RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Commentaire: Fir d'Viviane Reding spillt d'Musek am Zentrum, 27/02/2018 07:50
    Lues, mee sécher: d'Wahlcampagne dréint!
    Mam Kongress vun de Gréngen um Weekend, gouf den Optakt gemaach - déi Gréng zécken net hir Koalitiounspartner ze kritiséieren a stinn zu hirer Politik. Ugepeilt ginn souguer 8 Sëtz. Dat ass och d'Sëtzzuel vun der CSV - eleng am Minett bei de Wahlen 2013. An DO soll lo cartonnéiert ginn - OUNI d'Viviane Reding - eise Chefredakter Roy Grotz kommentéiert....
    0 min
  • Apropos: Koalitiounskrämpercher, 26/02/2018 12:50
    D’Groko an Däitschland wäert sech jo elo wuel geschwë mat vill Krämpes forméieren an ähnlech, politesch Schwéiergebuerte goufen et jo och scho soss uechter Europa an an der ganzer Welt. De Camille Ney mécht sech zu dëse „Koalitiounskrämpercher“ esou seng Gedanken…
    0 min
  • Carte Blanche, Marc Muller, 26/02/2018
    Statt onbefristet Arbechtskontrakter get et a villen europäeschen Länner a besonneg fir Jonker emmer méi CDD’en, dh. contrats de travail à durée déterminée. Statt nie méi an d’Schoul nom Lycée, heescht et “life-long-learning”. Statt festen Arbechtszeiten as emmer méi Flexibilitéit gefrot. Statt all Moies op de Bureau get emmer méi oft Téléarbecht aus eng Alternative. D’Entreprisen setzen hir Arbechtskräften emmer méi flexibel a punktgenau an an optimiséieren esou hir Arbechtsprozesser fir am weltweiten Wettbewerb ze bestoen an hiren Actionnaires méiglechst héich Dividenden ze garantéieren.
    Op der anerer Séit änneren sech d’Usprëch vun de salariés. Statt no Auslandsasätz a coolen Metropolen, froen jonk Universitären neierdengs no “sabbaticals” a “congé parental”. An d’Wönsch vun den verschiddenen Generatiounen no “work-life-balance” oder “Fréiheet & Flexibilitéit” dreinen nees zereck a Richtung “Secherheet & Stabilitéit”. 
    D’Symbiose vu Robotisatioun an Digitalisatioun verännert d’Berufsprofiler a léisst Arbechtsplatzen verschwannen a neier entstoen! Tendenziell erschaafen zukünfteg manner, awer emmer besser qualifizéiert Arbechtskräften an “Zesummenarbecht” mat kënschtler Intelligenz a Roboteren emmer méi héich “valeurs ajoutées”, déi Lëtzebuerg fir d’Ofsecherung vu sengem Wuelstand an eng nohalteg Croissance och brauch.
    D’Verännerungen an der Kombinatioun vun “Arbecht & Kapital” am Produktiounsprozess stellen eis Gesellschaft esou viru nei Erausfuerderungen, och, mee net nemmen an der Bildungspolitik.  An hei stinn d’Regierungen an der Verantwortung! Déi lëtzebuergesch an europäesch Wirtschaft a Gesellschaft brauch e modernt an harmoniséiert Stéier-, Arbechts- a Sozialrecht daat engerseits den europäeschen Entreprisen d’Konkurrenzfähegkeet op den Weltmärt garantéiert an anerseits de Menschen secher, interessant a gudbezuelten Arbechtsplatzen fir e liewenswert Liewen bid.
    Déi 3. Industriell Revolutioun an d’Industrie 4.0, mat der Robotisatioun an der “intelligence articifielle”, déi “disruptiv” ons Technologien a Produktiounsprozesser op d’Kopp geheien, bidden awer grad och d’Chance genausou innovativ, jo “disruptiv” d’Zieler an d’Zesummewierken vun den Produktiounsfaktoren grondsätzlech ze iwerdenken an dest an e neien, nohaltegen a méiglechst weltweit gëltegen Wirtschafts- a Sozialmodell ze intégréieren.
    Dofir brauch et stark, onofhängeg a visionär Politiker, Parteien an Institiounen, déi d’Ruder fir e nohaltegt Zesummenwierken vun “Arbecht, Kapital a Natur” an d’Hand huelen! Déi zesummen mat den Patronatsverbänn an den Gewerkschaften, am Stil vum “lëtzebuerger Modell” (der tripartite) d’Spillregelen op freien Märt, besonneg awer op den Arbechts- a Finanzmärt, (nei) définéieren an durchsetzen, zum Notzen vun den 99% an dem Fortbestand vum “bloen Planéit”, Erd.
    Bestemmt sting et och Lëtzebuerg, no Joerzengten vu “secret bancaire” an innovativen “Stéier-Rulings” engerseits a luewenswerten Initiativen wéi dem “Rifkin-Prozess” an dem “space-mining” anererseits, gud zu Gesicht genausou “innovativ”, jo “disruptiv”, Ideen fir nohalteg Stéier-, Arbechts- an Sozialmodeller ze entweckelen.
    Ganz nom Motto “Let’s make it happen”, statt “let it be”! 

    4 min
  • Carte Blanche: Tiers payant généralisé, 23/02/2018

    Den nächste Méindeg soll an der Chamber d’Petitioun Nr. 922 verhandelt ginn, nodeems se 7343 Ënnerschrëfte kritt hat. Déi Petitioun fret, datt een an Zukunft bei engem Dokteschbesuch net méi muss d’Geld fir d’Rechnung virstrecken, mee datt se direkt vun der Gesondheetskeess iwwerholl soll ginn. Säit 2013 gëtt et, no laangem Waarden, heizelands den Tiers payant social, dat heescht datt opgronn vun enger Decisioun vum Office social bestëmmte Leit d’Sue fir hier Dokteschrechnungen net méi musse virstrecken.
    Eigentlech gëtt et nëmme gutt Argumenter fir eng Verallgemengerung: et wier administrativ méi einfach, et missten net Suen hin an hier iwwerwise ginn, beim Dokter si weder bor Suen nach eng Kreditkaart (déi net jiddereen huet) néideg, respektiv wann et en Dokter ass, dee seng Rechnung verschéckt kéint en d’Bezuele vun de Rechnunge méi liicht kontrolléieren well e just mat engem ze dinn huet deen him d’Suen iwwerweist, virun allem awer géif et deene Leit fir déi et schwierig ass d’Sue virzestrecken de Gank op den Office social erspueren.
    Wéi schon deemools bei der Aféierung vum Tiers payant social, hun och dës Kéier d’Dokteren iwwert hier Beruffsvertriedung d’AMMD séier reagéiert a si wiere sech géint di do Neierung. Si hun an éischte Reaktiounen véier Argumenter dergéint avancéiert. Hiert éischt Argument war, datt dat administrativ ze komplizéiert wier. Da wier dat jo och de Fall, do wou den Tiers payant schon existéiert! Neen: et ass administrativ méi einfach!
    Den Dokteren hiert zweet Argument war, datt d’Gesondheetskeess mat Verspéidung géif bezuelen. Wann dat soll sou sinn, ginn et jo sëcher Mëttel, fir dat ofzestellen; a virun allem, wann dat sou ass, dann ass et awer net ze verstoen, wéisou d’Patienten éischter solle waarde kënne wéi d’Dokteren.
    Kucke mer eis den Dokteren hiert drëtt Argument un: wann de Patient net méi weess, wat dem Dokter seng Leeschtung kascht, da feelt ëm de Respekt, d’Asiicht etc. Och dat wier jo dann och de Fall, do wou den Tiers payant schon existéiert!
    Als véiert Argument géint den Tiers payant gouf dann nach ugefouert, datt dat derzou géif féieren, datt zevill onnéideg Dokteschleeschtungen ugefrot géifen. Ofgesinn dervun, datt et jo un den Doktere léig, onnéideg Ufroe vu Patienten net no ze gin, huet een och dat nach net vun do héieren, wou et den Tiers payant scho gëtt.
    An engem ufanks dëser Woch publizéierte Bréif un d’Patienten widerhëllt d’AMMD déi Argumenter net méi. Dat eenzegt, woumat si lo nach argumentéieren ass d’Angscht virun enger Entmëndegung vum Patient duerch eng Staatsmedezin, wou Politiker a Bürokraten, Fonctionnairen an Ekonomisten decidéieren. Dat well “wee bezielt, deen decidéiert”. Mee et ass och ouni Tiers payant d’Gesondheetskeess, déi bezilt!
    Dëse System vum Tiers payant funktionéiert scho säit laange Joere bei eisen Noperen, e funktionéiert och bei eis wann et ëm Apdikten, Laboën oder Kineeë geet, dofir ass net liicht ze verstoen, firwat dat bei den Dokteschrechnungen net sollt klappen.
    Et schwätzt eigentlech vill derfir an näischt dergéint, mee firwat wiere sech dann d’Dokteren sou dergéint? Fir mech ass dat net ze verstoën. Ech iwwerloossen et dofir den Nolauschterer, selwer hier Conclusiuonen ze zéien.


    4 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 21/02/2018
    Zanter leschtem Hierscht gëtt et zu Lëtzebuerg e Gesetz dat private Firmen et erméiglecht Ressourcen aus dem Weltall ze exploitéieren. Lëtzebuerg am Weltall, dat huet sech an der Vergaangenheet scho bewäert...

    Den Intérêt vu Lëtzebuerg um Weltall ass effektiv net nei. Viru genee 30 Joer huet d’SES hiren éischten Satellit op Orbite bruecht. An zanter 2005 ass Lëtzebuerg Member vun der European Space Agency, der « ESA ». Rezente Chiffere vu LuxInnovation no, ginn et haut circa 30 Firmen am Land, déi am Weltraum Secteur aktiv sinn an dei eng 700 Leit beschäftegen.

    ..dat heescht sech e space mining Gesetz ze ginn, war e weidere logesche Schrëtt ?

    Op eng gewësse Weis schonn. Besonnesch wann een d’Potential vum Space mining erkennt. Et gi Prognosen, deenen no d’Reserve vu wäertvolle Ressource wéi Gold, Nickel a Koffer an den nächste Jorzéngt op der Äerd wäerten ausgeschöpft sinn. Och e weltwäite Waassermangel gëtt vun der UN virausgesot. Exper’en no sinn dëst Ressourcen, déi vun Astéroiden oder och Mounde kënnen extrahéiert an dann hei op der Erd – oder och am Weltall – nëtzlech agesat ginn. ..zum Beispill fir d’Optanken oder d’Reparéieren vu Satelliten.

    Huet dat neit Gesetz der Lëtzebuerger Weltraum Industrie schonn en neien Driff ginn ?

    Absolut ! De legale Kader war e wichtegt Element dat dëser Industrie hei an Europa nach gefeelt huet. Duerch eist Gesetz ass dee Kader elo ginn. ..an international Firmen – wei ispace aus Japan, Planetary Resources aus Amerika oder Gomspace aus Dänemark, hu sech an de leschte Méint zu Lëtzebuerg niddergelooss, fir vun hei aus hier Aktivitéiten ze entwéckelen.

    Also schéngt dëst eng gutt Saach fir eis Wirtschaft ?

    D’wirtschaftlech Perspektiven si villverspriechend: PlanetaryResources schätzt de Matérie Wäert vun engem 30 Meter laangen Asteroid op 25-50 Milliarden Dollar ! Si behaapten souguer en Asteroid fonnt ze hunn mat esou vill Platinum wei di ganz Erd. Et ass also e Secteur an deem et an Zukunft vill Geld wäert ze verdénge ginn. A Lëtzebuerg huet sech mam space mining Gesetz an de sëllechen rezenten internationale Coopératiouns Accorde gutt positionéiert fir och e Stéck vum Kuch ze kréien. Oder fir de Kuch souguer « mat ze baken ». An di nächste Kéier kenne mer vläit e bëssen iwwert iwwer Space Tourismus schwätzen.. fier 5 Iwwernuechtungen am Space Hotel ass een am Moment mat circa 750,000 $ dobäi…
    2 min
  • Carte Blanche: D'Wëssenseconomie zu Lëtzebuerg, 21/02/2018

    An senger Ried zum 100. Gebuertsdag vun der FEDIL huet den Nicolas Buck d’Wëssenschaft an d’Technologien zu Schlësselelementer fir d’Zukunft vun der Industrie deklaréiert. Technologie, sou de FEDIL President, baséiert op Wëssen, op wëssenschaftlechen Erkenntnisser. An et bräicht Talent fir d’Wëssenschaft opzebauen an ze verstoen. Talent fir tëscht der Wëssenschaft an den Technologien Brécken ze bauen. Zudeem bräicht et och entreprenariale Geescht  an all senge Formen fir erfollegräich nei Technologien an d’Economie anzeféieren.
    Ech ginn dem Nicolas Buck zu 100% Recht – déi Haaptressource vum Land, déi fir d’Zukunft vum Land wesentlech ass,  ass d‘Matière grise op der enger Säit, an den Esprit entrepreneurial op der anerer Säit. De wëssenschaftleche Secteur huet sech an den leschten zwee Joerzéngten enorm entwéckelt. Regierungsiwergreifend gouf et ëmmer e Konsens, dat d’Wëssenschaft an d’Fuerschung fir déi zukünfteg Entwécklung vum Land eng wichteg Roll spillen. Dat ënnersträichen déi konstant steigend budgetär Moyen déi vun de Regierungen an dëse Secteur investéiert goufen. Zulescht nach ze gesinn, an de 4-Jorespläng mat den ëffentleche Fuerschungsinstitutiounen, déi kierzlech ënnerschriwwe goufen, an wou global d’Budgete nach eng Kéier ëm 25% steigen.
    D’Situatioun zu Lëtzebuerg ass an deem Sënn eenzegaarteg an Europa. Konstant finanziell Investitiounen vun ëffentlecher Säit an excellent Infrastrukturen déi et erméiglechen, an eenzelen Domainen zu Championen ze ginn. Eng Entwécklung déi och breet vun den Awunner gedroen gëtt, wei ee representativen Sondage Ufank 2017 et ënnersträicht. An dësem Sondage revendiquéieren 56% vun den Befrotenen méi Investissementer en d’Fuerschung, an 60% fannen dat d’Fuerschung de Wëssensstand steigert, esouguer wann se net direkt praktesch Retombéeë generéiert.
    Et gesäit also roseg aus fir Lëtzebuerg  zu deem Standuert fir Innovatioun an Wëssensgesellschaft ze formen dee mer ustriewen. Leider gëtt et awer och eng Wollek um Himmel, an zwar eng däischter: mir bréngen et net fäerdeg fir genuch Jonker fir Carrièren am Beräich vun den Sciences, Technik an Informatik ze begeeschteren.
    Firwat dat esou ass, dofir ginn et secher villfälteg Grënn:
    En Schoulsystem, deen déi Fächer villäicht nach en bësschen ze vill stiefmütterlech behandelt, trotz deenen villen Efforten déi grad an den leschten Joren gemaach goufen.
    Eng schonn bal deloyal Konkurrenz vun der Fonction publique, wou et vir Lëtzebuerger méi gemittlech ass ewéi an der Privatwirtschaft.
    d’Tatsaach och dass vill Jonker sech net bewosst sinn, dass eng Partie Beruffer déi haut nach attraktiv schéngen (z.B am Finanz- an Bankesecteur) duerch d’digital Transformatioun sech wäerten komplett veränneren oder esouguer verschwannen.
    Wann mer et net fäerdeg bréngen ons beschten jonk Männer, an virun allem och Fraen, fir Fuerschung, Wëssenschaft, Technik an Entreprenariat ze begeeschteren an ze gewannen, dann wäerten mer d’Visioun vun der Wëssensekonomie net kënnen zu Lëtzebuerg ëmsetzen, trotz villen Suen an modernen Infrastrukturen.
     
     

    4 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners