RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche: Symboler am ëffentleche Raum, 20/04/2018
    Carte blanche vum Roland Pinnel

    Wat huet et am Mount Februar en hype ginn, wéi et geheescht huet, an der Neier Avenue géifen d’Platanen an déi japanesch Kiischtebeem verschwannen! D’Oprouer huet net nëmmen e shitstorm an de social media provozéiert, mä si huet esouguer bis zum Appell fir d’Redigéiere vun enger Petitioun un d’Adress vun der Chamber gefouert.

    Bei där Geleeënheet huet ee gesinn, dass de Leit net nëmmen den     a r c h i t e k t o n e s c h e Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg um Häerz läit. Et huet ee feststelle kënnen, dass si doriwwer eraus och eng grouss Sensibilitéit fir den naturverbonnene Patrimoine hunn. Déi herrlech Bamallee ass nämlech fest am Stater Bild an och an de Käpp vun de Leit verankert. Si ass e staarkt Symbol a stellt am Fong – wéi een hautdesdaags esou schéi seet – e markanten an eenzegaartege lieu de mémoire am ëffentleche Raum duer. Eppes,wat sech déif an d’kollektiivt Gediechtnes vun de Leit agegruewen huet.

    Hei an elo ass awer weder d’Plaz nach de Moment, fir ze analyséieren, ob et da wierklech noutwendeg war, dës Beem erauszerappen, fir se, wéi ugekënnegt, duerch neier ze ersetzen.

     apropos Erausrappen, Ewechrappen an Ofrappen: an deem Kontext geet mer eng ähnlech Saach duerch de Kapp.

    Ech géif nämlech nawell gär, stellvertriedend fir muench aneres, un eppes erënneren, wat och e staarkt Symbol duergestallt huet. Eppes, wat och eemol e lieu de mémoire war an haut och nach ëmmer kéint sinn.

    Et geet mer ëm d’Octroishaischen, dat an der Stad um rond-point Schuman gestanen huet. Am Joer 1986 ass et - wéi et deemools geheescht huet - aus verkéierstechnesche Grënn ofgerappt ginn. D’Steng si schéin nummeréiert ginn an anzwousch gelagert ginn, fir d’Haische spéider, nom Aménagement vum rond-point, do oder an der direkter Périphérie nees opzestellen. A wat ass domat geschitt? – Näischt! Guer näischt! Haut kréint keen Hunn méi duerno.

    Dobäi war dat Octroishaischen dee leschten Zeie vu senger Zort aus der Festungszäit. Eben e Symbol aus an och vun enger Zäit, wou nach Zoll, also octroi, an den Entréeë vun der Festungsstad opgehuewe ginn ass.

    Wéi wär et da, wa mer aus Respekt virun eiser Vergaangenheet dat, wat deemools an Aussiicht gestallt ginn ass, nämlech d’Octroishaischen nees opzeriichten, och géifen aléisen? Wär dat net och e staarkt Zeechen, fir genee op dëser Plaz d’Erënnerung un dëst geschichtsträchtegt Symbol nees nohalteg opliewen ze loossen? Grad esou, wéi dat jo och elo bei de Beem an der Neier Avenue versprach ginn ass.

    Fir dass och dëse lieu de mémoire seng mémoire du lieu net definitiv, dat heescht fir ëmmer, verléiert!
    ______________________    

    Dat war eng carte blanche vum Roland Pinnel mat engem Plädoyer fir e bessert Erhale vu Symboler am ëffentleche Raum.   

    4 min
  • Firwat...?!, 19/04/2018 07:50
    Eng Schéisserei matzen an Bouneweg, a keng 36 Stonnen dono e fataalt Accident no enger Course-poursuite op der N7... Zwou gréisser Affären aus de leschten Deeg déi nawell vill mediatiséiert gi sinn, ma wou awer nach eng sëlleche Froen am Raum stinn, mengt de Joël Detaille an engem Commentaire....
    0 min
  • Carte Blanche: Rüstungsspiral = Angschtspiral, 18/04/2018
         Rüstungsspiral = Angschtspiral

         
    Et ass eng frappant Feststellung, datt verschidde psychologesch Mechanismen, déi d’Verhale vun Eenzelpersounen erklären, och op engem kollektiven Niveau zum Droe kommen. Ee vun dëse Mechanismen ass dat sougenannt asymmetrescht Angschtempfannen. Domat gemengt ass d’Tatsaach, datt de Mënsch seng eegen Angscht als méi reell erlieft wéi déi Angscht, déi hie selwer bei aneren ausléist. Mir si vun der Evolutioun esou programméiert, datt mir séier an hefteg op Gefore vu bausse reagéieren, emgedréint awer nëmme schwéier kënnen novollzéien, datt anerer eist Verhalen als Bedrohung ugesinn.
    Dës emotional Verzerrung vun der Realitéit erkläert esou munche Phänomen an den internationale Relatiounen. Sou haten am Kale Krich béid Säite regelméisseg d’Gefill,  militäresch ënnerleeën ze sinn. Ee konkret Beispill ass déi amerikanesch Obsessioun vum « missile gap » um Enn vun de fofzeger Joren. Duerch esou en asymmetrescht Angschtempfannen kann ni e richtegt Gläichgewiicht vun der Ofschreckung erreecht ginn.  Egal wéi d’Situatioun sech presentéiert, et huet ëmmer eng Säit den Androck, missen nozeleeën.
    Datt sou eng Spiral awer och kann duerchbrach ginn, dat hunn d’Enn vum Kale Krich an déi domat verbonnen Ofrüstung gewisen. Deemools hat een den Androck, d’Mënschheet hätt e grousse Sprong no vir gemaach. Et war eng Zäit vun Euphorie, eng Zäit, wou déi fréier Sowjetunioun net méi als Bedrohung ugesi gouf, mee als zukünftege Partner an engem Kader, deen de Michail Gorbatschow « dat gemeinsamt Haus Europa » genannt huet.
    Knapp drësseg Joer duerno ass vun dëser Opbrochstëmmung net méi vill iwwreg. Op béide Säite gëtt erëm fläisseg un der Rüstungsschrauf gedréint. Engersäits hu mer eng no Osten erweidert NATO, déi mengt, erëm méi Stäerkt weisen ze mussen ; anerersäits wiisst a Russland d’Gefill, am Zaangegrëff vu feindlech gesënnte Staaten ze sinn, wat sech an enger muscléierter Aussepolitik nidderschléit. En Däiwelskrees, deen engem e Gefill vun « déjà vu » gëtt.
    An dësem net ongeféierleche Kontext ass et un Europa, eng mässegend Roll ze spillen a ganz kloer neen zu engem neie Wettrüsten ze soen. Mir brauche keng Twitterrhetorik a keng Opdeelung vun der Welt a Gutt a Béis, mee eng pragmatesch Politik, déi och d’Argumenter an d’Sensibilitéit vun der Géigesäit mat abezitt. A grad mir westlech Länner wiere gutt beroden, och emol virun der eegener Dier ze kieren : déi verfuere Situatioun am Irak, a Libyen an a Syrien geet zum Deel op eis Kap an ass d’Resultat vun engem kuerzsiichtege militäreschen Denken an engem naive Glawen un eng séier Verpflanzung vu westleche Strukturen.
    De Bléck an d’Vergaangenheet mahnt eis also zur Bescheidenheet a weist, datt villes méi relativ a komplex ass, wéi et op den éischte Bléck erschéngt. Esou eng Erkenntnis ass keen Zeeche vu Schwächt, mee e wichtege Schrëtt eraus aus gläich zwou Spiralen : déi vun der Angscht – an déi vun der Iwwerhieflechkeet.
    13ten - Lucky Luc
    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 18/04/2018
    En Hausbesëtzer zu Lëtzebuerg ze ginn ass wéinst de Präisser relativ komplizéiert. Gëtt et net e Risiko dat d‘Verschëldung vun den Haushalter klëmmt?

    -    Et gesäit en effektiv dat d‘Verschëldung vun den Haushalter klëmmt, mä déi as nach soutenabel.
    -    D‘Schold vun den Haushalter as zwar tëscht 2002 an 2016 staark geklomm am Verglach zum verfügbaren Akommes. Mä, iwwer déi selwecht Period, huet ee bal esou eng Erhéijung vum Verméige vun den Haushalter festgestallt. Dat erméiglecht et hinnen, a manner schwiereg Situatiounen ze kommen fir de Prêt zréck ze bezuelen.
    -    Zousätzlech ass den Niveau vun der Verschëldung vun de Lëtzebuerger Haushalter relativ, well si ass ähnlech wéi den Duerchschnëtt an der Europäescher Union.
    -    Betreffend der Erhéijung vun den Immobiliëpräisser, reflektéieren die virun allem strukturell Facteuren, wéi zum Beispill d‘Demande vun Wunnengen, déi méi gréiss ass ewéi d’Offer.
    -    D’Präiserhéijung an d’Verschëldung vun den Haushalter sin trotz allem Facteuren, déi ee weider kontrolléiere muss.

    Wéi eng Léisunge gëtt et fir Hausbesëtzer zu Lëtzebuerg ze ginn?

    -    Déi niddereg Immobiliesteier, déi niddereg Käschte fir den Akt beim Notaire a steierlech Virdeeler fir d‘Zënse fir en Prêt, si Saachen, déi de Kaf vun engem Haus oder enger Wunneng encouragéieren.
    -    D’niddreg Zënsen fir de Prêt encouragéieren och déi staark Demande.
    2 min
  • Sorry, Bei!, 17/04/2018 12:50
    De Wanter hat eis déi Kéier laang am Grëff an och wa mer elo scho bal de Summer spieren, huet nach net jiddereen sech mam Fréijoer beschäftegt. Dem Christiane Kremer ass et esou gaangen, bis op eemol d'Natur bei hatt komm ass.
    0 min
  • Carte Blanche: Schutz vun de Locatairen, 16/04/2018
    Bekanntlech gëtt et zu Lëtzebuerg eng akut Wunnengskris. Während Joerzéngte gouf de Wunnengsbau vrun allem dem fräie Maart iwwerlooss; deen huet et awer net fäerdeg bruecht genuch Wunnengen ze produzéieren. Déi successiv Regierungen ënnert dem Här Juncker hunn Spekulatioun op Bauterrainen an Immobilien ongebremst weiderlafe gelooss. Déi aktuell Regierung seet zwar, sii hätt de Problem erkannt, mee sii huet awer kee Konzept, wéi an deenen nächsten 10 Joer déi 65.000 bis 75.000 Wunnenge gebaut solle ginn, déi hei am Land gebraucht ginn.
    Mee haut wëll ech op ee spezielle Problem hiweisen, dee mat dëser Wunnengskris ze dinn huet. An zwar d’Situatioun vun de Locatairen.
    Wunnen ass ee Mënscherecht. Sou steet et am Sozialpakt vun der UNO an och an der Sozialcharta vun der Europäescher Unioun. Zu dem Mënscherecht op eng ugemoosse Wunneng gehéiert, datt Staaten a Regierungen verflicht sinn, Moossnamen z‘ergreifen, fir d’Wunnkäschten sou ze gestalten, dass se fir jiddereen erdrobar sinn. An dat ass zur Zäit net méi de Fall.
    Wien sech keng Wunneng kafe kann, muss eng Wunneng loune kënnen. Dat ass aktuell fir 30% vun alle Stéit de Fall. An der Stad sinn et scho 50% vun de Wunnengen, déi gelount ginn. An déi meescht jonk Leit kënnen sech kaum nach eng Wunneng kafen, wann hier Elteren hinnen net dobäi hëllefe kënnen. Ëmmer méi Mënsche sinn deemno drop ugewisen, eng Wunneng zu engem bezuelbare Preis lounen ze kënnen.
    Geréngverdéngend Stéit sollen dofir op eng Sozialwunneng zréckgräife kënnen. Ee Normalverdénger soll sech eng Wunneng zu engem Loyer leeschte kënnen, deen engem normalen Akommes entsprécht. An dovun si mer ëmmer méi weit ewech. 2016 hunn 35% vun alle Locatairë méi wéi een Drëttel vun hiren Akommes fir de Loyer ausgi mussen; Tendenz steigend.
    Ee Loyer, deen sech am Joer 1995 op 1.200.- € belaf huet, kéint am Joer 2016, op Grond vun der Liewensdeierecht, 1.800.- € bedroen. Dat ass eng normal Entwécklung. Da aktuellt Loyersgesetz léisst awer zou, datt dee Loyer, op Grond vun der Entwécklung vun den Immobiliëpräisser, elo op 4.500.- € klamme kéint! Dat ass net akzeptabel. Fir dat ze änneren, misst dat aktuellt Loyersgesetz dréngend reforméiert ginn, sou wéi d’Deputéiert Marc Baum an David Wagner dat Ufank Mäerz an enger Gesetzespropositioun virgeschloen hunn.
    An zwar sou, datt d’Loyeren net méi parallel zu den Immobiliëpräisser klammen, mee just souvill, wéi d‘Kafkraft vun de Leit. An dee Maximum duerf – am Géigesaz zu bis elo – dann och net méi iwwerschratt ginn.
    Och bräichte mer eng national Loyerskommissioun, an der souwuel d’Locatairë wéi d’Propriétairë vertruede sinn, fir de Respekt vun de Loyerspräisser z’iwwerwaachen.
    Wunnen ass kee Spekulatiounsobjet. Wunnen ass ee Mënscherecht. Dofir brauche mir dréngend eng Reform vum Loyersgesetz, fir sou deem schwächste Partner um Wunnengsmaart, de Locataire, ee wierksame Schutz ze bidden.


    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners