Muer ass Fréijoersufank! An...hutt dir di grouss Fréijoersbotz schonn an Ugrëff geholl? Respektiv di al Bieseme prett gemaach, well déi jo anscheinend besser Kieren? D’Performancekënschtlerin a Bünebildnerin Clio Van Aerde beschäftegt sech zanter Laangem mam Sujet “Botz”, méi genee mat den onsiichtbare Säiten a funktionelle Geste vun net valoriséierte Jobben. Hiren Danzpartner bei der gesellschaftskritescher Performance “work it” ass e Biesem. Den owend kënnt dir di aktuell Versioun an der Escher Kufa materliewen: d’Clio Van Aerde war do elo ee Mount a Kënschtlerinneresidenz an d’Kerstin Thalau war bis laanscht.