RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Carte Blanche episodes

  • Carte Blanche , 12/10/2018 07:45
    Haut schwätzt d'Magali Paulus eis, kuerz virun de nationale Wahlen, iwwer eist klengt Land an seng Impakter. Si schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei Etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
    0 min
  • Carte Blanche, 12/10/2018
    Wat ass den Impakt vun de Wahlen zu Lëtzebuerg op de Rescht vun der Welt? Huet Lëtzebuerg iwwerhaapt als klengt Land en Impakt op d'Welt? Wa jiddereen op der Welt géing konsuméiere ewéi mir, bräichte mer 7 Planéiten, d'Ressourcë wiere schonn Enn Februar opgebraucht. Duerch eis Steieroptimiséierungspolitik verléiere vill Länner am Noen- wei Waitenausland wichteg Akommes u Steiergelder déi gebraucht wiere fir Educatioun, Santé an d’Liewensbedingunge vun der Populatioun ze verbesseren. Dëst si negativ Impakter. En Deel vun deenen Impakter ass duerch Whistleblower un d'Liicht bruecht ginn. Souwuel Whistleblower wei och Ëmwelt- a Menscherechtsverdeedeger musse méi protegéiert ginn, well et ass nëmmen duerch si dass ongerecht Situatiounen un d'Ëffentlechkeet bruecht ginn an dass mer eis fir eng Ännerung vu deene Situatiounen asetze kennen.

    E Méinden ass de neie Rapport vum GIEC erauskomm. Et ass keng schéi Siicht op d'Zukunft. D'Wëssenschaftler vum GIEC sinn der Meenung dass mat enger Erheigung vun 1,5 Grad iwwer 100 Millioune Mënsche Klimagebonne Risiken ausgesat wäerte sinn. Zemools Subsaharafrika, Südostasien, Zentral- a Südamerika wäerte méi schlecht Recolten hunn. Dëst weist eis dass mer eis vill méi aktiv géint de Klimawandel asetze mussen, souwuel bei eis wei och op deene Plaze wou en déi schrooste Konsequenzen huet a wäert hunn.

    Subsaharafrika, Südostasien, Zentral- a Südamerika sinn nämlech net nëmmen duerch de Klimawandel affektéiert, mee och duerch ëmmer méi grouss Inegalitéiten an Aarmut. Et ass d'Eradicatioun vun der Aarmut déi den Objektiv vun der Entwécklungszesummenaarbecht ass a soll sinn. Mir sinn nach ëmmer net esou wait dass mer keng Entwécklungszesummenaarbecht méi brauchen, dofir ass et och esou wichteg dass e klengt a räicht Land wéi Lëtzebuerg 1 % vu sengem PIB der Kooperatioun consacréiert, dëst Ziel ass och vun ville Parteien an hire Wahlprogramme confirméiert. Et ass och wichteg dass Lëtzebuerg weider a Subsaharafrika, Südostasien a Latäinamerika aktiv ass an sech net op eng vun de Regioune fokaliséiert. Dëst kann eis och erméiglechen eng Süd-Süd Kooperatioun z'ënnerstëtzen, wei Lëtzebuerg et zum Beispill am El Salvador mëscht. An de Länner wou d'lëtzebuergesch Kooperatioun aktiv ass, ass d'Populatioun och ëmmer méi mat Mënscherechtsviolatioune konfrontéiert wéi am Nicaragua oder am Niger. Do ass et och wichteg dass eis Kooperatiounspolitik sech solidaresch mat der Populatioun weist an seng diplomatesch a finanziell Relatioune spille léist fir déi Situatioune wann nëmme méiglech ze verbesseren an d'Populatioune ze schützen.

    Mir mussen als klengt Land un eis Impakter denken, souwuel negativ wei positiv an eis deenen entspriechend riichte fir déi negativ manner negativ ze maachen an déi positiv méi positiv. Dat geet iwwert eis Consommatioun, iwwert eis alldeeglecht Handelen, eis Solidaritéit mat aneren, eis Engagement géint de Klimawandel. Dofir ginn ech iech muer um 2 Auer RDV op der Place Clairefontaine.

    3 min
  • Carte Blanche , 10/10/2018 07:45
    D’Wahlen 2018 sti virun der Dir, an am Land herrscht zum Deel eng beonrouegend Stëmmung. Puer Gedanken dozou vum Dr. Laurent Schley, President vun AHA, a senger Carte blanche vun haut, mam Titel „Solidaritéit statt Haass“.
    0 min
  • Carte Blanche, 10/10/2018
    Bei der Presentatioun vun hierem Wahlprogramm hat eng kleng Partei ugekënnegt, an der Schoul nees Reliounsunterricht wëllen anzeféieren, an zwar virun allem dee chrëschtlechen, dee muslimeschen an dee jiddeschen. Fir di meescht Leit hei am Land, déi frou sinn, dass reliéis Indoktrinatioun ënner der LSAP-DP-déi Gréng-Regierung endlech aus den ëffentleche Schoulen verbannt gouf, dierft dat scho Grond genuch sinn, fir déi kleng Partei e Sonndeg net ze wielen. Där Grënn gëtt et awer duerchaus nach méi.
    Säit d‘Wahlcampagne ugefaangen huet, gouf et eng Parti ekeleg Incidenten di Kandidate betraff hunn. Den Jimmy Skenderovic krut quasi Morddrohungen op facebook, dem Monica Semedo seng Foto gouf x-mol aus de Wahlplakater geschnidden, de Xavier Bëttel an d’Corinne Cahen goufen op engem Wahlplakat als Judden ofgestempelt, an de Sven Clement krut scheinbar vum Papp vun engem Kandidat vun enger Minipartei no engem Débat Streech udedroht. Déi véier Beispiller sinn awer nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg vun enger gesellschaftlecher Entwécklung, déi Angscht mécht. Dofir brauch ee just an den Sozialmedien di sëllechen hemmungslos Haasskommentaren am Kontext vun der Flüchtlingsthematik oder vun de Frontalieren ze liesen.
    An do wiere mer nees bei där klenger Partei, déi ech agangs erwähnt hunn. Déi hunn nämléch puer Leit op  hierer Lëscht, di an de läschten dräi Joer duerch nawell zolitt nationalistesch Initiativen opgefall sinn. Rezent haten déi Leit sech als Internetplattform regruppéiert an hu vun do aus ganz oppen hieren auslännerfeindleche Gedanke fräie Laf gelooss. Deen een oder aneren huet dann och mol ganz locker d‘Naziverbriechen ëffentlech verharmloost. Ganz bedenklech war d’Reaktioun vun engem laangjähregen erfuerenen Deputéierten aus där Partei. Déi Leit vun där Internetplattform wiere keng Parteimemberen, an hie géif sech vun sou Aussoen distanzéieren, housch et do. Mee et hätt een deene Leit eben eng gewësse Carte blanche ginn. Pardon? Sou einfach kritt een sech do lo net rausgeried…
    Mir sollten ni vergiessen, dass mer hei zu Lëtzebuerg sinn, wou multikulti säit Joerzéngten un der Dagesuerdnung ass. Wou eis Méisproochegkeet ee Risenatout ass, dee mer net verléiere sollten. Wou een dagdeeglech Leit aus anere Länner an aus anere Kulture kenneléiere kann, sech mat hinnen austauschen a vunenee léiere kann.
    Wann ee bis ufänkt vu „mir“ an „si“ ze schwetzen, dann ass dat ee Schrëtt op ee ganz geféierleche Pad, deen anerer scho virun 80 Joer gaange sinn. Grad hei am Land sollt een eigentlech aus där Geschicht geléiert hunn. Jidder eenzelnen huet e Sonndeg an der Wahlkabinn eng Verantwortung fir dofir ze suergen, dass mer net a Richtung vun enger Widderhuelung vun där Geschicht steieren. Loosst mer den Haass an d’Ausgrenzung net gewannen, mee loosst mer astoe fir di humanistesch Werter vu Solidaritéit an Zesummeliewe mat alle Mënschen.

    3 min
  • Carte Blanche, Patrick Michaely , 08/10/2018 07:45
    Mir sinn den 27. Abrëll 2054. Am ‘natur musée’ kënnt et wéinst enger Surcharge an de Leitungen zu engem Kabelbrand am ale Frigo, an deem d’Somesammlung conservéiert gëtt. E Fonke spréngt iwwer. A senger Carte blanche erzielt de Patrick Michaely déi ganz Geschicht. Et ass keng mat Happy End!
    0 min
  • Carte Blanche, Patrick Michaely, 08/10/2018
    Et sinn elo genee zweehonnert Joer hier, datt fir d’éischt Kéier zu Lëtzebuerg d’Diere vun engem naturhistoresche Musée fir de Public opgaange sinn. De Musée huet zënterhier déi bedeitendst Sammlungen iwwer de Patrimoine naturel vun der Groussregioun ugeluecht. Millioune vun Objete ginn an de Sammlungsraim am Gronn conservéiert. Kuerz no 18.50 - déi vill Éieregäscht op der Gebuertsdagsfeier si grad beim éischte Schampesglas - kënnt et wéinst enger Surcharge an den Leitunge vum historesche Gebai zu engem Kabelbrand am ale Frigo, an deem d’Somesammlung conservéiert gëtt. E Fonke spréngt iwwer.

    Pabeier fänkt u bei 232,8 Grad Celsius ze brennen. Pabeier gëtt et an dësem Raum genuch. De Frigo mat der Somesammlung steet nämlech wéinst Plazmanktem am selwechte Raum wéi den Herbier. Iwwer 100.000 Planzebeleg, déi an de leschten 200 Joer zu Lëtzebuerg gesammelt goufen, ginn hei propper an eenzel Pabeiersmappe versuergt. Op der Gebuertsdagsfeier fir d’Muséesfrënn huet déi zoustänneg Botanistin elo grad eng Ried gehalen iwwer d’historesch Bedeitung an de wëssenschaftleche Wäert vun dëser Planzesammlung fir d’Land. Fir hiren Discours virzebereeden hat se just virdrun e puer Planchen aus de Compactus-Schief erausgeholl an um Schaffdësch ausgebreet. De Fonke fält drop. Ze waarm fir de Pabeier. Déi kleng Flam brauch net laang, fir sech duerch de Beleg ze friessen an de Stapel Pabeier mat de Bestëmmungsbicher unzegräifen, dee just niewendru läit. Firwat d’Sprénkelanlag mam éischten Damp net ugaangen ass, weess duerno kee sou richteg. ‘t ass elo souwisou egal: Waasser op tëscht Pabeier a Carton conservéiert dréche Planzen ass net manner schlëmm.

    D’Feier gräift weider ëm sech. D’Sammlungsraim befanne sech direkt ënnert dem holzen Daach. Am Raum niewendrun ginn déi wäertvollst Stécker aus der Mineralien- a Fossiliesammlung versuergt, dorënner international unerkannte Referenzstécker fir d’Wëssenschaft. De Mineralog, dee virun 30 Joer hei geschafft huet, hat et 2018 fäerdegbruecht engem Mineralogiesprof vu Rio seng impressionant Sammlung z’ergatteren, ier déi soss eventuell bei d’brasilianesch Kollegen an de Musée gaange wier. “Gott sei Dank”, huet deemools jiddweree gesot. D’Flamen hu mëttlerweil eng Temperatur vun iwwer 1000 Grad. Vill vun den onschätzbare Mineralien a Milliounejoer ale Fossilien halen dësen héijen Temperaturen net stand a baschten a mikroskopesch kleng Stécker auserneen. Iwwer 3 Millioune Specimenen aus der Insektesammlung sinn an hiren Holzkëschten nëmmen zousätzlech Fudder fir d’Feier. Dat eelste komplett erhalent Skelett vun engem Mënsch zu Lëtzebuerg verkuelt a senger Këscht. Domadder sinn all Preuvë vernicht, déi d’Entwécklung vun der Biodiversitéit hei am Land iwwer déi lescht 200 Joer dokumentéieren. Et ass, wéi wann d’Natur vum Land op eemol kee Gediechtnes, keng Geschicht, méi hätt. De Musée selwer, aus deem d’Éieregäscht nach mam Glas an der Hand erauslafen, fir dem Feierspektakel mat Tréinen an den Aen nozekucken, ass nämlech virun allem eng grouss Schauvitrinn. Net mol 5 Prozent vun der ganzer Kollektioun gëtt hei ausgestallt. Gefuerscht gouf op deenen 95 verbrannten.

    Bon, mir si glécklecherweis eréischt 2018, mä mir sinn all Rio. Hoffentlech léiere mir draus, ‘t ass jo Europäescht Joer vum Patrimoine culturel.

    * De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

    4 min

About RTL - Carte Blanche

From the publisher's feed

Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit

More shows like RTL - Carte Blanche

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

19 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

54 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

13 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners