RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, 04/06/2018
    Wann d’Gebei vum ale Kolléisch niewend der Kathedral am Härz vun der Stad freigët, hun ons Autoritéiten e Problem.
    Deen ass nët nei a gët ëmmer méi grouss, nämlech: wat maachen mat de villen historeschen Gebeier, déi fir heiteg Zwecker nët méi ze gebrauche sin?
    Zu Lëtzeburg war an ass den éischte Gedanken oft: entweder e Musée oder soss eppes Kulturelles drasetzen.
    Dofir krut d’Nationalbilbiothéik den ale Kolléisch, den Nationalarchiv eng al Kasären um Hëllege Geescht, de Stater Geschichtsmusée den ale Konservatoire.
    An där Logik lancéiert de Kulturminister Xavier Bettel d’Idi, am ale Kolléisch eng Nationalgalerie anzerichten.
    Kultur ass ëmmer gudd, besonnesch wann se national ass.
    En anert beléiften Thema an der Politik sin d‘Wunnengen.
    Well géint Kultur a Wunnengen keen eppes kann hun, soll also am ale Kolléisch eng Nationalgalerie mat Wunnengen kommen!
    Mais dem Hr Bettel seng Idien dozou sin alles anescht wéi klor.
    Dat konnt ee feststellen, wéi en an der Chamber doriwer geschwat huet.
    Hien sot de 15. Mee, ët léich vill Konscht a Keller a Speicher. Wat wëllt en domat soen? Soll de Staat dat alles sammelen?
    E sot och, d’Lëtzeburger Konscht misst dokumentéiert gin. Also wéi fir den Audiovisuel oder d’Literatur en Zentrum fir d’Lëtzeburger Konscht schafen?
    Da seet en, d’Nationalgalerie sollt awer keng eege Collectioun opbauen.  Op kee Fall soll double emploi mat bestehenden Institutiounen entstoen.
    200 m vun der zukünfteger Nationalgalerie steht de Musée national d’histoire et d’art, deen Konscht och vun einheimesche Kënschtler sammelt a weist.
    Wat bréngt eng Nationalgalerie da méi ?
    Eigentlech neischt ausser d’géif een an der Konscht dat Nationalt erausstreiche wëllen, dat typescht  Lëtzebuergescht.
    Dat kontert den Hr Bettel selwer andem e seet, dass d’Nationalgalerie op kee Fall ee Ghetto soll sin.
    Wéi wär et dann wann de Kulturminister nach eng Kéier schaarf nodenken géif?
    Da géif en seng Idi fale loossen an de bestehende Kulturinstituter, déi allegur dat maachen, wat d‘ Nationalgalerie soll maachen, méi Souen a méi Leit gin.
    Dat wär éischtens eng nei Verwaltung manner, an et géif zweetens kee Gerangels ënner Verwaltungen, déi sech ëm datselwecht bekëmmeren wärten.
    Gudd um Hr Bettel senger Idi ass, fir am Stadkär, wou keng Leit méi wunnen, Wunnengen ze schaafen.
    Ech gesin de ganzen ale Kolléisch ronderëm déi zwee gemitlech Bannenhäff ganz gudd als Wunnraum fir jonk Familjen.
    Dora soll de Staat zesumme mat der Haptstad investéieren, well domat kéimen normal Leit an d’Stad wunnen aplaaz nëmmen  där, déi bis zu 25 000 EUR de Quadratmeter a Luxuswunnengen an der Alstad bezuele kënnen.
    Da géif den Hr Bettel  sech zwar kee Monument setzen, mais e géif direkt eppes Nëtzleches fir d’Leit, fir d‘Stad an fir d‘ Konscht zu Lëtzeburg maachen.
    3 min
  • Carte Blanche vum Paul Hammelmann, 01/06/2018
    Wat ass dat fir eng Gesellschaft, wou eng Persoun déi vu Keelt op der Strooss stierwt manner Schlagzeilen wäert ass, wéi e Verloscht vun 3 Punkten op der Bourse?

    Wat ass dat fir eng Gesellschaft wou mer Iesswueren ewech geheien während aner Leit vun Honger krepéieren?

    Wat ass dat fir eng Gesellschaft wou de Manktum u Respekt a Gewalt dagdeeglech zouhuelen an wou sozial Diskrepanz ëmmer méi grouss gëtt?

    Wat ass dat fir eng Gesellschaft wou haaptsächlech iwwer Kompetitivitéit an iwwer Problemer vun de Magnaten diskutéiert gët an wou Steierevasioun an Korruption stroffräi ronderëm de Globus praktizéiert ginn?
    Eng Gesellschaft wou d’Geld regéiert an d’Maximiséierung vum Profit Kultstatus huet, wou d’Politik d’Recht ofgeschwat kritt an d’Wirtschaft anzegräifen, an wou eng nei, onsiichtbar Tyrannei, heiandso just virtuell, sech installéiert huet, d’Tyrannei vum Fric!

    Mir hunn nei Idoler geschafen, d’Idolatrie vum gëllene Kallef huet haut, an enger Gesellschaft ouni Gesiicht, dem Fetichismus vum Fric Plaz gemaach, an de Mënsch gëtt just nach als Konsumschwäin ugesinn.

    Eng Welt, wou verschidden Patrons, reegelrecht Bluttsëffer, Loundumping praktizéieren an domatt eng nei, perfid Sklaverei installéieren.

    Dobäi misst jo eigentlech nom Zäitalter vun der Opklärung, d’Dignitéit vum Mënsch, sozial Integration an e méi gerecht Verdeelen vum Räichtum an eiser Werteskala op 1. Plaz stoen!

    Mee den aktuellen economeschen System erlaabt dat net, well d’Wegwerfgesellschaft un der Wuerzel ongerecht ass.

    Souwäit dës Aussoen an Iwwerleeungen.

    Sie stamen net – wéi verschiddener et elo mat Degoût gär giefen bemierken – vun deem deen elo haut, Freiden den 1. Juni 2018, hei schwätzt, sie stamen och net vum Karl Marx oder Friedrich Engels, net vum Mao Tse Tung oder Antonio Gramsci, sie stamen ausschliesslech vun engem gewëssen Jorge Mario Bergoglio, mat Kënschtlernumm „Franziskus“, den Katholiken hirem Pontifax maximus, deen dat esou an senger Exhortatioun „Evangelii Gaudium“ ausgedréckt huet … an deen trotzdeem komplett Recht huet!

    3 min
  • Déi Gréng: Tëscht Waasser priedegen an Wäin drénken, 31/05/2018 07:50
    Vu réngen Idealisten déi sech fir d'Ëmwelt, fir de Fridden an géint de Bau vun engem Atomkraaftwierk zu Rëmerschen agesat hunn – bis hin zu Regierungsmemberen haut déi sech zwar nach ëmmer fir d'Natur, ma och fir ee Burka-Verbuet oder de Bau vun neie Stroossen asetze mussen -  déi Gréng hunn sech vill verännert. Den Idealismus mëscht hautdesdaags dacks Plaz fir d'Realpolitik déi deene Gréngen an der Lescht net ganz gutt zu Gesiicht steet, fënnt d'Annick Goerens de Moien a sengem Commentaire.
    0 min
  • Carte Blanche, Laura Zuccoli, 30/05/2018
    Ewéi ass dat méiglech dat en Europa wat sech zu chrëschtleche Wäerter bekennt, Gesetzer stëmmt ewéi z.B. a Frankräich wou hëllefsbereet Mënsche bestrooft gi well si illegal Migranten ënnerstëtzen. Mënsche gi veruerteelt well se aneren hëllefen?! An 12 Länner an Europa ass dat den Ament de Fall.
     
    Haltung vu Länner ewéi Ungarn di Flüchtlingen dorënner Kanner virum pickegen Drot hirem ausweglose Schicksal iwwerloossen, Griicheland wou an total mënschenonwierdegen Zoustänn Dausende vu Flüchtlingen a vill ze klenge Lagere geperscht ginn, op Insele wou si net fort kommen a wou se Joren op eng Äntwert op hir Flüchtlingsdemande waarden.
    Italien wou Migrante récksiichtslos ausgenotzt ginn a fir en Hongerloun z.B. an Uebstplantagë schaffen, mafiöse Banden ausgeliwwert sinn an dat mam Wësse vun der Politik!
    Hei muss Zivilgesellschaft d’europäesch Politik duerzou bréngen d’Fro vun de Migratiounen an Europa op mënschlech Aart a Weis ze reegelen.
     
    D’Initiative Citoyenne Européenne (ICE) «Mir sinn e gaaschtfrëndlecht Europa. Loosst eis hëllefen !» ass eng europäesch Petitioun di fuedert dat Europa zeréck kennt op seng Grondwäerter vu Mënschlechkeet an Toleranz.
     
    D’europäesch Kommissioun soll konkret Garantië gi fir méi effikass Reegele géint de Mënschenhandel, fir dat fundamental Mënscherechter net un eisen europäesch Aussegrenze violéiert ginn.
     
    Zivilgesellschaft ass bereet an dëser Fro seng Verantwortungen ze huelen
    Millioune vun EU Bierger - dorënner och vill Awunner aus eisem Land - hunn sech fiert Flüchtlinge mobiliséiert.
    Di enorm Solidaritéitsbewegung beweisen di 85 Projeten di iwwert d’Oeuvre Grand Duchesse Charlotte bei eis finanzéiert goufen. Si hunn et erlaabt d’Erausfuerderunge vun der Flüchtlingskrise hei opzefänken
     
    Petitioun Initiative Citoyenne Européenne (ICE) « Mir sinn e gaaschtfrëndlecht Europa. Loosst eis hëllefen !» fuerdert d’ Kommissioun an d’Europaparlament op, der Zivilgesellschaft ze erlaben, direkt Flüchtlingen aus de Kriselänner bei eis opzehuelen an esou eng optimal Integratioun ze garantéieren.
     
    Mat enger Ënnerschrëft gi mir Bierger en staarkt Zeechen, fir  Grondwäerter ewéi Mënscherechter an Toleranz, fir e mënschlecht an oppent Europa, géint Populisten a Rietsextremismus.
     
    Ënnerschreift d'Petitioun, gitt op asti.lu oder op weareawelcomingeurope.eu


    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 30/05/2018
    Dier hat eis déi leschte Kéier iwwert d’Space Mining Gesetz erzielt an do ugedeit eis demnächst iwwert de Space Tourismus ze schwätzen. Ass dat wierklech um kommen ?

    Et gesäit effektiv esou aus wéi wann dat an de nächste Joren eng Realitéit géif ginn. D’Idee zitt ëmmer méi Leit un an et ginn ëmmer méi Betriber déi esou e Service developpéieren.Wee genuch Suen huet kann sech geschwënn den Dram vun enger Rees an de Weltall erfëllen. Di amerikanesch Firma Orion Span huet annoncéiert bis 2021 deen éischten Luxushotel am Weltall – d’Aurora Station - opzemaachen. Hier Offer? 12 Deeg wei en Astronaut liewen an d’Welt mat engem gewëssen Confort vun “do Uewen” beobachte kënnen. Den Hotel wäert eise Planéit all 90 Minutten ëmfleien. Deemno kréien d’Gäscht am Schnëtt bannent 24 Stonne 16 Sonnenop- an Ënnergäng ze gesinn.

    Weltall-Reese fir Privatleit gouf et (an der Vergaangenheet) awer schonn?
    Stëmmt! Déi 1. Privatpersoun am Weltall war de Geschäftsmann Denis Tito. Dat war 2001. Zanterhir hate just nach 6 aner Persounen d’Geleeënheet esou eng Rees ze ënnerhuelen. Déi Lescht 2009.Well ëmmer méi Entreprisen sech dem Spacetravel widmen an ëmmer méi Leit räich genuch si fir sech esou eng Rees ze finanzéieren, wäert d’Offer vum Weltall Tourismus (awer elo rem) an d’Luucht goen.

    Dat ass awer bestëmmt eng deier Wichs
    Allerdéngs! Fir déi 12 Deeg op der Aurora Station – déi 6 Gäscht an 2 Crewmemberen ophuele kann – mussen 9.5M Dollar pro Kapp, also 792,000 Dollar pro Nuecht, bedaalt ginn.
    An einfach sou kann een do natierlech net mat. Eng Rees an de Weltall ass eng schwéier Belaaschtung fir de Kierper an bedarf eng adequat Preparatioun. Mee anstatt deenen übleche 24 Méint Virbereedung, huet den Operateur Orian Span dës op 3 Méint reduzéiert.

    Gëtt et keng aner, méi gënschteg Méiglechkeet, fir an de Weltraum ze reesen?

    Dach. Eng Rei Entrepreneuren schaffen un interessanten Alternativen. De Grënner vu SpaceX, den Elon Musk huet annoncéiert datt seng Firma 2 Privatleit op en Trip ronderëm de Mount schécke wäert. De Richard Branson, faméisen CEO vu Virgin, plangt Touristen mat méi kuerze Reesen – 60,000 Meilen iwwert der Äerd – op d’Grenz vum Weltall ze bréngen ..’Katie Perry an den Tom Hanks hu sech anscheinend scho ageschriwwen fir de 250,000 Dollar-Trip. Enn 2017 haten ëmmerhin scho 650 Leit sech en Ticket kaf. (A Blue Origin, dem Jeff Bezos, CEO vun Amazon a räichste Mann vun der Welt seng Firma, plangt nach dëst Joer eng bemannte Missioun an de Weltall.) An dëst ass just den Ufank…
    Ajo – falls der awer scho eng Platz op der Aurora Station reservéieren wéilt, den Akonnt ass 80,000 Dollar (a gëtt zu 100% zrëckerstatt).
    3 min
  • Mythos, 29/05/2018 07:50
    Story-telling, Narratif, fake news, Iwwerzeegungsaarbecht, Propaganda, Pub – fréier hunn se dat Mythos genannt.
    E Commentair vum nico graf
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners