Math-Rock ass zu Lëtzebuerg ee Begrëff, spéitstens zanter de Schalltot Kollektiv ëm d'Joerdausendwenn Bands aus der nordamerikanescher Zeen op Lëtzebuerg invitéieren. Eng vun den innovatiivsten a beléiftste Bands an dësem Genre si Battles, deenen hir Musek accessibel genuch ass, fir an deene leschte Joren och emol hei an do an den Indie Charts ze landen.
Gegrënnt gouf d'Band vum Gittarist Ian Williams, deen dem Marc Clement gëschter Nomëtteg (16.8.) virum Soundcheck an de Rotonden um Mikro Ried an Äntwert stoung. Virun hirem Optrëtt huet de Bandleader iwwer déi rezent US-Tour mat Primus geschwat, iwwer d'Live-Spillen an iwwer Battles hire raffinéierte Schreifprozess - ee Spill vu Musteren a spannungsschafenden Ënnerbriechungen.