RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Anne Goeres, 15/06/2018 07:50
    D'Anne Goeres ass d'Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner huet ënnert anerem politesch Kommunikatioun studéiert.an obwuel se neutral an a kenger Partei aktiv ass, dréckt e puer Wieder iwwert de Politiker aus.
    0 min
  • Carte Blanche, Anne Goeres, 15/06/2018



    De Politiker

    Haut wollt ech meng Carte Blanche iwwert de Politiker an d’Politikerin maachen.
    Mir hunn an eiser Gesellschaft d’Gewunnecht ëmmer dem aneren d’Schold vun allem ze ginn. Ei, dat maache mer gären an dat kenne mer och ganz gutt.
    •    Geet et zum Schluss vum Mount am Portmonni net duer, da läit et un der ze niddreger Paie an net genuch Staatlech Hëllef ;
    •    Steet ee mam Auto am Stau, da sinn déi sëllech Bauaarbechte Schold an et goufen alt erëm déi falsch politesch Decisioune geholl ;
    •    Klappt eppes am Schoulsystem net, dat ass forcement de Minister näischt ;
    •    An beim geréngsten alimentairë Skandal bläre mer géint Europa déi net op Zack waren oder sech ze vill dra gemëscht hunn a Schold sinn.
    Lo mol d’Hand op d‘Häerz, wei wär et dann, wa mer all kéier, wou mer eppes géint en aneren ze soueren hunn, mol géinge probéiere selwer no Léisungen ze sichen. A mengen Ae muss een haut, als Bierger, scho bal Zivilcourage hunn, fir sech an d‘Politik z’engagéieren. Kaum mellt een dat en sech an d‘Politik engagéiert, schonn hagelt et u Kritik am Volleksmond : ze jonk, ze al, keng Erfarung, ze vill Erfarung, an esou weider... d’Lescht ass laang.
    Perséinlech fannen ech et immens dat een a sengem Liewen iergendwann eng Kéier decidéiert niewent senger Aarbecht Zäit fir d’Politik hierzeginn. Op Fra oder Mann. Politik bedreiwen heescht jo awer och sech z’informéieren, Meenungen hunn, bereet sinn sech fir e Projet, eng Saach anzesetzen un déi ee gleeft a prett ze sinn fir richteg vill ze schaffen. E Politiker muss och däerfen seng Meenung kennen änneren, och däerfen sech iren. De Politiker ass keen Iwwermënsch, mee eng Persoun déi fir sech decidéiert huet, ze probéieren eppes fir säi Land, säi Kontinent ze maachen. Haut well ech all dëse Politiker Merci soe fir hien Asaz am Alldag.
    Grad elo, e puer Méint virun de Wahlen trefft een iwwerall op se : elo kann en erëm lästeren si kéime just Stëmme sichen, mee wei se et och maache, wär et net gutt. Deen, deen sech net esou vill weist, kritt dat och an de Kapp gehäit. Also, déi nächste Kéier wou der e Politiker gesitt, zum Beispill muer de Moien um Stater Maart, denkt 2 Sekonnen driwwer no, wéivill Zäit deen sech fir d’Land hëlt, fir d’Leit, fir eis.
    Ech wënschen dem faire Politiker e faire Wahlkampf an dem Land eng gutt Regierung. An fir déi déi gären e Schëllege sichen oder ëmmer knouteren : ma da setzt Iech dach selwer an, a probéiert et besser ze maachen. Wann der iwwerzeegend sidd, kritt der och sécher déi néideg Stëmmen.


    3 min
  • Futtball WM, 14/06/2018 11:20
    Den Owend ass et esou wäit. Um 5 Auer eiser Zäit fänkt mam Match vum Organisateur Russland géint den Outsider Saudi-Arabien déi  21. Futtball Weltmeeschterschaft un.
    81.000 Spectateuren am Luzhniki Stadion zu Moskau an eng geschätzte Milliard virun den Televisiounsapparater wäerte live oder op Distanz mat derbäi sinn.
    Trotz villen negativen Aspekter freet de Guy Seyler sech op 4 Woche Futtball.

    0 min
  • Commentaire vum Roy Grotz, 14/06/2018 07:50
    D'Dreier-Koalitioun wousst a wees, dass se et schwiereg kritt, mee wann déi eege Leit mol net méi un e Succès gleewen, dann kann och direkt agepakt ginn. Eise Chefredakter Roy Grotz mengt hannert den Aussoen vun engem Alex Bodry iwwert eng déif soi-disant LSAP-Déi Gréng-Frëndschaft och méi ze gesinn...
    0 min
  • Carte Blanche: Verfassungsreform, 13/06/2018 07:50
    No 20 Joer Aarbecht ass de Rapport iwwert d’Verfassungsreform vun der Institutiounekommissioun vun der Chamber ugeholl ginn. Grond genuch fir sech mat dësem wichtegen Text ze beschäftegen, deen ënnert anerem ons Grondrechter ofséchert. Eng « Carte blanche » vum Anne Brasseur, fréier Ministesch, Deputéiert, Schäffen a Presidentin vun der Assemblée parlementaire vum Conseil de l’Europe.
    0 min
  • Carte Blanche: Verfassungsreform, 13/06/2018
    A menger éischter Carte Blanche well ech mech mat der Constitutioun befaassen. Net nëmmen well d’Institutiounscommissioun vun der Chamber leschte Mëttwoch no 20 Jor Aarbecht de Rapport ugeholl huet mä virun allem well et dee wichtegsten Text ass an onsem Rechtssytem. An Däitschland heescht et Grundgesetz well et ass deen Text deen iwer all deenen anere Gesetzer steet.

    Wéineg Bierger maachen sech Gedanken iwert d’Verfassung an dach muss mer ons bewosst sinn dass et deen Text ass deen onse Staat organiséiert an ons Grondfräiheeten garantéiert. D’Verfassung ass am Fong e Secherheetsgurt dee verhënnert, dass einfach Majoritéiten fir Gesetzer kënnen stëmmen déi géint déi Grondrechter verstoussen. Hei zu Lëtzebuerg huelen mer déi Grondfräiheeten als eppes Selbstverständleches unn. Eng onofhängeg Justiz, eng fräi Presse, Glawensfräiheet ënnert aaneren. Dass dat awer net esou selbstverständlech ass gesi mer an enger Rei Länner, och an der EU, wou zB wéi elo a Polen de Justizminister d’Fonctioun vum Procureur Général iwerholl huet.

    Ons aktuell Verfassung staamt aus dem Joer 1868. Den haitegen Text ass deem vun deemols nach ganz ähnlech, och wann en natierlech oft an eenzelen Punkten ofgeännert ginn ass.



     
    Eng allgemeng Refonte vun onser Constitutioun ass onemgänglech ginn fir ee fir allemol mam Gepléischters un engem 150 Joer alen Text opzehalen an d’Dispositiounen an onser Verfassung un déi haiteg Gesellschaft unzepassen.

    Hei e puer Eckpunkten vun der Revisioun :
    •    De Katalog vun de Grondrechter a Fräiheete gëtt ausgebaut.
    •    D’lëtzebuerger Sprooch gëtt an der Constitutioun verankert genee wéi d’Méisproochegkeet.
    •    D’Pouvoiren vum Grand-Duc ginn un d’Realitéiet, wéi se haut schonn ausgeüübt ginn, ugepasst.
    •    De Fonctionnement vun der Regierung gëtt méi am Detail beschriwen.
     
    Den Text ass elo färdeg an dréit net nëmmen de villen Avisen Rechnung, déi eragereecht goufen, dorënner virun allem deene vum Staatsrot an der Commission de Venise vum Conseil de l’Europe, mä beinhaltet och Propositiounen déi d’Bierger der Chamber eragereecht hunn. Wéi schwiereg awer esou eng Reform ass mierkt een un den ganz divergenten an oft kontradiktoresche Meenungen vun onofhängegen Constitutiounsexperts. All denen déi un dëser rieseger Arbecht bedeelegt waren gëllt onse Repekt an e grousse Merci.
     
     
    Ech bedaueren, dass den Text deen an der Commissioun vun de Majoritéitsparteien an och vun der CSV a bei der Enthalung vun déi Lenk gutt geheescht gouef elo net méi virun de Wahlen an d’Chamber kënnt, well d’CSV sech deem opposéiert ovwuel se mam Text d’accord ass. Fir mech ass dat onverständlech well d’Verfassung ass ze vill wichteg fir doraus e parteipolitesche Spillball ze maachen.


    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 13/06/2018

    "Private äquity" ass e Sujet iwwer deen a Wirtschaft a Politik den Ament vill iwwerluecht gëtt. De Camille Ney huet sech iwwer dat Thema mam Patrick Ries vu PWC ënnerhal...

    FRO : Nohalteg a sozial Aspekter ginn haut ëmmer méi wichteg. Gelt dat och fir de Finanzsecteur?

    Jo, dat ass esou. Souguer an engem Domaine wei dem Private Equity, den jo an Däitschland oft « Heuschrecken » genannt get an allgemeng en schlechte Ruff beim Public huet gëtt den Aspekt nohalteg a sozial responsabel investéire net méi ignoréiert.
    FRO : Wat verstidd Dir ënnert Private Equity?
    Private Equity bedeit dass déi Gestionnairen, och Haiser genannt, virun allem net kotéiert Gesellschaften, ob lo PME oder a méi grouss Entreprisen investéieren. En groussen Deel vun hire Sue ginn awer och an Infrastruktur oder Immobilië placéiert.
    FRO : Kennt der méi zum nohaltegen Aspekt soen?
    Jo, gären. Mir hunn rezent eng Etüd gemaat wou eis eng grouss Majoritéit vun de Private Equity Haiser gesot hunn dass sozial Elementer ëmmer méi an Definitioun vun den Investitiounsstrategien afléissen. Déi Etüd weist erstaunlecherweis och, dass Investisseuren zou engem relativen héichen Deel, 41% fir genee ze sinn, bereet wiere méi Frais’en fir Gestioun ze bezuele, respektiv ob en Deel Performance ze verzichte wann hir Investissementer sozial an ekologesch Kritäre berécksiichtegen. Ech mengen dass dat méi ass wei just eng Moud, well eis Gesellschaft sech do insgesamt ännert an déi reng Performance ob Käschte vun anere Kritären sou net méi iwwerall akzeptéiert ass. Vu dass speziell de Private Equity virun allem fir laangfristeg Investissementer vu Pensiounskeese genotzt gëtt, an déi Pensiounskeese selwer nees vun der Politik Virschrëfte gemaacht kréie wei déi Sue sollen investéiert ginn, spillen si do eng gewëss Virreider Roll fir daat méi ganzheetlech ëmzesetzen an net just en spezifesche Produit entwéckelen de sozial Kritäre berécksiichtegt esou wei dat bei der méi traditioneller Fongenindustrie de Fall ass.
    2 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

54 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners