RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Francis Schartz, 03/01/2018
    Ouni Moral wire mer scho méi weit”, sot des lescht ee lëtzebuerger Politiker.
    Wat gelift?
    Ouni Moral géingen mir eis nach haut an den Höhlen mat Keulen d’Käpp aschloen an ee geurdent Zesummeliewen wir net méiglech. Den aktuellen Terrorismus weis eis nach ze gutt wat geschitt, wann déi moralesch Grondprinzipien ewechfalen.
    Mais wourëms geet et?
    Dachs gëtt “Moral” définéiert als den Ensembel vu Verhalensregelen, déi fir deen Eenzelnen, fir eng Grupp oder eng Kultur ugeholl sinn. Beim Eenzelnen kënne mer vu Gewëssen schwätzen, bei ganze Gesellschaften gët Moral mat Ethik gleichgesat.
    Am Prinzip baséiert d’Moral op Werter, déi vun der bereffender Persoun oder der Gesellschaft akzeptéiert sinn. D’Moral oder d’Ethik kënne vu Kultur zu Kultur verschidde sinn, an entwéckelen sech mat der Zeit an déi eng oder déi aner Richtung. Fréier war bei eis d’Relioun d’morlesch Instanz déi gesot huet, wat richtech a wat falsch wir.Dat ass a bestëmmte Kulturkreeser och haut  nach de Fall .
    An enger Democratie  regelen d’Verfassung an d’Gesetzer  d’Zesummeliewen. Si baséieren op allgemeng akzeptéierten ethesche Grondprinzipien.   Well ” wat moralesch falsch ass kaa net politesch richtech  sinn”  wéi schon  am 19. Joerhonnert de britesche Politker William Gladstone sot.
     Eng Partie vun deene Grondprinzipien, wéi de Respekt vum Liewen,  hunn eng allgemeng Gëltechkeet. Doraus erginn sech da Konventiounen, wéi zum Beispill d’Universal Mënscherechter.
    Mais genau sou wéi et onmoralesch ass  Mënschen vun haut an Armut zelossen, sou ass et och onmoralesch sou ze leiwen, datt deene kommende Generatioun hir Zukunft a Gefor geréit.
    D’Agenda 2030  mat hiren 17 Ziiler fir eng nohaltech Entwécklung , déi am September 2015 vun de Memberlänner vun der UNO ënneschriwwen gouf, gesäit Handlungsregelung  fir d’ Weltgemeinschaft,  fir d’Länner a fir all Eenzelne fir, a kënnt als Basis fir eng nei universal Ethik gëllen.
    Eng reng kapitalistescher Economie wëllt sech awer net vu Moral oder Ethik agrenze lossen. Si huet als eenzecht Ziil d’Vergréisseren vum Gewënn  an zitt een onbegrenzte Wuesstum matsech .
    Den neie Bericht vum Club of Rome weisst awer deitlech, dat net ee grenzenlost Wuessen an Ausbeuten vun der Natur, mais nëmmen eng universal Ethik, déi op Suffizienz, Respekt vum Liewen a Verantwortung  fir  déi konmmend Generatioune berout, d’ Zukunft vun der Mënschheet sëchert.
    Also wire mer ouni Moral bestëmmt net aus dem Schneider!

    3 min
  • Commentaire: Eric Ewald, 02/01/2018 07:50
    2018 steet net méi nëmme virun der Dier, mä ass zanter knapps 32 Stonne Realitéit. Ëmmer nees geet d'Mënschheet mat héijen Erwaardungen an en neit Joer eran, mä kann dat deenen Hoffnungen entspriechen? Héiert dozou e Commentaire vum Eric Ewald:
    0 min
  • Carte Blanche: Laura Zuccoli, 13/12/2017
    Eng Réi Lëtzebuerger sinn onzefridden dat si hir Sprooch am Alldag seelen gebrauche kennen.

    Vill Netlëtzebuerger léieren eis Sprooch oft owes no der Aarbecht . Si gi vill vu hirer Fräizäit op a mierken ëmmer erëm ewéi schwéier et ass, eis Sprooch ze beherrschen. Ganz oft ass et awer sou dass an hirem Ëmfeld – op der Aarbecht, am Bekanntekrees - d’ Lëtzebuergesch net di prioritär Ëmgangssprooch ass. Trotz hiren Efforten kommen si net richteg weider. 1 bis 2 Mol an der Woch Lëtzebuergesch Couren bréngt net genuch Resultater, wann een dat wat ee geleiert huet net direkt uwenne kann. D’Apprenantisen hunn oft just am Cour Geleeënheet eis Sprooch ze praktizéieren well eisen Alldag sech mat enger helle Wull Sproochen kennzeechent, wou Lëtzebuergesch just eng vun deenen ass.

    Wann een de Projet de Loi zur Promotioun vum Lëtzebuergesche liest, da stellt ee fest dat den Aspekt vun der Praxis vun der Sprooch net ernimmt ass. Villäicht ass Praxis am 20 Joren Aktiounsplang virgesinn, mee do huet een eng Occasioun verpasst fir dat Ziel kloer dranzeschreiwen. Et iwwerléisst een de Biergerfore, die am Gesetz virgesinn si,  Prioritéiten ze setzen.
    Sproochepraxis bleift deem Eenzelen iwwerlooss. Wann deen et fäerdeg bréngt an e Lëtzebuerger Milieu eranzekommen, dann huet en Chance eis Sprooch ze praktizéieren a lues a lues sech se unzëeegnen. Ass dat net de Fall, leiert ee Sprooch z.b. fir Lëtzebuerger ze ginn a mat der Zäit verléiert een se, well ee wéineg Geleeënheet huet se ze praktizéieren
    Mir an der ASTI lee vill Wäert op Sproochpraxis duerch Aktivitéiten, wéi zB Gespréichsdescher. Mee dat kascht Organisatioun, well do musse Aktivitéiten ugebuede ginn, wou Benevoller ewéi Interessenten sech bei der Sprochpraxiss begéinen a wou des Sproochaktivitéiten virbereet musse ginn . Vun esou Mossnahmen steet kee Wuert am Projet de loi.
    Vill Frontaliere mellen sech an der Agence du Benevolat, well si sech an enger Vereenegung wëllen engagéiere wou se d’Méiglechkeet hunn lëtzebuergesch ze praktizéieren. Wier dat net emol eng Idee dat di vill Lëtzebuerger Veräiner Reklamm fir hire Veräi géife maachen, andeems si d’Méiglechkeet vun der lëtzebuergescher Sproochpraxiss géifen ervirhiewen.
     
    De Contrat d’Accueil et d’Integratioun CAI genannt - gesäit  Sproochmoosnahme vir – 60 bis 120 Stonne bëlleg Sproochecourse –wäit ewech vun den 600 Stonnen di an Däitschland fiert Däitscht am Integratiounsvertrag virgesi sinn! Dobäi hunn di Netlëtzebuerger et bei eis vill méi schwéier eng Sprooch ze leiere, well jo am Alldag vill aner Sproochen dauernd geschwat gin.
    Kee Wuert vum CAI am Projet de Loi zur Promotioun vum Lëtzebuergesche – dobäi besteet  d’Halschent vun eisen Awunnergeschwenn aus Netlëtzebuerger !
    Et huet een d’ Gefill dat hei eis Sprooch e bëssen ewéi en Museesstéck behandelt gëtt ,wou een Evenementer, Stukturen muss organiséiere fir se wouer ze huelen ? .

    3 min
  • Apropos: Vum deierste Bild, 12/12/2017 12:50
    Den Desequiliber tëscht Räich an Aarm gëtt ëmmer méi grouss. Dat ass sécherlech scho laang gewosst. Wann awer sou Nouvelle kommen, fir wéi vill e vum Leonardo da Vinci senge Biller lo verkaf ginn ass, da muss een awer eng Kéier schlécken. Esou ass et dem Sandra Mélan gaangen.
    0 min
  • Commentaire: Israel, 12/12/2017 07:50
    D'USA wëlle Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkennen, esou d'Annonce vum US-President Donald Trump. Vill onnéideg Symbolik, déi virun allem bewierkt, datt de schwéierfällege Friddensprozess nees hannendra geréit? Jo..., mä esou einfach ass et net, mengt de Pit Everling.
    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners