RTL - Lecture vun heiheem

RTL - Lecture vun heiheem

By RTL Radio LëtzebuergArtsBooks
Download on the App Store

RTL - Lecture vun heiheem episodes

  • "Bug" vun der Claire Schmartz, 21/01/2023
    Am Débutroman vun der jonker Schrëftstellerin Claire Schmartz geet et ëm kënschtlech Intelligenz

    E Bug am System, dat kënnt jo leider heiansdo emol vir. An dorëms geet et och am Débutroman “Bug” vun der jonker Lëtzebuerger Schrëftstellerin Claire Schmartz. De Roboter Bud ass de Prototyp vun engem Haushaltsroboter a seng Konstrukteurin, déi mir just als “Die Professore” kenneléieren hëlt e mat heem fir en do ze testen. Mä scho ganz séier weist sech dass sech beim Bud e Bug ageschlach huet..
    Wou läit de Feeler a wéi kann een dat nees riichtbéien? D’Äntwert op dës Fro ass guer net esou evident, a villäicht enquêtéiert d’Professore jo an déi falsch Richtung...

    “Bug” vun der Claire Schmartz ass en intelligente Roman iwwer en Thema dat an eiser Zäit ëmmer méi wichteg gëtt. D’Buch ass bei Hydre éditions erauskomm.
    15 min
  • Réckbléck op d'Joer 2022 an der Literatur zu Lëtzebuerg, 30/12/2022
    Literaturpräisser, schéi Momenter a ganz vill Bicher!

    Wéi resuméiert een e ganzt Joer? Sécher ass dëse Réckbléck op d’Joer an der Lëtzebuerger Literatur net komplett, et si just e puer Andréck aus dësem nawell mouvementéierte Joer 2022.
    Literaturpräisser si just een Deel vun der Aktualitéit, am Laf vum Joer goufen et och eng ganz Rëtsch flott a spannend Momenter. De Beetebuerger LiteraTour (deen sech dëst Joer an de méi grousse Kader vun Esch 2022 ageschriwwen huet) an d'Frankfurter Buchmesse si fix Rendezvousen am Literaturkalenner. Virun allem sinn et awer déi sëlleche Bicher déi am Laf vun engem Joer zu Lëtzebuerg publizéiert ginn, sief et an de verschiddenen Editiounshaiser, vun Associatiounen oder vun den Auteuren am Selbstverlag. Fir dëse Réckbléck sinn der just e puer erausgepickt ginn, vill weider Liestipps fannt Dir an der Rubrik "Bicher" a "Buch vun der Woch" op RTL.lu, oder an der literaresche Podcasten "Lecture vun heiheem" an "RTL BicherLies". Iech alleguer elo schonn e gudde Rutsch an dat neit Joer a vill flott an interessant Lecturen fir 2023!
    22 min
  • Vun dëser an anere Welten, 08/12/2022
    3 Begéignungen op de Walfer Bicherdeeg

    De Weekend vun de Walfer Bicherdeeg ass deen idealen Zäitpunkt fir nei Publikatiounen z'entdecken an Auteuren ze begéinen. Dëst Joer war eent vun den Themen den 150ste Gebuertsdag vum Reenert. Fir de ronne Gebuertsdag ass de Reenert nei editéiert ginn, an Zesummenaarbecht tëscht dem SCRIPT an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dem ZLS. An...dee schlaue Fuuss huet och nach Englesch geléiert! De Jeff Thill, vu Formatioun Engleschprof huet 2 Joer laang un der Iwwersetzung vun eisem Nationalepos geschafft.
    Déi englesch Versioun vum Reenert mam Ënnertitel: "The Fox in a Sunday Suit and in Human Shape" ass online ze fannen op www.lux.lu

    Speculative Fiction ass en Iwwerbegrëff ënnert dem vill verschidde Genren regroupéiert ginn, vu Science-fiction, Fantasy bis bei Mäerercher. Wat a Saache speculative Fiction hei zu Lëtzebuerg esou geschriwwe gëtt, dat hu mir de Cosimo Suglia an d'Sandy Heep um Stand vun hierer online-Plattform www.anerwelten.lu verrooden.

    "Curieuse Ballade" dat ass den Titel vun engem ganz dënne Bichelchen, an dem Prosa a Poesie sech op all Säit géintiwwer stinn. Deem klenge Format vum Buch steet d'Talent vum Auteur Christopher Lumu géintiwwer, deen direkt mat senger éischter Publikatioun op sech opmierksam gemaach huet. Op de Walfer Bicherdeeg konnt ech mech mat him ënnerhalen.
    D'Curieuse Ballade vum Chris L. fënnt een an de Bicherbutteker, fir méi Informatiounen kann een och op säi Site www.poesie-bolingo.com kucke goen.
    24 min
  • De Guy Helminger iwwer säi Buch "Die schwere Naht der Flüsse, 30/11/2022
    Am Interview schwätzt den Auteur iwwer seng Rees a Brasilien, awer och iwwer seng aktuell Autoreresidenz zu Istanbul

    De Servaispräiss fir säi Roman "Lärm", eng zweet Plaz beim Literaturconcours, de Gustav-Regler Präis vun der Stad Mertzig, oder Lyrikpreis Meran, fir de Guy Helminger goufen et an der Lescht vill Auszeechnungen.
    A sengem neie Buch "Die schwere Naht der Flüsse" léisst hien seng Lieser un enger Rees duerch Brasilien deelhuelen. 2019 war hien an dem südamerikanesche Land ënnerwee an huet dobäi déi Plaze besicht déi a kengem Reesguide ze fanne sinn. Dat riisegt Land huet nieft Futtball a Copacabana nach vill aner Facetten. Déi Mënschen deenen de Schrëftsteller op senger Rees begéint ass, repräsentéieren déi enorm Diversitéit an déi krass Géigesätz déi Brasilien ausmaachen.
    Momentan ass de Guy Helminger an enger Autoreresidenz an der Tierkei, a war just kuerz fir d'Walfer Bicherdeeg zeréck op Lëtzebuerg komm. Bei dem schroen Attentat zu Istanbul den 13ten November war hien net wäit ewech, just duerch en Zoufall blouf hie verschount. Am Interview erzielt hien wéi e Punkconcert him villäicht d'Liewe gerett huet, an hien deelt seng Andréck aus der Tierkei an aus Brasilien.

    "Die schwere Naht der Flüsse" vum Guy Helminger ass bei capybarabooks erauskomm
    16 min
  • "Chantiers du désir" vun der Carla Lucarelli, 13/11/2022
    Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis.

    D'Carla Lucarelli kennt een als Actrice, Theaterregisseurin, Dichterin a Romanschrëftstellerin. Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet si op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. A 15 Kuerzgeschichten déi als Titel all Kéiers de Virnumm vum jeeweilegen Haaptpersonnage droen, rëselt si d'Welt vun hire Protagonisten zolitt duercherneen. Eng Employée déi mat iwwer 50 hir Aarbecht verléiert, e jonkt Meedchen dat déi schéin a manner schéin Säite vun der Léift entdeckt, eng Koppel déi sech agestoe muss, dass eng Relatioun och ze vill perfekt ka sinn, oder eng Journalistin déi ganz onverhofft engem Panther géintiwwersteet. Geschichten déi den Alldag schreift, an anerer déi hannert engem dënne Voile vun Normalitéit eng aner Welt verstoppen oder déi carrément iwwernatierlech Elementer an d'Spill bréngen. Wat se verbënnt ass de Wonsch - an d'Noutwendegkeet - hiert Liewen ëmzebauen, nei ze starten, oder op d'mannst gutt ofzeschléissen. Sou verschidden der Carla Lucarelli hir Personnagen och sinn, all eenzelnen kann iwwerzeegen. De Lieser féiwert mat mam Pit, mam Gisèle, mam Marie oder mam Sandrine, däerf si e kuerzt Stéck op hirem Wee begleeden, ier si wéi spektral Apparitiounen nees an der Däischtert verschwannen.
    "Chantiers du désir" vun der Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm.
    16 min
  • Interview mam russeschen Auteur Dmitry Glukhovsky, 01/11/2022
    De regimekritesche russesche Schrëftsteller a Journalist hëlt an "Geschichten aus der Heimat" déi russesch Gesellschaft ënner d'Lupp.

    Mat senger Metro-Trilogie ass den Dmitry Glukhovsky an den 2000er Joren weltwäit bekannt ginn. Seng Romaner, déi an dem onheemlechen Univers vun der Moskauer Metro spillen an deen déi Iwwerliewend sech no enger Katastrof hu missten zeréckzéien fir z’iwwerliewen, hu mat de Rakéiten-Attacken op déi ukrainesch Stied eng ganz nei Bedeitung kritt. Awer och fir de Journalist a Schrëftsteller dee mat senger Kritik um Putin-Regime nach ni hannert dem Bierg gehalen huet, hunn déi lescht Méint villes verännert. A senger russescher Heemecht riskéiert hien wéinst senge kloren Aussoen eng Prisonsstrof a kann deemno net méi zeréck a Russland. A sengem neien Erzielband «Geschichten aus der Heimat» , op Däitsch am Heyne Verlag erauskomm, léisst hie kee brenzelegt Thema aus: vun der Pressefräiheet an dem Ëmgang mat de Medien, iwwert d’Muecht an déi di se ze spiere kréien bis bei déi ominpräsent Korruptioun. «Wat ass mat Russland geschitt?» déi Fro probéiert den Dmitry Glukhovsky ze beäntweren. Ob hie säin Heemechtsland nach eng Kéier als fräit Land erliewe wäert an ob hien et iwwerhaapt jeemools nees ze gesi kritt, dorop weess hien awer keng Äntwert.
    Dësen Interview gouf op der Frankfurter Buchmesse 2022 opgeholl
    21 min
  • Interview mam Journalist Jo Angerer, 24/10/2022
    "Wenn Widerstand weiblich ist - Die Revolution der Frauen in den postsowjetischen Staaten" sou heescht en neit Buch vum Jo Angerer

    An dëser an der nächster Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ausnamsweis net ëm Lëtzebuerger Bicher. Och op der Frankfurter Buchmesse koum een dëst Joer net laanscht de Krich an der Ukraine. Vill ukrainesch Schrëftsteller waren op der Plaz, awer och Auteuren a Journalisten déi sech mat der aktueller Situatioun beschäftegen. Een dovunner war den däitsche Journalist Jo Angerer.
    De Jo Angerer, Joergang 1956, huet laang Jore fir d’ARD geschafft, an sech do haaptsächlech fir Friddens a Sécherheetspolitik interesséiert. Zënter 2019 lieft a schafft hien als Korrespondent zu Moskau, fir d’éischt fir d’ARD an haut fir d’Zeitung Der Standard. A sengem neie Buch «Wenn Widerstand weiblich ist – Die Revolution der Frauen in den postsowjetischen Staaten» interesséiert hien sech besonnesch fir d’Situatioun vun de Fraen an deene 15 Länner déi nom Zerfall vun der Sowjetunioun entstaane sinn. Am Interview setzt hien d’Gemeinsamkeeten awer och d’Ënnerscheeder tëscht deenen eenzelne Länner an de Kontext, hien erzielt vun enger rezenter Rees an d’Ukraine déi hien déif beréiert huet an hien analyséiert den Impakt deen déi westlech Sanktiounen op dat riisegt Russland hunn.
    23 min
  • "De Fléiepëlz - E Lëtzebuerger Orbis Pictus", 15/10/2022
    Vum Pit Schlechter (Text) a Pit Weyer (Illustratiounen)

    En ass a Knouterer, de Pit Schlechter, an a séngem neie Buch kritt méi wéi een säi Fett ewech! An... hien huet e Kompliz! De Grafiker Pit Weyer huet "De Fléiepëlz" illustréiert. E Lëtzebuerger Orbis Pictus, deen als - heiansdo e bësse méi graff - Satir ze verstoen ass.

    An eiser Lecture vun heiheem geet et ëm e Buch dat wéinst sengem faarwege Cover kéint mat engem Kannerbuch verwiesselt ginn. Mä opgepasst, de Fléiepëlz huet Zänn, an den Auteur Pit Schlechter bäisst sech gären emol fest! Zum Beipill un der Lëtzebuerger Sprooch, an un deene sëlleche Germanismen déi do heiansdo emol erarutsche kënnen, net nëmmen am Titel vum Buch, mä och an engen Kapitel mat der Iwwerschrëft "Neihéichlëtzeburgesch"

    Esou ganz eescht ass dat natierlech net ze huelen...De Pit Schlechter beschäftegt sech vill mat der Lëtzebuerger Sprooch, ënner anerem als fräie Mataarbechter beim LOD, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire. E konnt mir zum Beispill erklären firwat Dat wat mir gemengerhand als eng Schneck kennen, a senger Kandheet "Méckekichelche" genannt gouf...

    Vum Méckekichelchen bis Pontius a Pilatus , de Pit Schlechter hëllt kee Blat virun de Mond, an ass och net ëmmer politesch korrekt...dofir awer éierlech! "De Fléiepëlz - e Lëtzebuerger Orbis Pictus" vum Pit Schlechter mat Illustratiounen vum Pit Weyer ass bei Kremart Edition erauskomm.
    22 min
  • De Litty 8: Lëtzebuerger Fräiheetslidder 1945-2022, 13/09/2022
    An eiser Lecture vun heiheem geet et haut emol ëm Musek!

    Déi neitsten Ausgab vum Litty, de carnets didactiques vum CEDOM, dréit den Ënnertitel : "Lëtzebuerger Fräiheetslidder 2 -Geschicht a Politik am Lidd". A 17 Lidder gëtt souzesoen d’Lëtzebuerger Geschicht nogezeechent vun 1945 bis haut. Beim Buch ass och eng CD dobäi an et lount sech fir ganz genee op d’Lidd-Texter ze lauschteren déi alleguer vu bekannte Lëtzebuerger Museker, Schrëftsteller a Kabarettiste geschriwwe goufen, zum Beispill vum Guy Rewenig, der Josiane Kartheiser, dem Pir Kremer oder dem Josy Braun.

    Verschidde Melodien kommen engem bekannt vir, a souguer de Feierwon krut en neien Text verpasst, wéi mir duerno nach héiere wäerten. Verschidden Themen awer och, deen een oder anere Refrain aus de 70er Joren ass haut nach grad esou aktuell wéi deemols!

    Och eng elle Wouerecht kënnt besser eriwwer mat enger schéiner Melodie an nieft den Texter ass natierlech och d’Musek selwer e wichtege Kritère. Wéi eng Recherchen néideg waren, net nëmmen fir d’Lidder erauszesichen, mä och fir se an hieren historeschen a soziale Kontext ze setzen, dat erzielt de Museker a Muskespädagog Georges Urwald am Interview. ausserdeem verréit hien wéi eng aner Projeten an der Maach sinn, a wéi eng Erausfuerderungen entstoe kënnen wann ee Liddtexter aus aneren Epochen méi genee ënnert d’Lupp hëlt.
    29 min
  • Den Nico Helminger ass den Tomas Bjørnstad! (2 nei Bicher), 18/08/2022
    Wéi mir zënter e puer Woche wëssen, verstoppt sech hannert dem Pseudonym Tomas Bjørnstad keen aneren wéi den Nico Helminger

    Ënnert béiden Nimm huet den zweefache Servais-Laureat elo all Kéiers en neit Buch erausbruecht: "Von der schönen Erde" ass eng Sammlung vu Skizzen a Fragmenter aus der Fieder vum Tomas Bjørnstad an de Gedichtband "Saumes Kinoplakat" ass vum Nico Helminger. Allebéid sinn se bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm.

    Am Interview erzielt den Nico Helminger vu skurrilen Erliefnisser an erstaunlechen Zoufäll, ausserdeem geet et, ënner anerem, ëm Walrecht fir Minibaren, iessbar Puzzlestécker an... en aussergewéinlecht Schachspill.
    30 min

About RTL - Lecture vun heiheem

From the publisher's feed

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

More shows like RTL - Lecture vun heiheem

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

Poterkëscht vum INLL by Poterkëscht

Poterkëscht vum INLL

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners