Hei erzielt d’Autorin d’Geschicht vun hirer Frëndin, dem seng glécklech Kandheet op ee Coup beendegt war. Wat sexuelle Mëssbrauch mat engem Kand mécht, virun allem wann den Täter och nach eng Persoun ass, déi engem u sech no steet, a wéi eng Auswierkungen dat op dat ganzt Liewen huet, a mat wat fir engem Bléck een säin Emfeld wouer hëlt.
Ee vun den dräi rezente Publikatiounen, déi d’Valerija Berdi an de Michel Delage de leschte Sonnden an der Literatursendung “Déi wonnerbar Valibrairie” beschwat hunn, ass der Anne Sauber-Lemaître hire Roman: “Vengeance programmée” aus dem Verlag Phi. Mir lauschteren dësen Extrait.