Matdeelungen, déi erklären wat Infirmièren wierklech maachen an firwat sech Investitiounen an d‘Fleege lounen, ginn et seelen. Fleegepersonal gëtt dacks mat Aussoen konfrontéiert ewéi „An der Fleege schaffen, dat kéint ech net! Awer Respekt dofir, dass du dat mëschs…“. Ech wëll net méi fir mäi Beruff bematleet ginn, an hu mir folgend Fro gestallt: Wéi kann ech der Ëffentlechkeet an den Nolauschterer eng Virstellung dovunner ginn, wat et wierklech bedeit an der Fleege täteg ze sinn, dass Fleege méi ass ewéi Ausscheedungen, Sprëtzen, Verbänn, Bluttdrock moossen an Iessen reechen? Duerch eng Anekdot vun menger Aarbecht als Infirmière op enger Palliativstatioun probéieren ech, iech mäin Beruff also méi no ze bréngen.
Anektdote
Si spillt un engem stralenden Ouschtersonndeg. Déi éischt Blummen bléien, d‘Statiounskaz streckt sech an der Sonn an matzendran ass d‘Mme S., déi zanter enger Woch bei eis ass. D’Mme S. leit un engem onheelbaren Mokriibs, ass nach zimlech jonk, bestuet an huet zwee Kanner. Zanter Wochen zwéngt si sech, hirer Famill zu Léift zum iessen fir net weider un Gewiicht ze verléieren an net nach méi schwaach ze ginn. Fir dem Statiounsgeroch entgéintzewierken an Erënnerungen un eng schéin Zäit oder un eng Platz, wou een sech gebuergen fillt ze erwächen, baken mir fir Ouschteren en Heefezopf. Um Statiounsgang richt et also no frësch gebaaktem Zopf ... an dem Geméisgratin, deen d’Kächin zoubereet huet. Beim Opmaachen vun der Dier bemierken ech, wéi d’Patientin schnuppert an froen, ob ech d’Dier en Spléck wäit oploossen soll, soudass den Geroch weider an d’ Zëmmer stréimt. Si mengt: „Oh jo weg., dat richt jo gutt!“.
An der Kichen zeréck hellt d’Kächin grad den Gratin deen nach dämpt aus dem Uewen. D’Mme S. huet keen Iessen bestallt, si wollt nëmmen Zwiback iessen. Trotzdeem entscheeden ech mech dozou, hier e bëssen vum Gratin unzebidden. Ech hat hier virun 30 Minutten en Medikament géint d’Iwwelzegkeet ginn, soudass d’Wierkung vum Medikament zur Iessenszäit antrëtt, mam Ziel, dass der Mme S. doduerch d’Iessen erëm e bëssen méi Freed mëscht. Zanter hirem Openthalt op der Statioun hunn ech gemierkt, dass d’Mme S. sech freet, wann d’Statiounskaz bei si an d’Zëmmer kennt. Setzt des bis op hirer Decken, beweegt d’Patientin sech kaum, fir se nëmmen net ze verjoen.
A Begleedung vun der Katz versécheren ech hier, dass et keng Schan ass, wann si den Gratin net ganz ësst. „Dier kennt och einfach nëmmen genësserlech drun richen“. Op keen Fall well ech, dass d’Mme S. den Gratin elo ësst, fir mir en Gefalen ze maachen. An kuckt do, wou ech zeréckkommen, fannen ech eng eidel Schossel. D’Mme S. setzt am Bett an krault eis Katz. Mir war bewosst, dass d’Mme S. während dem Owesiessen keen Besuch hat. Si huet den Gratin wuel selwer giess.
D’Freed, d’Iessen zanter laangem nees ze genéissen, liesen ech hier direkt un hirem stralenden Gesicht of. Si schwäermt vum Geschmaach no Wäin, Zwiwwelen, Botter, Poretten,... „Den Gratin huet wuel sou gutt geschmaacht wéi en richt?“ froen ech virsiichteg an virwëtzeg zu gläich. Si ass hellwaakreg: „Dat war eng richteg Geschmaachsexplosioun!“ Vun dem schéinen Erliefnis schwätzt si nach Deeg laang an ech denken och dacks un déi gelongen Fleege zeréck. Do hat ech wuel eng gutt Nues!
Schluss
Och dat gehéiert zum Beruff vun der Infirmière an mécht en esou eenzegaarteg. Eng gutt Fleege ass komplex an wéi dir sécher eraushéieren hutt, ass et dobäi ëm wäit méi gaangen ewéi en Plateau an d‘Zëmmer ze stellen an en Medikament ze ginn. D‘Detailer zielen.