RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Joy Hoffmann, 11/06/2018
    De presséierten  Automobilist huet scho béis misse leiden, ënnert  Vitesslimitatiounen, Radaren a Mobilitéitspolitiker; elo muss  en och nach ëmmer méi Vëlosfuerer erdroen, déi mat dem neie Code de la Route an der 1,5 Meter Distanz Reegel nach méi Rechter kréien .
    Als iwwerzeegten Adept vum Vëlo hu mech zum Thema Automobilist a Vëlosfuerer zwou rezent extremistesch Reaktiounen vun Automobilisten intrigéiert.
    An hirer Absurditéit  sinn d’Iwwerleeungen vun engem landbekannten Affekot deen akribesch genau ausgerechent huet, dass hien elo misst op d' Géigespur fueren fir e Vëlo ze iwwerhuelen, symptomatesch fir eng rar Minoritéit  vun Autosfuerer déi nëmmen no sech kucken. Richteg geféierlech ass dat wuel net, well vu lauter Angscht engem Vëlo ze begéinen a sech an Doudesgefor ze bréngen beim Iwwerhuelen, misst deen Här konsequenterweis elo vum Auto op de Vëlo ëmklammen, wou e jo da besser protegéiert ass, mat engem 1 meter 50 ofgesécherte Raum ronderëm hien.
    Méi beonrouegend ass de Geste vun engem Automobilist, deen e Vëlosfuerer um Lampertsbierg mat enger Pistoul braquéiert huet. Wat di genau Ëmstänn waren bleift dohigestallt: de Geste steet symbolesch fir de Stress deem verschidden Automobilisten sech duerch d’Vëlosfuerer ausgesat fillen déi, sou mengen si, sech hirersäits u keng  Reegelen halen.
    Leit, déi de Code de la Route net anhalen, ginn et effektiv op béide Säiten. An dofir ass souwuel d’Responsabilitéit vum Vëlosfuerer wéi och déi vum Automobilist gefrot. Dat rezent Protokolléieren vun engem Cyclist mat Handy um Vëlo setzt do en interessant Zeechen.
    Fir de Cyclisten z’erlaben zu 2 an 2 niewenteneen ze fueren, ausserhalb vun den Uertschaften, mag et eng Rei Argumenter ginn. Et mécht di gestressten Automobilisten awer nach méi nervös. Ech sinn dofir net sou sécher, ob déi Moossnam néideg war. Wann di 1,5 Meter Distanz beim Iwwerhuelen respektéiert géif ginn, wär schonn villes erreecht.
    D'Haaptsaach ass et och dem leschten Automobilist kloer ze maachen, dass mer méi vum Auto ewech mussen, an dass de Velo en Deel vun der Léisung ass... Dofir muss de Vëlosfuerer, ob en elo op d'Aarbecht fiert oder de Vëlo als Fräizäitberäich benotzt, e Gefill vu Sécherheet kréien,ouni dat vill Leit schwéier ze iwwerriede sinn de Vëlo ze benotzen.  Wien e puermol mat  20 cm Ofstand vun engem Auto, Camion oder Bus  iwwerholl gouf , weess vu wat ech schwätzen. Anescht wéi bei der Vitesse, ass allerdéngs hei Kontroll a Repressioun  schwéier ze applizéieren, an dann bleift just di gutt al Pädagogik . Virwaat net de Vëlo an de Führerschäin, wuelverstanen den Auto-Führerschäin mat abauen mat zB jeeweils enger Stonn Vëlofueren an der Stad an op der Landstrooss. Matt engem elektresche Vëlo packt mëttlerweil all Mënsch dat. D'Haaptzil ass natierlech ,dass den Automobilist léiert sech an d'Lag vum Vëlosfuerer ze versetzen, méi rücksichtsvoll fiert an doduerch och vill Aggressiounen ofbaut, also manner leit, fir op onsen Ausgangspunkt zeréck ze kommen. An ech sinn och iwwerzeegt, dass di Jonk di de Führerschäin maachen dat ouni Problem acceptéieren.
     


    3 min
  • Carte Blanche, Gilles Hempel, 08/06/2018
    Op ville Platzen hei am Land sinn am gaange grouss a modern Wunnquartier’en ze entstoen. Déi eng gi scho gebaut. Déi aner sinn an der Planung:
    Zou Esch de Belval, zou Déifferdeng Opkorn, zou Diddeleng d’Neischmelz an zu Wolz, de neie Quartier : Wunnen mat der Wolz.
    Desen Wunnraum gëtt dringend gebraucht. Op munche Platzen, mee net iwwerall, sinn och ee gudden Deel sozial Mietwunnengen derbäi.
    Et kann een dovun ausgoen, dass déi Wunnengen, déi do op deenen alen Industriefrichen entstinn, ee gudde Standard wäerten hunn an och energetesch um leschte Stand wäerte sinn.
    Wann een sech dann awer verschidden eeler Quartieren an deene selwechten Gemengen ukucke geet resp. hire Stad-Kär, da stellt ee fest, dass déi net iwwerall an engem terribel gudden Zoustand sinn. Vill Gebaier sinn al a faul bannendran. Et stinn der och eng ganz Partie eidel. Iwwer Energieklass brauche mir a ville Fäll guer net ze schwätzen. An och baussent den Dieren ass do et net iwwerall immens schéin.
    Et ass gutt a wichteg, déi al Industriefrichen ze sanéieren an do neie Wunnraum drop entstoen ze loossen. Mee sollte mer da net och déi al Quartier’en an eise Stied sanéieren. Domat mengen ech net alles ofrappen an nei Këschten dohistellen. Mee souwäit wéi méiglech de Patrimoine konservéieren an domat de Charme an d’Identitéit vun deene Staddeeler erhalen.
    Am Gesetz vun 1979 iwwert d’Aide au Logement gëtt et ee ganz interessant Kapitel iwwert Quartiers-Sanéirung. De sougenannte „Assainissement par zone“. Dat Gesetz gëtt de Gemengen d’Méiglechkeet een Deel vun hirem Territoire als „Zone d’assainissement“ ze deklaréieren. An dem Fall sinn d’Propriétairen ugewisen déi Gebaier innerhalb vun engem Joer ze sanéieren. Wann se dat net maachen, da kann d’Gemeng higoen, an déi néideg Aarbechte selwer an Optrag ginn. Sollt sech erausstellen , dass een Immeuble net méi ze recuperéieren ass, kann d’Gemeng souguer hindoen an dat Gebai ofrappen an eppes Neies dohinner bauen. De Staat iwwerhëlt an béide Fäll bis zou 50% vun de Käschten. Duerno ass d’Gemeng berechtegt, dat renovéiert Gebai soulaang ze engem sozialen Tarif ze verlounen, bis sie hiren Invest amortiséiert huet.
    Mat dem Gesetz hunn d’Gemengen deemno ee ganz flott Instrument mat dem se kenne à la fois hir al Quartier’en sanéieren an dobäi och nach soziale Wunnraum schafen.
    Mee an deene bal 40 Joer wou et dat Gesetz elo gëtt, hat awer nach keen de Courage, esou ee Projet duerchzezéien.

    3 min
  • FOMO, 07/06/2018 12:50
    An engem Zeitungsartikel huet d‘Sandra Mélan eppes iwwer FOMO gelies. Dat ass keen neie Begrëff, dee gëtt et scho méi laang. Dat ass een Ausdrock deen elo ëmmer méi op kënnt an der haiteger Zäit.
    0 min
  • Commentaire: Alles dem grénge Kompass no..., 07/06/2018 07:50
    Déi Gréng sinn am Opdriff - a missten bal mat an d'nächst Regierung kommen - quasi als eenzeg vun den 3 Gambia-Parteien, wann Een dem Politmonitor vun dëser Woch Glawe schenkt. Wann sech also kee Feeler geleescht gëtt, dann kéint et zum historeschen Ament kommen, datt d'Lobby vun Emweltschützer nach eng zweete Kéier d'politescht Soen kritt..."wann"...mengt de Moien eise Chefredakter Roy Grotz...
    0 min
  • Carte Blanche, Marc Glesener, 06/06/2018
    Esou lues a lues kristalliséieren sech déi Sujeten eraus, déi am Walkampf an den nächsten Méint eng zentral Roll spille wäerten. Et gëtt bei alle Parteien intensiv un de Programmer geschafft an un deene Virschléi a Verspriechen mat deenen een bei de Wieler punkte well.
    Nu ass et kee Geheimnis dat de Logement ee ganz besonneschen Problem ass, mat deem sech d’Politik beschäftegen muss. Dëst geet net anescht an engem Land, dat an de leschten Joerzéngten an engem eenzegaartege Mooss a mat enormer Vitesse gewuess ass. Jo, Lëtzebuerg war an ass attraktiv an iergendwéi si mer en Affer vun der eegener Unzéiungskraaft ginn.
    Wann een als Land attraktiv ass sollt een eigentlech kennen houfreg sinn. Anerer wiere sécher frou iwwer esou en Image. - Dat bedeit natierlech och, dat een definitiv als Land net alles falsch gemaach huet.
    Zréck zum Problem Logement, wat ënner dem Stréch ee Problem vu genuch a séier genuch bauen ass. D’Offer muss eropgoen. Nëmme mat däitlech méi Wunnraum ginn och d’Präisser erof.
    Wann een sech e bëssen mat der Saach beschäftegt gesäit een dat di Saach mam séier bauen praktesch problematesch ass. Et gëtt ëmmer méi schwiereg fir Leit, déi wëllen gréisser Projeten ëmsetzen. Wa vum éischte Plang bis den éischten Spuedestéch dräi véier oder méi Joren verginn, ass dat eigentlech net akzeptabel.
    Wann e wiisst, wuesse well an och wuesse wäert, muss een als Land  méiglechst séier Wunnengen an aner néideg Infrastrukturen bauen kenne. Virun allem geet et dann net, dat en Cours de de Route vu Projeten ëmmer nees nei Oplagen gëllen oder Etüden gemaach musse ginn. Effikass an einfach Prozeduren géife gutt zu enge klenge Land passen.
    An domat wiere mer bei enge Thema dat, gleeft een ville Betraffenen, en decke Problem ass. Et geet em déi ominéis Präsenz vu Fliedermais, déi an de leschte Méint a Joren Projete verhënnert oder opgehalen hunn.
    Ech hunn näischt géingt Flantermais oder aner Déieren. Ganz am Géigendeel. Mais mir mussen awer realistesch bleiwen an déi Saach mam Déiereschutz net ze wäit dreiwen. D’Recht op eng dezent Wunneng ass och ee Recht dat ziele muss.
    Jo, Biodiversitéit ass wichteg. Mais Logement och. Stemmt dat, wat een aus de Gemengen an dem Bausecteur esou héiert, leeft hei esou munches total donieft an et gesäit esou aus, ewéi wann hei eng bestëmmte Säit méi Rechter hätt ewéi déi aner. Mat gesondem Mënscheverstand huet dat allemol net vill ze dinn.

    3 min
  • Commentaire: Fréijoersgefiller fir Blo-Roud-Gréng, 05/06/2018 07:50
    Et ass e kloren Verdikt iwwert d'Aarbecht vun der Dreier-Koalitioun am Politmonitor, deen gëscht an haut an d'ganz nächst Woch publizéiert gëtt: Gambia spiert d'Fréijoer a kann d'Popularitéit an d'Vertrauen vun de gefrote Leit och an déi richteg Tauxen ëmsetzen. Eise Chefredakter Roy Grotz ass virwëtzeg, wat déi aktuell Koalitioun wuel mam rezenten Sondage ufänkt.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners