RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Paul Estgen, 28/09/2018
    „Bezuelbar Wunnengen“ steet an allen Wahlprogrammer. Massiv den sozialen Wunnengsbau fërderen , gëtt als Léisung proposéiert. Ech stellen mer awer d’Fro op dat duer geet, an op mer net och missten als Gesellschaft kloren Afloss op den fräien Maart huelen, am Beräich vun den Immobilien .
    En ganz speziellen Där am A ass vir mech, déi Realitéit vun den Kaffiszëmmere, déi haaptsächlech Léit betrefft, déi eleng sinn, an net d‘Finanzen hunn, vir en Studio um fräien Maart ze lounen. Et feelt definitiv un villen klengen Wunnengen vir en eenzel Persounen. An dat sinn net nëmmen Leit déi den RMG hunn, oder Flüchtling sinn, mee och eleng stoend Fraen an Männer mat engem Mindestloun, Studenten, oder Persounen déi gescheet ginn , an dofir an kuerze Zäit mussen eng nei Wunneng fannen.
    Hei ass en Sumpf entstanen , wou et vir déi Betraffen keng Méiglechkeet méi gëtt vir aus dem Misär erauszekommen. D’Kaffiszëmmer ass déi lescht Alternativ.  An onsem Office Social vun der Gemeng heescht et, soubal mer vir en, vun deenen Locatairen eng Léisung fonnt hunn, dann dauert et just en Dag , bis  den nächsten Client an dat Cafészëmmer ageplënnert ass.
     
    Hei ass d’Politik gefuerdert. Mir brauchen dringend « kleng Wunnengen » zu sozialen Präisser. Ech nenne se mol « Ministudioen » déi 20-25 Metercarré hunn . Sou wie Studentewunnengen, mat engem groussen Raum, vir ze liewen an ze schlofen an en kleng Buedzëmmer mat Toilette. An dat zu engem Präis , deen net méi héich kann sinn, wei en Véierel vun engem Mindestloun. En rëffegen Schloff vir 600 bis 800 Euro ass Mënschenonwierdeg !
     
    Vir sou en Maart vun Wunnengen entstoen ze loossen, an d’Problematik vun den Kaffiszëmmere an den Grëff ze kréien, brauchen mir eng kloer Legislatioun am Beräich vun den Ministudioen.
    Dat kennt en folgendermoossen erreechen:
    1.    En festgesaten Loyerspräis vir sou Wunnengen : zBsp 15 Euro op den Metercarré . Dat wär bei 25 m2 375 Euro. All Wunneng ënnert 25m2 misst dorënner falen.
    2.    Vir d’Offer ze erhéijen : all nei Wunnunitéit mat 5 Appartementer déi gebaut gëtt muss och sou eng Miniwunneng ënnert 25 m2 hunn.
    3.    D’ Ëffentlech Hand kuckt dass se an deenen nächsten Joer genuch sou Wunnengen baut an verlount, vir einfach duerch eng grouss Offer d’Präisser um Maart am allgemengen ze stabiliséieren, also och vir di méi kleng Studioen an Appartementer.
     
     
    Duerch sou en Gesetz géif et méiglech ginn vir allen Léit mat normalen Ressourcen, zu mindestens en korrekten Dag iwwer dem Kapp unzebidden. Mir géifen engem Deel vun der Bevëlkerung d’Chance ginn vir sech eppes opzebauen, an net mussen Wucherpräisser bezuelen, déi just dozou féieren dass d’Leit ëmmer méi an d’Aarmut falen. Mee vir sou Iddien ze entwéckel , brauch en politeschen Wëllen, souguer politesche Courage an net nëmmen Bedaueren dass mer zu Lëtzebuerg eng Wunnengskris hunn.

