RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Apropos: annerhallwe Meter, 28/05/2018 12:50
    Zanter engem knappe Mount gëllen also e puer nei Reegelen am Code de la Route. Ënnert anerem muss jo tëscht engem motoriséierte Gefier an engem Vëlo beim Iwwerhuelen op d'mannst annerhallwe Meter Ofstand agehale ginn. Apropos Gibbes Bertolo

    0 min
  • Carte Blanche: Wat ka kënschtlech Intelligenz a wat net?, 28/05/2018
    Kënstlech Intelligenz – en Wuert wat zënter enger Zéit an all Mond ass. Wat ass dat ? Fir et kuerz – an sécher onvollstänneg – ze beschreiwen : et handelt sech dobäi ëm eng néi Generatioun vun Computerprogrammer déi capabel sinn ze léieren, dat heescht selwer Reegelen an Zesummenhäng ze entdecken.
    Beispill : den Computerprogramm Alpha Go Zero vun Google huet geléiert wéi een dat aalt chinesescht Brietspill Go kann gewannen, och géint deen beschten Welt-Champion. Deen Programm huet geléiert wéi een gewënnt an deem's en vir d'éischt dausenden Partien géint sech selwer gespillt huet.
    An der Medezin sinn mer haut schonns esouwäit dass KI kann Scanner- an Röntgenbiller an aner Donnéeën analyséieren, an esou eng Diagnose vir gewëssen Kriibsaarten kann erstellen, déi méi zouverlässeg ass ewéi wann se vun engem chevronnéierten Dokter kënnt.
    An dann ginn et natierlech och déi virtuell Assistenten op den Smartphones, à la Siri an Alexa, déi léieren Iech ze verstoen an mat Iech ze schwätzen, an déi an Zukunft léieren wäerten Iech nach vill besser ze kennen – är Wënsch, är Gewunnechten an är Preferenzen. Mëttlerweil ass KI och esouwäit dass se kann Emotiounen erkennen an sech doropper astellt.
    Lafen mer also Gefor dass déi KI ons Mënschen – mat eiser onperfekter Intelligenz – wäert dominéieren ? Wuel net esou séier. Déi aktuell KI Programmer sinn zwar oft besser ewéi den Mënsch, mee awer ëmmer nëmmen an engem ganz speziellen Beräich. Alpha Go ass den Champion am Go Spill, kann awer soss näischt maachen. Dat aussergewéinlecht beim mënschlechen Gehir ass, dass et enorm vill verschidden Problemer kann ugoen.
    Déi mënschlech Intelligenz kann och tëschent Ursaachen an Konsequenzen ënnerscheeden, an dat kann d'KI scheinbar nach net. Ewéi den Judea Pearl – een vun den Guru'en op dësem Gebitt – en bësschen iwwerspëtzt sot : « KI kann erausfannen dass d'Kréinen vum Hunn an den Sonnenopgank eppes matenaner ze dinn hunn, se kann eis awer net soen op dat eent d'Ursaach vum aneren ass, oder ëmgedréint».
    KI bréngt awer eng Réi gesellschaftlech Problemer mat sech. D'Fro wäert sech ganz seriö stellen vir eng Partie vun Beruffer déi et an nächster Zukunft wuel net méi esou wäerten ginn ewéi haut. Zum Beispill Taxi- an Bus-Chaufferen, Reesagenten, Comptabele'en awer och villäicht gewëssen Sparten an der Medezin.
    An dann stellen sech och grouss ethesch Erausfuerderungen. KI ass net total transparent, well schlussendlech huelen déi Programmer Entscheedungen op Grond vun deem wat se "geléiert" hunn. Wien huet d'Kontroll doriwwer? Wéi kann verhënnert ginn dass dat ze vill eséiteg ass? An wéi kann letztendlech verhënnert ginn dass d'KI ons manipuléiert? Net dass no den «fake news», elo d'«fake Intelligence» kënnt.
    En intensiven Austausch tëscht der Fuerschung, Industrie, Politik an der Gesellschaft ass noutwendeg fir d’KI esou ze entwéckelen, dass d’Wuel vum Mënsch ëmmer am Mëttelpunkt steet.



    3 min
  • Carte Blanche, Marc Hostert, 25/05/2018
    echs Vertrieder aus der Zivilgesellschaft kennen hiren Projet presentéieren den se  giffen ëmsetzen wann se vum Grand-Duc giffen désignéiert ginn fir eng nei  Regierung ze bilden. Déi sechs Persounen sinn:     
    -    den Rolf Tarrach, Président vun der European University Association
    -    den Tullio Forgiarini, Auteur et Professer
    -    d’ Laura Zuccoli,  Presidentin vun der ASTI
    -    den Gaston Vogel, Affekot
    -    den Ben Stemper, Secrétaire général vum Jugendparlament
    -    an d’Agnieszka Zajac, Managing Partner bei  Odgers Berndtson.
    Des initiative erlaabt et dësen sechs Leit, Bierger an Wieler aus eiser Mëtt hier Ideeën, déi an enger nächster Regierung hinnen no missten ëmgesat ginn, engem  gréisseren Publikum virzestellen. Dësen Panel ass flott an senger Zesummesetzung, Jonker an Eelerer, Bei-gezunner, laang Usiesejer, Auslänner, Persounen mat engem Immigratiouns- Hannergrond, Pensionären an Aktiver. Alles Leit déi zu eisem gesellschaftlechen Liewen hei zu Lëtzebuerg eppes bäidroen.  
    Et wäert en interessanten Owend ginn mat sécherlech enger Rëtsch vun interessanten Iddien, an engem änneren Styl wei vun eisen professionellen Politiker gewinnt, an sécherlech wäert den een oder aneren vun den ”Formateuren” och séin rethorescht Talent mat an bréngen.  
    D’ Iwwerleeungen vun Aussestehenden, also vun Persounen déi net aus dem direkten “politeschen Sérail” kommen, iwwert eis ëffentlech Finanzen, eisen Sozialmodell,  eisen Pensiounssystem, eis Ökonomië an aner Themen ze héieren ass sécherlech wichteg an gutt an see wäerten sécherlech déi eng oder aner Retombée an deenen verschidden Wahl- Programmen hunn.   
    An dach kommen mir virun dësem Hannergrond mir eng Partie Froen op:
    Firwat sinn net méi Persounen  aus eisem gesellschaftlechen Liewen aus eiser Mëtt mat hiren Iddien  op dënnen verschidden  Leschten bei den nächsten Walen am Oktober?
    Wei ass Duerchlässegkeet vun eisen Parteien op Société-civile ze gesinn virum Hannergrond vun enger Gesellschaft déi am Ëmbroch ass?
    Sinn eis Parteien, och mat Fraequoten, nach an engem bestëmmten Moss en Spigelbild vun eiser Gesellschaft?
    Firwat zecken vill Leit aus eiser Gesellschaft sech fir eng bestëmmten Zéit an der Politik ze engagéieren?

    Hei hunn all  Parteien an d‘Zivilgesellschaft eng gemeinsam Verantwortung fir dass eng Duerchlässegkeet tëschent der Gesellschaft an den Parteien systematesch opgebaut gëtt. Et brauch nämlech vun béidem vir an der Politik weider ze kommen, professionell Politiker an vun Persounen aus der Zivilgesellschaft déi hier Experienz abréngen.
    Mir brauchen zu Lëtzebuerg keng Komiker an keng Populisten!
     
     
    3 min
  • Apropos Liewen op der Iwwerhuelspur, 24/05/2018 12:50
    Leschte Mëttwoch ass de Staatssekretär Camille Gira op eng tragesch Aart a Weis am Alter vun nëmmen 59 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen. An hien ass nëmmen ee vu villen, déi hiren onermiddlechen Asaz vill ze fréi mam Doud bezuelen – de Camille Ney mécht sech dozou dës Gedanken…
    0 min
  • Carte Blanche: D’Spill mat der Angscht., 23/05/2018
    Den ARCELOR-MITTAL Stolkonzern wëllt dat italienescht Stolwierk ILVA kafen. Esou en Dossier muss dann bei der EU-Kommissioun eragereecht ginn, wou gekuckt get ob bei esou enger Fusioun och di europäesch Wettbewerbsregelen respektéiert ginn.
    Zu dësem Fusiounsprojet gehéiert, dass den ARCELOR-MITTAL-Konzern Wierker an Italien, Belsch, Rumänien, Mazedonien,Tschechien an Lëtzebuerg, nämlech d’Wierk Diddeleng, verkafen well.
    Wéi dëst bekannt gouf war et ganz natierlech, dass hei di Beschäftegt an hir Gewerkschaften sech Suergen em hir Aarbechtsplaz gemaach hunn, jo esou guer reegelrecht Angscht kruten.
    Ech hunn dat Spill dacksgenuch a mengem Beruffsliewen matgemaach. Mir hunn eis dann mat der Regierung un en Dësch gesat an den Dossier an al sengen Elementer diskutéiert, och huet sech d’Regierung mat dem Betrib a Kontakt gesat a fir di néideg Transparenz gesuergt.
    Ech war elo erstaunt wéi de Wirtschaftsminister verlaude gelooss huet, dass hien zesummen mat dem Diddelenger Buergermeeschter e Bréif un den EU-Kommissiounspresident Juncker geschéckt huet, wou si uprangeren, dass ARCELOR-MITTAL vun der EU-Kommissioun verflicht géif aner Wierker ze verkafen. ?
    De Minister misst dach d’Prozeduren besser kennen wéi ech?!
    De Vertrieder vun der EU-Wettbewerbskommissarin Margrethe Vestager huet dann och direkt ganz verwonnert geäntwert, dass bei engem Fusiounskontrollverfahren de jeeweilege Betrib Wettbewerbsbedenken widderleeë muss. D’Kommissioun géing net virschreiwen ob Wierker verkaaft missten ginn. Den hei ugeprangerten Verkaf vum Wierk Diddeleng wier eng reng kommerziell Decisioun vun ARCELOR-MITTAL.
    Wieder schreift d’Kommissioun, dass si den Verkafspak nëmmen akzeptéieren géif, wa kloer wär, dass di ze verkafen Wierker och bei dem neien Proprietär liewensfäeg an dauerhaft funktionéieren géifen.
    Diddeleng ass also eng reng kommerziell Decisioun vun eisem Stolkonzern!
     
