RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Commentaire: Pro oder Contra Cannabis?, 05/07/2018 07:50
    Soll de Cannabis legaliséiert ginn?
    Wäit iwwer 7'300 Leit hu bis ewell d'Petitioun um Internetsite vun der Chamber ënnerschriwwen an ënnerstëtzen eng Legaliséierung. Enn des Mounts gëtt de Sujet an der Chamber debattéiert.

    Fir d'Regierung war eng Legaliséierung bis ewell keen Thema, an hire Wahlprogrammer dierften d'Parteien sech awer op en Neits positionéieren.
    E Commentaire vum Carine Lemmer.
    0 min
  • Carte Blanche, 04/07/2018 07:50
    Wat ass de Conseil Supérieur pour un développement durable, oder Nohaltechkeetsrot ? Wéi eng Missiounen huet dëse Gremium a kann en mat deenen Moyenen déi en de Moment huet, dës Missiounen iwwerhaapt erfëllen ?
    Eng Carte Blanche vum Francis Schartz, Pensionnéierte Lycées Direkter, Dokter an den Emwelwëssenschaften a President vum Nohaltechkeetsrot.
    0 min
  • Carte Blanche, 04/07/2018
    Léif Nolauschterer
    Haut wëll ech meng Kaap als President vum Conseil supérieur pour un développement durable CSDD op doën an iech iwwer dëse sougennanten Nohaltechkeetsrot schwetzen.
    Dat kann ech awer net machen ouni ee Moment un de Camille Gira ze denken, een éierleche Kämpfer fir d’Cause vun der nohalteger Entwécklung. Als Dépituéiert huet hien eemol den Nohaltechkeetsrot « zahnlosen Tiger » genannt; als Staatssekrtär huet hie gehollef dem Tiger ee puer Zänn wuessen zelossen.
    Mais huet deen Tiger, also den Nohaltechkeetsrot, dann elo genuch Zänn fir zebeissen, oder sollt hien iwwehapt beissen ?
    Wat sinn dem Nohaltechkeetsrot seng Missiounen a kann hien se sou wéi ën de Moment opgestalt ass, iwwerhapt erfëllen ?
    D’Gesetz vum 25. Juni 2004 huet dëse Gremium geschaf, deen aus 15 onofhängeje Persoune besteet, déi op Grond vun hirer Expertise vun der Regierung genannt ginn.
    Seng Missioune sinn
    - iwwer Froën vun der der nohalteger Entwécklung ze délibérieren,
    - Recherchen virzeschloën an deem Bereich,
    - mat ähnlechen Organer aus der EU zesummen ze schaffen
    -an déi breed Oeffentlechkeeet mat anzebannen fir d’Objectiver vun enger Nohalteger Entwécklung ze erreechen.
    - Ausserdeem soll den Nohaltechkeetsrot Avisën ausschaffen zu allen politeschen Décisiounen um Gebitt vun der Nohaltechkeet, souwuel op nationalem wéi och op internationalem Plang, virun allem wat d’Emsetzen vum nationalen Plang fir nohaltech Entwécklung PNDD ubelaangt
    - an och vun den  intenational Engementer, déi Letzebuerg an deem Domaine agang ass.
    Dat ass ee riisege Programm, deen ee schwéierlech mat lauter Freiwëllegen ka bewältegen.
    mir hun déi lescht Joren vill an Arbechtsgruppen a a Vollversammlunge geschafft, Workshoppen organiséiert, Etuden lancéiert, Avis verfaast an de politesche Parteiën Virschléi fir an hir Wahlprogrammer presentéiert.
    Och wa mer tatkräftech vun enger Fonktionnair aus dem MDDI ënnerstëtz ginn, geseit een direkt datt mat all deene Aktivitéiten d’ Méiglechkeeten an d’Bereedschaft vun de Bénévolen aus dem CSDD un hir Grenze komm sinn. Vu dat Nohaltechkeet  jo net nëmmen Emweltschutz ass , mais een Zesummespill vun Ekologie, Ekonomie a Sozialem misst eng nohaltech Entwécklung dat ierwescht Ziil vun all Politik  sinn. Dofir si mir der Meenung, dat de Nohaltechkeetsrot am Staatsministär sollt ugesiedelt ginn.
    Wann d’Politik den Nohaltechkeetsrot wëllt sérieux huelen , da misst si ën mat deene néidech Moyenën versinn, souwuel materiell wéi och personnel. Oder d’Politk dach léiwer, wann den Nohaltechkeetsrot  een „Zahnlosen Tiger“ bleift?
    3 min
  • Commentaire, 03/07/2018 07:50
    9 Deeg ass et elo hir, dass allerspéitstens och deem Läschten dierft bewosst gi sinn, dass Lëtzebuerg keng Insel ass.
    De läschte Sonndeg gouf nämlech per Communiqué confirméiert, dass e Lëtzebuerger festgeholl gouf, dee verdächtegt gëtt Propaganda-Material fir den IS verbreed ze hunn.
    D’Nouvelle huet kuerz schockéiert, ma ass awer grad sou séier verflaacht, mengt de Joël Detaille an engem Commentaire.
    0 min
  • Carte Blanche, 02/07/2018
    Viru kuerzem ass am Häerz vun eiser Haaptstad e Monument ageweit ginn, fir un d’Deportatioun an un d’Exterminatioun vu Judden aus Lëtzebuerg ënner der däischterer Naziherrschaft ze erënneren. Déi héchsten Autoritéite vun eisem Land hunn sech op dëser Plaz verneigt virum Leed vu Mënschen, déi ënner schreckleche Konditiounen deportéiert an duerno ermuert gi sinn. Dës Kanner, Fraen a Männer sinn exterminéiert ginn, well se Judde waren, well se vun anere Mënschen als „Untermenschen“ qualifizéiert gi sinn.
    Fir dës Mënschen - well et ware Mënschen a keng „Untermenschen“ - ze vergasen an duerno ze verbrennen, huet een hinnen fir d’éischt hier Eegenschaft als Mënsch missen ewech huelen, well et jo evident ass, an dat steet an all Gesetzbuch, dass et strofbar ass, Sengesgläichen ëmzebréngen. Fir d’Auteure vun der Shoah war et dofir wichteg, iwwer Joren ëmmer erëm hiere Matbierger anzetriichteren, dass de Judden hiert Liewe manner, oder guer näischt, wäert wier. Dës Entmënschlechung huet also fir d’éischt missen iwwert d’Sprooch an d’Käpp vun de Leit kommen. Et ass just duerch ëmmer erëm Widderhuele vun ale Viruerteeler a vun neie Scholdzouweisungen, wou dëse kriminelle Message eriwwer komm ass.
    Ech zéien doraus d’Conclusioun, dass ee muss op de Sproochgebrauch oppassen, wéi op d’Mëllech um Feier.
    Wat ech haut héieren a liesen, erschreckt mech ëmsou méi. An de sozialen Netzwierker an an de Kommentaren op groussen Internetsäiten, héiert een ëmmer méi en Discours, deen an eng albekannte Richtung geet. Wéi oft hunn ech gelies, dass Leit, déi aus dem Noen Osten oder aus Afrika an Europa flüchten, aus wéi enge Grënn och ëmmer, als “Dreck”, “Wouscht”, “Ongeziefer” oder wat och ëmmer bezeechent ginn? Wéi oft hunn ech héieren, dass Leit, déi op engem Schlauchboot sëtzen a risquéieren iergendwou am Mëttelmier ze erdrénken, net sollte gerett ginn? Wéi oft hunn ech gelies, dass mer eis Stroosse solle mat enger Kalaschnikow botzen?
    Bei dëse graffen Discoure kommen nach e puer rezent Elementer dobäi, déi méi soft kléngen, awer genau sou schlëmm sinn. Dat wier zum Beispill eng total Verharmlosung vun der Naziherrschaft, déi gleichgesat gëtt mat iergendenger sougenannter Friemherrschaft vu fréier oder mat der Belagerung vun der Festung Lëtzebuerg am 18. Joerhonnert. En anert rezent Beispill ass genau sou ongeheierlech. Do gëtt den Ënnerscheed gemaach tëscht Lëtzebuerger a Leit, déi di Lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Et géifen also Éischt-Klass Lëtzebuerger ginn, richteger, an anerer, déi dat net wieren. Mech erënnert dat un eng däischter Episode vun engem Gehilfe vun Nazidäitschland, nämlech dem franséische Regime de Vichy, deen enger Kategorie Leit déi franséisch Nationalitéit ewech geholl huet, well dës Persounen an hiren Aen ebe keng richteg Fransouse waren. Viséiert waren natierlech ënner anerem och d’Judden. Dës Andeelung a richteg a falsch Matbierger ass en éischte Schrëtt, fir duerno den ehemolegen Zweet-Klasse Bierger hier Eegenschaft als Mënsch ewech ze huelen.
    De Grand-Duc huet a senger Ried um Festakt op eisem Nationalfeierdag zu engem respektvollen Ëmgang mateneen am Kader vun der nächster Walcampagne opgeruff. Dat ass richteg, mee et geet net duer. Mir mussen och zu engem respektvollen Ëmgang mat allen anere Mënschen erëm fannen an dat och an eiser Sprooch. Aner Mënschen als zweetklasseg Bierger oder esouguer als Dreck ze bezeechnen, an dat ëmmer erëm ze widderhuelen, ass den éischten decisive Schrëtt fir an eng Zukunft, déi dach staark enger däischterer Vergaangenheet gläicht.

    4 min
  • Carte Blanche: Marc Müller, 29/06/2018 07:50
    An de leschte Wochen gouf et schonn e bësse Gedäisch an Differenzen iwwert déi méiglech Implantatioun vu Steewoll- a Youghurt-Fabriken zu Lëtzebuerg, tëscht dem Wirtschaftsminister Schneider (LSAP,) an der Ëmweltministesch Dieschbourg (déi Gréng)  Awer net genuch (!) fënnt den Ekonomist Marc Muller de Moien a senger Carte blanche.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners