D’Wieder weess alt nees net wierklech, wat et wëllt, mee d’Konscht awer. An dowéinst invitéiert d’Ekipp vum Neimënster dëse Sonndeg op hiren neie Festival L’embellie. Do geet et net einfach just ëm Opklärung oder Verbesserung, nee: do sollt Dir Geleeënheet kréien, d’Kreatioun vu muer ze entdecken, Konscht bei där alles méiglech ass, respektiv gëtt. Hanner quasi all Neimënster-Dier erwaarden Iech den 1. Juni Musiker:innen, bildend Kënschtler:inne, Dänzer:innen, an anerer. Déi meescht vun hinne waren oder sinn an enger Kënschtler:inne-Residenz an der fréierer Abtei a Prisong. Esou zum Beispill d’Clio Van Aerde. D’Kerstin Thalau huet d’Performerin a Bünebildnerin am Gronn besicht.