De Politiker
Haut wollt ech meng Carte Blanche iwwert de Politiker an d’Politikerin maachen.
Mir hunn an eiser Gesellschaft d’Gewunnecht ëmmer dem aneren d’Schold vun allem ze ginn. Ei, dat maache mer gären an dat kenne mer och ganz gutt.
• Geet et zum Schluss vum Mount am Portmonni net duer, da läit et un der ze niddreger Paie an net genuch Staatlech Hëllef ;
• Steet ee mam Auto am Stau, da sinn déi sëllech Bauaarbechte Schold an et goufen alt erëm déi falsch politesch Decisioune geholl ;
• Klappt eppes am Schoulsystem net, dat ass forcement de Minister näischt ;
• An beim geréngsten alimentairë Skandal bläre mer géint Europa déi net op Zack waren oder sech ze vill dra gemëscht hunn a Schold sinn.
Lo mol d’Hand op d‘Häerz, wei wär et dann, wa mer all kéier, wou mer eppes géint en aneren ze soueren hunn, mol géinge probéiere selwer no Léisungen ze sichen. A mengen Ae muss een haut, als Bierger, scho bal Zivilcourage hunn, fir sech an d‘Politik z’engagéieren. Kaum mellt een dat en sech an d‘Politik engagéiert, schonn hagelt et u Kritik am Volleksmond : ze jonk, ze al, keng Erfarung, ze vill Erfarung, an esou weider... d’Lescht ass laang.
Perséinlech fannen ech et immens dat een a sengem Liewen iergendwann eng Kéier decidéiert niewent senger Aarbecht Zäit fir d’Politik hierzeginn. Op Fra oder Mann. Politik bedreiwen heescht jo awer och sech z’informéieren, Meenungen hunn, bereet sinn sech fir e Projet, eng Saach anzesetzen un déi ee gleeft a prett ze sinn fir richteg vill ze schaffen. E Politiker muss och däerfen seng Meenung kennen änneren, och däerfen sech iren. De Politiker ass keen Iwwermënsch, mee eng Persoun déi fir sech decidéiert huet, ze probéieren eppes fir säi Land, säi Kontinent ze maachen. Haut well ech all dëse Politiker Merci soe fir hien Asaz am Alldag.
Grad elo, e puer Méint virun de Wahlen trefft een iwwerall op se : elo kann en erëm lästeren si kéime just Stëmme sichen, mee wei se et och maache, wär et net gutt. Deen, deen sech net esou vill weist, kritt dat och an de Kapp gehäit. Also, déi nächste Kéier wou der e Politiker gesitt, zum Beispill muer de Moien um Stater Maart, denkt 2 Sekonnen driwwer no, wéivill Zäit deen sech fir d’Land hëlt, fir d’Leit, fir eis.
Ech wënschen dem faire Politiker e faire Wahlkampf an dem Land eng gutt Regierung. An fir déi déi gären e Schëllege sichen oder ëmmer knouteren : ma da setzt Iech dach selwer an, a probéiert et besser ze maachen. Wann der iwwerzeegend sidd, kritt der och sécher déi néideg Stëmmen.