Beim italieneschen Ausdrock "Acqua alta", also Héichwaasser, denkt esou munch ee vläicht un en iwwerschwemmt Venedeg. "Acqua Alta" ass awer och den Titel vun engem Konschtprojet vum franséischen Duo Adrien M a Claire B; e Projet an 3 Voleten: Enn Januar 2021 hu si de Multimedia-Danzspektakel plus d'Virtual-Reality-Installatioun "Acqua Alta" virun ausgebuchtem Haus an de Rotonde presentéiert; bis de 7. Februar ass nach d'Publikatioun "Acqua alta" an der Expo "Augmented Books" ze gesinn. D'Kerstin Thalau huet sech mam Adrien Mondot iwwer Konscht an Technologie ënnerhalen.