RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Apropos, 13/11/2017 12:50
    Sech Zäit huelen, säi Géigeniwwer besser ze verstoe respektiv Empathie si wichteg Komponente fir falsch Impressiounen a Meenungen ze verhënneren. Ënnert anerem an der Thematik iwwer d’Flüchtlinge wär dat och hëllefräich. Sandra Mélan
    0 min
  • Carte Blanche, Paul Rauchs, 13/11/2017
    Ennert deene sellege Geburtsdeeg déi mer a leschter Zeit gefeiert hun, ass een an de Medien e bësse vergiess gin, naemlech den 30. Geburtsdag vun der asbl "Liewen dobaussen". Et ass dëst eng Associatioun déi geeschteskrank Patiente begleet wann se aus dem Spidol entlooss gin. Sie bedreiwt ënner aanerem therapeutesch Atelier'en a betreit Wunnen, Strukturen also déi tëschent dem Spidol an dem doheem fonktionnéieren. 2 Joer virum Berliner Mauerfall huet "Liwen dobaussen" gehollef de Mauerfall vun der Ettelbrécker Maison de Santé ze begleeden. Sie huet de Kranken déi aus dem psychiatreschen Asyl koumen en neien Asyl gin, an huet domat dem Wourt Asyl séin ursprünglechen, nobele Sënn erëmgin. De psychiatresch Kranken gëtt nët fir neischt vun de Fransousen en Aliéné genannt, also e Friemen, en Aaneren, e Refugié, virwaat nët.  Well hien ass tatsaechlech, wann och nëmmen a sénge Krisen, e Refugié vun der Vernonft.  An e Refugié, siew et e politeschen ouder e medezineschen, steet leider Gottes nach ëmmer vill ze vill viru Maueren, Maueren déi an hire Kepp sin, Maueren déi an onse Kaepp sin, Maueren déi, trotz Schengen, nach ëmmer ofgrenzen an ausgrenzen. D'Valeuren vun enger Gesellschaft definéieren sech an dem Asyl dén sie dene Friemen an dene Schwaache gewährt. Den Trump probéiert eng Mauer ze bauen, "Liewen dobaussen" huet et ereecht dëss Maueren zu engem groussen Deel ofzerappen.

    A "Liewen dobaussen" krit Hëllef dobei vun enger aanerer, nach vill méi jonker Asbl, déi sech "Psychart" nennt. Virun e puer Joer hun sech naemlech eng Partie Kranker a Betraffener mat Professionellen aus der Psychiatrie zesummegedoen fir durch d'Konscht eng sëllech Virurteeler géint déi Patienten ofzebauen. Sie organiséiert e Mëttwoch hire scho 6. Symposium iwer Konscht a Psychiatrie. Sie erlaabt et onbekannte kranke Koentschler hir Wierker mat dene vun unerkannte anscheinend nëtt kranke Koenschtler ze konfrontéieren. An der Konscht naemlech hun d'Mauere tëschent normal a krank nie bestaan, mir denken nëmmen u Musiker wéi de Robert Schumann ouder un den Art brut. Dir sid alleguer invitéiert e Mëttwoch an den Trifolion wou ët dëss Kéier em Cinema a Psychiatrie geet.





    0 min
  • Carte Blanche - Richard Graf, 10/11/2017
    Wéi ech virun bal dräi Joer ob dëser Plaz eng Lanz fir de Mediepluralismus zu Lëtzebuerg gebrach hunn, waren net wéineg Kommentaren déi mer virgeworf hunn ech géif mech op eng korporatistesch Aart a Weis fir mäin Beruffsstand asetzen.
    Ech wëll dat haut dann nach eng Kéier maachen, allerdéngs net ouni virausschécken, datt en ekonomesch tragfähegen professionellen Journalismus e besonnescht wichtegt Standbeen vun dem Pluralismus ass, awer natierlech net dat eenzegt.
    Deemools ass drëm gaangen, datt déi säit den 1970er Joeren zu lëtzebuergesch praktizéiert Hëllef fir déi geschriwwe Press sollt ëm 20 Prozent amputéiert ginn, fir domadder sougenannten „online“- Medien ze förderen.
    D'Rechnung war schnell gemaach, well di Kierzung ganz ënnerschiddlech Effekter gehat hätt op di subventionéiert Publikatiounen: Paradoxerweis wären grad di kléng Titelen, déi zesummen mol net e Sechstel vun där Hëllef astiechen, virun Situatioun gestallt ginn, de Buttek missen zou ze maachen, well se dann d'Konditiounen fir iwwerhaapt di Hëllef ze kréien eventuell net méi erfëllt hätten.
    Et sief drun erënnert dat niewent der wëchentlecher oder deeglecher  Parutioun eng Konditioun vun där Hëllef virschreift, datt esou eng Zeitung  mindestens fënnef haaptamtlech Journalisten oder Journalistinnen muss beschäftegen.
    Zum Gléck ass de Groschen bei den Verantwortlechen schnell gefall, an d'Hëllef fir d'online-Medien gouf am Kader vun engem „mécanisme transitoire“ esou opgestallt, datt si zousätzlech ausgeschott gëtt – also net op Käschten vun de gedréckten Medien.
    Ausserdeem ass et elo och méiglech fir bestehend Printmedien eng zousätzlech Online-Präsenz auszebauen, virausgesat si bitt tatsächlech en zousätzlechen Contenu an si beschäftegt mindestens zwee Journalistinnen oder Journalisten à part.
    Esou einfach wéi um Pobeier schéngt dat neit Verfaren allerdéngs nach net ze sinn, well di éischt Demanden goufen eréischt an den leschten Deeg gutt geheescht, obwuel d'Reglement schonn am Januar geholl gouf.
    Verpasst gouf awer och d'Chance di Neierung mat enger Reform vun der existéierender Pressehëllef ze verknäppen, déi jo bekanntlech den Uspréch vum Ufank net méi onbedéngt gerecht gëtt.
    Et sief dann: de neie provisoresche Regime huet jo zu enger Rei Initiativen gefouert, déi an deene nächsten Méint weise mussen, op sech d'Situatioun am Medieberaïch dann elo wiesentlech verbessert.
    Wichteg wier et allerdéngs, datt et zu méi Kooperatiounen kennt, och tëschent de verschiddene Medieformen. Et kann een d'Weltgeschicht eben net nëmmen per Twitter erklären, och wann Zeechenzuel elo op e Schlag verduebelt ginn ass.
    Et ass kloer, datt et fir Lëtzebuerg - wahrscheinlech nach méi ewéi a gréisseren Länner - alles anescht wéi evident ass, wéi en professionellen Journalismus an Zukunft iwwerhaapt nach bedriwwe gi kann.
    Et ass och schuet, datt dës Diskussioun iwwert d'Konditioune, wéi zu Lëtzebuerg d'Medielandschaft soll nei opgestallt ginn, just mat eenzelnen Editeuren beschwat gëtt, an net mat de betraffenen, nämlech de Journalistinnen a Journalisten.
    Ëmmerhin dierft Reunifikatioun vun den bis elo dräi Journaliste Gewerkschaften zu enger eenzeger et erlaben, datt an Zukunft di gemeinsam Interessen méi effikass vertruede ginn.
    Konkurrenzdenken tëschent Medienhäiser - grousser wéi klenger - huet et bis elo der Politik iwwerlooss dësen Terrain ze gestalten - an déi war do leider net all ze gutt beroden.
    0 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 08/11/2017
    Etat des lieux du marché immobilier au Luxembourg

    Laut enger rezenter Etude vu PwC iwwer den Immobiliemaart an Europa, ass Lëtzebuerg an den Top 10 von de populärsten europäesche Stied bei Immobilieninvestisseuren...

    Jo, des Etude vu PwC, « Emerging Trends in Real Estate Europe 2018 », weist, dass den Immobiliemaart zu Lëtzebuerg sech gutt mécht. Iwwert déi lescht zwielef Méint as eng Milliard Euro an Immobilien zu Lëtzebuerg investéiert gin. Dës gutt Gesondheet erklärt sech doduerch, dat eis Land fir de Finanzsekteur stabil an attraktiv ass, besonnesch fir d'Industrie vun den Investitiounsfongen. Lëtzebuerg entwéckelt an diversifizéiert seng Wirtschaft och mat groussen Investitiounen op industrielle Sitten, Datacenteren an an der Logistik.

    Huet de Brexit Konsequenzen op den Immobiliensecteur am Land ?

    Jo, effektiv. Zanter der Ofstëmmung iwwer d'Sortie vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun am Juni 2016, weist de Bausecteur e staarke Wuesstem. Lëtzebuerg as eng attraktiv Alternativ fir London an et as kloer, dass de Brexit d'Immobilienindustrie zu Lëtzebuerg nach weider positiv ënnerstëtzt. Et wär iwwerhaapt interessant dës Entwëcklung an den nächste Méint an esouguer Joeren ze analyséiren.

    Dës Attraktivitéit vum Immobilienmaart kann awer och negativ Konsequenzen op eist Land hun, wéi zum Beispill de Mangel un Infrastrukturen, wéi Wunnengen, Schoulen a Butteker, fir mat dëser Entwécklung mat ze halen. D'Etude wéist och dass d'Präisser vu Bürogebaier zu Lëtzebuerg héich bleiwen. De Loyer fir e Büro an engem neie Gebai an enger "prime location" ass am Duerchschnëtt 600 Euro pro Metercarré pro Joer iwwerdeems de Loyer fir e Büro an engem ale Gebai am Duerchschnëtt tëscht 300 an 324 Euro pro Metercarré pro Joer ass. Trotz allem ass Lëtzebuerg - mat oder ouni Brexit - attraktiv fir vill Investisseuren, déi eist Land als eng reell Dier fir Europa betruechten.
    0 min
  • Carte Blanche, Magalie Paulus, 08/11/2017
    Et wier logesch dass ech elo géing iwwert Paradise Papers schwätzen, well Steiergerechtegkeet en Thema ass dat mer ganz um Häerz leit, mee gëschter sinn ech nach eppes gewuer gi wat mech genau esou schockéiert huet wei déi nei Revelatiounen iwwert déi immens Maschinerië vu Firmen a Leit mat substantiellem Kapitalakommes fir esou mann ewéi méiglech Steier ze bezuelen. Wat stécht eigentlech dohannert ? Firwat den Drang zu ëmmer mei Profit, ëmmer mei Kapital, ëmmer manner Steieren ? Wei wann Steiere bezuelen eppes schlechtes wier. Wei wann d'Steieren net eise Gesondheetssystem, Educatiounssystem, Infrastrukturen an esou vill méi géinge finanzéieren.

    Nee dat wat mech mei mathëlt dass dat wat grad am Guatemala geschitt. Ech schaffen do mat enger ganz militanter Bauerenorganisatioun, dem Comité de Unidad Campesina, dem CUC, den d'Rechter vun de Klengbaueren, den Aarbechter, de Fraen an den indigene Populatioune vertrëtt a probéiert ze schützen. An dem Projet den mir mat hinnen hunn schaffe mer a 4 Communautéite fir hier souveraineté alimentaire ze stäerken duerch d'Agroecologie an hier Biergerbedeelegung duerch d'Stäerkung vun hire Rechter.

    Eng vun de Communautéiten, wou ech virun annerhallwem Joer war, 25 Famillen, ass den 1. November, och en Feierdag am Guatemala, vun der Police an der Securitéit vun enger Groussgrondbesetzerfamill aus hirem Duerf verdriwwe ginn, well sinn zanter Joren am Klinsch mat der Famill si fir endlech Recht op déi Lännereien ze kréien op deenen sinn zanter bal 50 Joer liewen an déi si fir hire Besoin kultivéieren. Mir schwätzen hei vun enger ganz reculéierter Géigend an de Bierger. Et muss en och mentionnéieren dass et Maya Q'eqchi sinn an dass d'indigene Populatiounen zanter der Kolonialisatioun iwwert de Biergerkrich am Guatemala ëmmer vun den dirigeierenden Eliten diskriminéiert gi sinn. Déi Famille waren ursprénglech schlecht bezuelte Landaarbechter vun der Groussgrondbesetzerfamill. Si waren am Gespréich mat den Autoritéite fir hier ancestralt Recht op déi Lännereien unerkannt ze kréien. Lo sinn an engem Dag hier Haiser zerstéiert ginn, hier Felder, hier Liewensgrondlag… An dat matzen an der Reenzait…

    Lo stellt sech natierlech d'Fro firwat ? Wat huet d'Groussgrondbesetzerfamill mat den Terraine wëlles ? Et ass matzen an de Bierger, dh net gëeegent fir Monokulture wei Palmenueleg oder Zocker, duerch déi vill aner Klengbaueren hier Felder am Guatemala an  iwwerall op der Welt verléieren. Vläicht ass och soss eng Ressource fonnt ginn déi en um Weltmaart verkafe kann.

    En vun de Leadere vun der Communautéiten den 62 järegen Rosendo Chen setzt zanter Enn August am Prisong, wei vill indigene Leaderen a Mënscherechtler am Guatemala. Mee egal wei ongerecht Situatioune sinn, dat wat wichteg ass dass d'Populatiounen an hirer Rechter gestäerkt ginn, dass se d'Moyen hunn fir sech ze verteidegen, fir Gerechtegkeet ze fuerderen. An da geet et weider, wei en esou schéi seet : la lucha sigue...

    0 min
  • Apropos: Sonndes owes, 07/11/2017 12:50
    De Méindeg Moien ass net déi schéinsten Zäit vun der Woch, gutt wann ee sech da sonndes owes scho gutt preparéiert huet. Mä och de Sonndeg Owend huet esou seng falen, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
    0 min
  • Carte Blanche, Marc Müller, 06/11/2017
    Zenter dem Adam Smith, dem sougenannten Urpapp vun der Economie, sin Arbecht, Kapital a Natur d’Basis vum Produktiounsprozess an der Wirtschaft. Ennert Arbecht get zB all Qualifikatioun a wirtschaftlech Aktivitéit vum Mensch verstanen, zum Kapital gehéieren zB Maschinen genausou wéi d’Finanzkapital an d’Natur emfaasst zB Rohstoffer, Energie an Terrainen.
    D’Schafen vun enger “valeur ajoutée” am Laf vum Produktiounsprozess, erlabt et dann iwert de Verkafspreis déi drei Produktiounsfacteuren ze rémunéréieren. An hei stellt sech, net zulescht am Kontext vun der sozialer Verantwortung vun de Betriiber, d’Fro vun der gerechter oder ethescher Verdeelung vum geschaaffenen Mehrwert op eben des drei “facteurs de production”: Arbecht, Kapital a Natur. Entscheedend dofir as d’Kräfteverhältnis vun den Acteuren an der Wirtschaft, mee wat heescht dat konkret an eiser globaliséierter an emmer méi robotiséierter Welt?
    Fir d’Rechter vun den Arbechter setzen sech a gréisseren Betriiber an op nationaler Ebene d’Gewerkschaften an. Sie versichen d’Arbechtskonditiounen vun den Beschäftegten ze verbesseren a gerecht Paien auszehandelen. Wat d’Gewerkschaften méi Memberen hun, wat hir Verhandlungspostioun méi stark as. D’Robotisatioun an d’Verlagerung vun der Produktioun a Länner mat de niddregsten Produktiounskeschten (zB durch niddreg Léin a gerenge Gesondheetsschutz), d’gleichzeitegt Fehlen vun global agéierenden Gewerkschaften an ze niddreg Memberzuelen schwächen awer weltweit d’Verhandlungspositioun vun den Gewerkschaften vis-à-vis vun de Betriiber an hiren Propriétairen, also dem Kapital.   
    E schlecht rémunéréierten Poduktiounsfacteur as d’Natur. Sie gett praktesch “bradéiert”, obwuel déi zur Produktioun noutwendeg Rohstoffer net onbegrenzt verfügbar sin an d’wirtschaftlech Aktivitéit den gefeierlechen Klimawandel beschleunegt. Zum Erhalen, resp. zur Ernéierung vun der Natur misst duerfir vill méi e groussen Undeel vum geschaafenen Reichtum aus dem Produktiounsprozess och der Natur zugud kommen. Weltweit Akzenter setzen kann hei, wéi 2015 zu Pareis op der Weltklimakonferenz “COP21”, nemmen d’Politik. D’Politik awer get stark durch d’Lobbyisten vum drëtten Produktiounsfacteur, dem Kapital, beaflosst.
    D’Kapital as dann och den mobilsten, stärksten an duerfir aktuell erfollegreichsten Produktiounsfacteur an enger Wirtschaftswelt, wou d’geografesch Grenzen sech opléisen an d’Propriétairen vum Kapital d’Produktioun oekonomesch-rational a radikal an déi Länner verlageren, wou d’Steieren am niddregsten an Arbecht a Natur am gënschtegsten sin. Déi ausgeléisten Compétitioun tescht de Länner spillt dann och besonneg den groussen Multinationalen an dem Finanzkapital an d’Hänn.
    Fir d’cohésion sociale an eisen Gesellschaften, fir d’Solidaritéit tescht de Kontintenten a fir de Respekt vu Mensch a Natur, wier et do awer net wichteg a richteg d’Friichten vum Produktiounsprozess zeitgerecht, ethesch a nohalteg ze verdeelen? Zum Beispill durch d’Verdeierung vun den Rohstoffer à la source, fir datt Entwecklungslänner sech och wirklech entweckelen kéinten, durch méi héich a weltweit identesch Emweltschutzoplagen a Besteierungen vum Kapital oder och nach durch d’Bedeelegung vun alle salariés um Erfolleg vun den Betriiber?

    0 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners