An eiser Lecture vun heiheem maache mir haut eppes wat een eigentlech guer net däerf! Mir kucken nämlech an d’Tagebicher vun anere Leit.
Mä keng Angscht, déi 14 Lëtzebuerger Auteuren ëm déi et hei geet, sinn domat averstaanen. «Les Diaristes du Luxembourg» sou heescht eng Spezialausgab vun der franséischer Revue «Les Moments Littéraires».
Pierre Joris, Carla Lucarelli, Lambert Schlechter, Hélène Tyrtoff, Jean Sorrente, Tullio Forgiarini, Ian de Toffoli, si an nach vill anerer deelen hir Opzeechnungen a Gedanke mat de Lieser vun dëser 47ster Ausgab vun de "Moments Littéraires" Nodeems dës Revue scho frankophone Auteuren aus der Schwäiz an aus der Belsch all Kéiers an enger Spezialausgab gewierdegt huet, ass dës Kéier Lëtzebuerg um Tour. Dass d'Literatur vun heiheem am Ausland net ëmmer déi Visibilitéit huet déi se verdéngt, ass en oppent Geheimnis. Dat läit awer net dorun, dass keen sech géif dofir interesséieren, wéi de Gilbert Moreau, Directeur de publication vun de Moments Littéraires, am Interview verréit.
Dast literarescht Format ëm dat et hei geet, ass e ganz speziellt. En Tagebuch, dat kann alles sinn: en Dokument an dem ee seng Gedanken a Gefiller festhält, dee ganz normalen Alldag, awer och Krichstagebicher oder Opzeechnunge vun enger Rees gehéieren dozou. An dësem Recueil ass vun allem dobäi, mir kréien Abléck a ganz privat Amenter, oder gi matgeholl an Italien, a Mexico, op Paräis a bis op Tokyo. Sou verschidden wéi d'Auteuren, sou verschidde sinn och hir Virstellungen vun engem Tagebuch!
Méi Detailer am Podcast "Lecture vun heiheem".