseren oder dann eng nei propper Technologie an engem Betrib oder esou guer an enger Géigend anzeféieren.
    Derbäi soll deen "Impakt Investment" selbstverständlech och ee gewësse „rendement“ erbréngen deem de Risiko dee geholl gëtt ugepasst ass. Mä wann elo dee „rendement“ ganz genee berechent gëtt, da muss awer den Impakt deen erreecht gëtt duerch deen Investment, grad esou prezis bestëmmt ginn. Dee positiven Impakt muss eng laangfristeg Wierkung hunn an och dat muss regelméisseg kontrolléiert ginn an den Investisseur kritt och eng deementspriechend Informatioun.
    Zu Lëtzebuerg hu mir eng Rei Akteuren am domaine vun "Impakt Investment" déi weltwäit aktif sinn. Et geet drëm fir esou Projeten ze fannen an dann och déi Form vun Investissementer ze proposéieren, déi am beschte gëeegent ass fir de gewënschten Impakt ze erreechen.
    Wéi déi traditionnell Finanzaktivitéit, ass och den „Impakt Investment“ villfälteg an e ka spezifesche Situatiounen ugepasst ginn. Esou kann eng Klausel virgesi ginn datt déi Zënsen vun engem Emprunt déi all Joer solle bezuelt ginn esou laang zréckgehale ginn, bis dee gewënschten Impakt bewisenermoossen erreecht ass.
    Fir den Ament ass den „Impakt Investment“ nach eng Form, déi méi vu groussen Investisseure praktizéiert gëtt, mä et wier awer och gutt wann den „Impakt Investment“ am besonneschen, wéi och den "investissement socialement responsable" am allgemengen, méi breet ugebuede kéint ginn, fir datt och ëmmer méi privat Leit hei direkt kéinte matmaachen.
    Fir den Impakt ze ënnerstëtzen a weider ze ëntwéckelen ass eng gutt Zesummenaarbecht tëschent de staatlechen Instanzen, der Weltbank, der BEI, de Forschungsinstituten, de Banken an den ONGen ubruecht. An dann ass et och wënschenswäert datt d'Banken systematesch esou Finanzprodukter prominent hiere clientë proposéieren.
    Mam „Impakt Investment“ huet de Client zwar ee méi bescheidene rendement wéi mat spekulative Finanzprodukter, mais hien erreecht dat mat engem Produkt, deen e versteet a wou hie sech selwer kann iwwerzeegen datt säin Investment ee positiven Impakt bewierkt.

    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

54 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners