Vun alle Liewewiesen ass de Mënsch dat eenzegt dat sech Gedanke mécht iwwert dat wat hien ësst.
Dat ass zwar an der Geschicht vum Mënsch eng relativ jonk Tendenz an och nëmmen an deene Länner wou et keen Honger, mee Iwwerfloss gëtt.
An onse Géigenden gëtt et ëmmer méi Mënschen déi sech vegetaresch, also haaptsächlech op Basis vu Geméis an Uebst ernären. Oder Vegan sinn, also all Déiereproduit, souguer Mëllech an Hunneg ofleenen.
Jiddereen huet d’ Recht, op seng Fassong sat ze ginn.
Ech sinn, ech gestinn et, en Allesfrësser an der Traditioun vun der mënschlecher Evolutioun. De Mënsch ass zum dominante Wiese ginn, well hien sech iwwerall upasse konnt a praktesch alles iessen kann.
Grad well ech gäre Fleesch, Fësch, Uebst a Geméis iessen, an och soss kee Gesondheets-Apostel sinn, geet mer d'Hypocrisie vu villen Matmënschen iwwert d’Iessen op de Wecker.
Déi zwar weiderhi Fleesch iessen, awer verwonnert dinn, dass de Steak oder den Hamburger net am Supermarché wiisst, mee aus dem Schluechthaus kënnt.
An engem Schluechthaus, de Numm seet et, ginn d’ Déiere geschluecht, also Doud gemaach. Iert se vum Metzler mondgerecht preparéiert ginn.
Et ass jo schéin a richteg, dass vill Matmënschen sech fir Déiereschutz asetzen. Ons Zivilisatioun verlaangt, dass Mënschen ewéi Déieren net gepéngegt ginn, dat hiren Exit ouni Brutalitéit kennt.
Mais ons Gesellschaft wëllt näischt méi vum Doud wëssen. Kaum nach e Mënsch stierft doheem, mee an der Anonymitéit vun Heemer oder Spideeler.
A wann Aktivisten Videoen dréien iwwert d’Schluechtunge vun Déieren, dann geet grouss Opreegung duerch d’Internet-Welt.
Wéi: kleng Schwéngercher ginn elektrocutéiert ??? Et fléisst esouguer Blutt ??? Wéi schrecklech !!!
D’europäesch Reglementer schreiwen genee vir, dass all Déiere schnellst méiglech an ouni Brutalitéit ze schluechten ass. Dat geschitt och am Land, a gëtt vu staatlechen Instanzen streng kontrolléiert. Mais eng Karkass vun engem Rand oder engem Schwäin enthält nu mol Blutt. A Blutt gëtt net nëmmen an der Bluttwurscht verschafft.
Dofir ass déi falsch Opreegung iwwert Schluechtungen just hypokritescht Gedeessems. Veganer a Vegetarier sinn sech do wéinstens konsequent.
Mais wann deen däitsche Fierschter, deen Bestseller iwwert d’ Séileliewen vun de Beem an de Planze schreift, Recht huet mat der Empfindsamkeet vun all Planz, da gëtt et knapp fir d’Ernärung vun der Mënschheet !!!