D’ADR-Partei huet sech an engem Geschäftslokal an der Alstad etabléiert. Nom Bebauungsplang vun der Stad Lëtzebuerg därf awer do wou e Geschäft war, nëmmen e Geschäft dra bleiwen.
D’Stater Buergermeeschtesch, déi fir d‘Anhale vum Bebauungsplang zoustänneg ass, wëllt elo mam Proprietaire vum Lokal schwätzen.
Ee Member vun der ADR-Partei regt sech doriwwer op, dass seng Freiheet durch dës Bestëmmung vum Bebauungsplang beschnidden géif.
Dat kënnt nët vun irgendengem, mais vun engem Volleksvertrieder, dee Gemengerot an Deputéiert zugleich ass.
Deeselwechte Politiker huet dann nach dem staunende Vollek an de Medien erklärt, wéi een esou eng Dispositioun vum Bebauungsplang ganz liicht a labber ëmgoen kënnt.
Et kann een natirlech nët erwaarden, dass e Conseiller vun der Haaptstad, allerdéngs eréischt 2017 frësch gewielt, d’Stad an hire Bebauungsplang an all hiren Détailler kennt .
Et kann een awer vun engem Volleksvertrieder erwaarden, dass en, wéi all normale Bierger vun der Stad, de Bebauungsplang respektéiert. Dee Plang huet Gesetzeskraaft.
An d’Gesetzer sin nun eben do fir all Mënsch, a besonnesch fir Politiker, déi jo eng Virbildfonctioun sollen hun. An dësem präzise Fall emsou méi wéi ët sech ëm eng Partei handelt, déi ëmmer erëm mam Fanger an der Luucht Lektiounen erdeelt an neierdengs dem ganze Land de Wee weise wëllt.
Déi zweet Fro an dëser Affaire huet mat dem Gefill fir ons Stad ze din.
De Bebauungsplang ass en Instrument fir d’Gestaltung vun der Stad.
Wéi de Stater Gemengerot den neie Bebauungsplang 2017 ugeholl huet, war e sech bewosst, wat a ville mëttelgrousse Stied an Europa an och an der Stad Lëtzeburg schief leeft: eidel Geschäftslokaler an eidel Wunnengen am Stadkär, ze manner Wunnengen zu abordabele Preisser, Preisdreiwerei, Zerstéierung vu Bausubstanz.
D‘Stad probéiert, dogéint ze réagéieren. Eng Mesure ass, ze verhënneren, dass Geschäftslokaler besonnesch am Stadkär durch Aktivitéiten ersat gin, déi neischt mat Commerce ze din hun. A Parteiaktivitéit ass wuel definitiv kee Geschäft!
Ech weess, dass de Bebauungsplang vun der Haptstad nach laang nët vu jidferengem respektéiert gët, meeschtens aus Ursaachen, déi haaptsächlech mat Geld ze din hun.
Do wou Wunnengen solle sin, sin oft nëmme Bureauxen dran, wat bekanntlech géint d’Gesetz ass, dat seet, dass Immobilien fir dat benotzt musse gin, fir wat se autoriséiert gouwen. A wann e Wunnhaus nët fir Wunnen gebraucht gët, da muss d’Gemeng dofir eng Autorisatioun gin. Sie gët awer meeschtens nët vrum Propriétaire gefrot, also verschwannen andauernd Wunnengen an der Stad. Och dat ass géint de Bebauungsplang.
Wann also elo d’Gemeng dës Kéier réagéiert, kann een dat als Stater Awunner nëmme begréissen. Si misst vill méi oft reagéieren.
Am Interessi vun der Stad an hiren Awunner wär d’ADR-Partei gutt beroden, dat och ze ënnerstëtzen.
Soss weist se de Wee an eng Stad, wou jidfereen domat maache kann, wéi ët sengem Portmonni am beschte gefällt!
An dat wär dann definitiv de Doud vun enger liewenswerter an Awunnergerechter Stad.