A leschter Zäit hunn ech eng Rei vu Beispiller erlieft, wéi eeler Leit diskriminéiert ginn. Ech well dat emol hei thematiséieren.
Am Lissabonner E.U.-Vertrag steet kloer an däitlech, dass Altersdiskriminéierung verbueden, also strofbar ass.
Trotzdem gëtt hei am Land monter weider diskriminéiert, natirlech och an den elektronesche Medien, wou oft Leit iwwer 65 Joer wéi dee leschten Dreck behandelt ginn. Ech selwer hun erliewt, dat de jëtzege Minister BAUSCH, wéi e nach gringen Deputéierte war, iwwer mech als deemoleg Europadeputéiert geschriwwen huet, mäi Verfallsdatum wier laang erreecht, ech soll menger Wee goen. Anerer hu gemailt, si gingen hoffen, datt geschwënn eng Strooss zu Schëffleng no mer ging genannt ginn, well da wär ech endlech net méi do.
Dat deet wéi.
Méi schlëmm ass et wann en eelere Mënsch Gesondheetsproblemer huet. Ech war entsat gewuer ze ginn, dass an eisem neie Centre de réhabilitation um Kierchbierg Leit iwwer 65 Joer net méi solle behandelt ginn. Nodeem se iwer 3 Méint op eng Aentwert geward huet, ass eng Patientin, déi ech kennen, op Esch an d’Sainte-Marie fir e puer Woche verfracht gin, wou se an engem Zëmmer mat enger ze klenger Toilette, oni Dusch, niewent der net adequater Behandlung och nach keng Liewensqualitéit hat: keng Cafeteria, keen Openthaltsraum, ronderem Chantier’en mat Kaméidi, keng Méiglechkeet virun Dir ze kommen.
No der leschter Reform vun der Fleegeversécherung si mer an den Zeitunge vill iwer Verschlechterunge gewuer gin, déi Betraffener konkret beschriwen hun. Kierzlech huet den zoustaenege Minister réagéiert. Da kucke mer emol, op d’Reform besser applizéiert gett wéi bis elo.
Wéi ass et méiglech, dass eng eeler Persoun, dei de 5. November eng Demande fir en Trapelift mécht, eréischt den halwe Januar eng 1. Äntwert kritt? Firwat kritt se op eng Demande fir den Novabus, elo Adapto, iwwerhaapt keng Äntwert?
Munch eeler Leit wësse sech net ze wieren an akzeptéieren, dass se net méi eescht geholl ginn.
Och an der Politik stelle mer fest, datt den Alter ëmmer méi op d’Ofstellgleis féiert.
Parteie bretze sech, wann den Duerchschnëttsalter vun hirer Kandidatelëscht méiglechst niddreg ass. An enger Partei déi ech gutt kennen, musse 40 % Joncker a 40 % Fraen op der Lëscht sinn. Da bleift fir Männer, besonnesch iwwer 35, 50 a 60, wéineg Plaz. Mat all deene Quote gi Kompetenz an Erfahrung, déi awer an der Politik gebraucht ginn, verluer.
D’CSV hat zwar scho virun iwwer 30 Joer en Deputéierten, fir dee seng Mamm nach Kannergeld krut, well e mat senge Studien net fäerdeg war. Haut erliewen ech, dass Studenten, déi knapps fäerdeg sinn, Kandidat a gewielt wëlle ginn. Obscho se null Erfahrung am Beruffsliewen hunn, wëlle se d’Land mat regéieren.
Leit iwwer 65 an esouguer iwwer 80 Joer si vollberechtegt Bierger, besonnesch wa se geeschteg a kierperlech fit sinn, wat bei der heiteger Liewenserwaardung ëmmer mei de Fall ass. Da behandelt se net wéi kleng Kanner oder géischdeg Behënnerter!