RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Emile Haag, 12/02/2018
    Säit dem Ausbroch vu Krich, Biergerkrich an Islamismus am Noen Osten an an Afrika, si vill Leit verfollegt a verjot ginn an hu versicht, Europa z'erreechen, fir sech an hir Familljen a Sécherheet ze bréngen an e neit Liewen unzefänken. Wéi d'Zuel vun dëse politesche Refugiéeën an d'Honnertdausenden an esouguer an d'Milliounen eropgoung, ass de Populismus − déi politesch Verkrampfung op nationalistesch Intressen an Intoleranz an Ofleenung no baussen − an deene verschiddenen europäesche Länner an d'Kraut geschoss.

    Duerch Aarmut, Chômage, Onsécherheet an Terrorattacken an enger ganzer Rei Länner, hu rietsextremistesch Parteien Opwand kritt fir mat allen demagogesche Mëttel géint hir Regierungen, ob riets oder lénks, Campagne ze maachen, mat ëmmer erëm deene selwechte Sloganen géint d'Refugiéeën, géint Europa, géint den Islam: Domat sollten deene politesch net weider opgekläerte Masse wäisgemaach ginn, firwat et hinne schlecht geet a gläichzäiteg sollte si Angscht gemaach kréien fir hir Zukunft an déi vun hire Kanner. Dat ass Populismus pur, Volléksverhetzung an Demagogie, mat deem eenzegen Zweck un d'Muecht ze kommen an déi politesch Stabilitéit an deene betraffene Länner a Fro ze stellen − eng reell Gefor fir d'Demokratie an den Zesummenhalt vun der europäescher Unioun, déi mat vill Krämpes op d'Been bruecht gouf a vun deeër all Memberlänner profitéieren.
    Vun dësem néfasten europäesche Virus sinn all europäesch Länner betraff, déi eng méi, déi aner manner. Besonnesch a Mëttel- an an Osteuropa feiert de Populismus Héichkonjunktur, ginn déi demokratesch Prinzipien ofgebaut, déi politesch Refugiéeën mat Stacheldrot empfaang a gläichzäiteg säfteg europäesch Subsidien akasséiert. Mam Cicero kann een zu Recht froen: Wéi lang nach solle mer eis legendär europäesch Gedold esou mëssbrauche loossen?

    Den englesche Brexit an deen autoproklaméierte Genie am wäissen Haus sinn erschreckend Beispiller, wéi geféierlech an imprevisibel de Populismus an der westlecher Welt ka ginn. Déi Haaptschold heibäi huet den iwwerhieflechen parteipoliteschen Establishment, deen sech dauernd op sech selwer konzentréiert an déi legitim Erwaardungen an och d'Ängschte vu ville Bierger, Victimmen vum rasante Fortschrëtt an de globale Spekulatiounen vu rücksichtslose Finanzmagnaten, vernoléissegt oder carrément vergiess huet.

    Glécklecherweis gëtt et an Europa nach eng Majoritéit vu Bierger, déi, trotz dem schwierege sozialen oder politeschen Ëmfeld, de gesonde Mënscheverstand an déi politesch Maturitéit hunn, fir de Populismus a seng Grenzen ze verweisen, sou wéi bei eise Noperen Frankräich an Holland. Besonnesch Unerkennung verdéngen eis südlech Partner, Griichenland an Italien, déi trotz grousse wirtschaftleche Schwieregkeeten nach ëmmer déi gréisste Laascht beim Accueil vun de Refugiéeën droen. Et muss ee verstoen, datt de Refugiéesproblem, deen eis däitsch Noperen couragéiert ugepakt hunn, den Haaptausléiser vum Populismus ass. De Populismus ass eigentlech eng Perversioun vun dem Demokratieverständnis an dem europäeschen Solidaritéitsgefill, en clair: zynesch Demagogie op Käschten vu Milliounen Onglécklechen, déi a Nout a Liewensgefor enger onsécherer Zukunft entgéint driften.


    4 min
  • Carte Blanche: Do wou vill Hoffnungen sinn, bleiwen d'Enttäuschungen net aus, 09/02/2018
    Lues awer sécher fänken verschidden Deeler vun de sougenannten „forces vives de la nation“ un, de Bilan vun der amtéirender blo-rout-grénger Koalitioun ze maachen.
    Dëser Deeg war et de Forum Culture(s) den der Regierung nawell eng zimlech Datz ausgedeelt huet. Dat allerdéngs manner well di aktuell Koalitioun am Kulturberäich sou vill Falsches gemaach hätt, ma éischter well se einfach näischt gemaach huet. Näischt allefalls am Sënn vum Kulturpakt, den och di aktuell Regierungsparteien schonn 2009 mat ënnerschriwwen haten.
    D'Enttäuschung ass dowéinst sou grouss, well grad am Gebitt vun der Kultur, wou jo d'CSV e Véierelsjoerhonnert laang d'Soen hat, de Nohuelbedarf enorm war. D'Gefill dat hei de Rendez-vous verpasst gouf, mat grad deenen Deeler aus der Bevëlkerung, déi fir Ännerungen an Neies op sinn, bestätegt déi Suergen, déi ech op dëser Antenn Enn 2014 gemaach hat.
    Sou intensiv d'Connectioun vun der Regierung mat diverse Wirtschafts-Kreesser och ass, d'Société civile fënnt sech a villem vun deem, wat gemaach gouf, a virun allem wéi et gemaach gouf, nëmmen schwéier erëm.
    Nun ass eng Koalitioun ëmmer och eng Saach vu Kompromësser, an de Sproch „méi konnte mer mat deenen aneren net erreechen“ ass no iwwer véier Joer sou wouer - an sou ofgenotzt - wéi senger Zäit an diversen Koalitiounen mat der CSV.
    Wann een handwierklech Pannen, wéi den Zukunftspak, vun dem haut kee méi schwätzt, oder de Referendum, un den keen sech méi erënnert, ewech léisst, dann kann een dëser Regierung zumindest attestéieren, hir Saach net onbedéngt schlecht gemaach ze hunn. Op alle Fall net méi schlecht wéi eng Regierung ënner CSV-Leadership.
    Schliisslech schéngt och d'Konjunktur der Regierung an d'Hänn ze spillen. Elo kennen och nach eng Rei Kaddoën u verschidden Interessegruppen gemaach ginn, nodeems anerer mam Zukunftspak zimlech maltraitéiert goufen.
    Och am ëffentlechen Transport geschitt vill, allerdéngs zur Zäit mat Nodeeler fir d'Utilisateuren. Déi si nosiichteg, well et en enormen Handlungsbedarf gëtt.
    Niewebäi bemierkt: Vläicht kéint een déi dausendem Fraen a Männer, déi all Dag hiren Beitrag zum Klimaschutz leeschten, jo och mat engem Cadeau a Form vu engem Gratistransport beglécken – zumindest esou laang wéi de Wuerm am System ass.
    Firwat awer, kennt da bei villen keng richteg Begeeschterung op, obwuel eng Rei Ännerungen stattfonnt hunn?
    Natierlech sinn d'Revendikatiounen aus der Zivilgesellschaft oft maximalistesch an deelweis och ënnert sech widderspréchlech. Natierlech war d'Erwaardungshaltung an och Dialogbereetschaft nom leschte Regierungswiessel grouss, méi grouss jiddefalls wéi bei den Wiesselen virdrun.
    Datt d'Gefill, gelauschtert ginn ze ginn, sech ni richteg agestallt huet, hat vläicht och mam Zäitdrock ze dinn, méiglechst vill an enger Legislatur unzepaken. Trotzdem wär et wichteg wann d'Koalitiounsparteien, ier et elo an de richtege Walkampf geet, sech och intern mat der Fro beschäftegen, firwat d'Verbindung mat de Basisorganisatiounen ni richteg funktionéiert huet.
    Gutt a motivéiert Berufspolitiker a -politikerinnen si fir eng fortschrëttlech Politik sécher wichteg. Si ginn awer net duer, wann déi hannendrun d'Gefill net lass ginn, just als Stëmmvéi missen duerzehalen an hire Rot an hir Erfahrung net weider zielt.
     

    4 min
  • Commentaire: GroKo, 08/02/2018 07:50
    D’GroKo an Däitschland steet…
    Op alle Fall zanter gëschter emol provisoresch, soulaang bis déi jeeweileg Partei-Gremien, an d’SPD-Basis och nach hire feu vert ginn.
    Verschidden Ministesch-Posten dierften awer iwwerraschen, a sinn och net wierklech ze verstoen, mengt de Joël Detaille an engem Commentaire, dee gëschter en Déja-Vue-Erliëfnis hat...

    0 min
  • Carte Blanche: Op der Sich no Identitéit, 07/02/2018
    Et geet hautdesdaags vill Rieds vun Identitéit. Dat ass e Sujet, deen den Ament nawell hefteg diskutéiert gëtt. D’Iwwerleeungen, déi an där Bezéiung gemaach ginn,  hunn duerchaus fundamentale Charakter.

    An deem Kontext siefen zwee Beispiller genannt, déi weisen, wéi kontrovers dës Problematik ass. Et geet a béide Fäll ëm Applikatiounen aus dem Beräich vun der sougenannter     v i s u e l l e r     Identitéit.

    Éischt Beispill: Et ass viru genee engem Joer eng Ausschreiwung lancéiert ginn, fir am Kader vum sougenannten «Nation Branding» en Objet ze schafen, deen typesch fir Lëtzebuerg soll sinn, esou op de Genre wéi d’Schwäizer hiert «Schwäizer Messer» hunn.

    An do läit jo och schonn d’Messer – pardon – d’Kromm an der Heck!

    Wat fir e Geständnes ass dat dann, wann ee muss – wéi et heescht – en «design challenge» organiséieren, fir iwwerhaapt emol en Objet ze schafen,  dee representativ fir Lëtzebuerg  soll sinn?!

    Zweet Beispill: Déi nei visuell Identitéit vun eiser Police.

    Modern, dynamesch, biergerno; jo esou weist deen neie Claim sech. Schéin a gutt! Trotzdem bleiwe Froen op; ënnert anerem déi, wéi et sech mam frësch gezeechente Léiw vun deem neie Logo verhält. Deen entsprécht net – awer och guer net – den elementarsten heraldesche Kritären.

    Elo kann ee sech selbstverständlech froen: ass et  dann an eisen heitegen Zäiten iwwerhaapt nach néideg an esou engem Fall och nach no der Heraldik  missen ze kucken ?

    Abee, mir hunn et bei der «police grand-ducale» ëmmerhin mat engem nationale Corps ze dinn; souzesoe mat engem nationalen «Symbolträger».

    An deem Zesummenhang muss ee wëssen, dass et eng Instanz gëtt, déi «commission héraldique» heescht. An déi hätt misse logescherweis an dësem Fall ëm hir Meenung gefrot ginn. Ass se awer net! D’accord: et ass gewosst, dass dës Kommissioun nëmmen eng konsultativ Funktioun huet.  Dat ännert awer näischt un der Tatsaach, dass dat Gremium eben, wéi de Numm et seet, op d’mannst hätt solle konsultéiert ginn. Wéi de Legislateur esou eng Kommissioun agesat huet, hat e sech dat bestëmmt gutt iwwerluegt.  Ass et dann net bedenklech, dass de Staat an dësem präzise Fall sech net sengen eegenen Oploe verflicht fillt ?

    Et ass kloer, dass d’Recherchéiere vun enger Identitéit – a sief et och nëmmen eng visuell - keng einfach Saach ass.

    Mä, wa mer eis schonn op d’Sich no neien Identitéite maachen – och där visueller – wär et   wënschenswert, dass mer eis un déi elementarst identitär Erscheinungsforme géifen halen. Et kann ee sech d’Welt eben net esou zurechtschneideren, wéi ee se selwer gär hätt.

    Identitéit huet am Endeffekt nämlech och eppes mat Authentizitéit ze dinn!

     


     

    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 07/02/2018
    De “crowdfunding” gëtt ëmmer méi populär...
    De crowdfunding ass näischt Neies, d’Anekdot seet dass schonns de Mozart de Leit, déi bereet waren him säi Concert am viraus ze finanzéiere gratis Ticket’en oder Manuskripter versprach huet. Déi éischt verbiergt méi strukturéiert Campagne war 1884 wei eng New Yorker Zeitung Sue gesammelt huet fir de Sockel vun der Freiheetsstatue ze bauen. De moderne crowdfunding huet sech an de leschten 10 Joer weider entwéckelt a geet ëmmer méi iwwer vu philanthropesche Motiven, zu enger alternativer Form vun Investitioun mam But fir e Rendement ze generéieren.

    Wéi funktionéiert crowdfunding als Investitioun?
    Et ginn do mëttlerweil eng ganz Rei Plattformen am Internet wou der iech kennt aschreiwe fir entweder esou e Finanzement unzefroen oder awer selwer doranner ze investéieren. Investitiounsobjete gi vu Prêt'en fir d’Consommatioun iwwer Immobilienfinanzéirunge bis zu Prêt'en fir PME’en. De Prinzip ass ëmmer den nämmlechten. E méi oder manner grousse Prêt gëtt opgespléckt a vill kleng Deeler déi da vun enger Multitude vu Leit kaf ginn. D'Plattform këmmert sech em d’Ofwécklung vun de Geldflëss an em d'Paperassen a kritt dofir eng Gebuer. Vu d’Suen déi do transitéiere sinn déi Plattformen och an der tëscht der Supervisioun vun engem Regulateur ënnerworf.

    A wéi wäit ass Lëtzebuerg do?
    Mir hunn do nach e wäite Wee ze goen. An enger rezenter Etüd vun der TNS Ilres ass festgestallt ginn dass bal 40% vun de Befroten net mol wësse wat crowdfunding iwwerhaapt ass. Sou weit ech weess ass och kee majeuren Acteur an dem Beräich zu Letzebuerg präsent, obwuel et der eng ganz Rei ginn, déi aus der EU eraus operéieren. Mir sollten do Effort’en mache fir eis do besser ze positionéieren, well déi Zort Finanzinnovatioun werd an den nächste Joren ëmmer méi wichteg ginn an si ass komplementär zum klassesche Bankesystem.
    2 min
  • Commentaire: Brong Flecken, 06/02/2018 07:50
    Et huet grad mol e Mount gedauert, bis déi nei éisträichesch Regierung no hirer  Vereedegung  mat enger éischter "Naziaffär"  konfrontéiert war. Viséiert war wuel kee Minister ma e Spëtzekandidat vun der FPÖ an Niederösterreich deen antëscht och zeréckgetrueden ass. An awer bleift e bronge Fleck, dat mengt d'Claude Zeimetz haut a sengem Commentaire.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners