RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche, Gilles Hempel, 14/07/2017

    Fräiheet


    Ëmmer méi Leit hei zu Lëtzebuerg hunn et schwéier fir sech eng anstänneg Wunneng ze leeschten. An déi ënnescht Schichte vun eiser Gesellschaft si quarément ausgeschloss vum Immobiliëmarché. Sie brauchen sech do net ze weisen. Sie sinn net Wëllkomm. Weder bei de Propriétairen nach bei den Agencen. Sie ginn diskriminéiert, well sie aarm sinn.
    Wunnen ass awer ee fundamentale Besoin. Ee Mënscherecht. Esouguer een Imperativ:
    Et kann een net, net wunnen. Et kann et net dorop verzichten.
    Dofir ass et menger Meenung no eis moralesch Flicht, jiddwerengem eng anstänneg Wunneng ze erméiglechen?
    Mee wéi schreift de Berthold Brecht: „Erst kommt das Fressen, dann die Moral“.
    An d’Immobilienhaien, déi hunn ee groussen Honger. Déi kréien den Hals net voll genuch. Op déi kenne mer net zielen. Déi kenne keng Moral, mee sie kontrolléieren de Marché. De sougenannten freien Marché.
    Ech verstinn éierlech gesot net vu wat fir enger Fräiheet do ëmmer geschwat gëtt bei dem freien Marché. Fräiheet ass jo an sech eppes genuin Positives. Eppes woufir et sech ze kämpfe lount. Mee a Verbindung mat Marché a virun allem mat Immobiliëmarché  hannerléisst dat Wuert Fräiheet bei mir esou ee batteren Nogoût am Mond. Do ass iergendeppes faul drun.
    Wat ass dat fir eng Fräiheet? Eng Fräiheet, déi dozou féiert, dass déi eng ëmmer méi räich an déi aner ëmmer méi aarm ginn. Ass esou eng Fräiheet erstriewenswäert? Schützenswäert?
    Oder kenne mir eis déi schenken? Ass déi wirtschaftsliberal Fräiheet net just eng semantesch Mogelpackung? Eng arglistesch Täuschung vun deenen, déi gutt doru verdéngen, un der Fräiheet, un dem Liberalismus?
    Wann mir de Logementsproblem zu Lëtzebuerg wëllen an de Greff kréien, da komme mir net derlaanscht eise liberale Wirtschaftsmodell diesbezüglech a Fro ze stellen. Dann musse mir d’Reegelen um Immobilien-Marché fundamental änneren an den Droit de la Propriété ganz nei definéieren. Dann musse mir hei Ännerunge vu revolutionärem Charakter duerchsetzen.
    Déi Fräiheet musse mir eis huelen.


    2 min
  • Carte Blanche, Michel Maquil, 12/07/2017
    An der leschter Zäit sinn eng Rei Banken an aner Finanzinstituter verstäerkt mat enger spezieller Zort Obligatiounen op de Marché komm an zwar déi sogenannte Green Bonds oder gréng Obligatiounen. Am Fong handelt et sech hei ëm ganz normal Obligatioune mat deem eenzegen Ënnerscheed datt mat deem Geld wat hei agesammelt gëtt nëmme Projeten ze finanzéiert ginn déi ee groussen nohaltegen Impakt op d'Ëmwelt hunn. Dat kënne Projeten si wéi d'Produktioun vun erneierbar Energie, d'Ariichten vun Transportsystemer déi keen CO2 ausstossen, den Opbau vun nohaltege Waasseropbereedungsanlagen oder vu moderne Kläranlagen

    Een Emetteur vu gréngen Obligatioune muss sech allerdéngs verflichten alles a voller Transparenz ze maachen. Esou kann den Investisseur sech vergewësseren datt, während der ganzer Lafzäit vun der Obligatioun, den Emetteur sech un déi Verflichtungen hällt déi hien ëffentlech agaangen ass.

    Den Emetteur beweist esou datt hie sech fir eng nohalteg Entwécklung vun der Economie asetzt. Dat erlaabt him dës Obligatioune relatif einfach bei enger Rei Investisseuren ze plazéieren. Et ginn ëmmer méi Investisseuren déi esouguer nëmmen gréng oder ähnlech Obligatioune kafen, well se iwwerzeegt sinn dat Betriber nëmmen eng Chance hu laangfristeg ze iwwerliewen, wann se reng nohalteg Ziler verfolgen.

    U sech ass eng gréng Obligatioun ee Finanzinstrument dat liicht verständlech ass an och zu Recht ee groussen Interesse mat sech bruecht huet. Déi héich Zuel vun dëse gréngen Obligatiounen ass de beschte Beweis datt et sech em ee bleiwenden Trend handelt. Den Investisseur kann esou dee Projet hëllefe finanzéieren deen him am meeschten um Häerz läit. Et ass eng Iwwerleeung déi laangfristeg orientéiert ass.

    Zënter kuerzem huet LuxFlag, eng Lëtzebuerger Associatioun ugefaangen ee Qualitéitslabel fir esou gréng Obligatiounen eraus ze ginn, wat de choix vum Investisseur nach méi einfach mécht. Et kann ee Luxflag nëmme félicitéieren fir dës Initiativ déi si geholl hunn.

    Wann een elo als einfachen Investisseur esou gréng Obligatioune bei der Suscriptioun wëll kafen, da kritt ee gesot datt déi nëmme fir professionel Investisseure reservéiert sinn. Fazit: et kann een se da zwar nach indirekt z.B. iwwer een “Investment Fong” kafen, mä dat bréngt automatesch méi komplizéiert Strukture mat an d'Spill a sécher och méi Onkäschten.

    Dat ass Schued well grad an enger Zäit wou op manst an der Europäescher Unioun och nach de Kapitalmaart soll staark gefërdert ginn, a wou zur selwechter Zäit vill Leit bereet sinn hier Erspuernisser geziilt ze placéieren, wieren dach esou einfach a liicht verständlech Finanzprodukter deen ideale Wee fir esou Ziler ze erreechen an ee maximum Leit direkt mat anzebannen.

    Lëtzebuerg den 12. Juli 2017



    3 min
  • Carte Blanche, Magalie Paulus, 10/07/2017

    Eng Gesellschaft ass laut dem Larousse en Ensembel vu Mënschen déi an engem organiséierte Grupp liewen. Zivilgesellschaft gëtt zënter dem Hegel als Oppositioun zum Staat gesinn, als eng Sphère déi déi privat Interête vun Individue representéiert. Haut versti mer mat Zivilgesellschaft den Ensembel vun den Individuen déi ausserhalb vun der politescher Klass sinn, dh d'Zivilgesellschaft hätt hier eege Representanten, déi sech vun de Professionelle vun der Politik entscheeden. Mee wéi gëtt en zu engem Vertrieder vun der Zivilgesellschaft ? De Professionelle Politiker gëtt gewielt bei lokalen, nationalen oder europäesche Walen. Laut Wikipédia ass d'Zivilgesellschaft den Domaine vun dem ziville Sozialliewen, de volontaire, greisstens autosuffisent an autonom vum Staat ass. Eng Elektioun ass dann en vun den Haaptevenementer wou d'Zivilgesellschaft sech mobiliséiert, ënnertanerem duerch d'Educatioun vun der Wielerschaft.
    Veräiner, Asblen, Clibb ginn de Bierger d'Méiglechkeet sech fir eng bestëmmten « Cause » z'engagéieren an dat net eleng, mee mat anere Léit, dh si hëllefen eis soziale Lien ze créeieren. Laut enger Etude vum CEPS vun 2010, sinn et 2009 em déi 8.500 Asblen zu Lëtzebuerg ginn. D'Hallschent vun deenen Associatioune befannen sech am Beräich vun der Kultur, dem Sport an der Fräizäit. Dëst refletéiert d'Changementer um soziale Plang : mei Fräizäit, mei laang Studien, mei Liewensdauer, Accès un nei Technologien, mee och eng nei Allocatioun vu finanzielle Ressourcen an d'Fräizäit. Dass mer mei Fräizäit hunn, déi mer an d'Zivilgesellschaft investéieren ass jo am Fong eng super Saach. Eng staark Zivilgesellschaft garantéiert ëmmerhin Inclusioun, Demokratie, dh mei Gerechtegkeet.
    D'Fro déi ech mer awer stellen ass, hu mer wierklech genuch Zäit ? Wei oft kennt et eis vir dass mer d'Gefill hunn wei en Hamster a sengem Rad ronderëm ze dréie fir alles ënnert en Hutt ze kréien. Dofir wéilt ech dass mer eis alleguer elo 15 Sekonnen Zäit huele fir e bëssen zur Rou ze kommen. Einfach nëmme Rou.
    (Paus 15 Sekonnen oder wat um Radio meiglech ass)

    Rou wéinst dem ville Kaméidi an der Welt. Mir musse mei zur Rou kommen, mei bewosst ootmen an eis Zäit huele fir Verschiddenes ze verstoen, ze genéissen. Des Rou wäert eis et och erméiglechen eis ëmmer mei a weider a Collectifen, Plattformen, Veräiner, Clibb, Associatiounen, Fondatiounen an ONGen z'engagéieren an da si mer zesummen um gudde Wee.



    3 min
  • Carte Blanche - Ben Fayot, 07/07/2017

    Den Ämterkumul huet zu Lëtzebuerg Traditioun.
    Bal all Deputéiert war an ass traditionell Buergermeeschter,  Scheffen oder Gemengerot.
    Wat ëmmer war, muss haut net onbedéngt nach gutt sinn.
    Gemengen ginn zesummegeluecht , fir de Bierger besser Servicer an Infrastrukturen z’offréieren. Et  gëtt ëmmer méi grouss Gemengen mat méi Aarbecht fir Buergermeeschter a Scheffen.
    Eng Gemeng féieren ass eng wichteg Aufgab. Si gëtt a gréisseren Gemengen als 40 Stonnewoch bezuelt.
    Onst Land huet nëmmen zwee Niveauen vu Verwaltung: de kommunalen an den nationalen. Si sinn allebéid enorm wichteg. Si mussen allebéid vu gudde Käpp gefouert ginn.
    Dofir ass d’Iddi vrun en etlech Joren opkomm, déi kommunal an déi national Mandater vuneneen ze trennen.
    Dat ass iwwregens an de meeschte Länner an Europa esou. Frankräich ass dat lescht Land, wou dee Verbuet elo a Kraaft trëtt.
    Am Regierungsprogramm vun 2013 geet rieds vum „Renouveau démocratique“. Et sollt en Opbroch ginn géint déi traditionell Politikmethoden.
    D’Bierger solle méi participéieren, t’soll alles méi transparent ginn, d’Chamber soll d’Regierung méi  kontrolléieren, d’Deputéierte sollen hir europäesch Aufgab endlech seriö huelen.
    An dofir sollt de Kumul vun de Mandater a Chamber a Gemeng verbuede ginn.
    Elo, véier Méint vrun de Gemengewahlen, werfen d‘Parteien bal all hir Deputéiert an de Gemengewahlkampf.
    Also keng Rieds méi, den Ämterkumul opzehéieren.
    Et ass eng Schan fir d’Lëtzebuerger Politik wat do geschitt.
    Well dee Kumul ass geféierlech fir d’Institutiounen a fir den Déngscht um Bierger.
    E Buergermeeschter oder e Scheffen, dee wéineg an der Gemeng präsent ass, verléiert liicht den Iwwerbléck.
    D’Chamber hirersäits gëtt an hirer Aarbecht duerch déi vill Gemengepolitiker zäitlech begrenzt an dofir politesch geschwächt. Op mannst zwee Aarbechtsdeeg an der Woch ginn der Chamber doduerch verluer, dass d’Deputéiert als Buergermeeschter a Scheffen an hire Gemengen ze dinn hunn.
    Fir wat awer trotzdeem dësen éiwege Kumul, dee weder duerch d‘ Aarbecht an der Gemeng nach duerch déi an der Chamber ze rechtfertegen ass?
    Et ass déi elektoral Logik, déi dëse Kumul explizéiert.
    Déi Logik verlaangt vun de Politiker, sech mat alle Mëttelen ze profiléieren.
    Et ass also net den Déngscht um Bierger, un der Gemeng, un dem Parlament, deen iewescht Ziel ass, et ass d’perséinlech Carrière vun de Politiker, déi de Kumul explizéiert a verlaangt.
    Kuckt, wat vru kuerzem a Frankräich geschitt ass. Ech sinn iwwerzeegt, dass och zu Lëtzebuerg d’Leit dat ëmmer manner acceptéieren an dass d’Glafwierdegkeet vun der Politik an de Politiker um Spill steet.
    Sou wéi erreecht gouf, dass de Kumul vum nationalen an Europadeputéiert opgehalen huet, muss et dach méiglech sinn, och de kommunalen an nationale Kumul ee fir allemol opzehéieren.


    3 min
  • Carte Blanche, Paul Kremer, 05/07/2017
    Gustav Adolf II.
    Déi éischt an déi schéinst Erfindung vun all Filosofie oder Sophistik zanter 2600 Joer ass, dat eis Moral an eise jeeweils héllechste Glaw, op engem Ënnerscheed berouen, dee keen ass. Woufir mir haut wëlle “striewen” – oder de Noper beschäissen – hu mer muer scho vergiess an ass obsolet. Beispiller gefälleg?
    E klengt vir. Ass nach – méi genee: war net eis Personalsphär viru kuerzem nach sakrosant an “onantastbar”? Haut brécht all gudde Broutdag den de Maizière e Stéckelchen dovunner oof: dir wëllt jo sécher sécher sinn? Also: finito da mat ärer intimer Intimitéit.
    Oder: 500 Joer sinn et hier, dat en däitsche Mönch seng Thesen un eng Kathedrals-Dier geneelt huet. Onerhéiertes: selwer kënnt een d’Bibel liesen – de Mönch hat s’onvergänglech iwwersat. – De Glaw géif séileg man, net gutt geméngten Doten wéi z.B. eng Spend fir de Sahel oder e Super Ablass. – All drëtten Däitschen huet dorops an dowéinst säi Liewe gelooss an e schwedesche Gustav, “den andere Adolf” – wuertwirtlech – war e Glanzstéck vum 30 jährege Krich.
    Méi no – oder méi wäit bei eis. Schloe net weider sech Schiiten a Sunniten d’Käpp an, well de jeeweilegen offizielle Nofolger vum Proféit net de richtege war? Mir, tolerant, d.h. gläichgülteg a net interesséiert, verstinn d’Welt net, obschon den Dauerbestseller “von Bagdad nach Stambul” alles dohannen, mat 150 Joer Avance endgülteg ventiléiert huet.
    Ennerscheeder, déi keng sinn. Oder: mir hunn anerer, an hir Fiktiounen, also do sinn: Index, Wuesstem, onbezuelbare Wunnraum a lauter léif Friemer, déi ons hier Sproch bäibrénge wëllen, mir déi eegen selwer verhonzen.
    E weideren Ennerscheed, dee keen ass, géif en Erziehungs oder Em-Erziehungs Minister soen. De Choix, deen hien eis léisst, ass och alt keen.

    3 min
  • Carte Blanche, Patrick Michaely, 03/07/2017
     
    Eng vu menge Kolleginnen aus dem ‘natur musée’ ass d’lescht Woch an d’Pensioun gaangen. Beim Ausraume vun hire Schief ass esou allerhand opgedaucht, wat sech eben an enger ganzer Schaffcarrière usammelt, dorënner och e gäre verstëbst geloossent Exemplaire vum Atlas de la Création, engem puer Kilo schwéierem Schmöker vun 800 Säiten, deen de Musée am Joer 2007 am Virfeld vum Darwin-Joer zwee Joer drop wéi eng ganz Rei aner wëssenschaftlech Instituter a Schoule weltwäit zougeschéckt krut. Well och déi, sollten endlech mol d’Wourecht gewuer ginn.

    An dësem extrem opwenneg gestalten Atlas de la Création probéiert den obskuren tierkeschen Auteur Harun Yayha op eng zimlech platt Aart a Weis duerzestellen, datt sech Déieren an Planzen, déi haut op der Äerd liewen, sech zënter Jormilliounen net verännert solle hunn. Bewise soll dat doduerch ginn, datt Fotoe vun heitegen Déieren a Planzen nieft den entspriechende Fossilien gewise ginn, déi dëse staark ähnelen. Et wier kee Wandel z’erkennen, behaapt de Kreationnist Yayha, Evolutioun géif et also net ginn an d’Liewewiesen wieren domat d’Resultat vun enger gëttlecher Schöpfung. Dem Darwin seng Evolutiounstheorie wier souwisou nëmmen Däiwelswierk an dat, wat een haut als Darwinismus géif bezeechnen, wier en plus Schold un all Iwwel an der Welt wéi – ech zitéieren - „Rassismus, Faschismus a Kommunismus a vill aner barbaresch Weltanschauungen“. Selbstverständlech och den 11. September.

    D’Buch huet deemools e puer Welle geschloen, well sech natierlech och gefrot ginn ass, wéi sech iwwerhaapt den deieren Drock an déi weltwäit Verdeelung vun esou engem Pavé finanzéiere kéinten. Op säi Contenu deemools iergendswou an Europa Friichte gedroen huet, ass schwéier anzeschätzen, d’Aktioun selwer hat op alle Fall fir Opmierksamkeet an de Kreeser vum Enseignement an der Fuerschung gesuergt a gewisen, datt och gutt Wëssenschaft frontal kann attackéiert ginn, fir déi Evolutioun eng observéierbar Tatsaach ass an d’Evolutiounstheorie d’Réckgrad vun de Biowëssenschaften duerstellt. Dat sollt sech am leschte Jorzéngt a virun allem an der Ära Trump an hiren alternative facts net zum Positiven ëmkéieren.

    D’Buch loung ausgerechent an där Woch erëm bei mir um Büro, an där op der enger Säit am ‘natur musée’ nei Ausstellunge mat staarkem Fokus op Evolutioun opgaange sinn, op der anerer Säit allerdéngs aus der Tierkei vermellt gouf, datt d’Evolutioun an den tierkesche Schoule vun 2019 un net méi sollt enseignéiert ginn. En Zoufall?

    Natierlech jo! Et seet mir awer och, datt mir bei all den Efforten, déi gemaach ginn – siefen se finanziell oder intellektuell, fir gutt Wëssenschaft richteg ze kommunizéieren, net labber däerfe loossen an datt mir mat alle Mëttele musse Stréimunge bekämpfen, déi d’Leit fir domm verkafen, wa se behaapten - wéi elo an der Tierkei geschitt, an an anere Länner wéi Polen gefaart – datt Evolutioun ze ëmstridden, kontrovers an zu komplizéiert wier an de Versteesdemech vun de Schüler iwwersteige géif. Een deen esou eppes seet, ass selwer domm.

    D’Mechanisme vun der Evolutioun ze verstoen ass keng Hexerei. Si z’erfuerschen awer fir d’Iwwerliewe vun esou villen Aarten - dorënner ons eegen -  ëmsou méi wichteg. An duerfir lount et sech z’engagéieren.

    * De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

    4 min
  • Carte Blanche - Paul Hammelmann, 30/06/2017
    Jo et ass e reelle Pleséier sech an enger Stad opzehalen wou den Auto net omnipräsent ass.
    Jo et ass gemittlech duerch eng Uertschaft ze trëppelen, mam Vëlo ze fueren, wou d’Geräischkuliss net vum motoriséierten Verkéier diktéiert gët.
    An neen, et ass kee Pleséier wann Samstes moies an der Ënneschtgaass eng 300 Leit hiert eegent Wuert net méi verstinn, well 1 (een!) Hauli op engem Motorrad, ouni Schalldämpfer, wichtegtueresch ënnerwee ass.
    Neen et ass kee Pleséier wann op de Vëlos- an Foussgängerweeër systematesch Camionnetten parken an de Vëlo, an d’Mamm mat der Kutsch mussen op d’Strooss auswäichen.
    Dofir halen ech et mam franséischen Szenarist Michel Audiard dee gesot huet: „Police ass e bëssi wéi d’Muttergottes; wann se net heiansdo erschéngt, kommen Zweifel op“.
    Et ass a mengen Aen kontraproduktiv wann déi sougenannten kleng Infraktiounen nëmmen seelen gestrooft ginn; sie riskéieren dann sech anzebiergeren an ëmmer méi heefeg ze ginn.
    E Beispill: virun 20 Joer war et quasi onméiglech an der Stad Lëtzebuerg eng Parkplaz ze fannen. Zenter awer Falschparken systematesch sanktionéiert gët, sinn op eemol och erëm Parkplazen fräi!
    Dura Lex, sed Lex, esou einfach ass dat.
    Dëst Beispill soll awer beileiwen keen Plaidoyer fir den Autosverkéier an der Stad sinn.
    Au contraire. Wat waren dat pervers Architekten déi an den 70 Joeren Foussgänger an den Sous-terrain verbannt hunn, fir den Fetischisten vum Explosiounsmotor op der Strooss Plaz ze man!
    Fir awer eng Stad fir de Vëlosverkéier attraktiv ze man muss een couragéiert virgoen an alles ënnerhuelen fir datt Vëlofueren komfortabel an sécher ass.
    Sous z.B. huet d’Oper vun Nijmegen eng Plattform gebaut wou de Camion ëm 180° gedréint gëtt, fir ze vermeiden datt en dëse Manöver muss op der Strooss, um Vëloswee machen.
    An Holland däerfen dann och Vëloen niewent eneen fueren an d’Sinistralitéit ass quasi inexistent.
    De Vëlofuerer huet jo, contrairement zum Autofuerer  - den Anonymuss an sénger Blechkarross – Bléckkontakt an kann seng Reaktiounen präventiv matdeelen, dat wat jo och fir all Verkehrsteilnehmer, am „shared space“ soll erreecht ginn.
    Nijmegen war fir eis all e Besuch wäert: mir wëssen elo datt mer zu Lëtzebuerg um gudde Wee sinn, mee nach vill Retard mussen ophuelen.


    3 min
  • Carte Blanche : Laurent Schley, 28/06/2017
    Mënsche sinn di eenzeg Déieren, déi sech net nëmme bewosst sinn, dass se iergendwann musse stierwen, mee déi sech och Gedanken doriwwer maachen, ob et nom Doud iergendwéi weidergeet, a wa jo, wéi. Während Atheisten der fester Iwwerzeegung sinn, dass et nom Doud endgülteg eriwwer ass, an Agnostiker éischter mengen, dass een dat net zu 100% ka wëssen, gouf a gëtt et nach haut bei ville reliéise Leit divers an abenteuerlech Virstellunge vun engem Weiderliewen nom Doud.

    Mee wéi ass et mat der Angscht virum Doud? Verschidde Gleeweger behaapten, de Glawe géif hinnen déi Angscht ewechhuelen. Ass also déi Angscht bei reliounsfräie Leit elo méi verbreet? Schonn de Philosoph Seneca huet drop higewisen, dass den Zoustand no eisem Doud wuel net fundamental géif ofwäiche vum Zoustand virun eiser Gebuert. A vu dass mer duerch deen Zoustand net allze traumatiséiert waren, dierft et och nom Doud net sou schlëmm ginn. Anescht ausgedréckt: mir ware virdru Milliarde Jore laang dout, a gi just an deen Zoustand zeréck. Den Epikur huet flott erkläert, dass eise Wéi duerch eis Sënner entsteet, a vu dass déi Sënner mat ons stierwen, kann een nom Doud och näischt méi spieren. Mat e bëssi Nodenke kann een d’Angscht virum Doud also iwwerwannen a säi Liewen a vollen Zich genéissen.

    Ob een un ee „Weiderliewen“ nom Doud gleeft oder ob een den Doud als Enn vu senger Existenz betruecht, kann Auswierkungen drop hunn, wéi ee säi Liewe féiert. Atheiste konzentréiere sech meeschtens ganz op déi Joren déi hinne vergonnt sinn, mol hedonistesch, liewensgenéissend, mol egoistesch, nom Motto „ech wëll alles an dat elo“, ganz oft awer och altruistesch, well se wëssen, dass och déi aner just ee Liewen hunn.

    D’Net-Genéissen oder souguer dat komplett Ofleene vum Liewen ass also éischter een Aspekt vun engem verrannte reliéise Glawen, verbonne mat der Hoffnung, dass nom Doud am Paradäis jo schliisslech alles besser ass. Déi Iddi gëtt Gleewege säit Joerhonnerte mat Erfolleg agetriichtert. Den daperen Zaldot soll op d’Opnam an den (Zaldoten-)Himmel hoffen, an dofir ouni Angscht fir d’Saach vun deenen déi un der Muecht si stierwen. Aus Glawensgrënn eraus keng Angscht virum Doud hunn well nom Doud eppes Besseres géif waarde féiert zu all deene reliéis motivéierten Dramaen, déi och haut nach regelméisseg an de Noriichten optauchen. Fir sécher ze stellen, dass di Gleeweg d’Liewen och sou féieren, wi di jeeweileg Relioun et virschreift, an Angscht hunn wa se net follegen, hunn d’Reliounen d’Hell erfonnt. Mat deem Konzept vun der Angschtmaacherei konnten se hier Scheewercher iwwer Joerhonnerten an och nach haut no alle Reegele vun der Konscht manipuléieren.


    Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

    Mitglied International Humanist and Ethical Union (IHEU)
    Mitglied European Humanist Federation (EHF)
    Mitglied Alliance for a Secular Europe
    Mitglied Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)


    3 min
  • Carte Blanche : Jean Huss, 26/06/2017

    Nom Walerfolleg vum Emmanuel Macron bei de franséische Presidentiellen a bei de Wale fir d’Assemblée nationale gouf et bei den europäesche politeschen Eliten eng grouss Erliichterung. Si gesinn an him en neie wichtegen Hoffnungsträger, fir d’europäesch Unioun ze reforméieren an se aus hiren zahlräiche Krisen wéi de Brexit an Trump, d’Finanzkris, d’Griichelanddauerkris, de Jugendchômage an déi zounehmend Prekaritéit erauszeféieren.
    Natierlech war et gutt, datt sech de Macron mat positven europäesche Messagë géint den erbärmlech nationalistesche a rassistesche Walkampf vum Marine le Pen konnt duerchsetzen.
    Mee trotzdem si mam Macron senger absoluter Majoritéit weder eng besser demokratesch a sozial Zukunft fir déi franséisch Bevölkerung, nach eng besser europäesch Zukunft assuréiert.
    Säin esou grousse Walerfolleg am zweeten Tour vun de Presidentielle war haaptsächlech der Präsenz vum Marine le Pen geschëllt, an net der Popularitéit vu sengem politesche Programm a beim zweeten Tour vun de Legislativwalen hate sech esouguer méi wéi 57% vun de Fransousen enthalen.
    Virun allem seng neoliberal Wirtschafts- Sozial- an Aarbechtsrechtspolitik, mam geplangten Ofbau vun 125.000 Beamteplaze beim Staat, der Schwächung vum Aarbechtsrecht, vu Kollektivverträg a Kënnegungsschutz oder och déi geplangte massiv Steierkadoen un déi gouss Patronatskreeser bleiwen total ëmstridden a gi vu groussen Deeler vun der Bevölkerung ofgelehnt.
    Dat ass nämlech déi selwecht Politik, déi Europa an déi bestehend déif sozial Kris gefouert hat an déi eng wichteg Ursaach war vum Succès vu Rietspopulisten an ultranationalistesche Bewegungen.

    Léif Nolauschterinnen an Nolauschter,
    An der Europapolitik kritiséiert den neie franséiche President déi däitsch Dominanz an Europa, virun allem déi nefast däischt Exportiwwerschosspolitik an déi vum Schäuble a Merkel anere Länner diktéiert eesäiteg Spuer- an Austeritéitspolitik, an hie mécht am Usaz eng Parti nei Reformavierschléi fir d’Europäesch Unioun, déi deelweis an eng positiv Richtung ginn, déi insgesamt awer vill ze kuerz gräifen.
    Wann nämlech dat verluerent Vertrauen erëmgewonne soll ginn, da si vill méi déifgräifend Reformen an Europa noutwendeg, hin zu enger wäitgehender Demokratiséierung, schrëttweis hin och a Richtung vun enger Sozial- a Fiskalunioun.
    Da missten endlech och onmëssverständlech esou Froen op den europäeschen Ordre du jour kommen wéi zum Beipill eng effikass Reguléierung vun de Banken an de Finanzmarchéen a vun de Pouvoire vun de Multinationalen. A schlussendlech misst et zu massive privaten an ëffentlechen Investitiounsprogrammer kommen a Richtung Konversioun vun der Economie am Interesse vu Klimapolitik, vun Ëmwelt a Gesondheet a vun enger sozialer an ökologescher Zukunft fir eis Kanner.

     

    3 min
  • Carte Blanche : Robert Goebbels, 21/06/2017

     
    D’Regierung well den Déiereschutz verbesseren. Dat as am Prinzip gutt esou. Déieren sollen net  mësshandelt oder gequält gin.
    De Reformprojet vum Minister Etgen geet awer ze weit.
     So soll elo „d’Dignitéit“ vun jidder Déier unerkannt ginn.
     Wat bedeit dësen philosopheschen Begrëff?
     Sollen Déieren de Mënschen gläichgestallt ginn?
     „Die Würde des Menschen ist unantastbar“ heescht et an Texter iwwer d’Mënscherechter. Wat net verhënnert, dass Mënschen uechtert Welt gequäält an dout gemaach ginn, an Aarmut vegetéieren oder verhongeren.
     Wat heescht elo „assurer la dignité des animaux“, wéi et am Titel vum Projet de Loi héescht?
     Ass et vereenbar mat der „Dignitéit“ vun engem Hong, engem Schwäin oder enger Kou, op engem Bauerenhaff opgezillt ze ginn, fir spéider an engem Kachdëppen ze landen?
    Wéi as et mat der Dignitéit vum Vull oder Karneckel, dat vun engem Fuuss gerass gëtt.
    Mat der Dignitéit vun de Fësch, déi op Musel a Sauer geaangelt ginn?
     Wéi as et mat der Dignitéit vun enger Moustique, déi Nuets am Zëmmer mat der Schlapp erschlo’en gëtt?
     Des Fro’en klengen vläicht topeg, mais wäerten awer eis Gerichter an deenen nächsten Joren vill beschäftegen.
     Well Rechter aklobar sinn, wäerten extremistesch Déiere-Schützer sech eng Freed maachen, fir d’Veehzucht, d’Juegd, d’Fëscherei a vill aner mënschlech Aktivitéiten virun Gericht ze kontestéieren.
    As d’Reiden mat der Dignitéit vum engem Päerd vereenbar?
    Wéi as et mat der Dignitéit vum Fësch am Aquarium, vum Papagei am Käfeg?
    Dem Drock vun selwer ernannten Déiere-Schützer ass et schon ze verdanken, dass keen Zirkus méi Dressur vun Déieren bidden kann.
    Am „Wort“ huet ee prominenten „Veganer“ ugekënnegt, mat dem neie Gesetz misstem déi logesch ethesch Konsequenzen vun der Dignitéit vun den Déieren gezunn ginn: „Wenn dem Tier Würde zukommt, dann müssen Viehzucht, Schlachten von Tieren, Jagd auf Tiere verboten werden“.
     De Mënsch as zum Mënsch ginn, well en esou zimlech alles iessen kann, an sech un all Ëmwelt- an Klima-Bedéngungen upassen konnt.
    Wann et Matmënschen gëtt, déi als Vegetarier nëmmen Uebst an Geméis iessen, oder als Veganer all Produkter vun Déieren, esouguer Mëllech, E’er an Hunneg refuséieren, sou as dat hiert privat Recht.
    Déi meeschten Mënschen wëllen awer weiderhin sech diversifizéiert ernären, Fleesch, Fësch, E’er a Mëllechprodukter konsuméieren.
    Dofir soll d’ Gesetz fir besseren Déiere-Schutz suergen, ouni sech an pseudo-philosophescht Geschwafel ze verléiren.


    3 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners