RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche: Paul Hammelmann, 23/10/2017
    D’Welt ass net schwaarz-wäiss esou wéi se oft – ze oft – duergestallt gëtt.
    Karikaturéierung vun de Problemer awer fänkt un inquiétant Dimensiounen unzehuelen, wann och déi Leit déi nogelauschtert kréien an eng Virbildfunktioun missten hunn, sech dem Wortschatz aus engem Jerry Cotton Roman bedengen, an an den primitiivsten Populismus verfalen, méi wéi sécher well se, wéi eisen Texasnuckes, um intellektuellem Limitt seegelen.
    Mee den Donald Trump huet Recht wann hien vum nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-Un schwätzt.
    Dee klenge Rakéitenmann muss e Kapp méi kuerz gemaach ginn an ganz Nordkorea gehéiert flächendeckend bombardéiert!
    Déi Drecksäck!
    Kuckt emol wat sie am Irak verbrach hunn oder am Hindukush.
    Kuckt emol wéi sie ganz Landstreecher fir Joerzéngten mat Entlaubungsmëttelen onfruchtbar gemaach hunn an d’Awunner vergëft hunn, am Vietnam!
    Déi nordkoreanesch Drecksäck!
    … Ah nee, dat waren jo d’Amerikaner!
    Kuckt emol wéi si d’hallef Welt ausspionéiert hunn, inklusiv den Telefon vun der Frau Merkel.
    Kuckt emol wat sie hirem eegene Vollek undinn, illegal Gefaangenelager ënnerhalen, Folter applizéieren, déi schwaarz Bevölkerung kujenéieren, déi nordkoreanesch Drecksäck!
    … Ah nee, dat sinn jo d’Amerikaner! Schued datt et net Koreaner sinn.
    Mee dann kuckt awer emol wéi déi Nordkoreaner de culot hunn, nom Papp säin eegene Fils President ze maachen. Dat ass dach net demokratesch; dat ass dach ondenkbar an Amerika.
    Déi nordkoreanesch Drecksäck!
    Kuckt emol wéi se am Mëttelmier Dausenden vun Flüchtlingen ersaufen loossen, déi dreckesch Nordkoreaner!
    Ah sou, dat sinn jo mir Europäer!
    Schued datt et net Nordkoreaner sinn, déi hätten en ideaalt Feindbild ofginn.
    Dann kuckt emol d’Russen, déi Drecksäck, mat deem Macho vun Putin!
    Stellt iech vir: 40 % vun de Russen halen d’Homosexualitéit fir eng ustiechend Krankheet! 40 % !!
    Am Vatikan sinn et 100 %


    3 min
  • Carte Blanche - Fernand Fehlen, 20/10/2017
    Wéi 1999 d‘Wahlrecht fir d‘EU-Auslänner um Gemengenniveau agefouert ginn ass, huet munch een doranner eng Bedrohung fir d‘Nationalsouveränitéit a virun allem fir d’Lëtzebuerger Sprooch gesinn. Fir dës Ängschten ze berouegen, ass esou guer en extra Artikel iwwer de Sproochgebrauch an d’Gesetz ageschriwwe ginn. „La langue usuelle parlée au conseil communal est le luxembourgeois.“ Et däerft een zwar och däitsch a franséisch schwätzen, mä et däerft ee weder eng Verdolmetschung vun den Diskussiounen nach eng Iwwersetzung vun den Dokumenter verlaangen. …. Also eigentlech och keng Iwwersetzung vu franséischen Dokumenter op Däitsch oder Lëtzebuergesch. Mä dat ass eng aner Geschicht.
     
    Een Abléck huet et an de Medie geheescht, de José Vaz do Rio géif den éischte portugisesche Buergermeeschter ginn. A jonke Joren war en agewandert an huet als Aarbechter bei de Goodyear geschafft. Elo ass e pensionéiert a President vun der FC Jeunesse Gilsdorf an engem weidere portugisesche Foussballsclub. Vläicht manner typesch fir déi Migrantengeneratioun: Hien huet Lëtzebuergesch geléiert an d’Duebelnationalitéit. Esou datt den éischte portugisesche Buergermeeschter och Lëtzebuerger gewiescht wär. Mä dozou ass et net komm. Hin huet verzicht, och well e mengt net perfekt genuch Lëtzebuergesch ze schwätzen an et net richteg schreiwen ze kënnen. Hien ass mam éischte Schäffeposten zefridden an huet enger Affekotin de Virtrëtt iwwerlooss, déi parteipolitesch Erfarung huet a sécher besser mat de franséische Paperassen zu Wee kënnt.
    Ier mer iwwer seng real Sproochkompetenze spekuléieren, sief un e puer Zuelen erënnert. No enger Etüd vum CEFIS waren 1999 6% vun de Kandidaten Aarbechter, 2005 waren et der 4% an 2011 nëmme méi 3%. Vun hinnen ass nëmmen een Drëttel gewielt ginn. Bei de Chamberwale vun 2013 waren, no enger Etüd vun der Uni, vun deene 560 Kandidaten 3 Aarbechter, dat mécht en hallwe Prozent.
    D’politesch Participatioun setzt Ressource viraus, déi kengeswees gläich verdeelt sinn: Zäit, Suen, Bildung an, net ze vergiessen, dat richtegt Geschlecht – well d’Frae sinn nach ëmmer net nëmmen an der Politik op allen Niveauen systematesch benodeelegt
    Domat well ech kengeswees soen, datt Nationalitéit a Sproochkompetenze keng Roll spillen, mä ech well just dofir warnen sozial Froen ënnert den Dësch ze kieren an deem een se op hire sproochlechen Aspekt reduzéiert.

    0 min
  • Carte Blanche, Paul Kremer, 18/10/2017


    Katalonien
    De Filosof war fir d’éischt a Katalonien, wou Plakaten do houngen mat: “25 Joer Fridden”een Zynismus vum Franco mat senger Troddel um Schëfchen? – Hien huet Spuenien den 2. Weltkrich erspuert. Frot de Führer zu Hendaye!
    Barcelona war en Duerf. Semana santa. Zaldoten am Helm si gebremst lanscht gezunn, d’Maschine-Gewiehr op de Pavé geriicht. Makaber wéi soss nuren an Andalusien.
    Dir koumt owes net eleng an den Hotel eran. Dir hutt misse klappen. Da koum de Nuets-Wéichter mat sengem risege Räif Schlësselen. 14. Joerhonnert?
    Sagrada Familia. Grotesk. Wie baut schonn am XX. Joerhonnert eng pseudo-gotesch Kathedral? – De Filosof huet : “Nee” gesot. Verstitt! Hien hat de Courage am “templo expiatorio” e Meescherwierk ze gesinn. D’Zäit sollt em Recht ginn.
    “Catala a l’escola” stong e puer Joer méi spéid op Lantere gespréit. Am Musée fir catalanesch Musek hutt dir e Virtrag op catalanesch héieren a verstan. De Jordi Savall huet ugefang aus ale Pergamenten Musek ze maan. Hien huet mäin Alter. –
    Spuenien ass e grousst Land. Spuenien ass e Land mat Zukunft – och mam Rajoy, och wann hien, wéi all Galicier, virgehale kritt, wann der hien an der Trap begéint, ni géif weisen, op en lo rop oder rof wéilt.
    “Matamoros” war joerhonnertelaang e Luev. – Déi verréckste Kënschtler koumen vun do: de Joan Miro; de Picasso – hunn zu Barcelona gewierkt.
    Nobel Dammen hunn e Numm, laang wéi hir Ceinture a si blond wéi e Schwarzwald-Mädel.
    Mir halen zou ën, an halen hinnen zou. Op enger Bänk huet een Zäit fir dat richteg ze fannen.
    Lëtzebuerg trëtt net aus dem Benelux aus. De Vargas Llosa hat Recht: waart emol!

    2 min
  • Carte Blanche: Jean-Louis Schlesser, 16/10/2017
    Eng grouss Fro steet am politesche Raum, an dat net eréischt zënter deene vir si katastrophalen Gemengewahlen zu Lëtzebuerg. Wat ass da nëmmen mat de Sozialiste lass? Mir brauchen d’verluere Wahlen net méi opzelëschten. A ganz Europa zielen d’Komerodinnen an d’Komeroden während de Wahlnuechten verluere Prozenter a verluere Sëtzer an de Volléksvertriedungen - a versiche gutt Min zum béise Spill ze maachen wann se e Mikro ënnert d’Nues gehale kréien. Et ass wi beim Klimawiessel: d’Eropgoen vun den Temperaturen provozéiert wahrscheinlech net esou direkt d’Wiederkatastrophen, mee wierkt wi eng Verstäerkung - a mécht aus starkem Wand en Tornado. Bei de Genossen ass d’Gonscht vun der Stonn net vir si, a punktuell Ëmstänn maachen aus engem Trend eng Katastroph. A Frankräich hat eng net fir de Präsidenten-Job equipéiert Persoun der sozialistescher Partei de Rescht ginn an engem cholereschen, gëftege Lénkspopulist de Wee fräi gemaach sech fir, naja, lenk Wäerter an Iddien staark ze maachen.

    Ass Esch d’Resultat vun engem ongléckleche Casting oder sinn aner Momenter am Spill? Kann eng mat Leif a Séil lénk engagéiert, ouni de gréngsten Zweiwel éierbar Persoun iwwerhaapt e Castingsirtum an enger Stad wi Esch fir eng Partei wi d’LSAP sinn ? A mat de konservative Kandidaten hu mer jo och net grad  Charismatiker virun eis! Ech mengen et gëtt, hei wi anerwäerts, eng Grondstréimung, géint déi et schwéier ukommen ass - och wann ee vill  Spacemining mécht.

    Mir als Lëtzebuerger hun eng heemlech Libesgeschicht mat der CSV - wann een net grad dat ass wat e fréier e Pafefrësser genannt huet. Och wa mir hei an do mat enger Anerer, engem Aneren an d‘Bett ginn, lande mir erëm séier a reimiddeg bei der Legitimmer.

    Esou ass dat an eisem klenge Land, mee firwat ass et an de groussen Natiounen ähnlech? Firwat geet e Ruck no riets duerch d’Vollek? De Sozialismus, wann et net grad dee vum Jean-Luc Mélanchon ass, huet vu Gebuert un eng international Ausriichtung. Wann ee wëllt datt et anescht a besser gëtt, da muss een d’Welt verbesseren. Da geet et net duer eleng a sengem Eck ze sëtzen, d’Käschten aus dem Feier ze huelen…, an se all selwer z‘iessen. D’Iddi datt dat net richteg wär mécht ville Bierger Angscht. Si géife wierklech gär d‘Käschten eleng iessen.

    Reformistesch Sozialisten a liberal Globaliséirer sinn a leschter Zäit riets… Kosenge ginn. Dat gelt speziell fir Lëtzebuerg wou mir, materiell gesinn – a matt der Hëllef vu globaliséirenden Sozialisten - zu de grousse Gewënner vun den offene Grenzen gehéieren an, jo richteg!, zimlech vill Käschte z‘iesse kruten. Oder net? d‘Zyniker soen allerdengs, all Vollek hätt eben d’Recht ondankbar ze sin.  

    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 11/10/2017
    Space mining
    D’ Lëtzebuerger Regierung huet viru kuerzem ee Gesetz gestëmmt, dat erlaabt Weltall-Ressourcen ze exploitéieren. Wat bedeit dëst wierklech?

    Dëst Gesetz ass dëse Summer gestëmmt ginn. Et erlaabt Betriber déi zu Lëtzebuerg täteg si Ressourcen aus dem Weltall - wéi Metaller, Waasser oder Kuelenwaasserstoffer - ofzebauen a legale Proprietär vun dëse Ressourcen op der Äert ze ginn.
    Dat ka ganz lukrativ sinn, well Experte ginn dovun aus, dat beispillsweis en Asteroid vun engem Duerchmiesser vun 1 Kilometer ongeféier 2 Milliarden Tonne Mineralien enthält – dëst am Verglach vun enger aktueller Stolproduktioun op der Äert vun ongeféier 3 Milliarden Tonnen am Joer.
    Lëtzebuerg ass dat éischt Europäescht Land an dat zweet Land weltwäit no den USA wat esou ee legale Kader op d’ Been gestallt huet.
     
    Firwat ass d’ Eruewerung vum Weltall eng Prioritéit fir Lëtzebuerg ginn?

    Den Interêt dee Lëtzebuerg um Weltall huet ass näischt Neies. D’ Eruewerung vum Weltall huet virun 30 Joer mat der SES ugefaangen, wou Lëtzebuerg dëse Private Satellitten-Bedreiwer ënnerstëtzt huet.
    Et as jo och kee Geheimnis, dat Lëtzebuerg seng Wirtschaft wëllt diversifiéieren. Och wann de Finanz Secteur zu Lëtzebuerg weltwäit unerkannt ass, ginn aner Beräicher wéi zum Beispill d‘Logistik oder d‘Recherche weider ausgebaut.
    An hei passt Space Mining gutt an de Kontext. Et gouf och schon ee Space Cluster entwéckelt deen aus 20 Gesellschafte besteet.
    Weider International Betriber aus dem Weltall Secteur hunn sech viru kuerzem zu Lëtzebuerg niddergelooss (wéi Ispace, eng Japanesch Gesellschaft, Planetary Resources, eng Amerikanesch Gesellschaft, a méi rezent och Gomspace, eng Dänesch Gesellschaft). De Staat huet selwer an héicht vu 25 Milliounen Euro a Planetary Resources investéiert. Den Interêt fir Gesellschaften aus dësem Secteur opzehuele wäert ouni Zweiwel néi Aarbechts Platzen erschafen an héich qualifizéiert Personal unzéien.

    2 min
  • Carte Blanche, Roland Pinnel, 09/10/2017

    Erlaabt, dass ech mech virstellen: Mäin Numm ass    …..  euuh, entschëllegt, ech hunn nach keen. Mä Dir kennt mech trotzdem bestëmmt alleguer.

    Ech sinn nämlech deen neien Tuerm op der «Cloche d’Or» an ech wäert  elo geschwënn ageweiht ginn. Da wäerten der bestëmmt ganz vill happy sinn.

    Ech si mer nach net richteg eens, ob ech dann elo e Waassertuerm oder e Liichttuerm sinn. Eent ass awer sécher: ech fannen, dass ech ganz gutt gerode sinn an ech wäert bestëmmt vill Opmierksamkeet op mech zéien.

    Et gëtt gesot, ech wär esou eppes wéi eng « landmark » an der Landschaft. Oh jo, ech si richteg houfreg, eng onverkennbar Maark vun dësem neie Quartier ze sinn.

    Ech ka mech eigentlech nëmmen driwwer wonneren, dass se mech iwwerhaapt als Tuerm, dee Waasser  späichere soll, gebaut hunn. Ech hu mer nämlech vun Expertë soe gelooss,   dass d’Waasserverdeelung haut op eng ganz aner Aart a Weis organiséiert gëtt. Esou eppes géif neierdéngs iwwer Buedemreservoire geschéien; wat iwwregens vill méi effikass an och souguer am Endeffekt méi bëlleg wär.

    An dann hu se mer och nach eng ganz speziell Haut ugedoen. Mat dësem Kleed wäert ech nuets an alle méigleche  Faarwe strahlen. Dat wäert d’Leit sécher déif impressionnéieren. Ech froe mech allerdéngs, ob dat nach kompatibel ass mat dem «Leitfaden für besseres Licht», deen den Nohaltegkeetsministär am Gaang ass auszeschaffen.

    D’accord, dee Mäntelchen, deen se mer ugehaangen hunn, besteet aus LED-Luuchten. Mä ech sinn der Meenung, dass dat och nach net dozou bäidroe wäert, fir d’Liichtverschmotzung  ze verbesseren. An dobäi weess ech allze gutt, dass mer eis hei zu Lëtzebuerg a puncto « lightpollution »  net ze bretze brauchen. Ech hunn nämlech an enger rezenter Étude geliess, dass elo schonn 20 % vun eise Gemengen eis Ëmwelt mat enger Liichtintensitéit belaaschten, déi wäit iwwert der Moyenne vun dem Zoulässege läit.

    Dir verstitt, dass et mir als Liichttuerm awer selbstverständlech aliicht, dass mer vläicht genee op där Plaz, wou se mech higebaut hunn, eng zousätzlech Liichtquell brauchen. An zwar fir bessert Liicht an den Urbaniséierungsplang vum « Ban de Gasperich » eranzebréngen. Well ech muss soen, ech hunn es elo scho sat, mer wiertes missen dee Verkéierschaos, deen et do gëtt, unzekucken. A wat hunn ech do dëslescht verlauschtert ? Do géif e Päerd ronderëm lafen, dat vun hannen opgezaimt gi wär. Um Gasperecher Bann wär amenagementsméisseg nämlech sou muenches schif gaangen. Obschonn 13 Joer doru gebastelt ginn ass !? T’ass bal net ze gleewen, do sinn tatsächlech  fir d’éischt d’Haiser gebaut ginn an duerno eréischt d’Stroossen!

    A wie soll dann do beim Stadentwécklungsplang– fir a mengem Jargon ze schwätzen – eventuell kee Liicht vu Gott gehat hunn ?!?

     



    3 min
  • Carte Blanche Marc Hostert, 06/10/2017
    Leschten Ëmfroen no wëllen ëmmer méi Bierger e sougenannten “Konstruktiven Journalismus” hunn en Journalismus den och positiv Noriichten verbreet. D ‘Realitéit ass awer eng ganz aner. Bei “ Focus online” zum Beispill sinn déi mëscht geliesten Artikelen déi mat enger negativer Noriicht iwwer Krich, Mord an ökonomesch Problemer. Sport an Live-Styl  kommen weit ofgeschloen am Mëttelfeld fir.
    Firwat ass dat esou? Brauchen mir Konsumenten negativ Noriichten ze  fir dass et eis besser geet?  Et geet vill Grënn heifir: Déi wichtegst sinn dass mer grondsätzlech net un positiven Noriichten intresséiert sinn. Zweetens, zitt besonnesch ons dat Ongewéinlecht un, deemno wann en Polizist en Hond béisst, an net ëmgekéiert.  Jo, an Drëttens ganz genee eisen Kierper brauch negativ Noriichten  dat fir duerno kennen Gléck’s Hormone ze produzéieren. Wann mer vun der negativer Noriicht selwer net betraff sinn, sinn negativ Noriichten  fir eis eng Warnung. Eise Kierper gëtt eis eng Belounung  wann mer déi Warnung ugeholl hunn. Dëst ass en System den mer an eisem Gehir  zanter der Stein zéit hunn fir kennen ze iwwerliewen.
    Firwat erzielen ech dat elo ? Well ech well dass ech nogelauschtert kréien wann ech elo e puer positiv Noriichten  iwwer eis Zivilisatioun eis Entwécklung an den Progrès un eiser Gesellschaft matdeelen.

    -    Am Joer 1820 hunn 1% vun der Weltbevëlkerung an enger Demokratie gelieft. Haut liewen 56% vun der eis an engem demokrateschen System.
    -    1820 konnten 12 % vun den Leit liesen. Haut leit dësen Taux bei 85%.
    -    D ‘Liewenserwaardung ass weltwäit zanter 190 vun  31 Joer, op Haut 71 Joer geklomm.
    -    Den IQ vun der Duerchschnëttsbierger ass tëschent 1909 an 2013 em 30 Punkten geklommen.
    -    D ‘Wëssen an der Medezin huet  sech tëschent 1950 an 1980  deemno an 30 Joer verduebelt. Haut verduebelt sech Wëssen an der Medezin all 3,5 Joer.
    -    Och mir Männer entwéckelen eis weider. Huet den Mann am Duerchschnëtt, am Joer 1900, 4 Stonnen am Stot pro Woch matgehollef sinn  et  haut 16 Stonnen.

    Dëst sinn just en puer Indicateuren déi eng positiv Entwécklung vun eiser Gesellschaft dokumentéieren. Et gëtt sécherlech nach villes ze verbesseren mäi et  ass och emol der wäert positiv Noriichten an den Vierdergrond ze setzen iwwert eis laangfristeg Entwécklung. Fir déi vun eis déi hir alldeeglech Ratioun vun negativen Noriichten brauchen, fir déi ass sécherlech elo an puer Minutten, eppes bei den 8 Auer Noriichten derbäi!

    3 min
  • Carte Blanche, Astrid Lulling, 04/10/2017
    Vun alle Säite vun der Politik héiere mer scho laang, dass  se fir eng “simplification administrative” sinn, déi sécherstellt, dass Decisioune méi séier geholl ginn an d'Bierger  sech dofir net laang a wäit deplacéiere mussen.
    Ech wëll haut un zwee Beispiller weisen, wou mer mat der ‘simplification administrative’ bei eisem Staat dru sinn.
    1.    Beispill. Eng Portugisin,déi säit 8 Joer hei schafft, ass vu Rodange a Frankräich geplënnert, wou se, ouni Ufangskapital, fir en eegent Haus pro Mount bal 300 Euro manner bezilt wéi hire Loyer fir e méi klengen Appartement hei bei eis. A si ass lo och nach vill méi no bei hirer Aarbecht zu Lëtzebuerg. Hiert Kand, wat vun 9 bis 14 Joer bei der Bomi a Portugal war, well et hei an der Primärschoul iwwerfuerdert  war, ass am Februar bei si zréckkomm. Bis Februar krut d'Bomi a Portugal d'Kannergeld. Bis Enn September war d'Mamm mat der Bürokratie hei geplot, bis se hir Certificatë fir d'Kannergeld unerkannt krut. Där elengerzéiender Mamm mam Mindestloun feele säit Mäerz ëm 400 Euro de Mount well se och nach an d’Steiergrupp 1 versat gouf an de Patron hir 72 Euro Steiere pro Mount ofhale muss. Well se fir hiert Haus pro Mount bezuele muss, gung  et déi lescht Méint vir an hannen net méi duer. Hire Patron huet hir säit Abrëll hire Loun virausbezuelt. Well d'Kand elo an d'International Schoul zu Déifferdeng goe kann, waren am halwe September Käschte fir Schoulmaterial asw. ze bezuelen.Well dat säit Mäerz geschëllte Kannergeld awer nach ëmmer net iwwerwise war, huet de Patron hir den 22. September d'Pai fir November bezuelt. Dat kann oder wëll net all Patron maachen. Dass esou  Leit verzweifelen an un der Politik zweiwele, kann ech verstoen.

    2.    Beispill. Eng Bulgarin, déi elo säit 2012 Lëtzebuergerin ass, schafft schonns zënter 1999 hei am Land a wunnt och hei. Si huet Kiné studéiert, krut awer, iert Bulgarien an de E.U.  war, hiren Diplom nëmmen als Masseuse unerkannt, wat hir deemols  duergoung. Am Juni 2016 huet se hiren Dossier mat den Zertifikate vun hirer bulgarescher Uni bei dem zoustännege Ministère agereecht, fir de Kinesdiplom unerkannt ze kréien, wat hire Patron och wollt.  Well se iwwert e Joer keng Äntwert krut , sinn ech emol intervenéiert, an hunn och versprach kritt, den Dossier ging erëm an der zostänneger Kommissioun behandelt ginn. Well am Juli 2017 nach ëmmer keng Äntwert do war, och keng negativ, huet déi Persoun un déi an esou Fäll zoustänneg europäesch Institutioun Solvit geschriwwen. De  17. August krut se e Breif vum zoustännege Ministère, si soll eng Rei vun Zertifikaten eraschécken. Wéi se dat wollt beäntweren,huet se festgestallt, datt all déi Zertifikaten, bis op een, an deem Dossier waren, deen se  am Juni 2016 eragereecht hat. Dat huet se do och per Mail geschriwwen an ugekënnegt, si ging deen, deen esou bei hirer Uni net getrennt ausgestallt gëtt, noreechen. An dräi Minuten hat se eng Äntwert. Ech hoffen, dass si elo hiren Diplom unerkannt kritt,wat fir hir berufflech Pomotioun an hir Pai wichteg ass..

    Stellt iech vir esou Sache gingen iech passéieren. Verwaltungen, déi esou, soll ech soe ‘schaffen’, solle sech e Beispill un Estland huelen. Eise Premier Bettel war jo elo do. E lauschtert bestëmmt meng Carte blanche a suergt derfir, dass et hei mat der ‘simplification administrative’ Eescht gëtt.

    4 min
  • Carte Blanche: Jean-Luc Thill, 02/10/2017
    Think globally act locally - Denk global an handel lokal – ass am Moment de Moto vun venger Aberzuel Wahplakater – och wann eng Fläch vun 2500 km2 der Iddi net wirklech gerecht gëtt.  An enger Woch ass et dann erëm eng vun villen Antwerten op d'Fro wéi mer mat der Welt am Sënn vun eisen zukünftegen Generatiounen sollen emgoën. Virun allem Elteren gesinn an dësem Motto eng Chance dat och hir Kanner nach eng liewenswert Welt als Erwuessener fir fannen.
    An genau dat schingt ëmmer méi schwéier ze ginn – allzäit wann en der OECD well gleewen. An hierem Emweltausbleck kréien d’Schüler, dei 2015 deen wuel mei bekanntnen PISA-Test matgemach hunn, en Ausbleck wéi d’Welt soll ausgesinn wann sie 50 Joër hunn a laang erwuessen sinn. Wat beim PISA-Test fir Lëtzebuerg am speziellen, gëllt an Emweltfroën fir d’Welt am allgemengen: et gesäit net gudd aus. Do geet et  mat engem rengen an oder blannen Vertauen, wéi déi national Bildungspolitik et am Moment  akloot, secher net duer. Ofwärden ass keng Option well Konsequenzen vum näischt machen sinn bedenklech.
    Der OECD no géifen 2050 all Joers ronn 3 an 1/2 Millioun Mënschen un der knaschteger Loft stierwen, emmerhinn duebel sou vill wei haut. Betraff wiren virun allem d'Awunner aus grousse Stiedt wou 2050 zwee Drëttel vun den neng Milliarden Mënschen liewen. Beim Waasser gesäit et net besser aus. Sou wiren 2050 d'halschent vun eis net genuch mat Waasser versuergt an fir Fauna a Flora géif dat heeschen dat all zengt Spezies un dësen Konsqeunzen géif austierwen.  Eis Ustrengungen an Saachen Energie schingen nohallteg net vill ze bréngen. Och wann mir heiheem – also lokal - dann vill Energie aus Wand, Waasser oder Sonn wëlle gewannen, sou schéngt dat global iwerhat näischt ze äneren: bis 2050 ginn ëmmer nach 85 Prozent vum weltwäiten Energiebedarf aus Verbrennung gewonn also mat Kuel, Ueleg a Gas – sou d'OECD.
    Sollt der elo der Iddi verfalen dat wier der Welt hiere Problem awer keen vun eisem klenge Ländchen,  oder mam Bleck op nächste Sonndeg keen vun ärer Gemeng, da sief drunn erënnert dat mer souzesöen am Zentrum vun enger rieseger zone industrielle wunnen.
    Jiddefalls wann en den Zirkel hëllt an e Krees mat engem 400km groussen Radius ronderem eis greng Insel zitt. A Grenzen kënnen vläicht Gesetzer, Steieren, PAG’en an der TVA de Bass halen, awer géint knaschteg Loft oder Waasser riichten och si net vill aus.
    Mais vläicht hunn d'Kritiker vun der OECD jo recht an hir Emwelt-Prévisounen wiren genau sou onzoutreffend respektiv zweckutiltaristesch wei vill Resultater vun hiren aneren Etuden och.
    A sollt der ieren heemlech denken „dat geet mech näischt un well ech bis dohin net méi sinn!“ da werft mol e Bleck an der OECD hiren Emweltausbleck fir 2030! – hei gesäit et nämlech net wierklech besser aus!
    Zukunft wielen hudd demno vill Gesiichter  a ginn  wäit iwert eng quinquennal Pflicht eraus. Well d’Konsequenze vum näischt machen, wéi den Emweltausblick ennertitelt ass, kënne mer eis secher nët méi leeschten.

    4 min
  • Carte Blanche - Laurent Schley, 29/09/2017


    Medien hu bekanntlech eng grouss Muecht. Am Fall vun enger neutraler Berichterstattung sinn se eng wichteg Informatiounsquell fir d’Bierger. Am Fall vu manner neutraler a méi eesäiteger Berichterstattung awer kënnen d’Leit och massiv manipuléiert ginn. Wann ee Medienorgan enger politescher Richtung nosteet, kann een dat vläicht nach iergendwéi novollzéien. Wann awer deen eenzegen Aktionär vun engem Mediengrupp eng fraefeindlech an homophob reliéis Ideologie representéiert, a permanent probéiert, iwwert eng politesch Partei Afloss op déi ganz Gesellschaft ze kréien, da fänkt et un, schwéier akzeptéierbar ze ginn.

    D’Demissioun vum Chefredakter vum Wort werft an deem Kontext Froen op. Och wann deen eenzegen Aktionär vum Wort de Bistum ass, also de facto d’Kathoulesch Kierch, an och wann an der "ligne éditoriale" vun der "doctrine sociale catholique" geschwat gëtt, sou muss een als Aussestoenden awer unerkennen, dass deen demissionäre Chefredakter et fäerdeg bruecht hat, deene kathoulesche Wellen e bëssi d’Stir ze weisen. Während senger net grad 4-järeger Amtszäit war d‘Wort méi neutral wéi jee virdrun. Net perfekt, mee ëmmerhin. Souguer déi béis Atheiste vun AHA hunn et alt mol mat engem Communiqué oder Lieserbréif an d’Wort gepackt. Déi meescht Journalisten déi do schaffe ware mat där Approche ganz zefridden, wéi se och an enger gemeinsamer Stellungnam geäussert hunn. Ma genau déi Approche vu méi neutraler Informatioun ass dem Chefredakter wuel zum Verhängnes ginn.

    Ziel vun där Chefredakter-Austauschaktioun wier laut Saint-Paul-Chef Luc Frieden, fir d‘Wort nees méi riets auszeriichten. Ech wéilt net an der Haut vun deenen dräi stiechen, di erausgesicht goufen, fir dat ëmzesetzen. Oder sollten si sech tatsächlech just als trei Bistums-Vasallen entpuppen, déi wéi Algen am kathoulesche Mier matschwammen? Ech hoffen et net. Ze hoffen ass och, dass déi vill gutt Journalisten, déi beim Wort schaffen ouni mam Bistum eppes um Hutt ze hunn, elo net an eng "Vogel friss oder stirb"-Situatioun kommen. Well, dass beim Bistum vu senger eegener soit-disant chrëschtlecher Nächsteléift oft net vill ze spieren ass, huet ee spéitstens 2012 gesinn, wéi de Groupe Saint-Paul äiskal 68 Leit ewechrationaliséiert huet, an der 91 soi-disant fräiwëlleg an d’Fréipensioun gaange sinn…

    Zum Thema „d’Wort méi riets ausriichten“: Op déi Iddi vum Luc Frieden en vu vum Wahlresultat vun der riets-extremer AfD an Däitschland eng gutt ass, woen ech ze bezweifelen. Oder sollt awer eppes un de Rumeuren dru sinn, dass no de Chamberwahlen 2018 an ënnert dem Drock vun der kathoulescher Kierch, eng CSV-ADR-Koalitioun fir béid Parteien duerchaus virstellbar wier?





    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners