Ech sinn dëst Joer uechtzeg Joer al gin.
Ech weess net, wéi ech esou e Saz richteg schreiwe soll.
Ech weess nët, ob ech al mat engem oder mat zwee a schreiwen, an uechtzeg mat tz oder z, an d’Endsilb vun dem Wuert mat eg oder ech.
Mais egal wéi ech et schreiwen: jidferee versteht mech.
Fir meng orthographesch Onwëssenheet hun ech iwregens eng Entschellegung: ech hun a mengem Liewen schon e pur Zorten letzeburgesch Rechtschreibungen geléiert, déi vun uewen erof diktéiert gouwen.
Trotz denen offiziellen Direktiven hun ech meng Mammesprooch 80 Jor laang praktizéiert, sou wéi ech dat fir gudd font hun.
Dat soll elo anescht gin.
Well d’Politik bekëmmert sech elo endlech sérieux ëm d’lëtzebuerger Sprooch.
Fir wat dat esou ass, verstin ech. Et gët Leit am Land, déi mengen, d’Lëtzebuergesch wär a Gefor, an dodurch géiw onst Land seng Identitéit verléieren. Dofir mecht d’Politik elo Politik mat der Sprooch.
Déi HH Ministeren Meisch an Arendt hun am März 2017 en Aktiounsplang an de 16. November dëst Jor e Gesetzprojet iwer d’Lëtzebuergescht virgestallt, eigentlech zweemol datselwecht mat verschiddenen Iwerschrëften.
Et get elo eng impressionnant « usine à gaz » opgebaut :
- mat engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch,
-mat engem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen d’Regierung iwer d’Orthographe an d’Grammaire beroden soll,
- mat engem Comité interministériel fir dat alles ze verknëppen.
Et soll all Jor en nationalen Dag vun der Lëtzeburger Sprooch organiséiert gin, an am Wahljor 2018, zwësche Fuesend an Ouschteren, solle Birgerversammlungen iwer d’Sproch stattfannen.
An da soll en Aktiounsplang fir déi nächst zwanzeg Jor opgestallt gin. Jo: Dir hut gudd gehéiert, zwanzeg Jor.
Wann een dat alles héiert, freet een sech : ass d’lëtzebuerger Sproch wirklech a Gefor, an ass da bis elo neischt fir d’Lëtzeburgescht gemaacht gin?
Neen, d’letzeburger Sproch ass nët a Gefor. Sie ass méi lieweg wéi je, an de Mailen, Tweeten an Netzwierker, a Medien, Literatur, Film, Theater, Lidder, Politik. Nach nie gouf zu Lëtzebuerg esouvill iwert ons Sproch geschwat a gefuerscht.
Villes geschitt fir d’lëtzeburger Sprooch.
Et gët den nationale Sproocheninstitut, an dem massiv Lëtzebuergesch enseignéiert gët, et gët den nationalen Zentrum fir Lëtzebuerger Literatur, de Lëtzeburger on line Dictionnaire, den Institut fir lëtzebuerger Sprooch a Literatur op der Uni Lëtzebuerg, den Institut grand-ducal an et gët schons 20 Jor e Conseil permanent pour la langue luxembourgeoise.
Déi Hëllef fir d‘Sproch sollt eigentlech dur goen. Dat bescht nämlech, wat enger lieweger Sproch, also och dem Lëtzeburgeschen, passéiere kann, ass, sech frei an ouni politesch Amëschung ze entfalen an durchzesetzen.
E staatleche Verwaltungsapparat mat politeschen Hannergedanken kann do nëmme schueden!