Kultur

25 Joer Jazzkantine: Mit Pauken und Trompeten


Listen Later

De Christian Eitner bréngt mat senge Musekdinosaurier neit Fudder fir funkjazzhongreg Frënn vun der Jazzkantine.
Wie gemengt hat, d'Uergesteng vun der zesummegetrommelter Jazzband hätten d'Bengele bei d'Tromm geheit, huet sech geiert: "Mit Pauken und Trompeten" heescht déi nei Scheif - an och wann d'Intro eppes méi lues ukléngt, sinn d'Jazzer vun der Kantin hirem Rock'n'roll-aartege Stil trei bliwwen a loossen direkt vum zweeten Track un, mat "Eine Ehre", keen Zweiwel drun, datt si och no engem Véierelsjoerhonnert nach ëmmer grooven, wéi zu Zäiten, wou hir Plaken "Heiss und fettig" geheescht hunn.
Wuel sinn Eenzeler aus den Ufankszäiten net méi mat am Boot, mee wéi am Jazz üblech, huet d'Band vu Braunschweig ëmmer nees nei Museker kënne fir hir funky Téin a fett Beats begeeschteren, a si hu vill Museker Kolleegen, déi eege Bands hunn, respektiv soss Solo ënnerwee sinn, am Laf vun de 25 Joer kënne fir sech gewannen.
Den Album "Mit Pauken und Trompeten" ass keng opgewiermten Zopp, mee zäitgeméissen Jazzfunk, deen éier een et selwer gemierkt huet, mécht, datt een op d'mannst matwackelt. A wann een d'Stecker bis e puermol gelauschtert huet, provozéieren och d'Texter ëmmer nees deen een oder anere Schmunzeler. 
Vun der Informatiounsflut iwwer d'Hymne u 25 Joer Jazzkantine, an all déi, déi de Wee matgaange sinn, bis bei Theme vun iwwerbesuergten Helikopterelteren: "Mit Pauken und Trompeten" bitt de Frënn vun de genreiwwergräifende Grooves eng Plack, déi ee moies méi relax duerch de Stau op d'Aarbecht komme léisst, an engem owes doheem deen néidegen Drive bréngt, fir och no engem laangen Aarbechtsdag nach entspaant kënnen eppes ze schaffen.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

KulturBy radio 100,7


More shows like Kultur

View all
Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

Konferenzen by radio 100,7

Konferenzen

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Grousse Kino by radio 100,7

Grousse Kino

0 Listeners

Den Hallwer Néng by radio 100,7

Den Hallwer Néng

0 Listeners

Europa Aktuell by radio 100,7

Europa Aktuell

0 Listeners

Kaarten op den Dësch by radio 100,7

Kaarten op den Dësch

0 Listeners

Um Bols by radio 100,7

Um Bols

0 Listeners

Mauvais élève by radio 100,7

Mauvais élève

0 Listeners

Schlechte Schüler by radio 100,7

Schlechte Schüler

0 Listeners

Seismograph by radio 100,7

Seismograph

0 Listeners

E puer Wierder iwwer Wierder by radio 100,7

E puer Wierder iwwer Wierder

0 Listeners

Wat lauschters du? by radio 100,7

Wat lauschters du?

0 Listeners

Philo am Gespréich by radio 100,7

Philo am Gespréich

0 Listeners

Fënster Op by radio 100,7

Fënster Op

0 Listeners

Level up by radio 100,7

Level up

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Moiesstudio by radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners