RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Commentaire, 08/05/2018 07:50
    Virun engem Joer huet den Emanuel Macron déi franséisch Presidentiellen gewonnen an hie sëtzt zënterhier zu Paräis un den Hiewelen.
    Villes war versprach ginn, villes gouf an de leschten 12 Méint ugepaakt, eng Rei wichteg economesch Indicateure weisen effektiv haut an déi Richtung.
    Alles paletti also?...Jein, mengt de Pit Everling de Moien a sengem Commentaire.
    0 min
  • Google & Co, 07/05/2018 12:50
    Wann een hautzedaags eppes net weess, gëtt gäre séier um Internet no der Äntwert gesicht. Dat huet och iergendwou seng Grenzen. Dem Sandra Mélan seng Iwwerleeungen.
    0 min
  • Carte Blanche Emile Haag, 07/05/2018
    Russland huet hautesdaags eng ganz schlecht Reputatioun am Westen. Et fänkt u mam Vladimir Putin sengem no baussen demokratesch, no bannen awer autokratesche Regime.
    Da kënnt eng laang Rei vu negative Schlagzeilen vun der russescher Haltung a ganz ënnerschiddlechen Domainen: Gëftgas-Attack géint e russeschen Duebelagent zu Salisbury, Annexioun vun der Krim géint all internationaalt Recht, déi russesch Militärinterventioun an der Ost-Ukraine, déi massiv russesch Militärhëllef am syresche Biegerkrich fir de Baschar al-Assad, déi vill russesch Dopingaffairen am Sport, déi russesch Cyberattacken an Amerika, Däitschland, England a Frankräich … jee, eng "unending story" vun illegalen Agrëffer weltwäit. Kee Wonner, datt den Image vum haitege Russland, besonnesch am Westen, net grad dee Beschten ass.

    Dobäi huet Russland awer och e ganzt anert Gesiicht. Zanter dem Péiter dem Groussen huet Russland sech kloer no Europa orientéiert. Contrairement zur offizieller Behaaptung, Russland hätt eng eurasesch Kultur, besteet keen Zweifel, datt Russland op eng europäesch Vergaangenheet zréck kuckt a kulturell vun Europa markéiert gouf.

    Besonnesch zanter der zweeter Hallschent vum 19. Jorhonnert huet et ganz grouss Contributiounen zur europäescher Kultur gemaach. Puschkin, Dostojewski an Tolstoi si grouss Nimm, net nëmmen an der russescher, mä och an der europäescher Literatur, komparabel mat Dante, Cervantes, Shakespeare, Molière a Goethe. An der Musék: Tschaikowski, Strawinsky, a Prokofjew. An der Molerei: déi russesch Avantgarde, Kandinsky a Chagall. An de Sciencen: Lomonossow a Pawlow. Den Ermitage zu Sankt Peterbuerg an d'Tretjakow-Galerie zu Moskau gehéieren zu den weltwäit gréissere Museeën mat net nëmme russesche, mä och europäesche gréisste Moler. Dëst kulturell brillant Gesiicht vu Russland an der europäescher Kultur, wou et e feste Bestanddeel ass, ouni seng Eegestännegkeet ze verléieren, solle mer op kee Fall vergiessen ze schätzen.

    Wann elo, déi méi machiavellistesch Face vum Putin sengem Regime zum Virschäi kënnt, solle mer verstoen, datt nom Ausenanerbriechen vun der Sovietunioun 1991, de Westen, a besonnesch d'Amerikaner, Russland als Nofolgerland op de Niveau vun enger Regionalmuecht erofstufe wollten an elo de Putin versicht, mat alle Mëttel, Russland erëm d'Unerkennung an de Status vun enger Groussmuecht ze ginn. Dat kënnt bei der russescher Bevëlkerung gutt un, och wann d'Mëttel heizou fir de fräiheetleche Westen absolut inakzeptabel a condamnabel sinn.

    En attendant, datt dat haitegt Russland, politesch gesinn, de Wee erëmfënnt an eng echt Demokratie no bannen, an eng international korrekt Haltung no baussen, solle mer eis erënneren, datt dat anert Russland kulturell op europäeschem Plang Grousses geleescht huet.
    3 min
  • Smart Meter, 04/05/2018
    Smart Meters – nach méi Belaaschtung duerch elektromagnéitesch Strahlung doheem?
    Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
    Zanter méi wéi 25 Joer ass d’Associatioun AKUT heizulands bekannt wéinst hirer kritescher Informatiounsaarbecht, onbequeme Warnungen a konstruktive Rotschléi a Saachen Ëmwelt a Gesondheet, wéi och fir e präventive gesondheetleche Verbraucherschutz.
    Haaptschwéierpunkten vun dëser kritescher Opklärungsaarbecht waren niewent dem Quecksëlweramalgam an aner onverdréiglechem Zahnersatzmaterial virun allem och chemesch, biologesch oder physikalesch Belaaschtungensfakteuren am Haus- a Büroberäich an op der Aarbechtsplaz, belaaschten Iesswueren an esou wieder.
    Vun Ufank un hate mer och ëmmer op méiglech Gesondheetsrisike vun niddregfrequenten oder héichfrequenten elektromagnéitesche Stralen, virun allem am Haus- oder Büroberäich, higewisen.
     Esou wéi am Ausland ginn zanter ronn zwee Joer och heizulands vun der Energiewirtschaft nei elektronesch sougenannt „intelligent“ Compteuren, och bekannt ënnert dem Numm „Smart Meteren“ an ëmmer méi Wunnengen agebaut.
    Opgrond vu senge Statute kann AKUT nëmmen op méiglech Gesondheetsrisiken vun neien Technologien agoen an net op aner méiglech Problemer, wéi an dësem konkrete Fall zum Beispill d’Problematik vum Dateschutz.
    Am Ausland, an enger Rei vu Länner, hunn eenzel ONGen a Biergerinitiativen viru méigleche Risike vun de „Smart Meteren“ gewarnt, wärend d’Gesondheetsministèren wéi sou dacks scheinbar kee Problem gesinn. Des Kritik gëllt och fir eise Gesondheetsministère, well eng seriö Uwendung vum „Principe de précaution“, vum Virsuergeprinzip et dach eigentlech verlaangt hätt, selwer Kontrollmoossunge virzehuelen, éier et zu enger massiver Installatioun vun dësen neien elektronesche Systemer an eisen Haiser komm wier.
    Luewenswäerterweis huet an de vergaangene Méint d’ULC, d’Union luxembourgeoise des consommateurs, esou Moossungen duerchféiere gelooss an elo och d’Resultat dovunner publizéiert. Folgend Konklusiounen kënnen dorausser gezu ginn:
    1.    Déi hei zu Lëtzebuerg benotzten „Smart Meter“ –Technologie funktionéiert an engem 100-kilohertz Beräich, zu dem et a gesondheetlecher Hisiicht leider bal keng Studie gëtt.
    2.    An enger Wunneng entsteet duerch di nei „Smart Meteren“ zousätzlech elektresch a magnéitesch Stralung, an dat zimlech gläichméisseg verdeelt. Eng Stralung, déi allerdéngs relativ minim ze si schéngt, virun allem am Verglach mat wahrscheinlech scho bestoende Strahlungsquellen wéi Handy, kabellos DECT- Haustelefonen a WIFI.
    Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
    Well et an de leschte Joren ëmmer méi Mënsche gëtt, déi op esou en Strahlungsemfeld elektrosensibel reagéieren, proposéieren d’Expären dofir eng Partie allgemeng oder individuell Moossnamen fir sech a seng Famill virun der zousätzlecher Strahlung vun de „Smart Meteren“ ze schützen:
    1.    Bei Neibau oder Renovatioun vu Gebaier: den Asaatz vu Glasfasertechnologie an / oder d’Verdrillung vun de Kabelen.
    2.    De präventiven oder nodréiglechen Abau vu spezielle Schutzfilteren.
    Doriwwer eraus recommandéiert AKUT e responsabelen Ëmgang mat Handy an Tablets an zum Beispill de WIFI doheem esou ze programméieren, dass en sech nuets automatesch ausschalt.
     
    Et huet geschwat de Jean Huss, Präsident vun AKUT

    4 min
  • Politiker ouni Responsabilitéitsgefill?, 03/05/2018 07:50
    Normalitéit gëtt et net. Och wann dat bei anere Saache méi einfach fält, hei awer net. All Kéiers wann nees een Incident an enger Nuklearzentral gemellt gëtt, mécht ee sech Gedanken: Wat wann elo eppes wierklech schlëmmes geschitt? Ma de Bedreiwer stellt esou Tëschefäll als Lappalie duer, mengt d’Nadine Gautier.
    0 min
  • Abaa jo!, 02/05/2018 12:50
    Neen den Titel vum Apropos vun haut ass keen Tippfeeler. D'Christiane Kremer huet de bekannten Lëtzebuerger Ausdrock just mat engem aneren Vokal geschriwwen a scho gëtt aus "Abee jo!" "Abaa jo!" an da si mer scho beim Thema.
    0 min
  • Carte Blanche: Dag vun der Aarbecht, 02/05/2018
    Den éischt Mee ass den Dag vun der Aarbecht, oder méi prezis den internationale Erënnerungsdag vun den Aarbechter. Et soll d’Solidaritéit tëschent den Aarbechter gefeiert ginn, also ons drun erënneren dass vill vun onsen sozialen Errongenschaften d’Resultater sinn vun laangen Kämpf. Sou munchen Aarbechter huet souguer mat sengem Liewen bezuelt ,vir géint den Misär an d’Exploitatioun an der Aarbechtswelt ze rebelléieren. Den éischten Mee geet zeréck op d’Revendicatioun vun den amerikaneschen Aarbechter aus dem 19 Joerhonnert vir d’8- Stonnewoch anzeféieren. Et sinn d’Gewerkschaften déi dësen Dag quasi als Streikdag, deen all Joer stattfënnt, duerchgesat hunn.
     
    Dëst féiert mech dann zu en puer Gedanken iwwert d’Gewerkschaften. Di mëschten Leit gesinn an de Gewerkschaften haut éischter en Service, vir hier individuell Problemer op der Aarbecht ze léisen. Sou wichteg dat och ass vir d’Aarbechter bei eenzelen Konflikter ze verdeedegen, sou ass dat awer sécher net den eenzegen Grond firwat een Gewerkschaften brauch. Et geet ëm Solidaritéit, an ëm eng gemeinsam Interessevertriedung vis-à-vis vum Patronat. An engem Sozialstaat, deen gutt fonctionnéiert, brauch en Sozialpartner déi am Dialogen, an och mol am Streit, Zukunft gestalten. Dofir ass et och sou wichteg dass d’Gewerkschaften staark sinn, dat heescht en groussen Deel vun den schaffenden Leit hannert sech hunn, wann et drëms geet, vir eng human Aarbechtswelt ze kämpfen.
     
    Den groussen Problem ass natierlech dass sech duerch d’Globaliséierung
    d’Kräfteverhältnisser vir déi national organiséiert Gewerkschaften verschlechter hunn. En Deel vun den Patronen an Aktionären, sinn net méi vun hei, an et ass schwierege do um internationalen Niveau den Dialoge ze féieren. Dat heescht och dass mer mussen bereet sinn, ons Solidaritéit auszewäiten, an verstäerkt international ze kämpfen, spréch net nëmmen un onsen Wuelstand ze denken.

    Vir dësen Sozialdialog kennen ze féieren, mussen d’Gewerkschaften natierlech kucken och sou weit wei méiglech an allen Secteuren an Beruffskategorien Memberen ze hunn. Och dat ass natierlech haut méi schwiereg. Ëmmer méi Persounen hunn zäitlech begrenzten Kontrakter, schaffen als pseudo-Fräiberuffler, oder hier Situatioun ass esou individuell dass et schwiereg ass nach Solidaritéit opzebauen ,och mat sengem nächsten Aarbechtskolleg.

    Sech an enger Gewerkschaft engagéieren kascht natierlech eppes, éischtens mol Zäit,  mee dann och en finanziellen Beitrag vir dass Gewerkschaften onofhängeg kennen funktionéieren. Vir vill Läit ass sou en Beitrag absolut ze verquëssen. Mee, vir déi Léit déi just en Minimum verdéngen, an wou all Cent zielt , ass dat natierlech eng richteg Depense. An dann schwätzen mer nach net vun deenen, déi eréischt um Wee sinn vir op den Aarbechtsmaart , Leit mat RMG, Leit am Chômage, Studenten oder Flüchtlingen. Oft sinn et genau déi Persounen déi och herno an deenen Secteuren ufänken wou d’Aarbechtskonditiounen schwiereg sinn, an hier perséinlech Situatioun absolut prekär ass. Wann mer déi Leit och wëllen an den Sozialdialoge abannen, an hinnen eng Chance wëllen ginn, sech an der Aarbechtswelt ze behaapten, mussen mer mol doriwwer nodenken, op mer net als Allgemengheet bereet wären hier Gewerkschaftsbeiträg ze subventionéieren. Well wann wéineg Leit Membere sinn, kennen d’Gewerkschaften net vill maachen. An der Zukunft brauche mir Gewerkschaften déi sech verstäerkt asetzen vir Leit déi keng Aarbecht hunn oder ënnert ontypesche Kontrakter schaffen.
     
    Mäin Opruff un ons all, um Dag no dem eischte Mee : net nëmmen feieren, mä engagéieren. Ufanks d’nächst Joer sinn Sozialwahlen, Zäit vir ons Solidaritéit ze beweisen an deenen Merci ze soen, déi dofir gekämpft hunn dass mir haut korrekt Aarbechtsbedingungen hunn.
    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 02/05/2018
    D'Regierung huet e Projet vum Gesetz iwwer d‘TVA-Grupp an der Chambre deposéiert. Wat ass den Zweck vun enger Mehrwertsteiergrupp?

    Dir erënnert iech dat d'lescht Joer den europäeschen Geriichtshaff en Enn gesat huet fir de « Groupement Autonome de Personnes », dee ganz vill vun den Acteuren am Finanzsecteur benotzt gouf. Den ale Mechanismus huet et enger Gruppe vu Betriber erlaabt Servicer tëscht de Memberen vum Groupement auszetauschen. Laut dem Geriichtshaff gouf dëse Mechanismus net fir de Finanzsecteur geplangt. Fir dëse Problem deelweis ze léisen, huet d'Regierung eng aner Optioun vun der europäescher TVA-Richtlinn benotzt, déi si bis elo nach net am Gesetz hun: dat ass d‘Mehrwertsteuergrupp. An Däitschland gett se "Mehrwertsteuerorganschaft" genannt. Ähnlech wéi d'Steierkonsolidéierung fir direkt Steieren, ginn d'Memberen vun enger Mehrwertsteuergrupp fir d‘TVA als eng Person betruecht, a wat si sech austausche a verkafen gëtt net mat TVA besteiert.

    Ech huelen un, et gi Konditiounen agefouert?

    Tatsächlech: zum Beispill mussen d'Memberen noweisen, datt se finanziell, ekonomesch an organisatoresch matenee verbonn sinn. Awer et sinn och e puer Restriktiounen, an heiansdo Nodeeler fir den een oder den anere Membre am Verglach zu senger Situatioun ouni Grupp. Dir musst duerfir d'Käschte vun der Grupp an och d'Virdeeler fir d'éischt analyséieren, ier d'Autorisatioun gefrot gëtt. Op där anerer Säit kann all Type vu Betrib de Grupp benotzen, an net nëmmen de Finanzsecteur. An allem Fall ass et eng interessant Entwécklung fir Lëtzebuerg a mecht eist Land méi kompetitiv vis-à-vis vun aneren EU-Länner.
    2 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners