Léif Nolauschter an Nolauschterinnen,
Och hei zu Lëtzebuerg kënnt de Vierwahlkampf fir d’Chamberwahle vum 14. Oktober lues awer sécher op Touren. Et geet an de kommende Joren em ganz wichteg politesch Weichestellungen an Erausfuerderungen: zum Beispill a Saache Klimaschutz, Ëmwelt- a Gesondheetsschutz, et geet em sënnvoll Alternativen a Wirtschafts-, Handels-, Steier- a Finanzpolitik, em Chancë mee och Risike vun der Digitaliséierung, em eise gesellschaftlechen Zesummenhalt an eng positiv Ofsécherung vun eise Soialsystemer, em Léisungen bei der Landesplanung a beim Verkéier, bei Logement, Schoul, Kultur a sou virun.
Vun all eise Parteie hunn d’Wielerinnen an d‘Wieler d’Recht, fréizäiteg gewuer ze ginn, wat si inhaltlech e bidden hunn. Fehl op der Plaatz, léif Nolauschterinnen, sinn do a mengen Aen bëlleg parteipolitesch Polemiken, perséinlech Attacken oder parteiintern Rangeleien em déi wichtegst Plaatzen op de jeweilege Wahllëschten.
Léif Nolauschterer,
Op de rezente Bezierkskongresser vun der CSV war a Saachen inhaltlech Alternativen zur Regierungspolitik bis elo leider net vill ze héieren. Et gouf just op déi aktuell Regierungspolitik geklappt, verschiddener hu versicht, sech ongenéiert selwer an Zeen ze setzen, an dem CSV-Parteipräsident seng penibel perséinlech Attacken zum Thema „rosa Polizeiuniformen“ an d’Gelächter vum CSV-Publikum doropshin war eigentlech total onwürdeg.
Léif Nolauschterinnen,
Well elo an dësen Deeg schon déi komplett CSV-Kandidatelëschte publik ginn, e konkrete Wahlprogramm komescherweis awer eréischt no der Summervakanz soll nogereecht ginn, ass elo jiddefalls net kloer, woufir all di CSV-Kandidaten da solle Wahlkampf maachen. Well d’CSV-Politik vu virun 2013, mir erënneren eis un Austeritéit oder Geheimdéngschtaffairen, war vum Wieler deemols ofgestrooft ginn. An d’CSV-Oppositiounspolitik aus de vergaangene Joer war och net grad iwwerzeegend. Vun de Bezierkskongresser hätt een do eigentlech eng inhaltlech Neiorientéierung erwaard.
Mee déi inhaltlech Aussoen vum Spëtzekandidat Claude Wiseler an aner sougenannt Spëtzekandidaten hu leider och net grad fir méi inhaltlech Kloerheet a Saache positiv Alternative gesuergt. Et gouf geschwat, awer ganz vague, vu Verfassungsreform, vun institutionnellen an territoriale Reformen, an et goufen noutwendeg, déifgräifend strukturell Reformen, déi géife wéi doen, an Aussiicht gestallt. Mee konkret wollt den Här Wiseler awer net ginn. Et freet een sech firwat, a virun allem och, weem dann elo dës geplangte Reforme wäerte wéi doen?
Esou wéi vill Wielerinnen a Wieler, ob Salariéen, Mëttelständler oder Pensionnéiert, sinn och ech der Meenung, datt d’CSV endlech soll hir Kaarten op den Dësch leeën fir datt mer zur Zäit, laang genuch virun de Wahlen, gewuer ginn, a wéi eng Richtung, konservativ, sozial oder éischter onsozial, den CSV-Zuch wëll rullen.
Et huet geschwat de Jean Huss
Ex-Deputéierten