A sengem Roman "Cabane" fiktionalisiert den Abel Quentin de Meadows-Rapport - ee Bericht iwwert d'Limitte vum Wuesstum, dee schonn 1972 virausgesot huet, wat fir eng ökologesch Konsequenzen de Kapitalismus fir eise Planéit wäert hunn. De franséischen Auteur stellt sech d'Liewe vun de Wëssenschaftler, déi un deem Rapport geschafft hunn, vir - a freet sech, op d'Mënschheet net amgaang ass, ee kollektive Suizid ze begoen. Den Owend ass den Abel Quentin fir eng Liesung an ee Gespréich am Institut Pierre Werner. De Jeff Schinker hat sech mat him zu Paräis getraff an iwwert säi Wierk ënnerhalen. Theme sinn ënnert anerem: eise futtisse Planéit, verréckt Mathematiker, seng Dekonstruktioun vum Boomer a seng Léift fir den amerikanesche Roman.