De 17. Oktober war wéi all Joer den Internationalen Dag fir d’Besäitigung vun der Aarmut. A pénktlech wéi all Joer huet de Statec een Dag virdru säi Rapport Travail et Cohésion sociale publizéiert. Doranner steet, den Aarmutsrisiko wier tëscht 2015 an 2016 vu 15,3% op 16,5% geklomm.
Heescht dat da lo, et gëtt méi Aarmer?
Oder ass et sou wéi eenzel Leit soen, datt den Aarmutsrisiko, well ëm deen handelt et sech jo hei, erop geet, well e puer Räicher op Lëtzebuerg bäikomme sinn?
Fir d’éischt musse mer mol festhalen, datt et hei ëm en Indicateur geet, deen “Aarmutsrisiko” heescht, en Indicateur deen europawäit eenheetlech festgeluegt ass, an zwar vun de Staats- a Regierungscheffen ofgeseent. Deen Indicateur beschreift éischter eng Ongläichheet wéi d’Aarmut selwer. Wann awer de Risiko, aarm ze ginn, an d’Luucht geet, da gëtt et gutt Grënn unzehuelen, datt och d’Aarmut, fir déi mer keng besser Definitioun hunn, klëmmt.
Well den Aarmutsrisiko ausseet, wéi een héije Prozentsaz vun der Bevëlkerung mat engem Akommes muss auskommen, dat méi niddreg ass wéi 60% vum Medianakommes, deelt dat eis mat, wéi vill Leit an eisem System net méi matkommen an ofgehaang ginn.
Well et hei ëm d’Medianakommes geet, an net ëm d’Duerchschnëttsakommes, stëmmt et och net, dat méi Räicher déi Zuel an d’Luucht dreiwen. D’Medianakommes ass nämlech dee Betrag, wou 50% vun de Leit manner an di aner 50% méi verdéngen.
An nach eppes ass un der Argumentatioun dernieft: tëscht 2015 an 2016 ass d’Medianakommes rof gaang, an zwar op 1.689,- EUR, wat souguer bal sou déif ass wéi de Wäert vun 2013! Heescht dat dann elo, datt mer manner Räicher am Land hunn? A wisou ass dann awer den Aarmutsrisiko an d’Luucht gaang?
Déi dote falsch Argumentatioun huet dat mam Medianakommes net verstan. Dat geet rop a rof, wann d’Akommes vun deene Leit an der Mëtt vun der Akommesscala rop oder rof geet.
Also mir hale fest: vun 2015 op 2016 ass d’Zuel vun de Leit, déi dem Aarmutsrisiko ënnerleien, rop gaang, an d’Akommes vun deene Leit ass rof gaang an ass bal sou niddereg wéi 2013.
Kee Grond also fir Entwarnung ze ginn!
Éischter am Contraire: net nëmmen ass d’Aarmut geklommen, mee och déi Leit an der Mëtt vun der Gesellschaft spiere lo d’Kris an hu wéiniger an der Täsch.
Dann huet sech och näischt dru geännert, datt bestëmmte Kategorië vun der Bevëlkerung méi schlecht do sti wéi anerer. An dat sinn déi selwecht wéi di Jore virdrun: Kanner ënner 18 Joer mat 21,7%, Auslänner mat 22,6%, Leit mat enger niddereger Qualifikatioun mat 21,3%, Aarbechtsloser mat 44,8%, Famillje mat méi wéi 2 Kanner mat 31,2% a besonnesch Monoparentale mat 40,3%.
Inegalitéite bleiwen net nëmme bestoen, mee vergréisseren sech säit 1996 bestänneg, an dofir kann d’Politik nach roueg no weidere Mesu