Bicher wëlle gelies ginn. Dofir brauch een net just Autorinnen an Auteuren, déi dës schreiwen, Editiounshaiser, déi se publizéieren a Librairien, déi se verkafen. Bicher, déi voller Feeler sinn, wou sech Ongereimtheeten era schleisen, an et u Kohärenz feelt, fannen net vill Uklang. Dofir gëtt et e Lektorat, deen awer no baussen net vill Beuechtung kritt. Elo hu sech Lektorinnen a Lektore vu Lëtzebuerg zesummegedoen an e Verband gegrënnt. A fir iwwer hir Aarbecht, hir Revendicatiounen an Erfarungen ze schwätzen, begréisst d’Valerija Berdi d‘Maike Edelhoff an den Henning Marmulla.