    3 min
  • Commentaire: Net z'entschëllegen, 27/09/2018 07:45
    Mir sinn an der Halschent vun der offizieller Walcampagne. Déifgräifend inhaltlech   Ausernanersetzungen gouf et der bis ewell éischter wéineg. D'Walcampagne 2018 ass bis elo duerch aner Saachen opgefall. An déi loossen engem d'Schudderen de Réck erof lafen. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
    0 min
  • Carte Blanche, 26/09/2018
    Wat geschitt den 14. Oktober? Mir gewannen – heescht et op deene zwou Säiten vum politesche Metier, also Regierungs-Parteien engersäits an den Oppositiouns-Parteiwen anerersäits. Fir déi eng heescht dat den Status Quo erhalen wärhend déi Gréisst vun deenen aneren opmanst zwee Sëtz méi musse kréien. D’Regierungsparteien légitiméieren hieren Usproch mat der geleeschtner Arbecht an diagnostizéieren beim Letzbuerger wéi beim Ländchen: dem Patient geet et vill besser wéi virun 5 Joer an ass bei exzellenter Gesondheet. Dëse Bilan kann nach verbessert ginnn – virausgesaat de Wieler verlängert sein Vertrauensmandat em eng Legislaturperiod. Déi Aner hunn bessi méi Krämpes eppes ze légitmiéeren – dat ass den Fléau vun der Oppositons-Abrecht. Si maniféstéieren villméi e Wëllen a Form vun engem Plang fir endlech erëm un dat Ruder ze kommen, wann hinnen -  gefillt - souwisou zousteet.
    Irgendwéi wëll jidfereen eist Ländchen vun der Best Practice an d’Next Practice féieren. Wéi dat konkret soll geschéien kann dogéint kee richteg soen, respektiv well kee richteg soen, fir et sech mat kengem ze verdiewen. ‚Wouriwer een net schwätzen kann soll en einfach näischt soën’(1) – dës Asicht vum Wittgenstein kinnt der Saach hëllefen  - awer net an engem Wahlkampf. Mam Resultat dat een iwerall dat selwecht héiert – nëmmen de Bleckwenckel änert sech no der politischer Couleur. Do wou politësch Visiounen kinnte stoën fanne mer lëschteweis Aktiounspläng – méi oder maner konkret. Geet dat duer fir de Bierger ze iwerzeegen?
    Kloer ass: all wëllen se un d’Muecht – onkloer ass firwat. Geet et, fräi nom olympesche Motto, einfach nëmmen drëms dobäi ze sinn – à tout prix fir den eegenen Ego - oder soll  villméi wirklech Verantwortung iwerholl ginn fir d’Land a Leit an  Zukunft ze féieren? Schwätze mer nom 14. Oktober wéi kompetent Léisungen fir d’Problemer vum Land sollen ausgesinn oder kucke mir, also de Bierger - wahlberechtegt oder net, alt erëm no wéi Still gereckelt ginn? Also déi Exegese vum Wielerwëllen déi légitimiéieren soll wéi eng Binetten aus deenen 4 lächerlechen Wahlbezirker wéi zervéiert musse ginn fir dat de Fridden an der ganzer Parteilandschaft erhalen bleiwt?
    Kuerz dat rethorescht Spill wou Chamberswahlen ëmmer erëm zu Regierungswahlen gemach ginn – wahrsheinlech die am meeschten ge-shared’en Fake News am Grand-Duché zenter 1919.   
    Dofir interesséiert mech als Bierger villméi d’Fro: wat geschitt nom 14. Oktober? Business as usual – mam lëtzebuerger Modell - oder gëtt sech déi nächst Legislaturperiod dann e fir allemol Zäit geholl e puer fundamental Froën net nëmmen ze stellen, mä doriwer eraus, och unzegoën? Mir verstinn eis als Demokratie, awer d’Aritmethik tëscht Résident’en an Wahlberechtegten schwätzt eng aner Sprooch. D’Education huet eng Vision : all Schüler mat Tablett – a mir wielen wéi wann et de Stroum nach guer net géif ginn. Firwat sech net digital opstellen: sou kinnt een net nëmmen d’Chamber mat Bezirker wielen mä och zäitlgläich national eng Regierung. Ass eng constitutionell Monarchie nach zäitgemäss?  Wéi e Menschebild huet Lëtzebuerg ? Sinn d’Wärter vum Krautmaart och am Land vun de Leit gedeelt? a wéi eng sinn dat? Wéi wëlle mer zesumme liewen?
    Mir all wëssen dës Froën kennen weder  einfach nach eweg Antwerten – grad dowéinst ass et sou wichteg dat se emmer erem gestallt ginn. Léisst en se awer riets oder lenks leien, dann ass et just eng Fro vun der Zäit bis Anerer d’Antwerten fir eis fannen – Antwerten déi deene mansten vun eis dierfte schmachen.


    (1)    Ludwig, Wittgenstein, "Wovon man nicht sprechen kann, darüber muß man schweigen." ,Satz 7, Tractatus logico-philosophicus.



    4 min
  • Carte Blanche , 24/09/2018 07:45
    D’Opdeelung vun onsem klenge Ländchen a véier Walbezierker, déi elo 99 Joer al ass, ass an der mobiller Welt vun haut iwwerholl. Dat mengt de Fernand Fehlen, ee vun de Pionéier vun der Walforschung zu Lëtzebuerg.
    0 min
  • Carte Blanche, 24/09/2018
    De Pitti wunnt zu Fréiseng a schafft zu Mondorf; hien ass e gléckleche Pirat. De Jempi wunnt zu Mondorf a schafft zu Fréiseng; hien ass en ongléckleche Pirat. De Pitti wielt am Zentrum an huet gutt Hoffnung, dat seng Stëmm zielt an hëlleft seng Pirate-Partei an d’Chamber ze bréngen. De Jempi wielt am Ostbezierk, dem klengste Bezierk, a well e rechne kann, weess en, datt seng Partei do 12,5% vun de Stëmme brauch fir ee vun de 7 Sëtz sécher ze kréien.
    De Jempi ass zwar en Optimist, iewel un esouvill Stëmme fir seng Partei gleeft en net. Well d‘Verdeelung vun de Sëtzer ni genee opgeet, bleift an der Reegel ee sougenannte Reschtsëtz iwwereg. Wellech Partei dee kritt, ass eng Aart Lotterie. Bei de leschte Walen hat d’ADR am Osten 8,6% vun de Stëmmen, mee dëst ass net duergaange fir de Reschtsëtz ze kréien.
    Niewent dëser véierfacher Reschtsëtz-Lotterie bréngt d’Opdeelung a Bezierker nach aner Problemer mat sech:
    Déi aktuell Zuel vun Sëtzer pro Bezierk staamt aus dem Joer 1988. D’Awunnerentwécklung an deene véier Bezierker ass iewel ënnerschiddlech, dofir misst een d’Zuel vun de Sëtz reegelméisseg aktualiséieren. 2013 hat d’ADR an enger Proposition de loi virgerechent, datt den Zentrum nëmme Recht op 17 an net op 21 Sëtz hätt.
    Den Zouschnëtt vun de Bezierker entsprécht am Detail haut kenger wiertschaftlecher oder soziodemographescher Logik méi. Dat hunn och déi Kopleschter am leschte Fréijoer an engem Referendum gemengt. 63% wollten an den Zentrum wiesselen, wou se jo geografesch souwisou leien.
    Wat geschitt, wann zwou Gemengen aus zwee verschiddene Bezierker fusionéiere wëllen? Wa Kolmer-Bierg aus dem Zentrum sech der Nordstad uschléisse wéilt. Den zoustännege Minister huet keng konkret Äntwert op eng entspriechend Question parlementaire ginn.
    De politeschen Debat gëtt haut vu nationale Medien an nationalen Themen bestëmmt. Wéineg Kandidatinnen a Kandidate mat nationaler Australung dominéieren d’politesch Landschaft. D’Unhänger vum Panachéiere bedaueren oft, datt se dësen kee Kräiz maachen däerfen, well se an der falscher Circonscriptioun wunnen.
    Bei all Wal léist d’Chamber eng grouss Étude duerchféieren, wou och no der Circonscription unique gefrot gëtt. 2009 war fir d’éischt eng knapp Majoritéit dofir. Bei de nächste Walen 2013 waren et der scho bal 70%. Wéi vill et dës Kéier sinn, wësse mer nach net an och net wat fir Parteie bei der grousser Reschtsëtzlotterie gewanne wäerten.
    3 min
  • Carte Blanche Laura Zuccoli , 21/09/2018 07:45
    D'Politik stellt d’Weiche fir d‘Gesellschaft vu muer.
    Wa Wale sinn, ginn déi verschidde Visioune vun den Parteien fir eis Zukunft diskutéiert. Do geet et ënner anerem ëm d‘Zesummeliewen an eisem Land – Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger a Frontalieren. Eng Carte Blanche vun der Laura Zuccoli.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

54 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners