RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Michel Maquil, 22/06/2018 07:50
    Eng Micro-Versécherung ass een Deel vun der Micro-Finanz, vun där net esou vill geschwat gëtt. An dach huet se sech an de leschte Joere staark entwéckelt an dat och ënnert dem Impuls vun enger internationaler Associatioun, déi zu Lëtzebuerg baséiert ass. Dat ass Thema vun enger Carte Blanche vum Michel Maquil, fräie Wirtschaftsberoder.
    0 min
  • Carte Blanche, Michel Maquil, 22/06/2018

    Michel Maquil
    Fräie Wirtschaftsberoder
    Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

    Vun alle Forme vun der Microfinanz ass sécher d‘Microassurance oder d‘Microversécherung déi Form déi sech am spektakulärsten an de leschte Joeren entwéckelt huet. Hei geet et drëm Awunner aus Entwécklungslänner, besonnesch Baueren an Handwierker, eng einfach Méiglechkeet unzebidden fir sech géint perséinlech Schicksalsschléi an besonnesch och géint Naturkatastrophe, wéi Stierm an iwwerméissege Reen, ofzesécheren. Et ass drëm gaangen fir ee System op d'Been ze stellen deen esou einfach wéi méiglech ass fir datt e bezuelbar bleift fir déi Leit deene soll gehollef ginn.
    Ass de Versécherungskontrakt ofgeschloss, an trëtt ee Schued duerch eng Naturkatastroph an, da brauch ee fir d‘Ausmooss vum Schued festzestellen, keng Inspekteren op d‘Plaz  ze schécken. Et geet duer fir detailléiert Satellitebiller ze huelen an och aner meteorologesch Informatioune, fir dann de Schued relatif genee anzeschätzen. D‘Entschiedegung fir de Bauer oder den Handwierker kann iwwer ee mobilen Paymentssysteem direkt un déi betraffe Persoun oder séng Famill ausbezuelt ginn. Domat kann dee System mat engem Minimum vu mënschlechen Asaz fonktionnéieren, also och mat engem Minimum vu Käschten.
    Fir datt esou ee Systeem am grousse Stil agesat ka ginn, brauch et eng Rei Bedingungen. Ennert hinnen mussen detailléiert genuch, brauchbar Satelittebiller a meteorologesch Informatiounen disponibel gemaach ginn. Och musse sécher Geldiwwerweisungssystemer an deene Länner funktionnéieren fir esouwuel d’Primen ze encaisséieren, wéi och fir d'Entschiedegungen auszebezuelen. Hei kënnen déi westlech Länner an déi grouss Telefons Operateuren hëllefen, fir datt déi Bedingunge geschafe ginn.
    Wichteg ass et och ze suergen datt déi Systemer vu Microversécherung schnell finanziell nohalteg gemaach ginn. Dat ka geschéien doduerch datt si net fir all Käschte mussen opkommen, deen den Opbau vun esou enger Infrastruktur verlaangt. Eng Rei staatlech Organisatiounen an och privat Donateuren hunn hei ee grousse Bäitrag geleescht. Schlussendlech kënnen déi grouss Versécherungsgesellschaften nëmmen aus esou Systemer léieren a sinn och ganz aktiv Partner nieft den Operateure vum mobilen Telefonsnetzer.
    Et ass de Beweis datt déi nei Technologie wiesentlech Verännerunge ka mat sech bréngen, wa se geziilt agesat gëtt an deem de globalen Impakt also de laangfristege Rendement wäit méi am Fokus steet wéi dee kuerzfristege Profit. Esou ka Millioune vu Familjen, a schwierege Situatioune an den Entwécklungslänner, ganz effektif gehollef ginn.
    Lëtzebuerg huet sech am Domaine vun der Micro-Versécherung een internationalen Numm gemaach. Dee weltwäiten „Micro Insurance Network“ huet säi Sëtz a seng Bureauë zu Lëtzebuerg. Dee Reseau besteet aus enger Gemeinschaft vun 300 Experten an 80 Organisatiounen aus iwwer 40 Länner an e setzt sech a fir datt Micro Versécherung weider entwéckelt gëtt firan ëmmer méi Länner an oft a ganz entleeëen Géigenden, nach méi efficace kënnen ze schaffen.

    Michel Maquil
    Lëtzebuerg, 22. Juni 2018

    3 min
  • Natzionale Commentaire, 21/06/2018 07:50
    Si si vill ënnerwee, si si vill rosen, si fluchen, si preparéiere sech op grouss Echeancen – d' Leit am Land. A muer den Owend ass Freedefeier. E Commentaire vum Nico Graf, deen nogelauschtert huet.
    0 min
  • Carte Blanche, Laurent Loschetter, 20/06/2018
    Et ass elo schonn eng al Traditioun, dass op dësem Sender, kuerz virun den Noriichte moies, ee gefrot gëtt, seng Meenung ze soen, iwwert e Sujet au Choix, di sougenannten "Carte Blanche".

    Mä wat ass eng Carte Blanche?

    Der Definitioun am Dictionnaire no ass et en Optrag, eppes ze maachen, wou all d’Instruktiounen op enger Carte, also engem Blat stinn: Well d'Blat an dësem Fall wäiss ass, ginn et keng Instruktiounen.

    Et ass also en Optrag, dat ze maachen, wat ee fir gutt fënnt, an dat ka bis zum Béisaartege goen, oder eng parteiesch Meenung sinn, wou een net ëmmer wäit ewech ass vun "Fake News".

    A Krichszäiten heescht “donner carte blanche”, dass de Verléierer sech ouni Konditiounen dem Gewënner ergëtt, ouni Recht op iergend e Stéck Zocker.

    Am Fall vun dëser Carte Blanche ass déi eenzeg Virgab, deen ee vun der RTL-Redaktioun mat op de Wee kritt: maximum 700 Wieder an net méi wei 2 Minutten. Den aarme Nolauschterer ass forcéiert, nozelauschteren.

    Sou wäit esou gutt, mä wien decidéiert, wien eng Carte Blanche soll schwätzen?

    Gefrot, gi Leit, déi Wëssen hunn, Kritiker, Historiker, Professeren, Leit, déi eppes aus hirem Fach ze zielen hunn, an déi et och kënnen interessant eriwwerbréngen.

    An da gi Leit gefrot, wou ee sech d'Fro stelle kann: Wat fir eng Kompetenzen huet deen dann elo opbruet, fir ënnert d'Gonscht vun dësem Privileeg ze falen? Déi immens Geleeënheet, fir 2 Minutte laang iwwer Gott an d'Welt ze philosophéieren, dat och nach am Primetime, wann d'Matbierger am Stau sëtzen.

    Genau déi Fro hunn ech mir a mengem Fall gestallt ... an hu keng Äntwert fonnt.

    Wahrscheinlech sinn ech gefrot ginn, bëssi wéi dem Kinnek säi Geck, am Genre: So, du hues jo ëmmer eng Meenung zu Allem a fäerts net se ze soen, wëlls du eng Carte Blanche schreiwen?

    Ech hunn dann och gedoktert, iwwer d'Politik, de Stau, déi abyssal Dommheet vu verschidde Leit op Facebook, iwwer Grand-Ducs, hunn iwwer den Terrorismus geschwat a wéi mir eist Liewen net däerfen dowéinst ëmstellen, wéi modern ech déi kathoulesch Kierch fannen, iwwer dem Geheimdéngscht seng super Aueren, déi de Premier ophuele kënnen, iwwer genial Hëllefsorganisatiounen am Bangladesch, iwwer d’Auere-Sammlung vun engem décken Entrepreneur a wat en domadder mécht, iwwer d'Tatsaach, dass wéinst kuerzfristegem politeschen Interessi gutt Iddien a Projeten ofgeschoss ginn, an, an, an, ...

    Ech hunn dat ëmmer mat Freed an Toleranz gemaach, och wann den Toun dacks ironesch a liicht zynesch war.

    A fir haut si mer nees esou vill Sujeten agefall, wéi de leschte Kaddo un d’CGFP, de Manktem un Entrepreneur-Geescht zu Lëtzebuerg, déi ze vill staatlech Kulturzeen, déi immens Petitioun 1031, déi et vläicht endlech erlaabt, eng éierlech Diskussioun iwwer rekreatiivt Gras ze hunn, an esou weider.

    Ech hunn awer gemierkt, dass den Toun geännert huet, en ass net mäi ironesch, mä verbattert, en ass net mäi zynesch, mä gereizt.

    Et ass Zäit, méi talentéiert Leit un de Mikro ze loossen, oder déi méi Jonk, deenen hir Meenung wëlle mer héieren, mat hire Wierder an an hirem Toun.

    Lëtzebuerg ass en absolut geniaalt Land, wou et gutt ze liewen an ze schaffen ass. Ech hunn och d'Gefill, dass et déi lescht Jore staark biergop Richtung Modernitéit gaangen ass. Dëst ass awer just meng Meenung, an ech wëll se kengem (méi) imposéieren.

    Ech soen RTL Merci fir d'Vertrauen, entschëllege mech bei deenen, déi ech esou fréi am Dag scho genervt hunn, a schléissen dann heimatter meng lescht Carte Blanche of, an 2 Minutten a bal 700 Wieder.





    4 min
  • Commentaire, 19/06/2018 07:50

    Commentaire 190618:

    Uso:

    Och op méi wichtege Pressekonferenze sinn et alt mol Niewesätz, déi, obwuel se u sech net d'Haaptinformatioun duerstellen, awer déi sinn, déi am meeschten Auswierkunge kënnen hunn.

    Den Eric Ewald ass sech net sécher, ob en net e Freide sou e wichtegen Niewesaz matkritt huet.

    0 min
  • Carte Blanche, Robert Dennewald, 18/06/2018
    E puer Deeg virun onsem Nationalfeierdag mengen ech wier et net falsch sech e puer Gedanken iwwert d’Positioun an d’Wichtegkeet vun de Lëtzebuerger Entreprisen an onser Gesellschaft ze maachen.
    Et ass wuel all Mënsch bewosst datt d’Entreprisë fir d’Schafung vun Aarbechtsplazen a vum wirtschaftleche Räichtum an onsem Land stinn. Déi exzellent Campagne vun der Regierung “Luxembourg – let’s make it happen” mat dem neien Nationbranding huet positiv zu dësem Bewosstsi bäigedroen.
    Den amerikanesche President hat dat bei senger Amtsanféierung mat “America First” e bëssche méi radikal formuléiert. Ech wäert bestëmmt net d’Exzesser vun dem amerikanesche President kommentéieren, mee et wier villäicht net falsch e bëssche “Luxembourg First” an onst deeglecht Denken eranzebréngen.
    Vill ze oft stellt ee fest dat de lëtzebuerger Bierger auslännesch Wueren deenen einheimesche virzitt, obwuel  mir, zum Beispill, fir der nëmmen e puer ze nennen, iwwert eng eenzegaarteg gutt Landwirtschaft, Wäin- a Béierproduktioun verfügen.
    D’Verwaltungen an d' Gemenge stinn am Allgemengen trei zu de lëtzebuerger Betriber. Bedenklech awer gëtt et, wann ee feststellt dat eenzel Gemengen oder Verwaltungen, déi jo mat ëffentleche Gelder hantéieren,  vergiessen datt et Betriber zu Lëtzebuerg gëtt, déi eng Vilfalt vun hire Bedierfnisser ofdecke kéinten, dei awer  leider ze oft mengen, datt d’Produkter, well  se aus dem Ausland kommen, automatesch besser wieren  ewéi déi einheimesch. Déi Responsabel schuede mat hirem Handeln onser Wirtschaft a setzen ons Aarbechtsplazen op d’Spill, an doduerch well se mat ëffentleche Gelder onnëtzer Weis an d'Ausland ginn,  ass dat fir déi betraffe lëtzebuerger Betriber och nach eng inakzeptabel  Demütegung.

    Zum Nationalfeierdag en Opruff un eis all: komm mer denken och emol “Luxembourg First”.


    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

54 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners