RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Laurent Loschetter, 04/04/2018
    Déi eng probéieren, ze positivéieren an nennen et "Nei Mobilitéit", déi aner gesinn eng Aart Klassekampf tëscht deenen, déi all Dag 2 Stonnen um Aarbechtswee verléieren, an deenen, déi et sech erlabe kënnen, an der Stad ze liewen. Eise Premier huet a senger leschter Ried zu Lag vun der Natioun vun „Immobilitéit zu Lëtzebuerg" geschwat.

    Rieds geet natierlech ëm den alldeegleche Chaos op eise Stroossen. Do, wou et viru 5 Joer heiansdo een Dag méi lues am Verkéier weidergaangen ass, wou virun 2 Joer schonn um 16 Auer näischt méi a Richtung Arel, Tréier oder Metz gaangen ass, ass et haut einfach all Schaffdag, egal wéini am Dag, net méi méiglech vun A op B ze fueren.

    Et kommen all Dag 176.000 Leit an eist Land schaffen, déi net zu Lëtzebuerg wunnen: Si kommen eis Heizung flécken, eis Bréidercher baken, Steier-Ruling mat VW schreiwen an eis de Menu du Jour zerwéieren. Ze soen, dass mer se net brauchen oder net wëllen, oder dass se dach w.e.g. vun doheem aus schaffe sollen, ass net ganz glafwierdeg..

    De Stau betrëfft net nëmme Frontalieren oder déi, déi dra festsëtzen. Et concernéiert d'Land, seng Ëmwelt, seng Awunner, seng Aarbechter a seng Finanzen.

    Et si Firmaen, déi duerch de Brexit en neit Doheem sichen, déi net op Lëtzebuerg komme wëllen, well se hiren Employéen déi Wunn- an Transport-Nout net wëllen undoen.

    Vill Handwierksbetriber verléieren all Joer u Kompetitivitéit, well hir Leit onrentabel op der Autobunn Diesel verbrennen. Net ze schwätze vun der Liewensqualitéit vun eisen Employéen, déi um Aarbechtswee grad laanscht hiren éischte Burn Out vum Dag gefuer sinn, an dat laang éier se 1 Minutt fir hire Patron schaffe konnten, deem et och egal ass, ob se op 2 oder 3 Bunnen am Stau stinn.

    Net sécher, dass déi di d'Romantik vun engem Tram mat de selwechten Aen gesinn wéi mir. Do kënne mer bei der Ilres nach esou vill Sondagen bestelle wéi mer wëllen.

    Eng Ressource, fir dem Problem op d'mannst entgéintzewierken, gëtt menger Meenung no net genuch gebraucht: De Mënsch a seng Autoritéit op aner Mënschen.

    Ech erkläre mech: Wéini hutt Dir fir d'lescht e Polizist op enger Kräizung gesinn, d'Iwwerhand op d'Rout Luuchten huelen? Wéini hutt Dir materlieft, wéi e Policeauto bei engem Stau stoe bliwwen ass, z.B. wéinst engem Entrepreneur, deen einfach eng Bunn späert, obwuel keen um Chantier schafft, oder duerch e Liwwercamion, dee moies um 8 Auer um Boulevard Royal ofluet?

    Hei zwee Beispiller, dei mol net eng Woch al ass: moies fréi stoung e franséischen Auto op der Pannespur bei der Aire de Bierchem, mëttes haten d'Ponts et Chaussées Hittercher ronderëm gestallt, owes stoung souguer eng Remorque mat engem Liicht-Feil virdrun. Den Dag drop stoung den Auto nach ëmmer do, soudass d'Pannespur 2 Deeg laang fir dësen Non-Event zou war. Wisou hu mer den Auto net einfach ofgeschleeft a sécher an der Fourrière stockéiert? Mir sinn dach soss ëmmer esou séier, fir Autoen ofzeschleefen, déi falsch parken?

    Wisou, wann no engem Concert an der Rockhal 6.000 Leit op engem Dënschdeg um 11 Auer owes heemfueren, sinn d'Rout Luuchten um Belval net anescht agestallt, oder nach besser, firwat steet déi Stonn keng Police op de Kräizungen, fir d'Leit einfach erauszewénken? Si musse jo souwisou sur place gewiescht sinn, well jo jiddereen ee gepecht krut, deen an den Niewestroosse geparkt hat.

    Um Site vun der Police, ënnert de Missioune vum „Service Régional de Police de la Route" steet dëse Saz: ..."assurer la fluidité du trafic et la mise en place de déviations notamment en cas d'accidents" ...

    Ma do hu mer jo d'Léisung: kommt mir ginn deem Service e Brochdeel vum Budget vun den Infrastrukturen déi mer bauen, a mir kucken, dass se permanent op de Stroosse sinn, net nëmme fir ze strofen a pechen, mä fir mat hirer Autoritéit als Polizist alles aus dem Wee ze raumen, wat den Trafic behënnere kënnt, also fir déi kleng Problemer ze léisen, éier se grouss ginn.

    All Dag, op all Haaptachse, eng Patrull, där hire primären Job et wier, den Trafic (ech zitéieren) ze "fluidifiéieren". Hiren Job wär et, alles ze maachen, dass eisen Aarbechtswee esou kuerz a sécher wéi méiglech wier.

    An dann kenne mer jo weider dreemen : Op all Kräizung e frëndleche Polizist, deen Iech duerchwénkt an Iech e gudden Dag wënscht, an owes dat selwecht an där anerer Richtung, vläicht esouguer mat enger Blumm um Kepi. Wär dat da keng nei a schéin Image de Marque fir eis Police, elo wou se de frëndleche Logo hunn, géif dat genau gutt passen...  mä bon, do froen ech bestëmmt ze vill.

    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 04/04/2018
    Virun engem Joer waart Dir schonn eng Kéier bei eis op der Antenne fir iwwert d’Mobilitéit an d'Konsequenzen op ons Wirtschaft ze schwätzen. Wat ass dann zanter deem geschitt?

    Et muss en festhalen, dat d‘Unzuel vun de Grenzgänger weider an d'Luucht gaangen ass: iwwert d‘Joer 2017 sinn em déi 183.000 Grenzgänger gezielt ginn– dat entsprécht ongeféier 7.000 méi wei 2016. Déi meeschte kommen dobäi aus Frankräich, dann der Belsch an Däitschland.
    Dëst Phenomen ass op onseree Stroossen ze gesinn, zu verschiddenen Auerzäiten ass onseren Autosverkéier komplett blockéiert.

    Wat kann een da géint de Verkéierschaos maachen?

    D’Regierung huet verschidden Initiativen ergraff, fir de Verkéiersproblem an de Greff ze kréien. Esou gëtt et séit dem Dezember den Tram um Kierchbierg – awer dëst ka just den Ufank sinn.
    D’lescht Woch op der Staatsvisitt am Frankräich, war d’Mobilitéit och en grousst Thema – esou gouf décideiert, dat déi 2 Staaten bis an 2028 jeeweils 120 Milliounen Euro an déi grenziwwergräifend Mobilitéit investéieren. Dëst beispillsweis a P&Rten op der franséischer Säit oder an d’Schinnennetz.
     
    Enger aner Léisung kéint awer och den Télétravail sinn. Esou prosperéiere mir bei PwC séit September 2017 onsere Mataarbechter bis zu 20 Deeg am Joer – mat engem Maximum vun engem Dag pro Woch - vun Doheem ze schaffen.

    Et stellt en och fest, dat zu Lëtzebuerg alternativ Léisunge fir d’Mobilitéit gesicht ginn. Wei kennen dann hei déi nei Technologien hëllefen?

    Eist Land ass nach relativ zeréckhalend bei dësem Sujet. Et ginn awer alternativ Léisungen zum Auto. Ech well op dëser Platz nëmmen d’Applikatioun vum Kussbus nennen, déi vun engem Lëtzebuergesche Start-up gegrënnt ginn ass. Si proposéiert d’Leit mat Navetten Heem sichen ze kommen - an dat net nëmmen zu Lëtzebuerg - a bei hirer Aarbechtsplaz eraus ze loossen.
    Och beim Rifkinplang huet d’Mobilitéit eng wichteg Roll gespillt. Esou misst verstäerkt mat neien Technologie op Transportforme wei carsharing oder carpooling gesaat ginn.
    2 min
  • Apropos - Smalltalk, 03/04/2018 12:50
    Smalltalk ass dat neit Wuert, egal wou ee grad ass, beim Sport, an der Sauna, am Büro, oder op iergendenger Party.... Iwwerflächlechkeet ass in... Ass dat wierklech gutt?  En Apropos vum Michèle Schons
    0 min
  • Commentaire vum Marc Thoma, 03/04/2018 07:50
    Decisioun vum Nohaltegkeetsminister François Bausch vum 1. Mee un  d‘Vëlosfuerer an d‘Foussgänger am Stroosseverkéier besser ze schützen,  huet  eng hëtzeg Diskussioun ausgeléist. Pro a Contra Argumenter knuppen hefteg openeen. D'Decisioun, den Cyclisten ze erlaben an Zukunft  och bannent den Uertschaften zu 2 niefteneen dierfen ze fueren, huet deelweis béis Kommentaren ausgeléist. Och déi geplangten Mesure,  dass den Autosfuerer en Mindestofstand vun 1m50 muss anhalen wann en en  Cyclist iwwerhëlt,  gëtt vu verschiddener Säit staark kritizéiert. E  Commentaire vum Marc Thoma.
    0 min
  • Carte Blanche, 30/03/2018

    Mënschlech Freed wëllt sech ausdrécken – an dat geschitt virun allem, wann e Fest gefeiert gëtt. Esou an de Reliounen. Fir d’Judden am Alen Testament war d’Freed virun allem verbonne mat der Wallfaart op Jerusalem an do mat inbrünsteg gefeierte Gottesdéngschter am Tempel. Bei de Griichen goung et ëm rauschend, extatesch Fester besonnesch ëm de Gott Dionysos, mat Wäin, Poesie, Musek an Danz.

    Déi fréi Chrëschten hunn d’Traditioun vun de Judden an de Griichen weidergefouert. De Gottesdéngscht war fir si déi Plaz, wou se zesumme Freed erlieft hunn. A scho ganz fréi hunn se d’Ouschterfest gefeiert. Doran hu se d’Erweche vun der Natur an d’Erënnerung un den Exodus vum Vollek Israel aus Egypten erfëllt gesinn, nämlech an der Operstehung vu Jesus Christus vun den Doudegen. Se hu gefeiert, dass d’Liewen am Kampf géint den Dout méi staark ass, dass d’Freed géint d’Leed wäert gewannen. Se drécken hir Ouschterfreed aus an Danz a Gesang. Am Mëttelalter huet de Paschtouer a senger Ouschterpriedegt d’Leit duerch Witzen un d’Laache bruet. D’Ouschterlaache sollt manifestéieren, dass d’Liewen iwwert all Ofstierwen a Keelt erhabe wier a sech ging duerchsetzen. Domat gouf d’Fest eng Zoustëmmung zur Welt an en Oppesinn fir Gott. A wann, laut Ernst Bloch, zum Fest ëmmer d’Heemecht gehéiert, dann deet sech um Ouschterfest eng Fënster op gewëssermoossen op eng éiweg Heemecht, iwwer den Dout eraus.

    Mat der Ouschterfreed ass et bei den éischte Chrëschten ugaangen. Ëmmer méi huet sech am Laf vum Kierchejoer d’Bedierfnës gewisen, nei Fester ze feieren. Esou sinn, fir den zentrale Personnage Jesus Christus ze beliichten, Chrëschtdag, Christi Himmelfahrt a Päischten derbäikomm, schlisslech och nach aner Feieren.

    Vill dongen sech haut schwéier mat chrëschtleche Fester. A vill kënne sech iwwer näischt méi freeën. Narzisstesch ëm sech a seng Problemer kreesen, d’Onloscht zelebréieren, ass haut keng Seltenheet. Den Anselm Grün recommandéiert, äis op d’Fest anzeloossen, och wann et äis net derno ass. Da kommen ech a Beréierung mat der Freed, déi ëmmer scho latent a mir selwer ugeluecht ass an déi vläicht momentan nëmme verdeckt ass. „Wenn ich mich auf ein Fest einlasse, berührt mich die Freude, die in mir ist“, schreift de bekannte Benediktiner.

    An deem Sënn: e frout Ouschterfest!


    Georges Hellinghausen

    3 min
  • Commentaire: Gewalt an de Schoulen, 29/03/2018 07:50
    „D'Gewaltpotential an de Schoulen, Maison Relaisen a Crèchen ass an de leschte Joren enorm an d'Luucht gaangen“. E Post op Facebook, respektiv e Lieserbréif huet virun zwou Woche fir vill Opmierksamkeet gesuergt.
    Et gëtt mam Fanger op d'Kanner gewisen a wéineg no den Ursaache gekuckt, mengt d'Carine Lemmer de Moien a sengem Commentaire.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners