Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.