    Elo stellt sech awer bei mir d’Fro, ob de Wirtschaftsminister iwwert des Decisioun net vum Regierungsvertrieder am Verwaltungsrot vun ARCELOR-MITTAL informéiert gouf?
    Ech kennen dëse Vertrieder ganz gutt a sinn och iwwerzeegt vun senger Gewëssenhaftegkeet.
    Bleift also eng Schlussfolgerung:
    Mir hunn den Hierscht Walen.
    Do deet esou e Coup gutt, wou een der Ëffentlechkeet virgaukelen kann wéi een sech Suergen em Aarbechtsplazen mécht.
    Et ass  awer alles anescht, wéi „Staatsmännesch“ wan en Politiker mat der Angscht vun den Leit spillt.
     

    3 min
  • Alles vergeess, 22/05/2018 12:50
    D’Erënnerungen maachen d’Liewe méi schéin, Vergiessen mécht et méi supportabel, sot den Honoré de Balzac.
    Vergiessen ass e ganz natierlechen an noutwendege Prozess. Et kann awer och scho mol schéi penibel sinn, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos

    0 min
  • Carte Blanche: Wat erwaarden d’Politiker sech vun der Kierch?, 18/05/2018
    En namhafte Vertrieder aus dem noen Ausland huet déi Erwaardunge viru kuerzem esou formuléiert:

    D’Bezéiung Staat-Kierch ass gestéiert a muss reparéiert ginn. D’Kierch muss sech fir déi weltlech Froen intresséieren an de Staat fir d‘Kierch.

    D‘Laicité huet net dat Spirituellt ze niéieren oder aus eise Gesellschaften déi „part sacrée“ erauszerappen, déi vill vun eise Matbierger erniert. De Staat huet net, am Numm vun enger neier Staatsrelioun, d’gëttlech Transzendenz ze ersetzen duerch e republikanesche Credo. Déi spirituell Dimensioun, déi d’Katholiken undreift, ignoréieren, giff d’Land op eng ganz partiell Vue reduzéieren; „ce serait méconnaître le pays, son histoire, ses citoyens“.

    Wat d’chrëschtlech Wuerzele vun Europa ugeet, sou wieren d‘Wuerzelen net wichteg, well déi kënnen ofstierwen. Wat wichteg ass, ass de Saaft. „Et je suis convaincu que la sève catholique doit contribuer encore et toujours à faire vivre notre nation.“

    An e giff sech – sot de Politiker – vun de Katholiken dräierlee erwaarden: „Le don de votre sagesse. Le don de votre engagement. Et le don de votre liberté“. D’Sagesse, d’Fro no der Erléisung ze thematiséieren, well si betrëfft d’ganz Existenz an de Sënn vum Liewen. Den Asaz vun de Geeschtlechen an Uerdensleit, déi de Mënschen deeglech a Gléck an Ongléck bäistinn. An d’Fräiheet, och onzäitgemäss Positiounen ze vertrieden, en alternative Liewesstil ze entwéckelen duerch Gebied, Zréckgezugenheet oder e Liewen an der Communautéit; an och d‘“liberté de parole“, fir de Mënsch u seng Flichten ze erënneren, vis-à-vis vu sech selwer, sengem Nächsten an och eisem Planéit vis-à-vis.

    A schliisslech: „Eis Zäitgenossen, egal ob se gleewen oder net,  brauchen eng aner Perspektiv op de Mënsch wéi nëmmen déi materiell. Se mussen en aneren Duuscht läschen, den Duuscht nom Absolutten.“ An de Riedner verweist, woubäi en de Poopst Franziskus zitéiert, op „ce mystère de l’humanité qu’on appelle la sainteté“.

    Wien ass also dee Politiker, deen dëst ausgeféiert huet? Nun, halt iech un – et war de Staatspräsident vum laizistesche Frankräich Emmanuel Macron. Gewëss gouf seng Ried am Collège des Bernardins zu Paräis, esou wéi alles, och kontestéiert. Mä nennt mer emol dee Lëtzebuerger Politiker, deen de Mumm hätt a sech giff trauen, esou Wierder à propos Kierch an der Ëffentlechkeet iwwer d’Lëpsen ze bréngen!?


    Georges Hellinghausen

    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners