RTL - Lecture vun heiheem

RTL - Lecture vun heiheem

By RTL Radio LëtzebuergArtsBooks
Download on the App Store

RTL - Lecture vun heiheem episodes

  • "Stein schreiben", 08/03/2025
    Am Kader vun der Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée hu bekannte Lëtzebuerger Auteuren sech mam Thema Steen beschäftegt.

    De Robert Weis ass Paläontolog am Naturmusée, Schrëftsteller a Matgrënner vum Verlag Michikusa Publishing. Zesumme mam Davide Sapienza huet hien  d'Buch "Rocklines. Un voyage géopoétique à travers la Minett UNESCO Biosphere" (éditions Phi, 2022) erausbruecht. A sengem aktuelle Buch "Yamabushi - La sagesse des montagnes" (Transboréal, 2025) erzielt hien vun enger vu senge Reesen a Japan.
    D'Ulrike Bail schreift Gedichtbänn déi sech all Kéiers mat spezifeschen Themen beschäftegen. Fir hire Lyrikband "wie viele faden tief" den ronderëm d'Thema "bitzen" opgebaut ass, krut si 2021 de Prix Servais. Dëse Band ass elo ganz rezent och op Franséisch iwwersat ginn, mam Titel "point invisible" (Les éditions Blancs Volants, 2025)   Hiren neitste Gedichtband dréit den Titel  "im halblichten geäst deines atems" (Conte Verlag, 2023) 
    De Bernd Marcel Gonner ass e Lëtzebuerger Schrëftsteller deen an Däitschland lieft a schafft. Fir säi Kannerbuch "Pirat oder Seeräuber sterben nie" krut hien 2017 deen éischte Präis am nationale Literaturconcours. 2021 gouf hie mam "Deutscher Preis für Nature Writing" ausgezeechent. Säin neitst Wierk ass d'Lauschterbuch fir Kanner "Allerhand! Frosch und Fant". (cclive 4 Kids) 
    D'Elise Schmit krut fir hiren Erzielband "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" 2019 de Prix Servais. Si ass och Iwwersetzerin, Literaturkritikerin a schreift fir den Theater. Bei eisem Gespréich konnt si leider net dobäisinn, si huet awer um Event "Stein schreiben" dat de 4te Mäerz vum Naturmusée an Zesummenaarbecht mam CNL organiséiert gouf, deelgeholl an huet eng Auswiel vun onverëffentlechte Gedichter ronderëm d'Thema "Steen" virgedroen. 
    Wien sech d'Ausstellung "Luxembourg on the Rocks" am Naturmusée ukucke wëll, dee muss sech allerdéngs begannen, si ass just nach bis de 16te Mäerz ze gesinn!
    20 min
  • Eng däischter Säit vu Lëtzebuerg, 21/02/2025
    "Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy

    "Gelegenheit macht Mörder" sou kéint een déi éischt Säite vun dësem Krimi iwwerschreiwen. E puren Zoufall verleet eng Täter-Persoun dozou, e Mord ze begoen. A vun do un huet dës Persoun - wuertwiertlech - Blutt geleckt. Kuerz drop geschitt e misteriéisen Duebelmord - an dobäi wäert et net bleiwen. D'Kommissarin Dany Kerner enquêtéiert a pickt dobäi an en Harespelsnascht aus Mobbing, Muechtmëssbrauch a Mord. D'Polizistin léisst sech dovun awer net découragéieren. Hire Virwëtz ass gestëppelt a si huet net wëlles kleng bäizeginn. Do dernieft muss si sech och mat private Verännerunge beschäftegen, déi hiert Familjeliewen op d'Kopp geheien. 
    Der Claude Dominicy ass e spannende an däischtere Krimi gelongen. Wie kann hir et do verdenken, dass si selwer och e bëssen am Schiet bleiwe wëll? 
    Am Interview erzielt d'Claude Dominicy wéi si un d'Schreiwe komm ass, wéi eng Krimi-Auteuren si selwer gäere liest a wéi eng Zukunftspläng si fir hir Kommissarin Dany Kerner huet. 

    "Die Knuedler-Verschwörung" vun der Claude Dominicy ass am däitsche Gmeiner Verlag erauskomm.
    27 min
  • Eng Luucht am Labyrinth:, 16/02/2025
    "Léa ou la théorie des systèmes complexes" vum Ian de Toffoli

    2023 ass et als Theaterstéck am Kapuzinertheater gewise ginn, elo ass d'Buch beim renomméierte franséische Verlag "Actes Sud" erauskomm.
    Dokumentatioun a Fiktioun: dem Ian de Toffoli säin Text ass béides. Deen dokumentareschen Deel zeechent d'Geschicht vun enger mächteger US-amerikanescher Petrolsdynastie no an erfuerscht d'Zesummespill tëscht Industrie a Politik an deen nefasten Afloss deen dëse komplexe System op eis Ëmwelt huet. 
    D'Figur vum Léa dogéint ass reng fiktiv. An enger Welt déi duerch den ongebremste Klimawandel riicht an d'Mauer fiert, gesäit hat keng Zukunftsperspektiv méi a radikaliséiert sech. Gläichzäiteg muss hat erkennen, dass hat selwer en Deel vun dësem komplexe System ass. 
    Am Interview erzielt den Auteur Ian de Toffoli vu senge Recherchen zu engem brisanten Thema dat duerch d'Aktualitéit ëmmer méi an de Fokus réckelt.
    40 min
  • En däischtert Geheimnis aus dem zweete Weltkrich, 24/12/2024
    "Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno" vum Guy Koenig

    Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet Bereetschaftsdéngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. Mä et kënnt anescht. De Juge d'instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d'Éislek maachen. D'Affer ass den Egon Schmit, en däitschen Hauptmann a fréiere Wehrmachtszaldot dee fir eng Commémoratiounsfeier zu Dierbelt war. 
    Dat ass d'Ausgangssituatioun vum Guy Koenig sengem neie Roman "Vergissmeinnicht" . Am Interview erzielt hien wéi déif d'Wonnen aus der Zäit vu der Rundstedt-Offensiv och 25 Joer méi spéit nach waren, an dat zu engem Moment wou et esou ausgesinn huet, wéi wann sech grad alles an der Welt géif veränneren.
    "Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig ass bei Op der Lay erauskomm.
    30 min
  • Geeschter, Satanisten a geklaute Läichen, 16/12/2024
    "Nightscapes" 3 onheemlech Geschichten vum Percy Lallemang

    Alpdreem gi wouer am Percy Lallemang sengen Nightscapes. E Mann ouni Schiet, eng kriminell Band déi am Edinburgh vun den 1830er Joren Läiche klaut, eng Serie vu misteriéise Mordfäll am London vum Joer 2055. "May cause nightmares and visions. Contains traces of horror" sou heescht et schonn am Klappentext. Dir sidd also gewarnt! Am Interview erzielt de Percy Lallemang vu senger Faszinatioun mam Horror-Genre, awer och mat der Stad Edinburgh an hirer räicher Geschicht. Lauschtert eran...wann Dir Iech traut!
    "Nightscapes" vum Percy Lallemang ass bei Black Fountain Press erauskomm.
    21 min
  • Vu Superhelden, Rockstaren an Zäitreesender, 05/12/2024
    "Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François

    Am Luc François sengem éischten Erzielband ass all Geschicht eng Virwëtztut!
    De Luc François, Joergang 1993, schreift zënter iwwer 10 Joer Fantasy-Romaner. Säi lescht Buch "Wasserstand" hat et op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Mat "Hirngespinste und Silberstreife" leet en elo säin éischte Kuerzgeschichte-Band vir. Natierlech ass och nees Fantasy mat am Spill, awer net nëmmen. An deenen 12 Geschichten triede verkannte Superhelden op, fiktiv Rockstaren, an Eisebunn-Nostalgiker. De Lieser gëtt matgeholl op eng verwurrelt Zäitrees a kann engem Personnage hannert d'Stir kucken...wuertwiertlech. Wéi en op all déi droleg Iddien kënnt? Dat erzielt de Luc François am Interview.
    "Hirngespinste und Silberstreife" vum Luc François ass bei Hydre éditions erauskomm.
    30 min
  • Mat 150 km/h um Hoverboard iwwer Berlin, 11/11/2024
    "Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand

    An dëser rasant erzielter Dystopie ass Konsum eng Fro vu Liewen an Doud. An dee jonken Arkadi geréit tëscht d'Fronten.
    Den Arkadi Schneider ass e "Bringer". Hie liwwert op sengem Hoverboard Wueren aus déi vun de Clienten bestallt a banne Minutten op engem 3D-Printer ausgedréckt ginn. Vitesse ass alles wat zielt, well nëmmen dee Liwwerdéngscht deen d'Wuer als éischte prett huet an se bei de Client liwwere kann, mécht e Geschäft. Dobäi gëtt och gären emol mat onfaire Mëttele geschafft...
    Dem Tom Hillenbrand säi Roman spillt an enger Zukunft déi engem beonrouegend kënneg virkënnt. Konsum ass zum Selbstzweck ginn, an d'Bringer si gläichzäiteg d'Helden an d'Sklaven vun dësem System. 
    Méi doriwwer am Interview mam Tom Hillenbrand!
    "Lieferdienst" vum Tom Hillenbrand ass bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm.
    15 min
  • Lecture vun déi Säit vum grousse Pull, 05/11/2024
    D'USA an 10 Bicher

    Wat hu literaresch Wierker aus 3 Jorhonnerten mat der Aktualitéit an den USA am Joer 2024 ze dinn? Ganz vill, mengen d’Bea Kneip an d’Anglistin Diane Neises. Si hunn sech zesummegesat fir an engem Podcast doriwwer ze diskutéieren. 
    D’Resultat ass e Podcast an deem ganz verschidde Bicher beschwat ginn vum Washington Irving senge Kuerzgeschichten iwwer esou bekannt Wierker wéi “The Great Gatsby” bis bei méi rezent Romaner wéi zum Beispill “Man in the Dark” vum Paul Auster oder “American Dirt” vun der Jeanine Cummins. 
    Fir d'Walen an den USA mécht de Podcast "Lecture vun heiheem" sech ausnamsweis op de Wee iwwer de grousse Pull.
    58 min
  • Wann een der Erënnerung net traue kann: "M for Amnesia" vum Anne-Marie Reuter, 08/10/2024
    Enseignante, Editrice a Schrëftstellerin: d'Anne-Marie Reuter schwätzt an dëser Episode vun der Lecture vun heiheem iwwer hiren éischte Roman

    D'Anne-Marie Reuter ass dem literaresche Public am beschten als Editrice bekannt. Mat hirem Verlag "Black Fountain Press" huet si der engleschsproocheger  Literatur zu Lëtzebuerg eng Stëmm ginn. Hannert de Kulissen huet si awer jorelaang och un engem eegene Roman geschafft.  "M for Amnesia" ass den Titel vun hirem Débutroman, enger Dystopie an der sech alles ëm d'Mémoire dréint. Erënnerungen gi verluer an erëmfonnt, mä sinn dës Erënnerungen och echt oder just Illusioun? Kënnen Erënnerunge manipuléiert ginn, a, wa jo, wat mécht dat mat de Mënschen? Iwwer dës, a weider spannend Themen geet et am Interview mat der Anne-Marie Reuter. 
    "M for Amnesia" vun der Anne-Marie Reuter ass bei Black Fountain Press erauskomm.
    25 min
  • Rendez-vous mat engem Koméit: "To Meet a Comet" vum Isabelle Marinov, 21/08/2024
    Déi legendär Weltraum-Missioun Rosetta vun der European Space Agency, verständlech noerzielt fir Kanner

    Op engem klenge Fiels ze landen dee mat héijer Vitess duerch de Weltall jauft, dat war den Défi deen d'European Space Agency (ESA) mat der Missioun Rosetta ugeholl hat. 2004, no méi wéi 10 Joer Preparatioun, goung et lass, mä et sollt nach eng Kéier 10 Joer daueren bis de Space-Lander Philae um Koméit opsetze konnt. An hirem neie Buch "To Meet a Comet" erzielt d'Isabelle Marinov wéi vill Schwieregkeeten hu misste gemeeschtert ginn bis et souwäit war. 
    Am Interview verréit si awer och wéi et mam Hugo, dem Alex an dem Julie, den Helden aus hirem beléifte Kannerbuch "Boy Underground" weidergeet. Mir tauchen am Mëttelmier no engem Schëffswrack aus der Réimerzäit, mir léiere Chinesesch a mir ginn an de Kino!
    24 min

About RTL - Lecture vun heiheem

From the publisher's feed

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

More shows like RTL - Lecture vun heiheem

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

Poterkëscht vum INLL by Poterkëscht

Poterkëscht vum INLL

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners