Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Zum Joreswiessel hate sech sécher déi meescht vun eis nei gutt Viersätz geholl an een dem aneren eng gutt Gesondheet fir dat neit Joer gewënscht.
De Wonsch no enger gudder Gesondheet ass a bleiwt eng vun eise wichtegste Suergen! Mee leider stelle mer fest, datt ëmmer erëm op en Neits Leit aus Famill, Noperschaft oder dem Bekanntekrees vu méi oder manner schlëmme Krankheete betraff ginn. Ech schwätzen elo net vun den alljährlechen, übleche Grippen an Erkältungen, mee vun den zanter 20 bis 30 Joer zouhuelenden Häerz-Kreeslaf-, Kriibs- oder Zockerkrankheeten, vun Allergien an Autoimmunkrankheeten, Depressiounen an anere psychesche Krankheeten. A mir stelle fest, dass och ëmmer méi Kanner a Jugendlecher betraff sinn.
Vis-à-vis vun all dësen zouhuelende chronesche Krankheeten, och Zivilisatiounskrankheete genannt, gëtt da vun offizieller Säit komescherweis just un den Eenzelnen appelléiert, fir sech präventiv méi verantwortlech ze verhalen: net fëmmen, net zevill Alkohol, sech méi gesond ernähren a sech méi beweegen!
Dës Appeller sinn natierlech net falsch, ginn awer net duer, well se déi politesch Verantwortung fir eis verschmotzten Ëmwelt an den ëmmer méi grousse soziale Stress ëmmer erëm ausklameren, obschon des Facteuren zu den Haaptverantwortlechen fir déi massiv Zounahm vun dëse Krankheeten zielen.
Léif Nolauschterinnen,
Déi rezent skandaléis Evenementer ronderem d’Sprëtzmëttel Glyphosat an munch anerer oder em d’Diesel- a Feinstaubbelaaschtungen an eise Stied si leider just d’Spëtzt vum berühmten Äisbierg, vu villen aneren Ëmweltgëfter gëtt nämlech mol guer net geschwat.
Léif Nolauschterer,
Zanter elo méi wéi 25 Joer beméit sech d’Associatioun AKUT fir d’Ëffentlechkeet iwwert déi wëssenschaftlech nogewise Relatiounen tëschent Ëmweltgëfter a ville chronesche Krankheeten z’informéieren. Et handelt sech hei haaptsächlech em chemesch, elektromagnetesch, schwéiermetallhalteg oder och biologesch Schadstoffquelle wéi zum Beispill Schimmelpilzer.
Och zanter déi ëmweltmedezinesch an epigenetesch Fuerschung wëssenschaftlech konnt noweisen, datt schon de Fötus am Mammebauch ënnert esou Belaaschtunge ka leiden an doduerch Krankheeten no der Gebuert an am spéidere Liewen vierprogramméiert ginn, gëtt d’Informatiounsaarbecht vun AKUT ëmmer méi wichteg, an ëmmer méi wichteg wier och eng ëmweltorientéiert Präventiounspolitik vun eiser Santé a vun de politesche Responsablen an Europa!
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
D’Informatiounsaarbecht vun de Responsable vun AKUT ass evidenterweis eng ganz Kritesch a stellt munches a Fro. Mee och wann dat deem engen oder anere wirtschaftleschen oder politeschen Acteur net ze gefale schéngt, wäert AKUT och an Zukunft iwwert Ëmwelt a Gesondheet informéieren.