RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche Laura Zuccoli, 21/09/2018
    Ech sin iwerrrascht, datt elo Virschléi debatteiert ginn, déi een un däischter Zäiten aus eiser Geschicht erenneren.
    Elo sollen op emol d’Awunner aus eisem Land Virrecht op eng Arbechtsplatz kreien. Dobei ass jo eng vun den Errungenschafte vun der Europäescher Unioun déi, dass mer als Bierger fräi an Europa liewen a schaffe kënnen. Heecht daat, datt mer elo, nees Kontrollen op Eisen Grenzen sollen aféieren an briechen domadden en Grondprinzip vun der EU.

    Da sollen d’Patronen nemmen nach Leit astellen, déi Lëtzbuergesch schwätzen. Waat heecht daat da konkret, bei 2/3 Nët-Letzebuerger um Arbechtsmaart? Nët manner wéi 300.000 Leit, déi mer beieneen a lëtzebuergesch Course misste schécken ! A wou fannen mer dei Enseignants dann all ?
    A wat heescht daat fir di sëlleche Firmen , déi an engem internationalen Emfeld schaffe, wou kee Mënsch eppes mat Lëtzebuergesch ufänke kann? Waat soll déi da nach hei haalen, besonnesch wann vill Leit, di Lëtzebuergesch schwätze, vum Lëtzebuerger Staat agestallt ginn! Äddi a Merci!

    Si mir da bereed op eise gudde Gesondheetssystem , eis héich Paie beim Staat , eis sécher Pensiounen ze verzichte, wann mer esou Fuederungen zoustemmen? Ouni di 2/3 Nët-Lëtzebuerger um Aarbechtsmaart brécht eise ganze System zesummen!

    D’Migranten a Frontaliée si Schold un de sëlleche Problemer, déi de wirtschaftleche Wuesstum mat séch bréngt, gët weider behaapt. E komplext Thema gët esou op einfach These reduzeiert , ewei daat rietsextrem Mouvementer an Europa den Ament machen!

    Wa en Kandidat schäinhelleg fuedert,  Lëtzebuerg sollt manner Migranten an d’Land era lossen, well déi riskéieren, hei ausgenotzt ze ginn, da brauche mer méi Respekt vum Arbechstgesetz a méi efficace Kontrollen an den Entreprisen, awer nët manner Migratioun. Lëtzebuerg kann ouni Migratioun nët iwerliewen !

    Eng verlueren harmonesch Welt gët eis virgegaukelt, e Bild aus aalen Zäiten an enger Gesellschaft, wou owes virun der Diir op letzebuergesch geuucht an eist Brout nach mam Frang bezuelt gouf, wou eis Grenze fest zou an eis Economie a lëtzebuerger Hand war?
    Well et si jo virun allem d’Auslänner an d’Frontalieren, déi steieren an deene mer die vill Stauen an de Manktum u Wunnengen ze verdanken hunn! Mee sinn Emwelt-, Mobilitéits- a Wunnengsproblemer net éischter enger verpasster Politik ze verdanken ?

    Froen vun enger gerechter Ëmverdeelung vum Räichtum an eisem Land, wou de Gruef tëscht Räich an Aarm emmer mei grouss get, sin ennert anerem grondsätzlesch Themen. Eng identitär Politik, déi ee géngt deen aner ausspillt a wou den Auslänner de schwarze Péiter kritt, ass geféierlech a geet langscht die wichteg gesellschaftlech Froestellungen.

    Et as mei einfach, Stëmmung ze maache géngt deen, deen anescht ass oder beizitt an esou Mësstrauen an eiser Gesellschaft ze séien. Mir mécht dat Angscht, well mer jo bis elo eise Wuelstand konnten op die kulturell Vielfalt an Oppenheet vun eisem Land opbauen.

    Wëlle mer eis wirklech an an eist Schleekenhaischen zeréckzéien ?
    3 min
  • Carte Blanche, Anne Goeres, 19/09/2018
    O méi, eng Carte Blanche iwwert den Doud - vill vun Iech wärten elo denken dat et absolut net passend ass, weder bei desem wonnerschéinen Wieder, nach am Kontext vun der Schoulrentrée. A wee well schon eppes iwwert den Doud héieren ?
    Abee eben grad dach. Ech erkläre mech.

    Den Doud ass eppes spezielles : et trefft eis alleguer, fréier oder spéider, op mer wellen oder net. An ausser an e puer Eenzelfäll, kennt den Doud nie geplangt.
    Bei verschiddene Leit ass den Doud direkt, schmerzlos..
    Bei aanere Leit schleicht en sech kuurz oder laang ronderem an ass mat vill Peng verbonnen
    An nach bei aanere Leit, kennegt en sech un wei wann hien der betraffener Persoun nach weilt dei neideg Zait loossen, alles an d’Rei ze brengen.

    Gett et en idealen Doud ? Ech denken dat ass esou eng perséinlech an individuell Fro, dat een do keng Äntwort ka gin, mee eppes steet fest : den Tabou em den Doud ass menger Ansicht no Hautesdags komplett doniewent an iwwerlieft. Net kennen iwwert den Doud schwaetzen, sech net kennen prepareieren iwwert dat wat duerno geschitt, ass einfach ze Schued. Natiirlech geet dat nemmen wann dat physesch a mental nach meiglech ass. Et stinn op eemol esou vill Froen am Raum, kleng Onwichteger, grad esou wei definitif grouss Decisiounen, dei musse geholl gin.

    Wei schéin ass dat, wann dei betraffe Persoun dat selwer kann bestemmen. Sans gêne, ouni Tabou.
    Dat mecht et der nostehender Famill an den enke Frënn esou vill méi einfach. A propos Frënn a Famill : dei si jo wierklech dat kostbarst wat et get - mee dei kreien eng nächst Carte Blanche dédiéiert, well des Carte blanche soll och eng grouss Dankbarkeet dem ganze Fleegesekteur ausdrecken : all dei Leit dei am Alldag mam Doud konfronteiert sin, leeschten eng wahnsinneg Aarbecht. Trotz weineg Zait, trotz vill Granzerten, trotz vill Drock duerch den Aarbechtsvolumen an Trotz den enorm villen Emoutiounen hunn dei sech e Beruf erausgewielt wou se Leit begleeden dei mam Doud konfronteiert gin. Chapeau.

    An och dei maachen hier Aarbecht haut erem, op engem schéinen, sonndege Mëttwoch matzen am September wou wou kleng a grouss Schüler rem d’Schoulbänk drecken.


    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 19/09/2018
    Carte Blanche Economique – PwC – 2018/2019 – Kompétitivitéit – waat heescht daat konkret?

    RTL: Et gëtt jo esou vill iwwert d’Lëtzebuerger “Kompétitivitéit” geschwat – kënnt Dir konkret Beispiller nennen aus Ärer Praxis, déi weisen dass hei e Risiko besteet?

    François Mousel: Natierlech. Vill Risiken gesinn mer neierdéngs fir qualifizéiert Auslänner unzezéien, z.B. am Finanzberäich, mee och am Beräich vun den Industriebetriber. Et scheitert oft dorunner, dass et mëttlerweil schwéier ass, fir esou Leit den Transfert op Lëtzebuerg interessant ze maachen: knappen (an deieren) Wunnraum, héig Steieren (Spëtzensaatz mat Soziaalversecherung iwwer 50%), knappt Schoulangebot, etc. Vill soen do héiflech Neen an Merci. Et geet also nët nëmmen mei em d’Kompetitivitéit vun den Betriiber, mee och déi fir Mataarbechter, déi esou Betriiber brauchen.

    RTL: Wéi verbënnt sech daat mat deem berühmten “kontrolléierten Wuesstem”?
    François Mousel: Wann een e Floss oder eng Baach wëllt kanaliséieren, muss awer ëmmer emol fir t’éischt Waasser am Floss sinn. Daat seet alles. Mir mussen do oppassen, dass mer net ebeemol, andeems mer vergiessen wou mer hier kommen, lues Verwaltungen, Steiersätz iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt, laang Prozeduren asw. hunn.
    RTL: Waat heescht daat konkret fir d’Politik?
    François Mousel: Daat heescht fir d’Politik – an engem klengen Land – parteieniwwergräifend d’Wichtegkeet vun enger legaler Kompetitivitéit unzerkennen, ze förderen, an dem Wieler ze erklären. Ouni aaner Contrainten ewéi d’Liewensqualitéit, den Naturschutz oder d’Infrastrukturen ze vergiessen. Z.b. kinnt een beim Staatsminister en “Secrétaire d’Etat à la Compétitivité Durable” ariichten, deen sech objektiv mat deem Thema auserneen sëtzt an simpelen an populisteschen Tëschenriff och emol Paroli bidden kann. Esou ze soen eng zentral Ulaafstell fir déi verschidden Interessen intern am Land zum Thema Kompétitivitéit oofzeweien an den Premier équilibréiert an informéiert ze beroden, mee awer och op Mësstänn a Probleemer hinzeweisen.
    2 min
  • Commentaire, 18/09/2018 07:45
    Commentaire 180918:

    Uso:

    Spéitstens muar, wann an alle Lycéeë vum Land den Eescht vum Liewen nees ufänkt, huet eis de komplette ganz normale Wahnsinn erëm: Et ass Rentrée!

    Eng Rentrée, déi dëst Joer awer e bësse méi anormal ass wéi déi Jore virdrun, op d'mannst zum Deel, fënnt den Eric Ewald de Moien a séngem Commentaire:
    0 min
  • Carte Blanche, J-L Schlesser, 14/09/2018
    No de Juncker-Joren, wou just ee Punkt um Agenda stoung, nämlech deen un der Macht ze bleiwe, war et fir rout, blo a gréng net besonnesch schwéier ze verspriechen alles anescht a besser ze maachen. Dobäi koum onerwarten Hëllef vun enger gudder wirtschaftlecher Konjunktur. Ee wéi de Pierre Gramegna, zum Beispill, deen iwwert eng verstoppte Säitendier an d’Regierung koum, sollt eisern spueren an all Cent dräimol emdréien ier hien en ausgëtt. Well dat op eemol net méi sou noutwendeg war ass hien zum erfollegräichen Affekot vun eise plus ou moins louche Steiertricksreieen avancéiert.

    E Problem fir d’Koalitionäre – besonnesch am Ufank - war datt de jonke Premier am Fong e bessere Stater Buergermeeschter wéi e Chef vun der Exekutiv war. Dofir hat de Jang Asselborn mat senger internationaler One-Man-Show op de Weltbühn ëmsou méi Erfolleg.

    E Mann mat Heldestatus, de Claude Meisch, koum vun Déifferdeng. Hien huet et fäerdeg bruecht e System, un deem sech all Minister säit dem Marc Fischbach virun drësseg Joer d’Zänn ausgebass huet, auszetricksen. Datt hien dobäi och zimlech vill Duerchernee gemaach huet ass scho bal selbstverständlech.

    Eng Rei al Kämpfer hun d’Handduch gehäit. Den treien Parteizaldot Roger Negri vun der LSAP, deen am zaarten Alter vu 64 Joer mat der Politik ophält. D’Pressefotografe wäerten nach laang un hien denken an hie schmärzlech vermëssen.  

    Beim Paul-Henri Meyers ass d’Situatioun anescht. Bis 81 Joer stoung de Mann mam apaarte Virnumm am Déngscht vum Land a vu senger Partei. Allerdéngs konnt ee mengen hie wär an der falscher Partei well hien oft méi progressiv wéi seng äerzkonservativ an opportunistesch Parteifrënn war. Ech wollt him scho virschloen dach eng republikanesch Partei ze grënne well hie manifestement mat eiser Monarchie oder eisem Monarch net vill um Hutt hat.

    Et kënnt, esou ass unzehuelen, nawell nei Blutt an di nächste Chamber. Wann di vill Kandidaten di et scho gewinnt sinn e Mikro vun der Nues ze hunn an d’waarm Luucht vun de Projekteren ze spieren all gewielt ginn da kréie mer e Parlament vu ville Leit di an iergendenger Form mam Showbusiness ze din haten, wann een dann dëse Sender zum Showbusiness zielt. Egal wéi schéngt RTL de Gewënner ze ginn, villäicht esou guer wat deen een oder deen aanere Ministerposten ugeet. Bei de Parteie schéngt d’Aarbechterpartei LSAP di gréissten Attraktioun fir d’Leit aus dem Rampeliicht ze hunn, mat der DP als noen Zweeten. CSV lappt do, a bei de Gréngen ass et net vill besser, vun de Lénken net ze schwätzen. Esou d’ADR konnt – erstaunlecherweis - e couragéierten RTL-Mann u Land zéien.

    Iwwerhaapt d’ADR,  mat hirer Filial, der virtueller Facebook-Partei, där hire Chef nach ëmmer mengt hie wär ganz eleng fir di 80 Prozent géint Auslänner-Walrecht zoustänneg.  Eppes muss een de Komeroden aus dem riets-rietsen Eck nämlech zougestoen: si hu Kandidaten di an enger anerer Partei ni op eng Lescht komm wären.

    4 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

54 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners