Spëtzevertrieder vun deenen däitsche kierchenoe Parteien CDU an CSU hunn an de läschten Deeg e Verbuet vum Voile verlaangt, an zwar fir Meedercher ënner 14 Joer vu muslimëschen Elteren, well déi Kanner ze jonk wieren, fir sech kënne géint den Octroi vun engem reliéise Symbol ze wieren.
Komesch ass, dass di selwecht Politiker kee Problem hunn, wa Kanner vu kathouleschen oder evangeleschen Elteren quasi direkt no der Gebuert vu Reliounen zwangsrekrutéiert ginn. Oder wann di Kanner puer Joer mi spéit duerch aner reliéis Ritualer wi d’Kommioun geschleist ginn.
Di selwecht Politiker hu kee Problem, fir Kanner an all öffentlechen Raum mat engem Kräiz ze konfrontéieren, wi elo a Bayern. Si stéiere sech net drunn, wa Relioune Kanner indoktrinéieren, se forcéieren, Märercher als absolutt Wourechten ze gleewen an näischt kritesch ze hannerfroen, an deene Fuerderungen mat deem erfonnte Konzept vun der Hell Nodrock verschafen.
Di selwecht Politiker kritiséieren éischter selten di reliéis motivéiert Beschneidung vu klenge Bouwen vu jiddeschen a muslimeschen Elteren, oder déi kierperlech Mutilatioun vu klenge Meedercher a villen afrikanesche Länner. An der Aentwert vun der lëtzebuerger Gesondheetsministesch op eng rezent parlamentaresch Fro kann een tëscht den Zeile liesen, dass hei am Land di reliéis motivéiert Beschneidung vu Bouwen net verbueden ass, sou laang se an engem „milieu médical“ duerchgefouert gëtt. An Island hunn d’Politiker méi Courage: do soll reliéis motivéiert Beschneidung vu Kanner elo ganz verbuede ginn.
Alles, wat ech elo opgezielt hunn, si reliéis Zwäng, géint déi Kanner sech genau sou wéineg kënne wieren wi Meedercher ënner 14 Joer, di mussen ee Voile droen. E Kand vun neng Joer, wat an e Kostum gestach gett an da muss mat enger Käerz an der Kiersch stoen, mécht dat net aus eegener reliéiser Iwwerzeegung, mee well seng Elteren oder dee sozialen Drock dat sou virschreiwen. A kee Kand wielt fräiwëlleg eng Verstümmelung oder Verännerung vu senge Geschlechtsorganer.
Et muss ee sech dofir froen, ob sou Aussoe vun däitschen C-Politiker nët missten als ferm hypokritesch bezeechent ginn, wann net suguer als eppes Schlëmmeres.
All Mënsch ka gleewe wat e wëllt. D’Fro sief awer erlaabt, ob ee mannerjähreg Kanner net vu reliéis motivéierten Zwäng misst ganz verschounen. A wann se groussjähreg sinn, selwer denke kënnen a genuch Informatiounen iwwert eis Welt an eis Gesellschaften hunn, kéinte si aus fräie Stécker decidéieren, op se wëllen enger Relioun zougehéieren oder net, e Voile droen oder net, sech beschneide loossen oder net. D‘Mënscherechter an de Schutz vum Kand missten definitiv iwwert der Reliounsfräiheet stoen. An dat muss fir all d’Relioune gëllen.
Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu
Mitglied International Humanist and Ethical Union (IHEU)
Mitglied European Humanist Federation (EHF)
Mitglied Alliance for a Secular Europe
Mitglied Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)