RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche: Positiv Trennung, 26/01/2018
    Et ass also vollbruecht. Dat finaalt Puzzlestéck am Dossier Trennung vu Kierch a Staat, nämlech d’Gesetz iwwert d’Ofschafe vu deenen 285 Kierchefabricken, ass d’läscht Woch an der Chamber gestëmmt ginn.

    D‘Empörung bei den Acolyte vun der kathoulescher Kierch war grouss, notamment beim Syndicat Syfel a bei der CSV.

    Beim Syfel kann een d’Opreegung jo iergendwéi verstoen. Kee wëllt bekanntlech en Acquis oder e Privileg opginn, a wann en à la base nach sou ongerechtfertegt war. Bis elo konnte verschidde Leit an deenen archaësche Kierchefabricken monter Suen, Terrainen a Gebeilechkeeten an totaler Ontransparenz an ouni jeglech Finanzkontroll geréieren an ronderemréckelen a fläißeg Defiziter maachen, di da vun der Allgemengheet couvréiert goufen. D’Avoire vun der Kierch ginn an Zukunft just nach vun enger mëttelalterlecher Struktur assuréiert, dem Bistum, deen awer ëmmerhi seng Defiziter selwer muss bezuelen. An hoffentlech all Joer enger onofhängeger Finanzkontroll ënnerworf gett... Am Fong misst jo och d‘Fro erlaabt sinn, wou di ganz Avoiren iwwerhaapt hier kommen...

    Komme mer bei d’CSV. Huet een där enger oder anerer Deputéierter am Débat nogelauschtert, sinn engem bal d’Tréine komm. Do huet sech dach di béis DP-LSAP-déi Gréng-Regierung tatsächlech erdreist, 285 archaësch Strukturen hei am Land op ee Coup ofzeschafen. Moment mol: Kierchefabricken, dat huet dach mat Kierch ze dinn, dat ass dach CSV-Domaine. D‘CSV hat dach ganz sécher als Prioritéit Nummer 1, di mëttelalterlech Strukturen ofzeschafen? Mee Moment mol nach eng Kéier: war dann net grad déi CSV vun 1979 bis 2013 onënnerbrach an der Regierung, an hat 34 Joer Zäit, den Dossier unzegoen? Eh bien dach. Huet se et gemaach? Eh bien nee. D’gehéiert wirklech grenzenlose Culot dozou, fir sech elo dohinnzestellen an ze behaapten, di Reformen hätt ee jo selwer wëllte maachen. An dobei wuel ze denken, dass d’Leit hei am Land sech wierklech op deem doten Niveau fir domm verkafe loossen.

    Op gesellschaftspoliteschem Niveau, an do zielen ech d‘Trennung vu Kierch a Staat dobäi - och wann se weder perfekt nach komplett ass - huet d‘DP-LSAP-déi Gréng-Regierung eist Land massiv viru bruecht, an dat no 34 Joer CSV-Stëllstand. Déi emgesate Reformen kommen eigentlech alle Bierger entgéint.

    Deene Gleewegen gouf hiere Glawen a kengster Weis weggeholl oder ageschränkt. Au contraire, jiddfer Gleewegen – an dat ass och gutt esou – dierf natierlech weiderhi gleewe wat hie wëllt, un een onsiichtbart rosa Einhorn oder un een oder méi vun deene ronn 3000 Götter die d’Mënsche bis elo erfonnt hunn.

    An déi rationnell Leit kënne sech driwwer freeën, dass 1. an der Schoul keng Kanner mi reliéis indoktrinéiert ginn, an 2. manner vun hiere Steiergelder an irrationnell Strukture gepompelt ginn an deemno an Zukunft hoffentlech fir méi sënnvoll Saachen gebraucht kënne ginn, wi z.B. Educatioun, Medecine, Wëssenschaft oder Konscht.



    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 24/01/2018
    D’europäesch Kommissioun huet viru Kuerzem d’Resultater vun hierer Eurobarometer-Ëmfro am Hierscht vum leschte Joer presentéiert. Si wollt dobäi eraus fannen, wei déi europäesch Bierger zur EU stinn. Wat ass dann do eraus komm?

    Am Generelle muss ee soen, dat d’Europäer d’Zukunft vun der Europäescher Union éischter optimistesch gesinn. Och wann dat politescht an ekonomescht Ëmfeld schwéier war – als Beispill sief hei un de Brexit an un déi amerikanesch Wahlen erënnert, déi och en Afloss op d’EU hunn oder déi héich Aarbechtslosenzuelen am Süde vun Europa – esou hunn awer 41% vun den Europäer Vertrauen an dat Europäescht Konstrukt. 40% vun den Europäer hunn e positiivt d’Bild vun Europa, 37% sinn neutral an nëmmen 21% hunn en negatiivt d’Bild vun der EU. En anere wichtege Punkt ass, dat 70% vun den Europäer d‘Gefill hunn zur Europäescher Union ze gehéieren.

    A wat weisen dann d’Resultater elo spezifesch fir Lëtzebuerg?

    Lëtzebuerg ass eent vu de Länner, wou d’Awunner am meeschte Vertrauen an d’EU hunn – 56% vun de Lëtzebuerger stinn anscheinend positiv zur Europäescher Union, do si just nach d’Awunner vu Bulgarien mat 67% a Litauen mat 65% nach méi positiv agestellt. 72% vun de Lëtzebuerger gesinn och d’Zukunft vun Europa positiv – dat ass knapp viru Malta (do sinn et 70%) a just hannert Irland, déi mat 80% un der Spëtzt leien. Ons Noperen aus Frankräich sinn déi Pessimistescht, wat Zukunft vun Europa ubelaangt – an dat knapp virun Italien.

    D’Resultater vun der Ëmfro weisen awer och wat dann déi grouss Suerge vun den Europäer sinn. wat ass dann hei eraus komm?

    Op europäeschem Niveau stellt d‘Awanderung mat 39% déi gréisste Suerg duer, just dohannert kennt Bekämpfung vum Terrorismus mat 38%. Zu Lëtzebuerg, ouni dat et eng grouss Iwwerraschung ass, ass et d‘Situatioun am Logement. Mat 56% ass dat anscheinend déi gréisste Suerg vun onsere Bierger.
    2 min
  • Carte Blanche: Kierch a Relioun, 24/01/2018

    D‘lescht Woch ass et also geschitt. D’Parlament huet d‘Lasskoppelegung vu Kierch a Staat gestëmmt. An der Diskussioun doriwer ass ëmmer nëmme vun der Kierch geschwat ginn a ganz seelen vun der Relioun. Do musse mer oppassen. Kierch a Relioun däerf een net mateneen verwiesselen.
    Laut Dictionnaire ass Relioun en Ensembel vu Riten déi bedeiten datt et niewent der Welt vum Alldag eppes aneschtes, Helleges gëtt dat d’Séil vum Mënsch mat Gott a Verbindung bréngt.
    An d’Kierch? Do ass d’Definitioun méi komplizéiert. Ass et eng Communautéit vu Leit déi un de Jesus Christus als Grënner vun hirer Beweegung gleewen ? Ass et den Ensembel vum Personal an der Hierarchie vun der Beweegung, am Fall vun der kathoulescher Kierch also, vun uewen no ënnen, vum Pobst zu Roum bis bei de Kaploun, eventuell esouguer bis bei d’Laien, d’Katecheten an d‘Volontären? D‘Relioun ass eng privat, scho bal intim Affär. Et gleeft een, wann een e Katholik ass, un d’Dräifaltegkeet, un d’jungfräulech Gebuert säitens der Maria vum Jesus, dorun datt hien sech fir d’Mënschheet geopfert huet a villes méi. Iwwregens gleeft een och un den Däiwel. Dat mécht de gleewege Katholik aus, a, mat verschidde Variabelen, och di aner Chrëschten di keng Katholike sinn.
    Em de Glawen ass et schlecht bestallt an der Welt, an der Kierch geet et och net besser. An der Hierarchie herrscht net grad Optimismus. De Pobst reest duecht d‘Welt a wat hien am meeschte mécht, dat ass sech am Numm vu senger Kierch entschëllegen. Et schéngt datt d‘lëtzebuergesch kierchlech, kathoulesch Hierarchie dee Pessimismus deelt. D‘Zäite si batter. Ech huelen un datt sech beim Äerzbistum gesot gouf datt et am beschte wär sech op dat ze konzentréieren wat de core-business vun der Beweegung ass:  sech mat der Relioun a mam Glawe beschäftegen.
    Als net gleewege Lëtzebuerger, als Atheist wousst ech datt et Organisatioune géif ginn déi dee gelungenen Numm Kierchefabrik hu mee dobäi ass et bliwwen. Villäicht nach vaguement, d’Fransousen…, den Napoléon… Ech krut also, mat bestëmmt villen aneren, Nohëllefsstonnen a Geschicht. Nohëllefsstonnen a Relioun misst awer eng Gruppéierung kréien vun där ech virum Zodi wierklech nach ni eppes héieren hat: de Syfel, de Syndikat vun de Kierchefabriken.
    Wann een dem Syfel nolauschtert huet een d’Impressioun datt Relioun, Spiritualitéit, Glawen a Gott haaptsächlech materiell, profan, weltlech Froe sinn. Datt et vill méi wichteg ass datt ee Proprietär vun enger Kierch ass, wei dat wat een an dem Gebai mécht. Ënnert gudde Chrëschten stellen ech mer eppes anescht vir. Mais, villäicht läit et u mir, an ech hu wierklech näischt matkritt vu Kierch a Relioun.




    3 min
  • Apropos: Friemschummen, 23/01/2018 12:50
    D’Vakanzefoire virun 10 Deeg war e Succès op der ganzer Linn! Op der Ganzer? Mam generéierten Ëmsaz vun der Tourismusbranche ganz sécher, mat der Zuel vun de Visiteuren och, mee wéi war et mat der Qualitéit vun deene Visiteuren? Dem Camille Ney stéisst do eppes erop…
    0 min
  • Commentaire: GroKo - Jo oder awer Nee?, 23/01/2018 07:50
    Eng GroKo réckelt méi no. Um SPD-Parteidag gouf et „Jo“ fir Koalitiounsverhandlunge mat der Unioun. Ma et ass awer net wierklech fir opzeootmen, mengt de Pit Everling de Moien a sengem Commentaire. Éischtens ass d'Saach nach laang net geritzt, d'Koalitiounsgespréicher gi jo réischt un....an zweetens war den „SPD- Jo“ sou knapp, datt e bal éischter als „Nee“ ze interpretéieren wier. Um Dësch sëtze jiddefalls dräi Verhandlungscheffen, déi ferme u Glanz verluer hunn...
    0 min
  • Carte Blanche: Erhéijung vum soziale Mindestloun, 22/01/2018
    Et ass ganz erstaunlech. Gleeft een dem Europäeschen Statistikamt Eurostat, dann gehéieren déi traditionell Lëtzebuerger Betriber ausserhalb vum Finanzsecteur zu den onrentabelsten Betriber vu ganz Europa. Elo gëtt och nach vu verschiddene Politiker gefuerdert dat grad déi Betriber e méi héige soziale Mindestloun bezuele mussen. Dobäi wësse mer alleguerten dat e Betrib nëmme méi héich Léin bezuele kann, wann e méi rentabel schafft.

    Dat schéngen déi Leit, déi elo fuerderen de soziale Mindestloun eropzesetzen, iwwersinn ze hunn, well se sech vun onsem allgemenge Wuelstand, eisem gesonde Wirtschaftswuesstem an onser Progressioun an der Beschäftegung verblenden gelooss hunn. Woubäi ee wësse muss dass d’Progressioun vum PIB an d’Progressioun vun der Beschäftegung zanter 15 Joer déi selwecht ass: do läit jo d’Kromm an der Heck: mir hu keng Produktivitéitsgewënner an domat och net wierklech ee qualitative, mee just ee quantitative, Wuesstem. Et ass iwwregens d’Progressioun vun der Produktivitéit – also näischt anescht wéi dat, wat mir an enger Stonn hierstellen - déi d‘Moosslat vun der Lounentwécklung ass. Déi, déi trotz all deene Schwieregkeeten elo eng drastesch Erhéijung vum Mindestloun fuerderen, hu vergiess, dat si e ganzt geféierlecht Spill spillen, an déi Betriber, déi sech engem internationalen Wettkampf stellen mussen, serieux a Gefor bréngen.

    Mir däerfen och net vergiessen, datt all Erhéijung vum soziale Mindestloun e ganze Rateschwanz vun anere Fuerderunge mat sech bréngt, an net ze vergiessen, méi Inflatioun wéi soss enzwousch, an dat verfréit Erfale vun enger nächster Indextranche. Ee richtegen Däiwelskrees deen am Endeffekt kengem eppes bréngt.

    Et ass net ausgeschloss datt dann och eng Diskussioun iwwert eng Rentenupassung opkënnt, a mir wësse schonn haut datt mir mat onser haiteger Rentepolitik op de Käschten vun den nächste Generatioune liewen. Wéi solle mer dann nach eng weider Upassung vu Rente verkraften a rechtfertegen?

    An där ganzer Diskussioun iwwert d’Erhéijung vum Soziale Mindestloun bestätegt sech erëm dat gutt aalt lëtzebuerger Sprachwuert : « wann et dem Iesel ze gutt geet, da geet en op d’Äis danzen ».

    Ech hoffen datt déi Läit déi sech opstelle fir am nächsten Hierscht d’Geschécker vun onsem klenge Land ze féieren, sech dat Sprachwuert zu Häerz huelen, an d’Zukunft vun onsen Betriber net duerch onvirsiichteg wahlpolitesch, jo villäicht souguer populistesch Aussoen, op d’Spill setzen. A bon Entendeur an e schéint neit Joer.
    3 min
  • Carte Blanche, Benoît Reiter, 19/01/2018
    Wunnen zu Lëtzebuerg, wou läit de Problem ?
    Gëtt et zu Lëtzebuerg een Thema iwwert dat scho méi laang diskutéiert gëtt, wéi iwwer de Logement?
    Ech wëll fir d’éischt kloer stellen, dass dee Sujet wuel ee vun de wichtegsten iwwerhaapt ass. All Mënsch brauch fir sech, seng Famill, seng Kanner, en Daach iwwer dem Kapp. Natierlech wënscht ee jiddwerengem net nëmme just deen Daach, mee och nach korrekt Konditiounen, fir do drënner ze wunnen.
    Zu Lëtzebuerg schéngt dat net ze klappen, obschonn de Wunnproblem och mol Chefsaach war a sech all successiv Regierungen a Majoritéiten beméit hunn. Et ginn och um lokale Plang vill Efforte gemaach, an awer ass de Problem haut esou aktuell, wéi virun 20 oder 30 Joer. U wat läit dat ? Hu mer de Problem vläicht falsch erkannt?
    Fir d’éischt mol muss ee sech bewosst sinn, dass Lëtzebuerg ëmmer e klengt a virun allem batteraarmt Land war. Et gouf kee grousse Stock vun Immeublen, éier de Wuelstand op Lëtzebuerg komm ass mat der Siderurgie. D’Situatioun war net vill besser Ufank de 60er Joren vum 20. Joerhonnert, wou ëmmer méi europäesch Beamten op Lëtzebuerg komm sinn an d’Success Story vun der Finanzplaz ugefaang huet. An eisem Land war also d’Offer vun Logementer ëmmer kleng.
    Do ass et absolut net verwonnerlech, dass bei engem rapiden Uwuessen vun der Demande d’Präisser zolidd klammen. Dat ass net nëmme logesch, mee et ass och positiv. D’Hausse vun den Präisser ass dee Moment just en Zeechen dofir, dass en Desquiliber entsteet tëscht enger Demande déi erop geet an der Offer déi net nokënnt. Et ass awer och eng Motivatioun fir déi Leit, déi eppes kënnen op der Säit vun der Offer maachen, Propriétäre vun Terrainen oder Haiser, Promoteuren, Entrepreneuren … . Klammend Präisser weisen hinnen, dass si méi Suen kënne verdéngen, wa si probéieren d’Demande ze befriddegen. Dass also d’Präisser erop ginn, ass u sech näischt Negatives.
    Wat ass prinzipiell zu Lëtzebuerg geschitt, esouwuel op der Säit vun der Offer, ewéi op der Säit vun der Demande ?
    Wat d’Offer ugeet, schéngt et mer kloer ze sinn, dass se limitéiert ginn ass, duerch Staat a Gemengen. Wee mol scho gebaut huet, weess wéi schwéier et ass: et gi Bauperimeteren an deenen ee muss säi Gléck fannen, Bautereglementer vun de Gemengen an eng onendlech Zuel vu legalen a reglementaresche Restriktiounen a Bestëmmungen, déi bauen op ville Platzen onméiglech an egal wéi ëmmer schwéier maachen.
    Op des kënschtlech limitéiert Offer prallt zu Lëtzebuerg net nëmmen eng Demande déi natierlech héich ass, well eben d’Lëtzebuerger Ekonomie boomt a vill Leit heihi schaffen a wunne wëlle kommen. Nee, dës Demande gëtt och nach stimuléiert duerch Subventiounen, déi Leit, déi bauen oder lounen, vum Staat kënne kréien. Dës a priori luewenswäert Iddi ass a Wierklechkeet schlecht, well si leet nach eng Schëpp op eng Demande drop, déi souwisou schonn héich ass.
    Wat ass also de Bilan vun der Lëtzebuerger Logementspolitik ? Eng Offer gëtt kënschtlech verklengert an eng Demande gëtt kënschtlech stimuléiert. Wann ee Basis Wëssen an der Ekonomie huet, wees een eng Äntwert op folgend Fro : wat geschitt, wann d’Offer eng op den Deckel kritt an d’Demande ugeheizt gëtt? Genau, d’Präisser klamme ganz séier, méi staark wéi si ouni dës Politik souwisou géife klammen. Et ass dat, wat an eisem Land säit Joerzéngte geschitt.
    Zréck zum Problem vum Logement. Wat ass deen also genau ? Ass de Präis de Problem ? Nee. De Präis ass den Thermometer, deen eppes uweist. Wat ass dann de Problem? Wier deen net d’Politik vum Logement selwer, déi vu Staat a Gemengen säit laangem bedriwwe gëtt ?

    4 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners