De Moie géint 10h22 ass d'Luxair De Havilland Q400 mam Atelier-Design vum franséische Kënschtler Loïc Lusnia gelant - eng Landung, déi de Partenariat tëschent dem Concert-Organisateur an der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft quasi offiziell inauguréiert huet. Virdrun hat den Atelier-CEO Laurent Loschetter zesumme mam Luxair-CEO Gilles Feith deen dräijärege Partenariat tëschent dem Atelier an der Luxair virgestallt. Gläichzäiteg hunn de Laurent Loschetter an d'Jette Kaiser ee kuerzen Abléck ginn an 30 Joer den Atelier, am Laf vun deenen eng 2.300 Concerten organiséiert goufen - a si hu geteast, wat nach alles u Festivitéite wäert kommen. De Jeff Schinker war trotz senger Fluchangscht schonn de Moie fréi um Findel - an huet sech mat der Jette Kaiser iwwer d'Festivitéiten an d'Kollaboratioun mat der Luxair ënnerhalen.