RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 11/07/2018
    D’läscht Woch war jo a Präsenz vum Premier den Optakt vum “Family Business Network” Lëtzebuerg – firwat brauche Famillgebetriber hiert eegent Netzwierk – grad zu Lëtzebuerg wou et schon eng sëllege Klippercher ginn?

    Familienbetriiber hunn eng Rei speziell Besoin’en. Am Wichtegsten ass dee vun der Transmissioun – et gi Studien déi beleen, dass ongeféier 50% vun den Familienbetriiber beim Sprong vun enger Generatioun op déi aaner ënner ginn. Den Family Business Network ass e weltwäit Netwierk nëmmen fir Familienbetriiber, mam Objektiv en sécheren Kader ze schaafen, wou Familienbetriiber sech ënnerteneen kënnen austauschen iwwer esou sensibel an privat Themen ewéi Transmissioun. An Lëtzebuerg huet elo seng eegen Antenn. Den Erfolleg gëtt den Grënner recht – et gi schon baal 40 Membren no e puer Méint!

    An d’Roll vun den Familienbetriiber an der Wirtschaft?
    Déi ass rieseg, esou guer zu Lëtzebuerg mat senger Finanzplaatz. Iwwer 70% vun allen PME’en sinn Familienbetriiber déi also méi ewéi d’Haltschecht vun eiser Wirtschaft ausmaachen. Dass hinnen den Sprong an déi nächst Generatioun geléngt ass also super wichteg.
    Wann et e Netzwierk fir Famillgebetriiber ass, waat ass dann d’Roll vun de Partner’en, also PwC an der Banque de Luxembourg?
    All Antenn dierf vu Partner’en ennerstëtzt ginn. Mir ginn logisteschen Support, kënnen mat techneschen Expert’en ennerstëtzen oder eng Roll vun Modérateur spillen. Mee mir sinn keen aktiven Membre. Mir sinn houfreg als PwC mat der BDL zesummen dee Support kënnen ze ginn an esou deen een oder aaneren Familienbetriib besser op déi nächst Transmissioun virzebereeden!
    2 min
  • Commentaire: Krisestëmmung, 10/07/2018 07:50
    D’Europäesch Unioun ass den Ament drëm beméit no Mëttel a Weeër ze sichen fir derfir ze suergen, datt sou mann wéi méiglech Leit vu baussen un eis Dier tocke kommen. Kee schwätzt méi vun Ëmverdeelung, och wann de Lëtzebuerger Ausseminister virun enger existenzieller Kris vun der EU warnt. Ganz uewen op der Agenda steet de Schutz vun de Baussegrenzen. Spéitstens de leschte Sommet huet gewisen; d’Politik déi op Käschten vun de Flüchtlinge geet, huet sech antëscht zu Bréissel duerchgesat. Claude Zeimetz
    0 min
  • Carte Blanche: Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen! , 09/07/2018 07:50
    Vill ass an de leschte Wochen iwwert déi sougenannte “Sprangprëssessioun“ zu Iechternach geschwat ginn. Wann ee verschiddene Leit nolauschtert, da géing ee bal mengen, d‘DP-LSAP-déi Gréng-Regierung wier am gaangen, deen Event ofzeschafen. Puer Gedanken dozou vum Laurent Schley, President vun AHA, a senger Carte blanche vun haut, mam Titel „Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!“
    0 min
  • Carte Blanche: Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!, 09/07/2018
    E fréieren Iechternacher Lokalpolitiker geet ganz aktuell mat enger Petitioun géint seng eege Partei, déi Deel vun der Dräierkoalitioun ass, déi grad grouss Schrëtt a Richtung Trennung vu Kierch Staat vollzunn huet. Déi Regierung huet nämlech decidéiert, dass d’Schoulkanner am ganze Land op engem hondsgewéinlechen Dënschdeg am Fréijoer 2019 net wäerte fräi hunn – ausser op explizit Demande -, just well d’kathoulesch Kierch deen Dag wëllt e reliéisen Event organiséieren. Dat ass natierlech der Kierch hiert gutt Recht, mee huet awer näischt mat der ëffentlecher Schoul ze dinn. Dass d‘Sprangprëssessioun 2019 zu Iechternach  - ëm déi geet et - a Gefor wier, ass also Fake News, an di ganz Diskussioun net méi wie e Stiermchen am Wäiwaasserglieschen.
    Mee et si schliisslech am Oktober Walen… also probéiert de Moment jiddereen, mat der Sprangprëssessioun op Stëmmefang ze hoppelen, oder anere Stëmmen wech ze huelen. Ugefaang huet dee ganzen Zirkus mam Katholikechef  Hollerich, dee gemengt huet, et wier eng „Sauerei“, wann d’Schoulen op deem ganz normale Schouldag – wat et letztendlech ass – géife Prüfungen maachen. D’kathoulesch Kierch, e private Club, wëllt sech also elo scheinbar schonn nees an d’Organisatioun vun der ëffentlecher Schoul amëschen.  
    Skurril gëtt et, wann de Katholikechef am selwechten Otemzuch betount, dass déi béis Geeschter vu gëschter zu Iechternach net wëllkomm wieren. Domatter huet hien sech op nationalistesch Tendenze beruff, déi an Europa jo um komme wieren, woumat hien natierlech Recht huet. Mee wéi erklärt sech dann awer de Katholikechef, dass sech grad Leit vun deem nationalistesche Bord am aggressiivste géint d’Decisioun vun der Regierung a Punkto „normalen Dënsteg 2019“ opreegen? Sou schreift eng ADR-Kandidatin aus dem Zentrum fir d‘Walen am Oktober an engem Lieserbréif op rtl.lu vu Skandal a vu Schan an attackéiert souguer interessanterweis en CSV-Mann an Ex-Paschtouer, dee proposéiert hat, d’Sprangprëssessioun op Méindes ze verleeën.
    Des Weieren sinn och nach d’Leit vun enger gewësser Internetplattform op de Plang komm, vun där verschidde Memberen och am Oktober op de ADR-Lëschten ze fanne sinn respektiv entre-temps mol ganz locker an de Sozialmedien d‘Naziverbriechen ëffentlech verharmlosen. Dat sinn dann déi Leit, déi am haartste jäizen, wann der kathoulescher Kierch een ongerechtfertegte Privileg ewechgeholl gëtt, nämlech wäertvoll Schoulzäit engem reliéisen Event ënnerzeuerdnen. Abee jo.
    Dobäi wier et dach alles sou einfach. D’kathoulesch Kierch kéint ouni Weideres hire Sprangevent op Sonndes verleeën, an de Problem wier geléist. Mee d‘Kierch an hier dubios Alliéierten notzen di Saach léiwer fir an de Medien nach bëssi bëllege Stunk géint di aktuell Regierung ze maachen, déi grad am gesellschaftspolitesche Beräich en zimlech gudden Job gemaach huet. Populismus pur vu Kierch a Co., deen awer liicht ze duerchkucken ass.

    3 min
  • Carte Blanche, Jean-Louis Schlesser, 06/07/2018
    Disruptiv ass eppes dat d’Gläichgewiicht vun engem System stéiert. Hei e puer disruptiv Phenomener. De Futtball natierlech. Disruptiv war schonn datt d’Futtball-WM iwwerhaapt u Russland gaangen ass. Oder och net, well schliisslech haten d’FIFA Fonktionären schonn ëmmer grouss an déif Täschen.
    An: d’Englänner hunn tatsächlech en Eelefmeterschéisse gewonnen.
    D’Mannschaft aus Däitschland: si ass ouni Glanz a Gloria, mat engem eenzege Punkt an no miserabele Mätcher heemgefuer. Vir vill di gréisst Disruptioun iwwerhaapt.
    Iwwerhaapt Däitschland! Di grouss Auto Premium-Marken stinn elo do wéi eng Gaunerband well se d’ganz Welt - a besonnesch hir Clienten - ugeschmiert hunn.
    D’Madamm Merkel: léisst sech vum Chef vun enger Regionalpartei, der bayerescher CSU, erpressen. Zimlech disruptiv, nee? Eng gréisser Onuerdnung hat nach just de Franz Joseph Strauss, och vun der CSU, an de 60 er Joren mat der Spiegel-Affär fäerdeg bruecht. Mee déi huet him säin Job als Minister kascht an d’Pressefräiheet an Däitschland gestäerkt. Dat wat wierklech disruptiv ass: d’Madamm Merkel ass erpressbar,  an e reaktionäre bayeresche Veräin huet d’Pretentioun Europa no senger Päif danzen ze loossen.
    Elo ass et jo net esou datt ee menge soll datt ëmmer alles beim Ale bleiwe misst. D’Welt geet weider, et soll een net op all gesellschaftlech oder politesch Entwécklung en Deckel drécken,  a mir si jo net an der Sowjetunioun vum Breschnew oder am Nord-Korea vum Här Trump sengem Kolleg. Disruptiv Phenomener sinn et ëmmer ginn, och wann dat Adjektiv fréier net gebraucht ginn ass. Achtasechzég, op zu Paräis, zu Berlin oder zu Berkely war mega disruptiv. Et war eng Beweegung di de System gehéiereg duerchernee gerëselt huet an souguer zu Lëtzebuerg Spuere gelooss huet, an der Däiwel weess wéi verännerungsresistent mir sinn. Make Love not War, sous les pavés la plage, waren Sloganen, Metapheren mee och Programmer. Wou si mer haut?
    Achtasechzég war eng utopesch Beweegung, di vun enger humanistescher, altruistescher, optimistescher Grondastellung gepräägt war an dat kënnen souguer déi di se mat kriteschen Ae kucken net leegnen.
    Et géif mech wonneren wann, no enger Rei Joren, an Däitschland, an Italien, a ville Länner di drësseg Joer nom Fall vun hire kommunistesche Regimmer iwwerhaapt näischt bäigeléiert hunn, d’Virgäng vun haut, ähnlech positiv analyséiert kéinte ginn. Villäicht ginn éischter Parallellen zu den drësseger Jore fonnt, zu dem Disruptiven vun där Zäit, a vun der Onmënschlechkeet, der Barbarei déi doraus entstanen ass.
    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

54 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners