RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche - Jean Huss, 03/11/2017

    A Saache Liewensqualitéit an den ëmmer méi grousse Risike fi eis Ëmwelt a Gesondheet si mer an de vergaangenen zwou bis dräi Wochen op en Neits mat enger Rei vun alarméierenden Norichten a Fakte konfrontéiert ginn.
    Datt mer dëst Joer elo scho fir d’zweet gewarnt hu misse ginn, net am Stauséi ze schwammen an och keng Fësch dorausser z’iessen wéinst gëftege Bloalgen, - Resultat vu jorzéngtelaanger Iwwerdüngung vun eisen Agrarflächen an enger grad esou laanger CSV-Agrarpolitik-, dat ass scho bedenklech!
    Mee nach vill méi alarméirend ass dat, wat sech zu Bréissel schon zanter Wochen ronderëm de Glyphosat am Roundup, dem gëftegen Herbizid vu Monsanto, ofspillt. Während Ëmweltschützer an onofhängeg Wëssenschaftler a Mediziner weltwäit, an esouguer den IARC, dat offiziellt Forschungsinstitut vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO viru wahrscheinleche Kriibsrisiken an anere Gesondheetsgefore warnen an endlech en direkte Verbuet vum Glyphosat fuerderen, versicht dem Här Juncker seng EU-Kommissioun, versichen och déi dominéirend politesch Fraktiounen am EU-Parlament, virun allem sougenannt Chrëschtdemokraten, Chrëschtlech-sozialer a Konservativer, de Glyphosat am Intérêt vun de Profitinteresse vu Monsanto a Bayer nach 5 bis 7 Joer um Marché ze loossen, mat alle prévisiblen ëmwelt- a sanitäre Konsequenzen.
    Et ass bekannt a wëssenschaftlech unerkannt, datt de Gros vun de weltwäit agesate Pestiziden toxesch si fir Mënsch an Natur, a beim Mënsch och a klengsten Dosen als Kriibs- Hormon- oder Nervegëfter wierken, an dat schon am Mammebauch a virun allem bei Bebéën a Kanner.
    Dës Pestizidgëfter fënnt een an der Tëschenzäit iwwerall: an der Loft, am Reewaasser, am Buedem an an de Planzen an a villem, wat mer all Dag iessen. Eng intensiv an industrialiséiert Landwirtschaft an Europa ass ouni Zweifel d’Haaptursaach vun dëser nefaster Entwécklung.
    Virun e puer Deeg ass elo och bekannt ginn, duerch eng nei wëssenschaftlech Etude an der renomméierter Wëssenschaftszäitschrëft Plos One, datt Pestiziden, virun allem d’Kategorie vun den Neonikotinoiden, responsabel wieren fir en dramatescht Ausstierwe vu Beien, Bommelen, Päiperlécken, anere Bestäuberinsekten oder och vu Villerchersaarten. An der Moyenne wieren hir Populatiounen an de leschten 30 Joer ëm iwwer 79% an der EU zeréckgaangen. Och dat mat de prévisiblen dramatesche Konsequenzen!
    Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, sidd där net och mat mär der Meenung, datt elo endlech an definitiv misst Schluss gemaach gi mat där aktueller konservativer, reng industrieorientéierter EU-Agrarpolitik, déi all eis Liewensgrondlagen op d’Spill setzt a gläichzäiteg den europäesche Bauere keng wierlech sozial an ekonomesch Iwwerliewensperspektive méi bidd? Positiv Alternativë leien zanter Joren um Dësch!
    0 min
  • Carte Blanche, Georges Hellinghausen, 02/11/2017
    Zwar sinn déi Fester eréischt am Mëttelalter agefouert ginn, mä si verbannen äis, vun der Saach hir, mat der Zäit vun der Antike. Bei griicheschen a réimesche Grafinschrëfte stécht an d’A, wéi staark d’Fro „An dann?“ intrigéiert huet. En etlech schweigen iwwert e Jenseits, anerer si ganz gespréicheg. D’Weltbiller waren deemols, esou wéi haut, ënnerschiddlech. Munch antik Inscriptiounen otme nëmme Wehmut a Resignatioun, fir si gëtt et keen „Dono“. Anerer si voll Vertrauen a gleewen un eng Zort „Äther“, wou déi onbeleifte Séil sech ging nom Dout erhiewen. Um Ufank sinn och heednesch Formuléierunge vu Chrëschten iwwerholl ginn, déi awer hir Symboler derbäigesat hunn: eng Dauf, e Fësch, en Anker oder de Christusmonogramm.

    Ass dat net wéi e Spiggelbild vun eiser Gesellschaft? Den antike Pluralismus, e Virleefer vun eisem heitegen? Wéi wann 2000 Joer näischt passéiert wier... Et gouf an der Antike, wat Dout a Jenseits ugeet, grad esouvill Skepsis an Zweifel wéi Hoffnung a Glawen, chrëschtlechen an aneren. Woubäi de Grondtoun vum chrëschtlechen, deemols ewéi haut, ass: dass et eppes durno gëtt, e Liewe bei Gott an der Éiwegkeet; mä awer och, dass et tëscht dem irdeschen an dem éiwege Liewen eng Zäsur gëtt, eng gewalteg, substanziell Transformatioun. Dës radikal Verwandlung, dës Metamorphos gëtt bezeechent als „Operstehung“ – och wann déi haut gesellschaftlech tabu ass a gär als „Bondieuserie“ ofgedu gëtt. Gi mer awer dervun aus, mam Dout giff de Rido definitiv falen, kondannéiere mer äis selwer zu engem Liewen an der Bedeitungslosegkeet. Well da musse mer äis domat offannen, dass et an d’Blannt eraleeft. Firwat also net déi zweet Méiglechkeet an d’A faassen, nämlech dass d’Liewen net am éiwegen Näischt ennegt?

    De Voltaire, deen net am Verdacht stung, iwwerméisseg kathoulesch ze sinn, hat emol zur Operstehungsfro eng intressant Äntwert ginn. Do hat an enger nobler franséischer Gesellschaft eng Dame sech mokkéiert, wéi et ewerhaapt méiglech wier, dass Leit un esou eppes Fabuléises wéi eng Operstehung gleewe kënnten. Hei widersprécht de Voltaire: „Pardon, Madame, d’Operstehung ass dat Einfachst vun der Welt. Deen, deen de Mënsch eemol geschaf huet, kann en och nach eng Kéier schafen!“ Anescht gesot: Operstehung als den Eclatement vun engem neien, onvergängleche Liewen, als nei Schöpfung! Wa mer schon hei sinn – mer misste jo net heisinn, wéisou si mer eigentlech hei? –, dann ass jo net vu vireran auszeschléissen, datt mer och nach eng weider Kéier, wann och ganz anescht, kënnen dosinn a bestoen. Oder?


    Georges Hellinghausen

    4 min
  • Carte Blanche, Paul Estgen, 25/10/2017


    Op dem Europäeschen Niveau gëtt aktuell vill doriwwer diskutéiert wei d’Europäesch Union misst reforméiert ginn. Den Jean-Claude Juncker, den Emmanuel Macron, d’Angela Merkel, an nach vill aner héichrangege Politiker, hun an der leschten Wochen sech mat der Fro vun der Zukunft ausenaner gesat. Den Brexit an d’Opkommen vun den populisteschen Parteien, den Réckzuch vun Amerika um internationale Parket, spillen do d’Roll vun engem Katalysator. Jiddereen ass d’Accord mat der Iddi dass elo eppes muss passéieren.
    Mee geet et duer dass dësen Debat vun der Reform just op dem Niveau vun den Regierungscheffen an Europäeschen Institutiounen gefouert gëtt? Genau an engem Moment wou mer gesinn dass en groussen Deel vun der Bevëlkerung sech nëmmen ganz wéineg mat der europäescher Konstruktioun identifizéiert?
    Ech wiesselen lo ganz bewosst den Standpunkt. Vum Macro-Level op den lokalen Niveau. Virun en puer Deeg war ech mat engem Grupp am Schengen-Musée. D’Schengen-Ofkommes ass en Grond-Pilier vun dem haitegen Europa. Mee entstanen ass die Geschicht jo am ganz klengen. Frankräich an Däitschland waren bereet zesummen mat den Benelux-Staaten hiren Grenzen opzemaachen, eben genau no dem Modell den d’Belsch, Holland an Lëtzebuerg schonns haten. Et gouf en Stéck Europa geschaaft, dat ganz konkret erliefbar war, vir all Bierger vun dësem neien Espace.
    Ech interpretéieren des Geschicht als en zweete Wee, wei en Europa kann weiderbauen. Villäicht geet dat ze weit, vir ze soen dass dat den Modell vum Bottom-Up kennt duerstellen; mee et ass op jiddefalls no drun. Europa baut sech och am klengen: do wou konkret nei Weeër gesicht ginn  vir Problemer an Froen vun den Bierger ze léisen. Wann een dann nach den politeschen Wëllen huet, vir mol Verschiddenes auszeprobéieren an ëmzesetzen , dann sinn d’Chancen grouss dass een et schafft, vun engem klengen Experiment aus, en grousst Stéck Europa ze bauen.
    Lëtzebuerg ass jo predestinéiert vir sech do mat ze engagéieren. Duerch ons Grenzregioun, ons Méisproochegkeet, sollten mer versichen mat onsen Noperen nei Modeller ze probéieren, vir dat Europa vun Muer.
    Ech ginn en konkret Beispill. Wann en vun Belval duerch den Tunnel an Frankräich fiert, gesäit een dass et do riseg Flächen gëtt, déi quasi brooch leien, an en bëssen ausgesinn wie en Nomansland. Eigentlech eng ideal Platz vir eng ganz nei Stadt ze bauen, déi un Belval géif uschléissen. Dat géif Wuesstem vir eng strukturschwach Regioun an Frankräich bedeiten an kennt och een Deel zur Entschäerfung vun der Wunnengsproblematik, spriech Terrainspräisser vun Lëtzebuerg bäidroen.  Dat wär jo ideal vir mol ze probéieren,  eng Zone Franche vir d’Bierger ze kreéieren, wou Lëtzebuerger an Fransousen géifen eppes Neies erfannen. Natierlech muss en do iwwert Sozialrechter, Steiersystemer, Schoulmodeller an sou enger Zone diskutéieren an verhandelen. Et ass selbstverständlech dass esou en Projet muss eng Win-Win Situatioun vir die zwee Länner duerstellen. Mee et keent awer och en formidabelen Projet sinn, wou mer haut zesummen, mat den Bierger aus der ganzen Regioun, géifen nei Modeller erschaffen wei Europa kennt sech weiderentwéckelen. Dat wär och eng Méiglechkeet vir den President Macron net nëmmen flott Iddien ze presentéieren, mee och konkret eppes ëmzesetzen.
    Ech wënschen mer en neien Undriff an onser Groussregioun als positiven Beitrag vir den Europäeschen Projet. Ech hoffen dann och dass die Europäesch Konstruktioun seng Platz am nächsten Walkampf hei zu Lëtzebuerg fënnt an dass mer duerch konkret Projeten neien Optimismus schaffen vir d’Europäesch Integratioun.
     
     
     
     
     
     
     
     
     
     
     

    3 min
  • Carte blanche économique mat PWC 18h15, 25/10/2017
    Haut mam JV vu PwC zum Thema, "GRI" - Global Reporting Initiative. Dest ass eng Initiative déi de Firmen d'Meiglechkeet get fir mei Transparenz no baussen ze weisen...?

    Jo. Et geet haut net méi duer, datt Firmen just hier Finanzen reportéieren. D'Kollektivitéit wëll méi iwwert d'Betriber gewuer ginn. Wéi këmmert d’Firma sech ëm hier Leit, funktionnéiert se op ethesch a legitim adequat Art a Weis, engagéiert se sech dann och am soziale Beraich? - jee ass d'Firma responsabel a get si eppes un d'Gesellschaft zréck oder ass se just e eng Geld-Maschinn?

    Wéi eng Roll spillt d'GRI dann dobäi?

    D'Global Reporting Initiative ass eng international Organisatioun déi Themen uschwätzt, déi fir d'Iwwerliewen vun eiser globaler Gesellschaft a Wirtschaft wichteg sinn. Se proposéiert eng Plattform dei eng systematesch a moossbar Kommunikatioun vu kritischen Durabiliteitsthemen - wei Klimawandel oder Menscherechter - erméiglecht.

    PwC Lëtzebuerg huet jo d'lescht Woch hire Jores Rapport virgestallt, deen no de Standarden vum GRI entwéckelt ginn ass. Firwaat ass dat esou gemaach gin?

    Et geet engersäits ëm mei Vertrauen waat just duerch méi Transparenz an Intégritéit méiglech ass, an aanerersäits ëm d'Bewosstsënn datt all Betrib eng gewësse Responsabilitéit huet, bannent dem Ecosystem wou en täteg ass. Dofir huet PwC décideiert mat allen Interessegruppen - Mataarbechter, Fournisseure, Klienten, Medien, dem Staat awer och den ONG'en - den Dialog ze sichen an sech vis à vis vun enger Rei Themen wei Ethik, Legitimiteit a Sozialem Impact - a Fro ze stellen. Duerch desen Dialog ass zesummen festgeluecht ginn wat wichteg ass a wou sech kann, a soll, verbessert ginn.

    Kléngt daat elo net virun allem mol no enger Image Campagne?

    Grad net. Hei geet et drëm, datt eng Firma sech intern (an extern) esou adaptéiert, datt se nohalteg, mat enger konkreter Kontributioun fier d'Gesellschaft - a vun der Gesellschaft verstaan - funktioneieren kann. Ech sin der Iwwerzeegung daat di global Problemer net kennen eleng vun Regierungen an ONGen geleist gin. D'Business-Welt, dei emmer mei grouss an emmer mei globaliseiert get, muss och hier Responsabiliteiten iwwerhuelen an hieren Deel zur Verbesserung vun eiser Welt baidroen. Wei e bekanntenen CEO kierzlech soot « The business of business is to make this world a better place ».
    2 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

55 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners