RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Tom Bellion, 13/04/2018

    D'Kultur, onendlech Dimensiounen!

    Mir schreiwen d'Joer 2032. Dëst ass d'Logbuch vum Dramschëff Lëtzebuerg, dat :

    •    1995, 2007 an 2022 europäesch Kulturhaaptstad war,
    •    sech am Joer 2018 een éischten nationale Kulturentwécklungsplang ginn huet
    •    an ënnerwee ass, fir nei a friem Kulturgalaxien ze entdecken an ze erfuerschen.
     
    Wa een aus dem Joer 2032 zréck kuckt, da goufe mam Geescht vun 1995 eng Rei Institutioune geschaaft, wéi z.B. de MUDAM, d'Rockhal, d'Philharmonie, Neimënster an eng Abberzuel vu regionale Kulturzenteren. Déi hunn sech an de leschte 25 Joer mat enger konsequenter Programmatioun entwéckelt an sech um internationale Konscht- a Kulturmaart etabléiert.
     
    Vill Kënschtler déi zu Lëtzebuerg wierken hunn et entretemps fäerdeg bruecht, fir sech international ze positionéieren an ee Numm ze maachen.
     
    Ënnert der duebeler Dynamik vum 1. nationale Kulturentwécklungsplang vun 2018 a vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 si ganz vill nei Iddien a Projet'en entstanen.
     
    D'Uni.lu huet sech Ressource gi fir ee permanente wëssenschaftleche Monitoring vun de kreativen a kulturellen Aktivitéiten ze maachen.
     
    Vrun 2 Joer, also am Joer 2030, huet de Wirtschaftsministère, zesumme mam Kulturministère, den drëtte nationale 5-Jores-Plang fir Kultur- a Kreativwirtschaft presentéiert, dee mat 250 Milliounen Euro dotéiert gouf. Du jamais vu!
     
    De Creative Industries Cluster, den den 31. Januar 2017 lancéiert gouf, huet kierzlech säi 15. Gebuertsdag gefeiert. Et ass eng richteg Success Story ginn. D'Konscht an d'Kultur droe mëttlerweil maassgeeblech zum Nation Branding, mee och zum Bruttoinlandprodukt bäi.
     
    De Véier-Länner-Kulturlycée huet seng Dieren am Joer 2025 opgemaach fir jonken Talenter aus der Groussregioun d'Méiglechkeet ze ginn, fir hir Passioun, gekoppelt mat enger zolitter schoulescher Ausbildung, ze liewen an aus hirer Beruffung ee Beruff ze maachen.
     
    Ah jo, kierzlech huet de Conseil National pour le Développement Culturel et Artistique säin 10. Gebuertsdag gefeiert, dëst an der Maison des Industries Créatives, déi am Joer 2022 ageweit gouf.
     
    Nëmme gutt, dass mir um Ufank vun dësem Joerhonnert de Courage haten, fir konsequent an d'Kultur ze investéieren!
     
    Et huet sech definitiv fir d'Land, säin Image, seng 700.000 Awunner, hiert d'Zesummeliewen an hir Liewensqualitéit gelount!

    3 min
  • Frënd vum Mënsch, 12/04/2018 12:50
    En Hond gëtt oft als Frënd vum Mënsch bezeechent. Dat kann awer och eng Kaz oder soss en anert Hausdéier sinn. Si sinn eis Mënsche normalerweis gutt gesënnt, mee dat ass ëmgedréint net ëmmer de Fall. D’Sandra Mélan huet sech do seng Gedanke gemaach.
    0 min
  • Carte Blanche, Benoît Reiter, 11/04/2018
    Wuesstem fréier a muer

    Wuesstem ass jo näischt soss wéi d’Schafe vu méi materiellem Wuelstand. Et schéngt also iwwert dës Fro vum materielle Wuelstand ze sinn, iwwer déi diskutéiert gëtt.

    Ech hu fir d’éischt emol an de Réckspigel gekuckt a mech gefrot, ob et de Leit, déi fréier zu Lëtzebuerg gelieft hunn, da schonn ëmmer materiell gutt gaangen ass? Wéi war et fréier mat Wuesstum a Wuelstand? Lëtzebuerg war ëmmer e batteraarmt Land. Et goufe keng Buedemschätz, ausser Eisenäerz vu relativ schlechter Qualitéit, de Buedem selwer war net besonnesch gutt fir d’Landwirtschaft a Lëtzebuerg war och keng Handelsplaz. Ech hunn un eng Rei vu menge Virfahre geduecht, déi fréier an der selwechter Gemeng gewunnt hunn, wéi ech haut. Elo liewen do e puer dausend Leit an den Awunner geet et gutt. Wëllt ech mat menge Virfahren tauschen? Meng éischt mir bekannten Urur … groussmamm huet um Enn vum 17. Joerhonnert an engem Duerf gewunnt, dat an dëser Zäit nom Enn vum 30jährege Krich total verwüst a verlooss war. D’Awunner waren esou aarm, dass se hir Steiere mol net konnte bezuelen. Am 19. Joerhonnert si meng Virfahren aus deem Duerf iwwer Generatiounen a Frankräich ausgewandert, fir do als Aarbechter Suen ze verdéngen a sech heiheem eng eege bescheiden Existenz opzebauen. Hu mer haut mat eisem Wuelstand net eng eemoleg Chance, déi dës Leit fréier net haten? Ech ka mer dofir bal net virstellen, dass et zu Lëtzebuerg Leit géife ginn, déi sech d’Zoustänn vun de fréiere Joerhonnerten zréck géife wënschen.

    Oft gëtt da gemengt, et kéint een décidéieren, dass mer op dem heitejen Niveau vu Wuelstand sollte stoe bleiwen. Just, wéi soll dat konkret goen? Menge mer wierklech, dass sech sou eng Iddi an d’Realitéit ëmsetze léisst?  Gi mer dann dovun aus, dass déi Betriber, déi de Räichtum vun haut produzéieren, fir all Éiwegkeet no deem selwechte Schema weidermaachen an dass mer dofir keng nei Aktivitéite brauchen? Dat kléngt dach fir mech zimlech naiv. Wee kann haut virausgesinn, wéi et mat der Finanzplaz an e puer Joerzéngte steet? Wee weess haut, wéi eng Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg wëllen aktiv ginn, an Zukunft fir Wuelstand suergen oder net? Wéi e Projet wäert Succès hunn a wéi een net? Sinn et d’Jughurtsfabréck oder google, vläicht Entreprisen, déi am space mining schaffen, oder läit eis Zukunft an enger anerer Branche, vun där haut kee schwätzt? Ech kenne keen, deen eng Kristallkugel huet, fir d‘Zukunft virauszegesinn. Et sollt een also vu Steierungsexperimenter léiwer seng Fanger ewech loossen.

    Et gëtt a mengen Ae keng realistesch a keng wënschenswäert Alternativ zum Wuesstum. Mee ass et iwwerhaapt de Wuelstand, mat deem mer prinzipiell e Problem hunn? Oder sinn et verschidde Konsequenzen dovun, mat deene mer net eens ginn? Wéi ass et da mam dagdeegleche Stau, mat den héijen Immobiliëpräisser etc.?  Jo, dës Problemer ginn et, mee et ginn och Usätz se ze léisen. Doru muss jiddwer eenzele matschaffen. Just eppes schéngt mer total onméiglech ze sinn. Et kann ee sech net en Idealzoustand schafen, deen da wier e gewëssene materielle Wuelstand, verbonne mat der Gemittlechkeet vu fréier. Mir sollten ophalen vun enger idealiséierter Vergaangenheet ze dreemen, mee dofir eis Zukunft gestalten.

    4 min
  • Commentaire, Claude Zeimetz, 10/04/2018 07:50
    De Marc Zuckerberg seet haut a muer am amerikanesche Kongress wéinst dem Dateskandal bei Facebook aus. Den Internet-Gigant steet den Ament bekanntlech mam Réck widdert der Mauer. D’Politik gesäit sech an der Verantwortung fir den Imperium aus Kalifornien méi streng ze reguléieren. E Commentaire vum Claude Zeimetz
    0 min
  • Apropos: Aner Länner, aner Bräich!, 09/04/2018 12:50
    "Aner Länner, aner Bräich" ass en aalt Spréchwuert, wat awer nach ëmmer aktuell ass. Wa verschidde Gewunnechten aus anere Länner sech awer mat deem vermësche, wat mir gutt Manéieren nennen, da kann een dat emol an dee falschen Hals kréien. De Camille Ney huet dat viru Kuerzem erlieft...
    0 min
  • Carte Blanche, 09/04/2018


    Wéi d’Lëtzebuerger Regierung am Juni 2000 d'Schlussfolgerunge vum “Conseil Européen vu Santa Maria da Feira" a Portugal mat ënnerschriwwen huet, huet si sech am Artikel 42 engagéiert progressif den Informatiounsaustausch anzeféieren. Dësen Austausch sollt d'Fundament bilden vun der Besteierung vun deem Akommes dat d'EU Bierger op hierem erspuertem Geld an aneren EU Staten verdéngen.
    Dësen Accord ass duerno hei zu Lëtzebuerg extrem staark attackéiert ginn, an déi blo schwaarz Regierung, vun deemools, huet esou muenech Kritik aus ville Kreesser iwwert sech missen ergoe loossen. Et huet iwwert Joere vill Iwwerzeegungsaarbecht gebraucht fir datt dëst Engagement da schlussendlech ënnert der ablécklecher Regierung ganz erfëllt ginn ass. Et war och ee grousse Mentalitéitswiessel noutwenneg fir esou eng fundamental Ännerung duerchzeféieren an et war och richteg, dëst iwwert eng méi laang Period ze maachen. Déi Zäit war néideg fir datt d'Finanzplaz sech anescht konnt orientéieren, nei Regele konnt opstellen, nei Servicer konnt ubidden a besonnesch sech dat néidegt Fachwëssen konnt uneegenen. Dat kann alles net an 2 bis 3 Joër geschéien. Et ass och all deenen Efforten ze verdanken datt d'Finanzplaz sech, trotz dësem Paradigmewiessel, erfollegräich weider entwéckelt huet.
    Virun e puer Deeg sinn an der Belscher Press eng Rei Artikelen verëffentlecht ginn, an deene Lëtzebuerg un de Pranger gestallt ginn ass, an dat well eng Rei Belsch Familjen oder Organisatiounen iwwert Lëtzebuerg fueren, fir International Finanzoperatiounen ze maachen. Hei gouf dann och e Belsche Syndikat genannt, well deen iwwert ee Lëtzebuerger Fong gefuer ass fir an Afrika, Asien a Latäin Amerika a Mikrofinanz ze investéieren.
    Elo ass et awer esou datt Lëtzebuerg, am Kader vun der Reorientatioun vun der Finanzplaz, sech een internationale Numm an der Mikrofinanz gemaach huet. Wéi op kenger anerer Finanzplaz gëtt et just zu Lëtzebuerg an dësem extrem techneschen Domaine esou ee grousst Fachwëssen a ginn och esou vill Investissements Méiglechkeeten ugebueden, ënnert hinnen vill Fongen. Duerfir hat dee belsche Syndikat praktesch keng aner Méiglechkeet wéi déi iwwer Lëtzebuerg ze fueren, fir esou säi Bäitrag zur Entwécklungshëllef ze leeschten a gläichzäiteg seng Reserven, dat och d'Geld vu senge Memberen ass, sécher ze investéieren.
    Et ass Schued datt d'Auteuren vun dëser Rei Artikelen net och esou Aspekter mat an hiere Berichter erabruecht hunn, fir et esou dem Lieser ze erméiglechen sech en objektivt Bild vun deene villfältegen Aktivitéiten op der Lëtzebuerger Finanzplaz ze maachen. Och ass d'Mikrofinanz nëmmen eng vu villen Aktivitéiten déi an de läechten 10 bis 15 Joer hei zu Lëtzebuerg opgebaut gi sinn.
    An engem Ëmfeld wou dann och nach d'Lëtzebuerger Steierverwaltung eng Rei Bankinformatiounen mat auslännesche Kollegen austauschen a wou d'Gesellschaften selwer Geschäftsberichter hei zu Lëtzebuerg mussen ëffentlech zougänglech hannerleeën, ass eng esou eesäiteg Kritik, wéi déi an deenen belschen Artikelen, net akzeptabel.


    4 min
  • Carte Blanche vum Françis Schartz, 06/04/2018
    Déi meescht vun eise politesche Parteien ginn hir Wieler an d‘politesch Mëtt, respektiv an d‘gesellschaftlech Mëttelschicht fëschen. Verständlech, well do si jo di meescht. Dat brengt awer matsech, datt hir Aussoën dachs zimmlech allgemeng an uewerflächlech bleiwen.  Heinsdo kann een sech d’Fro  stellen ob mir iwwerhapt nach Parteië bräuchen, wann si all mat deene selwechte Schlagwieder operéieren.
     Eent dovun, wat mir schon zum Hals raus hängt, ass  Nohaltechkeet, obwuel ech selwer President vum Nohaltechkeetrot sinn. Alles soll nohaltech sinn, obwuel keen sou richtech weess wat dorënner ze verstoën ass, an de Begrëff „Nohaltechkeet“ zu enger eideler Wuerthüls verkomm ass.
    Wat ass awer ënnert enger Nohalteger Entwécklung ze verstoën?
    Eng nohaltech Entwécklung, ass no  der Definitioun vun der UNO eng weltweit Entwécklung déi et erlabt, d‘Besoinën vun haut ze erfëllen ouni awer domat ze verhënneren, datt déi kommend Generatiounen genau sou gudd kënne liewen wéi mir. - D‘Agenda 2030 mat senge 17 Objektiver an 167 Ënnerziiler, déi och Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet, gëtt eng zimmlech genau Uleedung dozou a misst och fir d’lëtzebuerger Politik als Iwwerbau gëllen. Mol gespaant, ob dovun iirgend Eppes an iirgend engem Wahlprogramm rëmzefannen ass.
    - Eng aner Floskel, déi ech net méi kann héieren ass de Begrëff « qualitative Wuestum ».
     Wat een dorënner versteet ass och alles anescht wéi kloer. Fir déi eng bedeit dat « Rifkin-konform » fir déi aner ee Wuestum ouni Emweltbelaaschtung, fir rëm aanerer ass et ee Wuestum deen de Pensiounssystem sëchert, a sou weider.
    - Sougur, wannn een sech iwwert d’Definitioun vum qualitative Wuestum kënnt eens ginn, da wir et  nach laang net kloer wéi dat soll funktionnéieren a wei eng Konsequenzen d’ Wirtschaft an deen eenzelne Bierger bereed wiren ze akzeptéiere. Wat fir ee Lëtzebuerg mir eigentlech wëllen misst parteiintern thematiséiert, mee virun allem an der breeder Öffentlechkeet diskutéiert gin. Awer an d’Blannt ran diskutéieren brengt och net vill.  
    Eng bewährte Methode fir méi Sëcherheet am Plangen vun der Zukunft ze kréien, ass d’Entwéckele vun Szenarien.
    Mat Hëllef vu Spezialisten a mat Abannen vun der Zivilbevölkerung könnte Szenarien entwéckelt ginn, déi di verschidde Méiglechkeeten vu Wuestum, oder vun engem Nullwuestum genge beschreiwen an d’Konsequenzen dovun fir eis Gesellschaft a fir jidfer Eenzelenen gengen opweisen. Domat hätt d’Politik een Instrument an der Hand vir zukunftsgestaltend Entscheedungen ze treffen.
    Mais d’Gestaltung vun der Zukunft leit net nëmmen an der Hand vun de Politiker: Jidferee vun eis muss sei Verhalen iwwerdenken. Mir mussen eis froën ob mir ëmmer méi brauchen, ëmmer eppes Neies mussen hun an ouni Iwwerleeës emmer méi konsuméieren an ëmmer méi d’Emwelt belaaschten.
     Suffizienz ass déi Haltung déi eng Nohaltech Entwécklung erméiglecht an de Wuestum an déi richtech Richtung leed.


    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners