RTL - Lecture vun heiheem

RTL - Lecture vun heiheem

By RTL Radio LëtzebuergArtsBooks
Download on the App Store

RTL - Lecture vun heiheem episodes

  • Gléck ass e Choix: Interview mat der Schrëftstellerin Julia Holbe, 20/10/2025
    D'Duechter vum Rainer Holbe huet hiren neie Roman "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" op der Frankfurter Buchmesse 2025 virgestallt.

    Am Interview erzielt d'Julia Holbe wéi eng Roll hir eege Famill an hirem Buch spillt a si erënnert sech un de leschten Owend mat hirem Papp, deen am August 2025 verstuerwen ass. Ausserdem verréit si firwat hir Lëtzebuerg ëmmer nach wichteg ass, obwuel si haut nees an hirer Gebuertsstad Frankfurt lieft.
    "Man müsste versuchen, glücklich zu sein" vun der Julia Holbe ass am Penguin Verlag erauskomm.
    17 min
  • Wann den Eeschtfall antrëtt: "Quick and Dirty" vum Roger Roth, 12/09/2025
    Gewalt an Drogenhandel um Schoulhaff - a sengem Roman "Quick and Dirty" gräift de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth Tabuthemen op

    D'Schoul ass eng Plaz op der jonk Mënschen léieren, sech weiderbilden, Frëndschafte schléissen a sech entwéckele kënnen. Leider ginn et awer och däischter Säiten, Gewalt, Drogenhandel a Kriminalitéit ginn allze dacks mat op de Schoulhaff geschleeft. An den absoluten Albdram vun alle Schüler, Enseignanten an Elteren: en Amoklaf an der Schoul. D'Biller vu Minneapolis sinn eis alleguer nach frësch an Erënnerung, mä esou genannte "School Shootings" ginn et net just an den USA. A sengem Roman "Quick and Dirty" beschäftegt sech de de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth mat dësen Tabuthemen. D'Handlung fänkt op engem ganz gewéinleche Méindegmoien un. Deen Dag steet ënner anerem e Conseil de Discipline um Programm, dräi Schüler riskéieren wéinst onentschëllegten Absencen vun der Schoul ze fléien. Mä kéint do nach méi dohannerstiechen? Sinn déi dräi gemobbt oder souguer intimidéiert ginn? Am Laf vun den nächsten 10 Deeg wäert sech doraus eng Geschicht entwéckelen an der net nëmmen de Bandechef Arnaud sech eppes virzegeheien huet. Méi doriwwer am Interview mam Auteur Roger Roth. 

    "Quick and Dirty" vum Roger Roth ass am Selbstverlag erauskomm. ISBN 978 9995909932
    29 min
  • Och negativ Gefiller kënne positiv Energie fräisetzen: "Roserei", 12/08/2025
    De Cosimo Suglia kennt een als Poetry Slammer oder Matgrënner vun der Plattform "Aner Welten" Elo ass säin éischte Roman mam Titel "Roserei" erauskomm

    Dräi jonk 13èmes-Schüler déi hire Wee an d'Zukunft sichen, dräi Afen am Kostüm, e Manifest dat ee kritesch hannerfroe sollt, eng Statu déi en eegene Wëllen huet an e mysteriéise Personnage deen als Lycéesproff optaucht: am Cosimo Suglia sengem éischte Roman gëtt et villes auszepaken. "Roserei" ass e Buch iwwer Jonker, fir Jonker an Erwuessener. Erwuesse Lieser dierften awer mat dem engen oder anere Wuert hir Schwieregkeeten hunn. Zum Beispill: wat ass "moshen"? Am Interview gëtt et d'Äntwert! 
    "Roserei"
    Cosimo Suglia
    Sprooch: Lëtzebuergesch
    Erauskomm bei Op der Lay
    ISBN 978-2-87967-281-6
    144 Säiten
    17,90€
    27 min
  • De Pierre Decock schreift Bicher fir Kanner an Erwuessener, 09/08/2025
    "10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen"" ass e Krimi an dem d'Kanner selwer Detektiv spille kënnen

    De Pierre Decock ass Historiker, Schrëftsteller an Illustrateur. Ënner aneren huet hien d'Comic-Figuren Tun a Frunnes gezeechent, déi an den 1990er Joren an der Kannerzäitschrëft Zack opgetruede sinn. Seng grouss Passioun sinn awer Krimien an hien ass Matbegrënner vum Verlag crime.lu. A sengem neie Buch "10 mystères à résoudre" oder "10 Kriminalfälle zum Lösen" verbënnt hie seng Léift zum Krimi mat sengem Talent als Illustrateur. An als Bopa vun 10 Enkelkanner weess hie ganz genee wat déi Jonk gäre liesen!
    Am Interview erzielt hien wéi de Verlag crime.lu sech an de leschte Joren entwéckelt huet, wéi eng Bicher si fir e jonke Public ubidden a wéi hie selwer a senge Bicher nei an onkonventionell Weeër geet. 

    "10 mystères à résoudre"
    Texte et illustrations de Pierre Decock
    77 pages 
    8-12 ans
    14,50€
    "10 Kriminalfälle zum Lösen"
    Illustrationen: Pierre Decock
    Deutsche Übersetzung: Gaston Zangerlé
    77 Seiten
    8-12 Jahre
    14,50€
    Weider Krimien aus der Fieder vum Pierre Decock a Krimien fir Kanner fënnt een op der Websäit vum Verlag crime.lu
    19 min
  • Psssst! Geheimtipp!, 24/07/2025
    Lëtzebuerg op eng ganz nei Manéier entdecken: "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss" vum Susanne Jaspers

    Eng Geeschter-Arméi, en Hexentuerm oder eng Schwemm a Form vun engem Kürbis: nee, et ass net Halloween! An dat sinn och just dräi vun am ganzen 111 Plazen, déi een uechter d'Land entdecke kann. Et ass schonn dat zweet Buch iwwer Lëtzebuerg an der Serie "111 Orte..." vum Kölner Emons Verlag, mä dës Kéier geet et net just ëm d'Stad Lëtzebuerg, mä ëm dat ganzt Land. Dat Besonnescht dorun: et sinn net déi bekannten Touristenattraktiounen déi fir d'X-te Kéier beschriwwe ginn, mä déi onbekannten Ecker aus eisem Ländchen, schéin, skurril, interessant, onheemlech an ëmmer onerwaart! Zu Mäerzeg oder Minsbech, zu Walfer oder Wolz, kommt mat a loosst Iech iwwerraschen!  
    D'Susanne Jaspers, Editrice, Romanautorin a Reesschrëftstellerin, verréit am Interview wéi si alleguer déi Plaze fonnt huet a wat si dorun faszinéiert.
    "111 Orte in Luxemburg, die man gesehen haben muss"
    Susanne Jaspers
    Emons Verlag
    240 Säiten
    18,95€
    N.B.: "111 Orte in Luxemburg die man gesehen haben muss" (Luxemburg-Stadt) vum Joscha Remus ass 2020 erauskomm an och ëmmer nach op Franséisch an Däitsch disponibel
    20 min
  • Opruff un all jonk Schrëftsteller(innen), 27/06/2025
    Wie schreift déi beschte Kuerzgeschicht op Englesch?

    Du hues Spaass um Schreiwen an dreems schonn ëmmer dovun, dass eng vun denge Geschichten an engem Buch verëffentlecht gëtt? Dann ass dat hei fir dech! D'Alannah Meyrath vun RTL Today erkläert am Interview mam Bea Kneip wat et mam Kids and Teens Writing Contest op sech huet.
    11 min
  • Logbuch vun engem Fraenheld: "Les carnets de Gaspar" vum José Luís Correia, 24/06/2025
    Déi erotesch Opzeechnungen vum Gaspar W. sinn am portugieseschen Original ënnert dem Titel "Os Cadernos do Gaspar" erauskomm

    Vun Ana bis Zélia, iwwer Nadia, Sandrine a Valérie: De Gaspar huet e gutt gefëlltent Adressbuch an en ass ëmmer op der Sich no neien Eruewerungen. Dobäi investéiert hie keng Gefiller, Fraebekanntschafte si fir hien just en Zäitverdreif. Dee jonke Portugies mat dem hollännesche Familljennumm léisst keng Geléeënheet aus, scho guer net wann en se um sëlwerne Plateau zervéiert kritt. Zum Beispill wéi en aus der Vakanz erëmkënnt a gewuer gëtt, dass seng Sekretärin duerch e méi jonke Modell ersat ginn ass. 
    Och wann een op den éischte Säiten en aneren Androck kréie kann, "Les carnets de Gaspar" ass méi wéi just eng Reiefolleg vun eroteschen Aventüren vun engem a sech selwer verléifte Fraenheld. No an no gëtt et dem Gaspar kloer, dass hien sech hannerfroe muss. An dass dat Spillchen dat hie spillt, net ongeféierlech ass. 
    De José Luís Correia huet de Personnage vum Gaspar Weytjens ugangs an engem Blog optriede gelooss. 2020 koum e Buch op Portugiesesch eraus, elo, 5 Joer méi spéit, déi franséisch Iwwersetzung. Am Interview erzielt den Auteur wéi et dozou koum. D'Gespréich kënnt awer och op säi grousst Virbild, den US-Schrëftsteller Henry Miller, an op déi schwiereg Balance wann een sech zu Lëtzebuerg an a Portugal gläichermoossen doheem fillt. 
    [attachment id="106981533" __caption="Cover les carnets de Gaspar"]
    "Les carnets de Gaspar - Journal érotique d'Alexandre Gaspar W."
    vum José Luís Correia
    Aus dem Portugieseschen iwwersat vum Carlos de Jesus
    erauskomm bei: D'Bréck
    392 Säiten
    ISBN 9 789998 799554
    25€
    32 min
  • Wann et deene béisen Noperen net gefällt, 24/05/2025
    "Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini

    An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf.
    2013 ass d'Isabelle Costantini zesumme mat hierer Duechter vun 10 Joer a Südfrankräich geplënnert. Déi erfollegräich Actrice, Regisseurin a Reitsportlerin wollt do mat hire Päerd trainéieren a sech ëm Déiere bekëmmeren. Si hat och séier hiert Dramhaus fonnt, e bëssen ofgeleeën, op engem groussen Terrain. Do konnt eigentlech näischt méi schifgoen...oder dach? Am Interview erzielt d'Isabelle Costantini wéi vill Steng si an de Wee geluecht krut...ausgerechent vun hiren Noperen. 
    "Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini ass am Verlag "Les trois colonnes" erauskomm. 
    Eng offiziell Buchvirstellung ass den 19te Juni am Restaurant Mesa Verde an der Stad
    21 min
  • Wat gelift? Wann ee schlecht héiert: "Tomaten auf den Ohren" vum Jillian Petry, 08/05/2025
    "Das "Wie bitte?"-Leben einer Schwerhörigen" sou den Ënnertitel vun dësem Buch an dem eng jonk Lëtzebuergerin iwwer hir Erfarunge schreift

    An dëser Episod vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ëm "net héieren" an "net verstoen". An dat ass net dat selwecht! Dass d'Jillian Petry net gutt héiert, dat gouf duerch en Zoufall entdeckt, wéi si 4 Joer hat. Am Interview erzielt si, wéi et sech ufillt, mat enger onsiichtbarer Behënnerung ze liewen, déi bei hire Matmënschen net ëmmer op Versteesdemech stéisst. Dovun huet si sech awer net dovun ofbrénge gelooss, hiert Liewen  esou ze gestalten wéi si et fir gutt fënnt, sief et als Enseignante oder als Autorin vu Romantasy-Bicher. "Tomaten auf den Ohren" ass hiren Témoignage.
    33 min
  • Vill Mier a vill Tréinen, 16/04/2025
    Mam Gedichtband "Salztage + zurück" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Prix Servais 2025

    Ugangs sollt de Gedichtband "Alltage + zurück" heeschen, "Salztage" trëfft et awer besser.
    Vill Mier a vill Tréinen stiechen dodran, sou d'Carla Lucarelli iwwer hire Gedichtband "Salztage + zurück". Fir d'Schrëftstellerin déi (no 2022 mat hirem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir") eng zweete Kéier op der Shortlëscht vum Prix Servais steet, ass dëst Wierk keng Feel-good-Lecture. Et ass awer och net onbedéngt en Ausdrock vu Pessimismus. Villméi dréckt et eng gewëss Maturitéit aus, déi mat der Naivitéit an den Illusioune vun der Jugend opgeraumt huet. Wat bleift, ass e geschäerfte Bléck deen och Schéinheet an deene klengsten Detailer erkenne kann.  
    "Salztage + zurück" vum Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm.
    25 min

About RTL - Lecture vun heiheem

From the publisher's feed

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

More shows like RTL - Lecture vun heiheem

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

Poterkëscht vum INLL by Poterkëscht

Poterkëscht vum INLL

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners