5 vir 12

5 vir 12

By RTL Radio LëtzebuergComedy
Download on the App Store

5 vir 12 episodes

  • 5 vir 12 - GNTM, 29/05/2022
    Déi hei 5 loossen sech keen "i" fir en "u" virmaachen. Zu hirer 5 schloen si Alarm wann eppes net richteg leeft, an och déi lescht 2 Wochen hu si nees méi wéi eng negativ Feststellung gemaach.
    Op hei am Land oder iwwer d'Grenzen eraus ass nees net alles wéi op Rouletten gelaf. 1 Stonn laang kommentéieren se elo nees op hir Manéier d'Aktualitéit vun 14 Deeg a beweisen hiert Wëssen an alle Beräicher. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp,  Pascal Becker a Lucien Czuga.
    38 min
  • 5 vir 12 - "Net ze gleewen", 15/05/2022
    Sou laang d'Welt sech dréit, sou laang kommen och ëmmer nees konterbosseg Geschichten vir. Mir brauchen dofir heiansdo net weit ze kucken, mä kënnen virun eiser eegener Hausdier kieren. A wéi Trüffelschwäin hunn si nees déi lescht 2 Wochen e puer Storyen opgeschnaapt déi et derwäert sinn. Fir de Kapp ze rëselen, sinn beim Christiane Kremer den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp a Gérard Valerius.
    38 min
  • 5 vir 12 - "1. Mee", 01/05/2022
    Si maachen zwar gären déck Baken, awer et kënnt meeschtens just waarm Loft. Si halen den Fanger awer an d'Wonn an hier Gedanken kann een héieren. 3 Wochen hu se, bedéngt duerch d'Vakanz, opzeschaffen an och haut scheien se de Feierdag net fir drënner ze fueren an drop ze fachen. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Lucien Czuga, David Winter an Jacques Kapp.
    37 min
  • 5 vir 12 "Pällemsonndeg", 10/04/2022
    Wat am Hyde Park zu London de "Speakers Corner" wou jiddereen dee well, senge Matmënschen ziele kann wat hien op der Séil huet, ass de "5 vir 12" fir déi heiten 5. Och si verroden elo nees eng Stonn wéi eng Laus hinnen iwwer d'Liewer gelaf ass, wat si nervt, hinnen op d'Schlappen geet a wat si net roueg schlofe léisst. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
    37 min
  • "5 vir 12" Summerzäit, 27/03/2022
    Dag an Nuecht, Summer wéi Wanter sinn si um Dill an halen Aen an Oueren op fir nëmmen näischt ze verpassen. Déi lescht 14 Deeg hu se nees genuch Themen gesammelt déi si opgereegt oder ameséiert hunn an elo weisen se eng Stonn laang dass si kal a waarm gewinnt sinn. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker a Gérard Valerius.
    37 min
  • "5 vir 12" Tanktourismus, 13/03/2022
    Si rullen duerch déi lescht 14 Deeg a kucken net ëm, wéi wichteg oder dichteg déi Persoun ass déi aus der Rei gedanzt ass. Fir deen, op deen si et ofgesinn hunn, gëtt et keen Pardon a keng bëlleg Excuse. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius, an och haut gëtt net duerch d'Fangeren gekuckt.
    38 min
  • "5 vir 12" - d'Welt ass op der Kopp, 27/02/2022
    D'Stëmmung op Fuessonndeg war och schonn emol besser. Eng Kris jot déi aner. No der Pandemie de Stuerm, an elo och nach Krich an Europa. D'Equipe vum "5 vir 12" ass nawell op der Sich no gudde Nouvellen, an där wou ee sech richteg driwwer opreegen kann, ouni dass dat direkt zréckschléit. Och déi lescht 14 Deeg waren wéi eng Achterbunn, an d'Gefillswelt hat alles ze bidden.
    Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
    40 min
  • "5 vir 12" Vältesdag, 13/02/2022
    Et gëtt jo Leit déi Geheimnisser gutt fir sech behale kënnen, an dann gëtt et der genee sou vill, wann net méi, déi dat guer net fäerdeg bréngen an all Informatiounen déi se opgeschnaapt hunn mat aneren deelen mussen, also matdeelen mussen. Dat geet besonnesch gutt um Comptoire oder an de soziale Medien. Déi heiten 5 hunn net drop gewaart dass Facebook erfonnt gouf, mä ginn sech all zwou Wochen Rendez-vous fir en Austausch un Informatiounen an aller Ëffentlechkeet ze maachen. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
    39 min
  • "5 vir 12" Autofestival, 30/01/2022
    Den Omikron suergt derfir dass ganz Büroen eidel bleiwen, Buslinnen ausfalen, Schoulgebaier no Ersatzproffen sichen, an och d'Personal am Gesondheetssecteur an a Crèchen bleift net verschount. D'Equipe vum "5 vir 12" ass komplett an voll motivéiert fir iwwer déi lescht 14 Deeg hierzefalen.
    Egal op Buergermeeschteren, Ministeren oder Presidenten. Keen ass virun hirer spatzer Zong sécher. 1 Stonn laang këddelt d'Marie Gales elo nees d'Wourecht eraus mam Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga a Gérard Valerius.
    41 min
  • "5 vir 12" Petitiounen, 16/01/2022
    Et ass Zäit fir mouvementéiert Diskussiounen um Sonndeg. Hei gëtt och Kloertext geschwat, genee wéi um Krautmaart, just si sinn net zu 60 mä nëmmen zu hirer 5. Eng Aktualitéitsdebatt wou souguer nach knaschteg Wäsch aus dem leschte Joer gewäsch gëtt, awer och d'Zukunft net aus den Aen verluer gëtt. Am Studio 11 hu sech de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga, de Gérard Valerius an d'Marie Gales Rendez-vous ginn.
    39 min

About 5 vir 12

From the publisher's feed

Eng Table-Ronde mat Prominenz a Perséinlechkeeten déi mat vill Witz a bëssegem Humor d'Aktualitéit kommentéieren

More shows like 5 vir 12

Das Wissen | SWR by SWR

Das Wissen | SWR

104 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

ZEIT WISSEN. Woher weißt Du das? by DIE ZEIT

ZEIT WISSEN. Woher weißt Du das?

42 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Hotel Matze by Matze Hielscher & Mit Vergnügen

Hotel Matze

174 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Paus. by Jill & Yannick

Paus.

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

Amerika, wir müssen reden! by NDR Info

Amerika, wir müssen reden!

54 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Lanz + Precht by ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht

Lanz + Precht

328 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners

Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten, 1 Land. by RTL Radio Lëtzebuerg

Vun Alabama bis Wyoming: 50 Staaten, 1 Land.

0 Listeners