Hautesdaags gi mer vun deenen ënnerschiddlechsten Evenementer an Otem gehalen an eis Gefiller beweegt a belaascht: Terror, Krich, Gewalt a Naturkatastrophen, Korruptioun, Manipulatioun, Hypokrisie a Politik a Gesellschaft, Rücksichtslosegkeet, Haass an Intoleranz am Alldag, Suerg ëm d'Zukunft vum Land, sengem Innovatiounspotential an der Liewensqualitéit vu senge Bierger. Ausser dësen, gëtt et awer nach e puer aner Themen an eiser heiteger Welt, déi ganz besonnesch skandaléis sinn an deene mer ze oft mat Indifferenz a Passivitéit begéinen oder iwwert se ewechkucken.
Aarmut an Honger a ville Géigenden, an Afrika, am Noen Osten, sinn esou uerg ginn, datt a nächster Zäit honnertdausenden jo vläicht Millioune Mënschen stierwe wäerten, besonnesch Kanner, wa net energesch an direkt intervenéiert a gehollef gëtt. Mir hunn d'Moyenen, dat ze maachen. Mir, déi am Iwwerfloss liewen, an dobäi nach ni genuch kréien.
De Paräiser Klimaaccord sollt déi rasant Entwécklung vun der allgemenger Ëmweltverschmotzung ënnert d'Kontroll bréngen. Trotz Schmëlze vu Gletscher, katastrophale Waldbränn a grad esou schlëmmen Dréchenten, Orkanen an Iwwerschwemmungen, bréngt grad dat Land, dat selwer doru Matschold ass an dorënner ze leiden huet, et fäerdeg, sech aus sengen Engagementer eraus ze zéien, géint all Warnungen vu 15.000 Wëssenschaftler weltwäit, dorënner vill vun hiren eegenen.
Wann dës irresponsabel Haltung net geschwënn revidéiert gëtt, wäert bis Enn vum Jorhonnert, de Mieresspigel ëm méi wéi zwee Meter klammen an domat vill Inselen wéi d'Fidschi a Länner wéi de Bangladesch ënner Waasser setzen, mat fatale Folgen fir d'Leit.
Méi direkt bei eis kommen honnertdausenden vu Refugiéën aus Krichs- a Kriselänner, déi ënnert Liewesgefor sech an hir Familien rette wëllen, un d'europäesch Diere klappen. Da baue mir Stacheldrotgrenzen fir se dobaussen ze halen an hinne keng Chance ze ginn. Dobäi si gewëss osteuropäesch Länner − deenen hir eege Bierger am kale Krich selwer Refugié woren a frou woren vum Westen opgeholl ze ginn − besonnesch haart an häerzlos fir hire klengen Deel Asylanten opzehuelen. Hir europäesch Partizipatioun schéngt doranner ze bestoen fir säfteg Subsidien ze kasséieren, mä vun europäescher Solidaritéit a Matgefill fir Refugiéën: keng Spuer.
Wou bleift do déi elementar Mënschlechkeet, d'"Humanitas": den essentiellen Heritage aus eiser europäescher Vergaangenheet?
Wa mer haut ouni dës Kärprinzipien liewe wëllen, wéi déi al Réimer, mat "panem et circenses", da misste mer aus der Geschicht geléiert hunn, datt eis dat selwecht passéiert, wéi hinnen: den Out fir Europa!