RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche : Paul Estgen, 19/06/2017
    Wéi all Bierger zu Lëtzebuerg den Wahlrecht huet, ginn ech den zweeten Sonndeg am Oktober meng Kraïtzercher op den Wahlziedel maachen. Ech well deenen Leit, déi ech vir capabel halen d’Mandat ginn, vir meng Gemeng an den nächsten 6 Joer politesch ze leeden.
    Wann een Wahlen seet, seet een jo och dass een en Choix muss maachen. Natierlech, wei bei ganz villen aneren Leit, maachen ech deen Choix meeschtens ob der Basis vun Persounen, déi ech gutt an kompetent fannen. Lo gëtt et zwar en Zesummenhang zwëschen den Kandidaten, der Partei wou se dran sinn, an der Politik déi se maachen. Mee wann ech ganz éierlech sinn, ass mäin Choix dann awer éischter aus dem Bauch eraus, wei dass ech géif probéieren vir am Virfeld objektiv Kritären festzeleeën, mat deenen ech hier vergaangen Politik géif evaluéieren.
    Mee maachen mer lo mol, als Gedankespillerei, wie wann mer d’Persounen guer net oder nëmmen ganz wéineg géif kennen. Wei géif dann mei Choix ausgesinn ?
    Vir d’éischt missten mer jo mol driwwer nodenken, wei zefridden mer sinn, mat deem wat déi aktuell politesch Majoritéit geleescht huet, an op déi Leit an der Oppositioun gewisen hun dass Sie eng glafwürdeg Alternativ während deenen leschten Joren duergestallt hunn.
    Ech muss also en Réckbléck maachen . Eng Aart Evaluatioun vun der Aarbecht déi gelëscht ginn ass. Mee genau dat ass um Niveau vun den Gemengen net sou einfach. Natierlech ginn d’Compte–Renduen vun den Gemengerotssitzungen. An ech hun och Zougang zu den Budgeten an Bilanen vun der Gemeng. Mee dorausser sech en koherent Bild ze maachen, iwwert d’Situatioun an den Zesummenhang mat den politeschen Decisiounen die geholl ginn sinn, ass schwierege an extrem opwändeg. Ech kann och op d’Flyeren vun den Parteien zeréckgräifen, wou déi natierlech den Bilan vun hiren Aarbecht presentéieren. Mee ass dat eng gutt Quell wann ech sachlech Informatiounen sichen an en Iwwerbléck well kréien? All dat remplacéiert natierlech net eng fundéiert Analyse iwwert d’Situatioun. Ween keent déi maachen, an sou presentéiere dass mer als Wieler wéinstens en Minimum vun objektiven Fakten kriten, vir dann op Basis vun onsen Wäerter an Virstellungen ze jugéieren ?
    D’Medien kennen dat net op dem Gemengenniveau leeschten, den Opwand ass einfach ze grouss. Si kennen héchstens mol, een oder dat anert mei spektakuläert politescht Ereegnis suivéieren. Wann ech mer Froen stellen, op ons Gemeng genuch am Beräich Sport, Kultur, Soziales oder Stroossebau mëscht, bräicht ech jo iergendwéi Unhaltspunkten vir dat ze bewäerten. Wei soll den richtegen Equiliber vun den Investissementer ausgesinn ? Och wann ech mer Finanzbilan ukucken , weess ech net op mir an onser Gemeng iwwerverschëld sinn, op mir vill oder wéineg Kapital hunn, an op mer iergendwéi nohalteg wirtschaften ? Ech wär natierlech och interesséiert ze wëssen op ons Gemeng dann lo zevill oder zewéineg Personal huet am verglach mat deenen aneren. Hun mir vill Gemengekommissiounen an ass de Montant vun de Jeton héich oder déif ? Sinn ons Gemengentaxen, onsen Präis vir d’Waasser an d’Poubellen korrekt?
    Fazit : ech misst kennen ons Situatioun mat deenen aneren Gemengen vergläichen.
    Alles dat, ass am Moment sou net direkt als Informatioun ze kréien. Wuel ginn et verschidden Statistiken zu verschiddenen Themaen, mee et gëtt keng global Analyse komparativ iwwert Gemengen. Mee genau sou en sachlechen Bilan wär en wichtegt Instrument vir all Wieler, wann et drëms geet am Oktober säin Choix ze treffen.
    Ech plädéieren ganz kloer dofir dass mer zu Lëtzebuerg entweder en Institut schafen, oder enger Institutioun den Optrag ginn ( Uni, Syvicol,…) vir als Observatoire vun der Gemengenrealitéit sou komparativ Analysen ze maachen, an den Bierger sou d’Méiglechkeet ze ginn vir d’Realitéit um lokalen Niveau ze verstoen an ze bewäerten. Dat wär en wichtegen Beitrag vir den politeschen Debat a géif secher den Intressen un der Politik stäerken.


    4 min
  • Carte Blanche - Robert Weber, 14/06/2017
    De Vize-Premier Etienne Schneider seet ëmmer erëm, dass des Regierung dach alles gutt gemaach hätt. Si hätt fir Wirtschaftswuesstem gesuergt, si hätt di ëffentlech Finanzen an Uerdnung bruecht an de Chômage wär ënnert Kontroll a géing erof.
    Wat soll een elo vun esou Aussoen halen?
    Net vill, oder d’Realitéit gesäit anescht aus!
    Dass mer haut a maar e Wirtschaftswuesstem vun 4% an5% verzeechnen as bestëmmt net der Regierung hire Verdéngscht. Hei huet di international Konjunktur eis Wirtschaft gedriwwen. Dat war iwwregens ëmmer esou.
    Sinn di ëffentlech Finanzen wierklech an Uerdnung?
    Den Zentralstaat kennt en Defizit vun iwwert enger Milliard Euro an eis Staatsschold as net erof gaangen, mee au contraire erop.
    Eng Regierung weist virun allem op se gutt regéiert, wann eng Kris an d’Haus steet. Wann d’Ekonomie gutt dréint, dann as villes einfach. Mee „gouverner c’est prévoir“. Also muss en och den Apel fir den Duscht op der Séit hun wann et erëm méi schlecht geet.
    Den Apel as awer net do!
    Mee den Apel war 2008/9 do, wéi di ganz Welt an eng riseg Finanzkris gefall as. Woumat sinn Fortis (haut BGL BNP Paribas) an Dexia (haut BIL) gerett ginn?! Woumat as 2009 e groussen Wirtschaftsprogramm lancéiert ginn fir eis Kleng-a Mëttelbetriber ze stëtzen?!
    2008 an duerno hun responsabel Politiker di richteg Decisiounen hei an an Europa getraff, fir di beispillslos Finanz-an Wirtschaftskris géigenzesteieren.
    Et war net einfach deemools an ech weess vun wat, dass ech schwätzen. Als deemolegen Gewerkschaftspresident hun ech och mat vill gemëschten Gefiller Decisiounen matgedroen. Haut weess ech, dass et di richteg waren. Haut weess ech wat et heescht „responsable Politiker“ sinn.
    Wéi steet et dann mam Chômage?
    Di 34000 Betriber zu Lëtzebuerg realiséieren all Joers em 120000 Astellungen. Dovunner sinn eng 11000 nei Aarbechtsplazen. De Staatsminister Bettel sot dozou am Februar „Malgrés ces chiffres encourageants le chômage ne recule pas de façon suffisamment importante ».
    Den Beschäftegungsminister Schmit  wëllt,  statt de Chômage ze finanzéieren,  léiwer an Aarbecht investéieren. Dofir wëllt hien elo Gemengen ënnerstëtzen di secher Aarbechtsplazen fir Laangzäitaarbechtsloser schafen. E Pilotprojet richt sech un 11 Gemengen aus dem Süden. Di Idee as net nei,et gëtt se schonns zanter der Stolkris ufangs der 80erJoeren.
    Mee, am Mäerz vun dësem Joer waren 7425 Aarbechtsloser méi laang wi 12 Méint ouni Job.
    Wéi d’Gemengen elo dëse Problem léisen sollen, seet de Minister net.
    Awer den Här Schmit fält léiwer an Selbstgefällegkeet: „ D’Resultater vun enger Etüd weisen, dass d’Reform vun der ADEM wierklech hir Friichten droen.“Sou seng Wieder.
    Fir dës Etüd waren 6400 Betriber kontaktéiert ginn. Awer nëmmen 1749 Betriber hun bei dëser Etüd iwwert d’Funktionéieren vun der ADEM matgemaach, dat sinn 27,23%.
    Also " alles in Butter "!?
    Fir e  Minister, den esou wéit vun der Realitéit ewech as,  verstinn ech, dass hien fir sech selwer léiwer eng nei Aarbecht sicht.


    4 min
  • Carte Blanche - Richard Graf, 12/06/2017
    Joer fir Joer entstinn nei Aarbechtsplazen. Déi ginn zwar zu engem groussen Deel vun Frontalieren besat, awer och duerch Leit, déi nei op Lëtzebuerg wunne kommen.
    Wann donieft bei Villen de Portmonni zimlech grouss opsteet, ass et keen Paradox, datt de Präis pro Quadratmeter Wunnraum klëmmt – sief et bei Eegentum, wéi och an der Locatioun.
    Dat heescht awer och, datt Leit mat manner Geld vu vir eran kéng Chancen hunn.
    Fir déi gëtt et jo Sozialwunnengen, gëtt eis gesot.
    Allerdéngs ginn och bei den ëffentleche Bauträger d'Waardelëschten ëmmer méi laang. An ëmmer méi Leit mellen sech, déi weder d'Kritären fir eng Sozialwunneng erfëllen, nach mat de Präisser um freien Maart kënne mathalen.
    Dat huet natierlech domadder ze dinn, datt iwwer Joerzéngten ze wéineg am Beräich vum soziale Wunnengsbau geschitt ass.
    Do wou aner Länner oder Stied 20 oder méi Prozent Sozialwunnengen hunn, läit den Undeel zu Lëtzebuerg bei manner wéi 3 Prozent.
    Dobäi ass um Pobeier de Problem net weider dramatesch: Laut de Statistiker stinn innerhalb vun de Bauperimeteren ongeféier 2.700 Hektar Bauland zur Verfügung. Ronn 1.000 Hektar dovunner wieren ouni Prozeduren direkt benotzbar.
    Dat sinn impressionnant Zuelen, wann ee weess, datt tëschent 2004 an 2010 nëmmen 64,6 Hektar Bauland am Schnëtt pro Joer verbraucht gi sinn.
    Allerdéngs: 75,6 Prozent vun deenen genannten Flächen sinn an den den Hänn vu privaten Leit, eng aner 16,2 gehéieren privaten Gesellschaften - just de klenge Rescht ass an ëffentlechem Besëtz.
    Och wann haut de Bedarf nach méi héich ass wéi 2010, sou bleift dach festzestellen, datt eigentlech genuch Bauland zur Verfügung steet, fir der Nofro entgéintzekommen.
    D'Praxis ass natierlech eng aner: Bauland gëtt kënstlech knapp gehalen. Well d'Präisser permanent an d'Luucht ginn, ass et interessant mam Verkaf ze waarden.
    A wann een senge Nokommen wëllt e gudde Start an d'Liewen erméiglechen, ass e Bauterrain di besser Optioun, wéi zum Beispill e Spuerbuch dat kaum Zënsen bréngt.
    Sou novollzéibar dat Verhalen fir di eenzel Terrainsbesëtzer och ass, vir grouss Deeler vun der Bevëlkerung ass se katastrophal: De Wunnraum gëtt haut gebraucht, net eréischt an zéng oder 20 Joer.
    Ech schwätzen elo net vun de richtege Spekulanten, déi bewosst Wunnraum oder Terrainen opkafen an dann jorelaang zeréckhalen.
    Si stiechen enorm Plus-valuen an, wann anerer interessant Projeten entwéckelen, a si hiren Terrain dann extra deier kenne lassginn.
    Hei muss d'Politik Weeër a Méiglechkeeten fannen, fir esou engem asozialen Verhalen entgéint ze wierken.
    Mee och di kleng, scheinbar onschëlleg, Spekulatioun mécht an der Zomm vill Schued.
    Hei misst et eng Aart Pool ginn, bei dem den Eenzelnen säin Terrain zu Verfügung stellt an eng korrekt - awer net spekulativ - Remuneratioun kritt. Den Dag wou hien en eegene Projet realiséiert, huet en dann Usproch aus dem Pool eraus en ähnlechen Terrain zeréck ze kréien.
    Natierlech ass dat eng Utopie. Trotzdeem musse mer a Saachen Wunnraum nei Weeër goen.
    Et kann net sinn, dat laangfristeg een Deel vun der Bevëlkerung d'Halschent oder méi vu sengem Akommes muss fir d'Wunnen ausginn, just well d'Spillreegelen den Realitéiten net ugepasst ginn.

     



    4 min
  • Carte Blanche : Marc Glesener, 09/06/2017
    Sondagen gehéieren mëttlerweil och a Lëtzebuerg zum politeschen Geschäft. Och wann d’Politiker je no Resultat esou Ëmfroen relativéieren an d’Aussokraft a Fro stellen, spigelen Ëmfroen dat erëm, wat d’Vollek denkt. Dëst onofhängeg dovun, dat een sech em e puer Prozentpunkten iere kann. En Trend ass nun emol en Trend.
    Et ass vill an intensiv iwwer déi lescht Politmonitor-Resultater diskutéiert, gesot a geschriwwen ginn. An hei as et virun allem eng Zuel, déi mir et ugedoen huet an déi ze denken gëtt. Et sinn dëst déi 25 Prozent vun de befroten Leit, déi gesot hunn, guer kengen Partei ze Vertrauen.
    25 Prozent, also e Véierel vun de Wieler am Land: Dat as am Fong enorm. - 25 Prozent hu kee Vertrauen a mussen dach hier Wahlflicht nokommen. Stellt sech d’Fro, wiem si dann an der Wahlkabinn bereet sinn, hir d’Vertrauen ze schenken.
    Eng gutt Fro.
    Vläicht ass et genau ronderëm des Fro wou en Politiker wéi den Emmanuel Macron a Frankräich seng Strategie vum Renouveau opgebaut huet. Hien huet a senger Kommunikatioun konsequent op eng Rupture mat dem alen klasseschen System gesat. Seng Strategie ass opgaangen.
    gn an d’Sondage soen him a senger neier Partei elo och en Erfolleg bei de Parlamentswalen viraus. Op dat esou ass, weist sech dësen Sonndeg an de Sonndeg drop.
    Dat eng Rei Leit bei eisen franséischen Noperen net richteg verstane hunn, firwat et zum Phänomen Macron komm ass, beweist eng Wuertmeldung vum neien President vun der Regioun Paca, dem Renaud Muselier. Hien huet gëschter an engem Zeitungsinterview virum Amateurismus gewarnt, deen d’Kandidaten vum Macron senger Partei géif auszeechnen. Hien, deem seng Carrière bei der Droite eng Geschicht vu Cumulen an Postenjuegd ass, warnt virun Amateur-Deputéierten. Na,ja: Eng kritesch Selbstanalyse wir hei vläicht éischter ubruecht gewiescht.  Mais et bleift beim alen Denken an den alen Reflexer.
    Zréck zu mengen 25 Prozent hei zu Lëtzebuerg. Dëse Véierel vun de Leit misst am Fong d’Haaptzilgrupp vun der politescher Aktioun sinn an et wier virun allem interessant ze wëssen, firwat des Wieler kee Vertrauen an eng Partei hunn oder dëst Gefill vun Vertrauen verluer hunn. Dat wier dach emol en Sondage wäert, oder?


    3 min
  • Carte Blanche : Marc Hostert, 07/06/2017

    Ech war méi ewéi iwwerrascht  dass déi däitsch Kanzlerin, déi als kill an berechenbar Physikerin, seelen eppes vum Lescht léist ouni sech den méiglechen Konsequenzen bewosst ze sinn, an engem Béierzelt zu München en méiglechen Paradigmenwiessel fir Europa an deemno fir  eis all annoncéiert.
    Zanter méi ewéi 12 Joer ass Madame Merkel  elo an  “Amt und Würden” an huet mat hirem “inkrimentalen” politeschen Styl, dat heescht ouni grousst  Gedeessems an grouss philosophesch Debatten, eng Problem orientéiert Realpolitik bedriwwen déi see den leschten Sondagen no vun der däitscher Bevëlkerung  unerkannt kritt.
    Dräimol huet Kanzelerin Merkel den Pad vun hirer Realpolitik an “No surprise Policy” verlooss.  Déi éischten Kéier bei hirem “Volte-face” beim  däitschen “Atomaustieg” nom Accident zu Fukushima 2011, eng zweeten Kéier  bei der Flüchtlingskris 2015 an zu gudder Läscht eng drëtten Kéier elo nom Nato-Sommet a  dem  G-7 Sommet an Italien.
    An hirer Festzelt Ried huet see gesot dass : “Déi Zäiten wo mir eis integral op anerer verlooss hunn, sinn a Stéck eriwwer. Dat hunn ech   déi lescht Deeg erlieft. Dofir kann ech nëmmen soen dass mer eist Schicksal an déi eegen Hänn mussen huelen.”
    Dëst Zitat ass virum Hannergrond ze gesinn dass see zwee Mol mam Donald TRUMP um héchsten Niveau Treffen hat.
    Op deen Satz elo op der richteger Platz gesot ginn ass an dann och nach am däitschen Walkampf sief emol dohigestallt.
    Fakt ass awer dass eng Gewëssheet an méi ewéi an Fro gestallt huet op déi mir eis als Europäer zanter dem 2. Weltkrich an zanter Generatiounen ëmmer verlooss hunn, nämlech, dass dat transatlantesch Bündnis d ‘NATO  ëmmer esou weider geet ouni dass Europa sech besser an méi engagéiert wei bis elo an seng Verdeedegung selwer an Hand hellt.  
    Mam Slogan “America First” huet den Donald TRUMP op mannst emol fir séin Mandat an verschidden Bezéiungen dobäi och déi mat Europa an der Sécherheet s- an Verdeedegungspolitik  eng méiglech Scheedung an den Raum gestallt.  
    Déi däitsch Bundeskanzler huet an dëser Ried sécherlech hirer Enttäuschung  Loft gemaach  mäi see wollt op jiddefall och dass Europa aus se senger Léthargie an aus senger Bequemlechkeet erwächt.
    D ‘Ziel muss et sinn eng gemeinsam europäesch Verdeedegungspolitik an Sécherheetspolitik ze entwéckelen déi Europa an senger Selbststännegkeet kräftegt.  
    D ‘Millen fir en méi staarkt Europa sinn deemno an Bewegung. Et ass awer och en penibelen Ament fir  Europa well eis Schwächten ginn minutiéis opgedeckt.
    Den Kontext ass awer besser wei virun en puer Méint. An Holland  an Frankräich hunn  pro europäesch Parteien d ‘Walen gewonnen.
    Dëst Eisen muss elo op den Lescht geholl ginn am Sënn vun eisem gemeinsamen Europa. Falls dat net geléngt kann des Ried soss als eng esou genannten “Hunnenried” och als Boomerang  ugesinn ginn déi eis Europäer  dann an nächster Zukunft bei all Geleeënheet  vun baussen ënnert Nues gehalen gëtt.
    Mir sollen awer besonnesch  als Lëtzebuerger eis Liaisoun mat Amerika net nëmmen an der Periode Donald TRUMP gesinn méi doriwwer eraus an an hirer laanger Geschicht. Et huet eis bis elo ëmmer mat Amerika méi verbonnen ewéi getrennt!


          (Follow me on Twitter and Facebook  at: @marchostert)

     



    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h20, 07/06/2017
    No der leschter Finanz-Kriis vun 2008, sin an de leschte Joren méi flexibel a méi collaborativ Consommatiouns-Modeller entstanen, ënner anerem d‘“sharing economy“. Wei verbreet ass dëss zu Letzebuerg ?
    Zu Lëtzebuerg geheiert d’sharing economy nach net zum Alldaag.
    Aus engem rezente Rapport vun der Fondatioun IDEA geet erfier daat Letzebuerg sech bei dësem neie Consommatiouns-Modell éischter zréckhalend weist. Just 13% vun der Populatioun huet scho vun der „sharing economy“ Gebrauch gemaach, am Géigesaz zu eisen franséischen an däitschen Noperen déi bei 36%, respektiv 20% leien.
    Och wann dei nei Technologien d’Entwëcklung vun desem neien Wirtschaftsmodell erliichteren, bleiwt sain Impact gereng.
    Wéi léist sech dat erklären?
    Ee vun de Grënn ass sécher, datt et eiser Wirtschaft am Moment gutt geet. De Statec gesäit fir 2017 e Wuesstum vun iwwer 5% vir. De Chômage ass och um zréckgoen a wäert demnächst enner 6% falen. (An - ) de Besoin an der lokaler Populatioun fier zousätzlech Revenuen ze erzielen – oder Käschten ze spueren duerch léine statt kafen, schéngt (deemno) geréng ze sinn.
    Gëtt et zu Letzenbuerg dann iwwerhaapt e gesetzlechen Kaader fier d’”sharing economy” ze regelen?
    Am Moment net wierklech an dat ass och net fördernd fier eng méi collaborativ Gesellschaft ze crééieren. D’Regierungen europawait doen sech schwéier an esou engem Modell d’Limiten ze défineieren fir eventuell “dérapages/dérivéen” ze éviteieren. Wou ass d’Grenz tëscht dem privaten a berufflechen Liewen? Sou ass et relativ komplex, fir eng kloer Reglementatioun opzesetzen, déi dës nei Modeller encadréiert.
    (Mee Lëtzebuerg steet réischt um Ufank vun dëser Entwécklung. An) an enger Zait wou d’Erhaalen vun de (natiirlechen) Ressourcen an den nohaltegen Wuesstum grouss Enjeu’en duerstellen, schéngen d’Regierung an och d’Consommateueren emmer mei opp fier nei – a mei nohalteg – Wirtschaftsmodeller.

    2 min
  • Carte Blanche : Georges Hellinghausen, 02/06/2017

    „Alle Jahre wieder...“ ass Chrëschtdag. An „alle Jahre wieder...“ ass op Päischtdënschdeg d’Sprangprëssessioun zu Iechternach, zënter éiwegen Zäiten. An dat obwuel se schonn e puermol drop an dru war, ofgeschaaft ze ginn – mä weder e Jousef II. am 18. Jh. nach d’Preisen am 2. Weltkrich hunn dat zustanebruecht, och net d’Säkulariséierung vun de leschte Joerzéngten. Bien au contraire, si ass souguer valoriséiert ginn duerch d’Opnahm an déi immateriell Kulturgidder vun der UNESCO.

    D’Sprangprëssessioun erfreet sech enges groussen Zoulaf, grad och bei Jugendlechen. Kee weess, wou se genee hierkënnt a wéini se entstanen ass, obwuel et zeg Hypothese gëtt – mä eben nëmmen Hypothesen. Mä vläicht mécht dat jo och de Charme vun enger Saach aus, datt se eppes Mysteriéises a sech dréit.

    Wat kann een dermat verbannen – reliéis gesinn, well dorëms geet et jo, a grad déi Dimensioun gëtt vun den Organisateuren héichgehalen, nieft deem berechtegt Folkloristeschen. Mam ganze Kierper, an net nëmme mam Geescht bieden, dat wier emol eng Pist. A well een, zemol wann ee vill Kiloen duerch d’Abteistad beweege muss, jiddefalls och un d’Schweesse kënnt, kann een doran och eng Boussübung gesinn. Als Heilstanz géint Epilepsie huet se haut éischter ausgedéngt. Parconter als Ausdrock vu reliéis begrënnter Freed léisst se sech schonn och interpretéieren – e bësse wéi de Kinnek David am Alen Testament, deen virun der Bundeslade rituell gedanzt huet, wéi se op Jerusalem iwwerfouert ginn ass.

    Fir d’Iechternacher Leit ass d’Sprangprëssessioun Kiermesdag, wou si hir Familljen a Bekannten empfänken a bekäschtegen. Och dat huet säi Reiz. Fir déi vill auslännesch Gäscht ass et eppes Spektakuläres, déi Dausende vu Sprénger op d’Weis vun enger Polka gruppeweis duerch d’Stroossen danzen a sprangen ze gesinn – an dat zu Éiere vum hl. Willibrord.

    Den neie Film iwwer d’Oktav, dee virun e puer Wochen erauskomm ass, gëtt ageleed mat „Tous aiment l’Octave“. Abee, vun der Sprangprëssessioun kann ee mindestens datselwecht soen: All hu mer se gär, egal wat deen Eenzelnen elo dermat verbënnt u Kierchlechem, Weltlechem, Existenziellem, Traditionellem oder Folkloristeschem. Wann et d’Iechternacher Sprangprëssessioun net géif ginn, da misst een se erfannen. Mä et gëtt se jo. An an e puer Deeg ass et nees esou wäit.

    Georges Hellinghausen

    3 min
  • Carte Blanche, Laura Zuccoli, 31/05/2017

    Wou bleift eng koordinéiert a proaktiv Aschreiwungscampagne? Keng Affichen! Kee Spot op den Radioen, näischt op der Tëlee. Sécher eng Rei Initiative sinn am Gaang: esou goufen eng 50 Multiplicateuren ausgebilt déi hir Landsleit iwwert d’Wichtegkeet fir sech anzeschreiwen iwwerzeege sollen. Och eng Rëtsch Gemenge schécke Bréiwer un hir Auslännesch Residenten eraus, maachen hire Biergerzenter extra 2 Samschdeger op. Broschüren an Flyere goufen an ville Sprooche gedréckt. Mee all dës Initiative gesäit ee kaum!
    Wou sinn d’Aussoe vun de Parteien derzou ? Wou sin di eng oder aner Aktiounen ? Parteien sinn all elo am gaangen hir Leschte virzestellen, mee kaum gëtt e Net Lëtzebuerger Kandidat an de Virdergrond gestallt, fir esou d’Wichtegkeet vun sengem Engagement fir d’Zesummeliewen ze ënnersträichen ! Villäicht läit dat och dorunner datt ee kaum Net Lëtzebuerger Kandidaten op de Gemengewahllëschten gët!  Et huet een d’Impressioun, dat Wahlbedeelegung vun den Auslänner en Tabu Thema ass.
    D’Politesch Campagne fir Gemengewahle leeft am September un. De Stéchdatum fir sech als Auslänner fir déi nächst Gemengewahlen anzeschreiwen ass den 13. Juli! Do muss ee schonns immens u Politik interesséiert sinn, wësse wéi wichteg Gemengepolitik ass, fir sech ze motivéiere a sech elo schonns anzeschreiwen. A wann da wichteg lokal Politiker soen, majo wann d’Auslänner sech net aschreiwen, heescht dat datt sie mat eiser Politik zefridde sinn, da froen ech mech firwat mer iwwerhaapt solle wiele goen? Ech hunn ëmmer geduecht et géif drëms goen datt d’Vollek duech d’Wahlen die duerchgefouert Politik zensuréiert oder och net.

    D’Nationalitéitegesetz, fir Lëtzebuerger ze ginn, gesäit elo eng Residenzzäit vun 5 Joer vir, och mat Ënnerbriechungen. Et muss een awer 5 Joer ouni Ënnerbriechung zu Lëtzebuerg gelieft hu fir sech als Net Lëtzebuerger op Gemengewahllëschten anzeschreiwen!  Wou ass do Logik!?

    Et gëtt keng Gemeng méi am Land déi manner ewéi 20 % Net Lëtzebuerger Residente huet! Vill Gemenge leie bei iwwer 40 % an verschidden - besonnesch grouss Gemengen - tësche 50 an 70%! Kann een da nach vun Demokratie schwätze wann een dat einfach viru sech hi lafe léisst, sech begnügt datt nëmme Lëtzebuerger wielen – well dei gi jo net gefrot op se dat wëllen oder net! De Wäert vun enger Demokratie jügéiert een dorunner wéi vill Leit op de Wahllëschten ageschriwwe sinn. Also misst eis Politik am Fall vu Lëtzebuerg sech immens an Geschir werfen, fir datt esou vill ewéi méiglech Net Lëtzebuerger sech op de Gemengewahlleschten aschreiwen. An dat kascht Iwwerzeegungskraaft, Erklärungen – mir brauchen jo just iwwert eis Grenzen ewech ze kucken, wou ëmmer mei Wieler vun der Politik enttäuscht sinn, a net méi wiele ginn!

    Mir mussen zu Lëtzebuerg zesummenhalen! Dëst as sécher méi einfach an Zäite vun ekonomeschem Wuesstem. Mee mir mussen dofir suergen - grad elo - datt mer den ëmmer méi zahlreiche Net Lëtzebuerger eng Plaz an eiser Politik ginn, an de Parteien, op de Wahllëschten an an den Gemengekommissiounen.

    D’Demokratie vun engem Land miesst sech un der reeller Bedeelegung vun all sengen Awunner un de Wahlen.Ssoss lafe mer Gefor datt eist Zesummeliewe bei der klengster Schwieregkeet zesummefält. An dat ass a kengem sengem Interessi!




    4 min
  • Carte Blanche: Robert Dennewald, 29/05/2017

    Ech gehéieren zu deenen onzählegen Automobilisten déi sech Dag fir Dag duerch d’Rondpoint’en Irrgärtchen an Sandweiler quälen mussen.

    Dat wat sech hei ofspillt war virauszegesinn. Vill grouss Entreprisen hunn sech an dem Eck Sandweiler/Contern ugesidelt an’t Regierung huet d’Conterner Industriezone zur Logistikplattform Zentrum ausgeruff. Dat wat mer haut als Verkéieropkommes hun, ass nëmmen en Virspill vun dem wat op ons zoukënnt. Den liewensgeféierlechen, regelméissegen Réckstau op der Autobunn bei der Offahrt Irrgärtchen, den praktesch chroneschen Verkeiersstau an - an zweschen den Rondpoint’en ass net nëmmen eng grouss Belaaschtung fir ons Nerven, mee och en groussen wirtschaftlechen Verloscht vir all déi Betriber deenen hir Camion’en während Stonnen am Stau stinn, ouni vun der onnëtzer staarker, onnéideger Ëmweltverschmotzung ze schwätzen.

    Ech sinn der Iwwerzeegung dat ons Spezialisten vun den Ponts & Chaussées hiert Bescht maachen fir den Problem ze léisen. D’Aféierung vun engem sougenannten Turbo-Rond Point wäert hoffentlech eng Erliichterung mat sech bréngen, och wann mir all mat Grauen der Chantier’s Phase vun dësem Projet entgéint blécken.

    Mir sollen och den Courage hunn iwwert Léisungen, ewéi eng nei Ausfahrt op der Autobunn, déi sech technesch relativ gutt maachen léisst, an dei den Raum Contern direkt géif bedéngen, nozedenken an dann och kuerzfristeg ze entscheeden.

    Den Bauteminister huet während senger Amtszäit villes erreecht wat en net gréngen Minister nimools duerchkritt hätt. Duerfir verdengt hien vill Luef. Elo geet et awer drëms fir ausseruerdentlech Problemer ausseruerdentlech Léisungen ze fannen, an wann méiglech nach virun den Chamberwahlen Entscheedungen ze treffen. Mat Turbo- Gepléischters ass der Saach nämlech net gedéngt.

    2 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners